Miseler Mosaik 1

Miseler Mosaik VUM MONIQUE HERMES

Waasser mat Wéngerten, déi sech dra spigelen, Brécken mat Schëffer, déi drënner erduerch fueren, heemeleg Uertschafte mat enke Gaassen an e lëschtegt Vollek, dat se mat Liewe fëllt – dat si Begrëffer, déi ee liicht mat eiser schéiner Musel a Verbindung brénge kann. Deem besonnesche Mënscheschlag, deen am Oste vun eisem Ländche säin Doheem huet an nawell gär esou schwätzt, wéi de Schniewel him gewuess ass, gi Frousënn a Liewensfreed nogesot. Net fir näischt ass déi Géigend, déi och an eiser Nationalhymn eng Plaz huet, ville Leit besonnesch un d’Häerz gewuess.

Zënter éiwegen Zäiten inspiréieren dee Floss, dee sech säi Wee aus de Vogese bis an de Rhäin duerch Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland sicht, a vun deem mir Lëtzebuerger tëscht Schengen a Wasserbëlleg eegentlech nëmmen d’Halschecht zegutt hunn, an déi Landschaft, déi derzou passt, Erzieler an Dichter, Komponisten, Moler a Fotografen.

„Wéi d’Mier dréis de Schëffer. Wéi e Stroum rulls de d’Welle biergof. Wéi e Séi liichts d’aus kristallkloren Déiften. Wéi d’Baache struddels de schëtzeg däi Wee. Wéi d’Quelle schenks d’eis e klore Schotz fir ze drénken.“ Esou plastesch huet de Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler Robert Bruch (1920-1959) dem réimeschen Dichter Decimus Magnus Ausonius (310-393) säi Gedicht „Mosella“ iwwersat. Dat ass awer nëmmen e ganz klengen Deel vum Text aus dem Joer 371. „Mosella“ setzt sech nämlech aus bal 500 Hexameteren zesummen. A si ass beandrockend, dem Ausonius seng Rees laanscht dee Floss, deen zënter Jordausende Mënschen a Länner verbënnt.

Déi mächteg Réimer, déi eis jo och d’Riewe matbruecht hunn, sollten iwwerhaapt vill Spuren op dëser an där Säit vun eiser Musel hannerloossen. Kuckt nëmmen dee stenge Sarkophag zu Schwéidsbeng, déi imposant Griewer iwwer Bech-Maacher an um Potaschbierg bei Gréiwemaacher oder déi Bréck déi deemools zu Stadbriedemes iwwer d’Musel gefouert huet an déi een haut um Monument bei der Schléiss bewonnere kann. Wa se haut nach stéing, wäre se zur hirer fënnef, fir sech an deene renge Welle ze spigelen, déi eng Lëftchen op de Floss zaubert – entschëllegt, zu hirer sechs, well do ass jo och nach d’Autobunnsbréck héich iwwer dem Museldall!

Mä looss mer nach e bëssen bei den Dichter an de Schrëftsteller bleiwen. Am beschte gefällt mer dem Nic. Hein (1889-1969) vun Éine säi Wierk „Mäi

page1image1555959328

Wéngert“. „Rondëm läit d’Welt a gréiner Rou, / An d’Musel draift sou kloar a stëll, / An hirem Spigel ëmmerzou / All houfregt Darrf sech kucke wëll“, heescht et an där zweeter Strof. An et ass onvergläichlech schéin, wa grad dat Lidd – well d’Gedicht ass vum Nik. Entringer vum Wormerbierg vertount ginn – am Fräie virgedro gëtt, zum Beispill an der Mass zu Eiere vum Wiederhellegen Donatus, den éischte Sonndeg am Juli op der Wormer Këppchen.

Wa mer scho bei de Wéngerte sinn, da kann ee roueg behaapten, datt eis Musel am schéinsten am Hierscht ass – oder am „Herrscht“, wéi vill Miseler soen. Déi Zäit, wou Wënzerfläiss a Wënzeraarbecht belount ginn, d’Drauwelies, ass a bleift eppes Besonnesches, och wann d’Liesen haut vill méi liicht ass wéi fréier a wa kaum nach Doft vum Greechen duerch d’Gaassen zitt, wéi de Jean-Pierre Dieschbourg (1852-1938) et a sengem Kaméidisstéck „Eng Hellecht op der Musel“ ausdréckt.

