Maacher Bräich vu fréier

Maacher Bräich vu fréier

wéi de Maacher Schoulmeeschter Anton Wagner se 1885 am Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“ festgehal huet

Am zweete Kapitel vum Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“, dat 1885 zu Maacher erauskoum an dat eng Fondgrouf ass fir all déi, déi eppes méi fir „déi gutt al Zäit“ an alles, wat dermat verbonn ass, iwwreg hunn, geet et ëm „Sitten und Bräuche“.

„Die Volksbräuche knüpfen sich meistens an kirchliche Feste und Zeiten oder an das häusliche und öffentliche Leben. Nachstehende Sitten und Bräuche der Stadt Grevenmacher sind teils alte, teils noch jetzt bestehende“, schreift deen, dee fir säi Bichelchen den Titel „Vater der moselländischen Volkskunde“ krut, fir dëst zweet Kapitel anzeleeden.

  •   Dem Anton Wagner säi Joreskrees fänkt mat Chrëschtdag un, wuel well dat deemools dat bedeitendst Fest war. De Këndel, de Chrëschbeemchen an d’Chrëschtlidder an der Uucht virun de Chrëschtmetten, sinn déi Bräich, iwwer déi den Auteur eppes ze soe weess.
  •   Um Fest vum hellege Gehanes dem Evangelist (27. Dezember) ass zënter uralen Zäiten no der Mass de Wäin geseent ginn, an zwar de Gehaanswäin („Johanniswein“). Dëse Wäin huet dann an all Haus misse sinn, wou Wäin louch. „Man schüttete davon in jedes gefüllte Fass, alle Hausleute mussten einen Schluck davon nehmen, und sogar dem Vieh gab man dessen“, liese mer iwwer de Gehaanswäin.
  •   Weider geet et mam Fest vun den onschëllege Kanner (28. Dezember), wou keng Schoul war a wou all Kand eng Bretzel geschenkt kritt huet.
  •   Iwwer Sylvester – eng Nuecht, déi besonnesch am Krees vun de gebilte Leit gefeiert gi wär – komme mer op Neijooschdag. D’Kanner kruten op deem Dag hiert „Neit Jäerchen“ nom Neijooschgrouss: „Guten Morgen im neuen Jahre! Ich wünsche Euch viel Glück zum neuen Jahre, lang zu leben, glückselig zu sterben, und mir ein Neujährchen!“ Dem Wagner säi leschte Saz deet ee schmunzelen. Hie schreift: „Unter der gebildeten Klasse begrüßt man sich jetzt einfach mit ‚Prost Neujahr’!“ Wann een dat esou liest, da mengt een, den Anton Wagner, deen et verstan huet, dem einfache Vollek op de Mond ze kucken, hätt net extra vill vun dëser „gebilter Klass“ gehal, obwuel hie jo och derzou gehéiert huet…
  •   Op Dräikinneksdag (6. Januar) sinn d’Leit an der Uucht zesumme komm an hu sech bis an d’Nuecht eran ameséiert. De Kinnekskuch mat zwou Bounen dran, enger wäisser an enger donkeler, ass opgeschnidden a giess ginn. Déi Persoun, déi déi donkel Boun krut gouf Kinnek, a Kinnigin war

page1image1577237424 page1image1577237712 page1image1577238000 page1image1577544272 page1image1577238192page1image1577238480 page1image1577238768

déi Persoun mat där heller Boun. D’Kinnekskoppel stoung deen Owend am Mëttelpunkt an huet missen een zum Beschte ginn. De Kinnek krut esouguer e „Maulwisch“, deen him de Mond all Kéier ofgebotzt huet, wann e gedronk hat. A wann een aus dem Haus eraus goung, ass en net méi eragelooss ginn, bis e siwe Plakkäpp aus der Uertschaft opgezielt hat.

