Maacher Stroossen- a Flouernimm

Maacher Stroossen- a Flouernimm…
… esou, wéi den Anton Wagner se 1885 opgeschriwwen huet

Am 7. Kapitel vum Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher – Eine Sammlung von Sagen und Märchen, Sitten und Gebräuchen, Volksmeinungen, Liedern, Sprüchen, Spielen u. s. w. gesammelt, herausgegeben und seinen Mitbürgern gewidmet von X. Mosellanus“ –beschäftegt de Schoulmeeschter a Folklorist Anton Wagner sech mat den deemolege Stroossen- a Flouernimm („Orts- und Flurnamen“) vu Gréiwemaacher. D’Bichelchen, wat e Schatz um Gebitt vun der Volkskunde ass, koum 1885 am Maacher Verlag Josef Eßlen (oder „Esslen“) eraus, huet awer eréischt eng Zäit duerno déi néideg Unerkennung fonnt.

E Wuert zum Auteur

Den Anton Wagner koum de 15. Dezember 1844 zu Berbuerg als Jong vun engem Léngewiewer op d’Welt. Hie gouf Schoulmeeschter a krut seng éischt Ustellung zu Jonglënster, wou e vun 1865 bis 1869 blouf.
Am Joer 1869 huet de Wagner an d’Oberprimärschoul op Gréiwemaacher gewiesselt. Do war dem spéidere Staatsarchitekt Peter-Anton Kemp (1841- 1895) seng Plaz fräi ginn.

Dräi Joer drop, 1872, huet den Anton Wagner sech mam Lucia Fell vu Manternach bestuet. D’Koppel krut tëscht 1873 an 1881 véier Kanner, dräi Meedercher an e Jong.
De Wagner, deen als gudde Schoulmeeschter an ausgezeechente Pädagog bekannt war, huet eng Parti Schoulbicher erausginn, déi am ganze Land gebraucht goufen, z. B. eng däitsch Grammatik (1880) an eng Geographie (1884).

A well de Schoulmeeschter Anton Wagner och mam Vollek gelieft huet, sinn déi Geschichten a Seeërcher, déi Lidder a Spiller an och déi Gebräich, déi et deemools nach zu Maacher gouf oder vun deenen d’Leit an de laange Wanteruuchte geschwat hunn, net spurlos un him laanscht gaang. Ganz sécher huet hie gespuert, datt wäertvollt Volleksgutt no an no verluer géing, wa keen et opschreiwe géif. Mam Dicks an mam Gredt hat hien iwwrégens zwéi gutt Léiermeeschteren…

Dat Bichelchen, wat 1885 erauskoum, wär awer kaum beuecht ginn, schreift den Adolf Berens (1880-1956) eng 50 Joer méi spéit an der „Obermoselzeitung“. Eréischt an den 20er Jore vum 20. Jorhonnert ass sech méi fir e Wierk intresséiert ginn, wat haut nach eng richteg Fondgrouf ass fir all déi, déi eppes fir d’Vergaangenheet vu Land a Leit iwwreg hunn.

Dem Anton Wagner seng Fra ass den 1. Mäerz 1886 gestuerf. Hie selwer ass dat selwecht Joer den 13. Juli beim Schwammen an der Musel erdronk.
Bekannt Leit ewéi dee schon zitéierten Adolf Berens, deem säi Pseudonym iwwregens „Gillius Dölly“ war, de Professer Jos. Hess (1889-1973), de Pol Noesen (1891-1960) an de Paschtouer (an Historiker) Jos. Hurt (1892-1962), hunn am Laf vum 20. Jorhonnert den Anton Wagner a säi Wierk gewierdegt.

An de Joren 1985 an 1986 sinn an der „Warte“ vum „Luxemburger Wort“ zéng ganz Säiten iwwer den Anton Wagner a säi Wierk publizéiert ginn. Dëse verdingschtvolle Maacher Bierger hat net ëmsoss den Titel „Vater der moselländischen Volkskunde“ zouerkannt kritt.