Am gëllenen Oktober, wann een de Fiederwäisse schmaache kann a wann dee jonke Wäin schonn an de Fässer gäert, liichten déi giel Blieder un de Riewen wéi Gold an der Hierschtsonn. Et mengt een, de Schengener Markusbierg, d’Wormer Këppchen an d’Maacher Kräizkapell, fir emol nëmmen déi dräiPlazen ze nennen, hätte sech grad virum Wanter nach eng Kéier ganz extra erausgefiizt.

A propos „Kaméidisstécker mat Musek a Gesank“: Zu Stadbriedemes war keen aner ewéi eisen Dicks, den Edmond de la Fontaine (1823-1891), Schlasshär an esouguer e puer Joer laang Buergermeeschter. Dee groussen Hexemeeschter, deem seng Operetten nach ëmmer gär gespillt, gekuckt a gelauschert ginn, läit och an där Museluertschaft begruewen.

Dee selwechten Dicks huet iwwregens derfir gesuergt, datt en einfache Spillmann, deen och nach net gutt gesinn huet, eng Plaz an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht krut. Et ass keen aner, wéi de „Blannen Theis“, alias Mathias Schou (1747-1824), deen zënter dem Oktober 1991 am Agank vun der Gréiwemaacher Foussgängerzon eng Weis op senger Gei spillt – dank deem talentéierte Kënschtler Wil Lofy.

De Mathias Schou, e gebierdege Maacher, ass sengerzäit mat Gei, Fra an Hond vun Duerf zu Duerf gezunn fir mat Gesank a Musek säi Brout ze verdéngen. Hien hätt bei besonnesche Fester – op enger Hochzäit, um Kanddaf, op der Kiermes, um Joarmaart – déi éischt Liddercher an eiser Sprooch virgedro, heescht et. Dozou dierften „Zu Arel op der Knippchen“ oder “d’Meedche vu Gëtzen“ gehéiert hunn. An den Dicks beschreift äis dëse Spillmann a sengem Gedicht: „De blannen Theis“, dat 1991 fir d’Aweiung vum Maacher Monument vum Schoulmeeschter Johny Weis vu Maacher vertount gouf.

Dee selwechte blannen Theis gëtt och am Michel Rodange (1827-1876) sengem „Reenert“ am XIV. Gesank an de Strophen 104 an 105 mat dëse Wierder

zitéiert: „Gelt, Monnonk, sot de Fiischen, nu feelt Iech nach eng Gei; / Dir stéingt mam blannen Theis no jo prächteg an der Rei. / Dir géingt op d’Dierfer spillen, / da wär Iert Brout gebak; / a bei em Mo wéi Ierem, / Der bräicht emol kee Sak.“

Vu Maacher war och de Moler, Schrëftsteller a Weltebummler Frantz Seimetz (1858-1934), deen äis a senge Bichelcher „Der Feuersalamander“ sprëtzeg Anekdoten iwwer seng Heemechtsstiedchen, awer och iwwer d’Musel an hir Leit hannerlooss huet. „D’Musel a Maacher ass e Bestietnes! D’Musel warawer schuns en al Matant, ewéi Maacher op d’Welt kum. Den uralen Tur bei d’r Kërrech kënnt et son: he wor debäi!“, schreift de Seimetz am „Feuersalamander“.

Elo hu mer nach guer net vum Seimetz senge villen Tableauen geschwat! Neen, et si keng Muselbiller, déi hien äis hannerlooss huet, mä herrlech Portraiten, ganz dacks vu sech selwer, a wann ee se kuckt, spiert een, datt de Schallek him dach wuel ferm am Genéck souz.

Dee breede Museldall am Haff Réimech, respektiv tëscht Gréiwemaacher a Waasserbëlleg, awer och dee méi schmueln Deel tëscht Stadbriedemes a Gréiwemaacher hunn iwwerhaapt eng ganz Partie Moler inspiréiert, déi de Floss ëmmer erëm op Léngent oder op Pabeier veréiwegt hunn: E Jos. Sünnen (1894- 1969), en Nico Klopp (1894-1930) – säin Uelegbild „Bréck vu Réimech“, dat en 1925 gemoolt huet, gefällt mer eenzegaarteg – e Roger Steffen (1924-1994) – him haten nieft dem Floss selwer och d’Maacher Gaassen an déi geschichtsträchteg Kräizkapell iwwer der Muselmetropol et ugedo – e Jean- Pierre Beckius (1899-1946), an nach en etlech aner. Si all hunn et verstan, fir der Musel hire ganz besonnesche Stempel opzedrécken – oder war et éieren ëmgedréint?

An zu Schengen, an där Uertschaft, déi zënter 1985 europäesche Flair huet, kann een och nach haut deen ale Schlasstur kucken, deen de franséische Schrëftsteller Victor Hugo (1802-1885) fir d’Madame aus dem Schlass, d’Madame Collart, gezeechent a mat Kaffi nogefierft hat, fir datt en eppes méi Faarf sollt hunn…

Gewëss, et feelen nach immens vill kleng Steng an deem faarwege Mosaik, deen d’Musellandschaft, an där „den Himmel Wäin ons mécht“, ze bidden huet.

Op e puer vun deene Steng wär d’Sankta Maria ze gesinn. Dat ass déi Fähr, déi schon zënter Jorzéngten déi zwou Uertschafte Waasserbëlleg an Uewerbëlleg op deem kiirzste Wee matenee verbënnt. Virum Wiener Kongress (1815) ware si eng kierchlech an eng weltlech Eenheet, mä dat ass scho laang hir!

Aner Steng géife ganz rar Orchideen duerstellen. Si wuessen zu Ohn um Palmbierg.

Erëm anerer hätten eppes mat dem Stadpatréiner vu Réimech ze dinn. Et handelt sech ëm den hellege Kunibert, deen am 7. Jorhonnert e wichtege Beroder vun de Merowinger-Kinneken Dagobert I. a Sigibert III. war.

A ganz sécher kënnt een op deene Mosaiksteng och dem Batty Weber (1860- 1940) säi „Lidd vum Muselgreechen“ liesen. Ob et grad „dat schéinste Lidd“ ass, sief dohi gestallt. An ob een es „keemol midd“ gëtt, och.

Vläicht wären awer och e puer méi däischter Steng derbäi… Well eis Musel ass haut alles anescht ewéi propper, an d’Fësch dierften et dacks schwéier hunn, fir dran ze iwwerliewen. Eis Uertschaften erstécke mat Momenter am Verkéier an duerch déi sëllechen Ofgase loossen d’Loft- an d’Liewensqualitéit ze wënschen iwwereg….

Trotzdem soll um Enn vun dësem wuel onkomplette „Miseler Mosaik“ nach eng Kéier de Robert Bruch (a mat him den Ausonius) zitéiert ginn:
„Salve Mosella, du fëlls Feld a Wiss a Wéngert. Dichtege Männer bass de d’Heemecht! Kapphäre mat groussen Nimm, Jonktem, dee sech wiert, wann et drop ukënnt, Riedner, déi et ophuele mam Latium, fäi Liewensaart, Esprit a Lëschtegkeet – dat alles huet d’Natur dir ginn – an denge Kanner.“

Esou e Luef verdingt eis Musel. An nach eppes steet ee fir allemol fest. De Max Duchscher (1886-1956) vu Wecker, deen zu Gréiwemaacher an d’Primärschoul goung, dréckt et a sengem Gedicht „De Wäin“ esou aus:
„Wat wir éis Musel oni Riewen, / Wat wir éis Heemecht oni Wäin, / Wat wir de Mënsch, wat wir säi Liewen / Onst d’Sonn, déi blénkt am klare Wäin?“

Kommt, mir loossen et einfach dobäi!

(nos cahiers 3/2009) Update: 12.02.2019

page4image1562310368

D’Musel viru Gréiwemaacher, am Bild festgehal vum Alain Goedert.

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.