Vu Maceries bis Gréiwemaacher

Looss mer et gläich soen: Dat klengt Kapitel aus den „Alterthümliche Merkwürdigkeiten…“, wat mer hei eppes méi genee ënner d’Lupp huele wëllen – d’Kapitel huet knapps dräi Säiten am Bichelchen! – ass esou räichhalteg, interessant a léierräich, datt ee sech ägentlech op vill méi eng wëssenschaftlech Manéier dermat befaasse misst – vläicht geschitt et jo eng Kéier! Dëse Wonsch hat den Adolf Berens schon 1936 ausgedréckt, wéi e sech an der „Obermoselzeitung“ ausféierlech dermat ausenanergesat huet.

Fir d’éischt hëlt de Wagner d’Etymologie vum Uertschaftsnumm „Gréiwemaacher“ ënner d’Lupp. Hien iwwerhëlt eng Parti Deitungen, ë. a. déi vum Philippe Knaff (gebuer 1822 zu Maacher, gestuerf 1889) an der „Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher“ (1867), dass den Numm „Maacher“ vun dem keltische „Maghair“, wat esouvill bedeit wéi „Akerland“, komme géif. Haut gëtt den Numm meeschtens vum laténgesche Wuert „maceries“ – Gemaier, Mauer, Afriedung – ofgeleet. A wéi dat „Maceries“ sech bis zu „Gréiwemaacher“ entwéckelt huet, seet de Jos. Hurt (1892-1962 – Maacher) äis am Kapitel„Grevenmacher – Werden und Leben einer Moselstadt“ an der Monographie „Grevenmacher, la Bonne Ville, 1252-1952“).

Laut Wagner goufen et dräi Puerte fir aus der Stad eraus (an natierlech och fir a Maacher eran): d’Lëtzebuerger, d’Tréierer an d’Diddenhuewener Puert. Et ass opfälleg an interessant zougläich, datt dee véierten Zougank, nämlech d’Iechternacher a spéider d’Mënschecker Puert, an dëser Oplëschtung feelt. War dësen Zougank esou onbedeitend?

Den Adolf Berens schreift am Joer 1952: „Neben diesen drei Toren scheint noch

ein viertes bestanden zu haben an der Stelle, wo wohl der älteste Zutritt zu Ur-

Grevenmacher gewesen sein mag, indem dort ein diverticulum (Abzweigung)

der römischen Heerstraße, wie auch ein Zweigweg der via consularis (Kiem)

durch die sog. ‚Schukkenhiel’ über ‚Boland’ und ,Därchen’ mündete. (…)“ („Die

Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher“ – Zur Siebenhundert-Jahrfeier der Verleihung des Freiheitsbriefes 1252-1952.“)

Do muss een dach d’Fro stellen: Läit an dëser Vermuddung eng méiglech Erklärung fir déi spektakulär Ausgruewungen, déi 2003/2004 an de Baxeras-Gäert gemaach gi sinn, op där Plaz, wou elo deen neie „Centre intégré pour personnes âgées“ (CIPA) entsteet? D’Christiane Bis-Worch huet doriwwer e ganz intressante Bäitrag mam Titel „Ungewöhnliches aus Grevenmacher: dieFunde aus dem Baxeras-Garten“ am „MNHA Musée info“ No 17 vum Dezember 2004 geschriwwen.

18 Stroossen a Gaassen

Wat d’Maacher Stroossen a Gaassen ugeet, esou schreift de Wagner der 18 op:

„die Trierische Straße, die Luxemburger Straße, die Diedenhofener Straße, die Ringmauergasse, die Thurmgasse, die Pastorsgasse, die Neugasse, die Katharinengasse, die Syrgasse, die Rampartsgasse, der Stuot, das Kuschengässchen, das Schuckengässchen, die Obersttränk, die Untersttränk, die Webergasse, die Onkelsgasse, die Kummertsgasse.“

Dat si wuel déi wichtegst, awer bei wäitem net all Gaassen a Schlëff, déi et deemools – ewéi haut – an der Festung selwer gouf. Eenzelner haten deemools och sécher schon en Numm, anerer hunn haut nach keen…

D’Schuckenhiel an zum Schluss vum Kapitel och d’wäisst Kräiz ginn extra ernimmt an a Verbindung mam Iwwerfall op Gréiwemaacher duerch d’Truppe vum Markgrof Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552 bruecht.
„Weissekreutz: Dies soll sein Entstehen dem Überfall Grevenmachers durch Albrecht von Brandenburg verdanken. Dort sollen sich sonst immer alte Hexen der Gegend zum Tanz vereinigt und gegen die Stadt verschworen haben.“ D’Geschicht vun dësem Iwwerfall op Maacher huet verschiddenen Auteure Stoff geliwwert, esou dem Nik. Welter (1871-1951) a sengem Theaterstéck „Die Braut oder das Mädchen von Grevenmacher“ (1931) an deem schon zitéierten Adolf Berens am éischte Band vu sengem Roman „D’Kerfegsblo’m“ (1921,) – et koume bis 1928 nach dräi Bänn no, et ass deen alleréischte Roman an eiser Sprooch an am Wierk dréint et sech ëm d’Vergaangenheet vu Maacher.

90 Flouernimm

Mat 90 Flouernimm waart den Anton Wagner a sengem Bichelchen op. Och dat si se wuel net all. Awer déi Kommentaren, déi derbäi stinn, si këstlech. Looss mer der e puer erauspicken:
„* Ob der wénig Feltz. Dort standen früher viele Nussbäume. * Ob dem Hóhgerîcht; dort stand früher der Galgen. * St. Gehann. Dort stand früher die Johanniskapelle. * Burggruof. Dort sollen ehedem die Wichtelmänner gewohnt haben, welche unter die Leute gingen und von jedermann sehr geliebt waren. * Huorgarden. Dort soll ‚Schappmännchen’ sich öfters herum getrieben und in sein Horn geblasen haben. * Rewelengerbâch. Dort fanden sich viele unterirdische Mauern und Bauten aus der Römerzeit vor, und noch werden Steine und Knochen daselbst gefunden. * Aâlkirch. Dort stand lange eine Kirche, die die ersten Bewohner der Gegend gebaut hatten und die später Aâlkirch hieß. * Franzósegärdchen od. Franzósekirfech. Dort sollen viele hundert Franzosen aus der Zeit des Rückzuges von Moskau begraben liegen; ganze Schiffsladungen von Todten brachte man die Mosel herauf. * Fróhenaker; Acker der Frohnherren, weil die Äcker der alten Frohnherren da waren.“

Eng ganz besonnesch Beuechtung fënnt den Napoleonsgaart op der Maacher Knupp do, wou haut d’Autobunnsopfaart fir op Tréier ass.
Wuertwiertlech heescht et:

„Knèpchen. Dort ist eine schöne Anlage, nach welcher die Grevenmacherer ihre Ausfahrten und Spaziergänge öfters machen. Dieselbe wurde von den Bürgern selbst gemacht zum Andenken an die Geburt des ‚Roi de Rome’. Man arbeitete fast ein ganzes Jahr daran, und als alles fertig war, wurde der ‚Napoleonsgârt’, so heißt er auch noch heute, vom Stadtdechanten feierlich eingesegnet. Man begab sich in feierlicher Prozession dahin, und es ging an diesem Tage sehr lustig dort zu. Die Stadtverwaltung hatte ein halbes Fuder Wein und einen Wagen voll Brod zum besten gegeben.“

Bei deem zitéierte Geeschtlechen handelt et sech ëm deen éischte Maacher Dechen, de Johann-Jakob Ransonnet vu Lëtzebuerg (zu Maacher vum 3. Januar 1803 bis de 4. September 1812). Duerch en Dekret vum Bëschof Bienaymé vu Metz war Maacher nämlech den 3. Januar 1803 zum Dekanat erhuewe ginn. (Dat blouf Maacher bis de Mee 2017 – Territorialreform vum Äerzbistum Lëtzebuerg.)

Bei de Flouernimm, déi net alphabetesch, mä éischter „de Quartieren no“ opgelëscht sinn, wann een dat emol esou soe kann, mierkt een, datt eenzelner ganz däitlech aus dem Beräich vun de Maacher Soe kommen. Et däerf ee sech z. B. froen, ob d’Wichtelmänner vum Buerggruef identisch si mam Zwergevollek vum Groesteen… Den Nicolas Wampach (gebuer 1880 zu Maacher, gestuerf 1950) huet jo 1920 d’Theaterstéck „Beim Zwergevollek um Groesteen“ geschriwwen. Dëst Theaterstéck ass iwwregens nom Krich vun Maacher Schoulkanner opgefouert ginn – d’Regie haten deemools d’Schoulschwësteren, déi vun 1857 bis 1992 zu Maacher gewierkt hunn. D’Zwergevollek koum nach eng Kéier zum Zuch am Joer 2002 beim mëttelalterleche Schoulfest vun der Primärschoul, den 1. Juni am Kulturhuef.

Aner Nimm kommen eendeiteg aus der Maacher Geschicht. Looss mer nach eng Kéier op de „Knèpchen“ hiweisen, wou den Napoleonsgaart war – mir wäerten nach drop zréckkommen.

An nach aner Nimm verlaangen och haut nach eng Erklärung:
– Wat heescht „Scheivegwisentraft“ a wou war dat? Der Orientéierung no ass dëse Flouernumm wuel a Richtung “Maacher Knupp” ze sichen, well et steet bei den Nimm aus där Géigend…

Hat Maacher e „Jokobsbour?“ – laut dem Wagner senger Oplëschtung wär en a Richtung Mënschecker gewiescht. (E steet tëscht „Manternacherberg“ a „Pèrdsmârt“ an der Oplëschtung.) Wa jo, däerf ee weiderspannen. Louch Maacher dann och – grad wéi Mënschecker – op engem„Lëtzebuerger“ Jakobswee? (D’Jakobsmuschel, déi beim Skelett – vun engem Pilger? – an de Baxerasgäert fonnt gouf, géif dat bestätegen…)

Dat 7. Kapitel aus dem Anton Wagner sengem Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“ fänkt u mat der Deitung vum Numm a mat der Oplëschtung vun de Stroossen a Gaassen, awer och domat, datt

déi Deeler, déi zur Gemeng Gréiwemaacher gehéieren, erwähnt ginn, nämlech: „der Potaschberg (Knupp), die Deisermühle, der Fronayhof, die Ziegelfabrik.“

Elo muss een nach e Wuert iwwer de Fronayhuef verléieren, dee vum Jean Welter (1935-2006) am Bäitrag mam Titel „Der Fronayhof – Bruchstücke aus der bewegten Vergangenheit eines verschwundenen Gehöftes bei Grevenmacher“ an der Broschür „Maacher Stadmusek – Aweiung vum neie Fändel – 2000“ ausféierlech beliicht ginn ass. Dësen Huef iwwer der Deisermill, op deem an där onséileger Nazizäit Zweiwelhaftes geschitt ass, ass nom Zweete Weltkrich spurlos verschwonn.

Dat 7. Kapitel am Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“ hält dann op mat der simpeler Opzielung – ouni iergendee Kommentar – vu sechs Maacher Baachen: „Die Bäche und Wasserläufe auf Bann Grevenmacher sind: Mühlenbach, Teschenbach, Roderbach, Johannsbach, Leitschbach, Keltzbach.“ Och mat dëse Baachen huet de Jean Welter sech eppes méi ausféierlech befaasst an zwar an engem Bäitrag mam Titel „Bäche – Wasser zur Mosel aus der Gemarkung Grevenmacher“ an der Broschür „1925-2000: 75 Joer Amis de la Fleur Gréiwemaacher“.

All dës Ergänzungen doen dem Wierk vum Anton Wagner keen Ofbroch. Hie war et jo, deen ëmmerhi schon 1885 d’Maacher Soen a Märercher, d’Sitten a Gebräich, d’Volleksmeenungen, d’Lidder, d’Spréch an d’Spiller vun deemools niddergeschriwwen an domat fir d’Nowelt erhal huet. Eleng dës Tatsaach ass en immense Verdingscht…

Monique Hermes – Update: 22.02.2019

Dëse Bäitrag ass eng iwwerschafft an aktualiséiert Versioun vum Artikel „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“ (IX), deen den 23. Januar 1986 an der „Warte“ vum „Luxemburger Wort“ an däitscher Sprooch publizéiert gouf.

Den Anton Wagner, gemoolt vum Frantz Seimetz. (Foto: Jean Welter)

page5image1582093808

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.