 Iwwer Liichtmëssdag (2. Februar) weess de Wagner natierlech ze schreiwen, dass et do ëm geseente Wuess (Käerzen) goung, woumat op all méiglech Plazen am Haus e Kräiz gemaach ginn ass. Hie weess awer nach eppes méi, nämlech datt de Liichtmëssowend deen éischte Fuesowend gewiescht wär: „An diesem Abend wurden hier im sogenannten ‚Borschthaus’ im Lokale der ‚Borscht’ die Plätze der Hauptleute bei den Fastnachtsfeierlichkeiten versteigert.“ Dës Plaz war emol fir d’éischt déi vum Leefer oder vum Ausriffer beim grousse Fuescortège um Fuesméindeg. Hien huet och d’Geld bei deem Cortège opgehuewen. Deen Owend gouf awer och de „wëlle Mann“ gewielt. An d’Plaze vun den Husaren, dem Jeeër an der Jeeërin, dem Schéifer an der Schéiferin sinn versteet ginn.

  •   Fetten Donneschdeg wär an der Zäit de „fetten Uess“ vun engem Metzler duerch Maacher geféiert ginn. Deen Dag wären och d’Fuesentsär opgehuef ginn, an zwar vum Schoulmeeschter mat senge Schüler a vum Koschter mat de Massendénger an alles, wat se kritt hätten, wär fir de Paschtouer a fir d’Kierch gewiescht. Och den Hiert an de Mëller hätten deen Dag soss näischt gemaach, ass ewéi „Fuesentsbréidercher“ ophiewen ze goen.
  •   Ganz vill ze erziele weess de Wagner vun deenen dräi leschte Fuesdeeg zu Maacher, ë.a. vun de „Fuesboken“ a ganz besonnesch vum „wëlle Mann“: Wann ee liest, wéi dëse wëlle Mann ausgesinn huet, da versteet een, datt en a ganz Maacher gefaart war: „War der wilde Mann in seinem Fastnachtskostüm, so trug er ein ‚Geschichtemes’, das ihn furchtbar entstellte und ihm ein höchst wildes Aussehen gab. Seine Kleider waren ganz mit Efeublättern bedeckt, die man, ähnlich den Schiefern auf dem Dach, darauf genäht hatte. Er trug schwere eiserne Ketten und in der Hand hielt er als Waffe einen eben aus dem Felde geholten Baum mit den Wurzeln.“

    An dann zielt de Wagner op, wien nach beim Cortège mat derbäi war, nämlech dee Leefer, déi zwéin Husaren, d’Hanswurschten, de Schéifer an d’Schéiferin, de Jeeër an d’Jeeërin, de volle Bauer, de Paschtouer (natierlech net dee richtegen) an d’“Mehlmrei“. Duerno gëtt dee ganzenZodi a Maacher esou plastesch beschriwwen, datt et emol guer net schwéier wär, fir eng Kéier doraus e klengt Theaterstéck ze maachen …

page2image1508392752 page2image1508393040 page2image1508393328

De Wagner seet awer och dat hei: „Überhaupt hatte dieser Zug viel Unfug und Skandalöses in seinem Gefolge. Er war weit umher berüchtigt wegen seines groben, ungeschliffenen, mitunter schmutzigen Auftretens. (…) Dieser Zug wurde gehalten bis 1822, in welchem Jahre er öffentlich verboten wurde.“ Et sief festgestallt, datt dat d’Joer vum „grousse Brand“ ass.

Wéi et de Brauch vum wëlle Mann net méi gouf, ass an engem Wiertshaus eng „Bauerenhochzäit“ gefeiert ginn – och si gëtt eppes méi genee beschriwwen -, a Fuesdënschdeg ass e Cortège duerch d’Stad gaang, dee „Karschnatz“ geheescht huet a bei dem Fueslidder gesong gi sinn.

  •   Op Äschemëttwoch ass de wëlle Mann verbrannt an d’Fuesent begruewe ginn. Awer och deen Dag war d’Fuesent nach net ganz eriwwer, well zu Maacher ass eng Zäit laang de „Wowerweiher“ – vun der däitscher Uertschaft Wawern ofgeleet – opgefouert ginn. Dat hat eppes mat ale Jofferen ze dinn, déi verspott goufen. No enger Zäit sinn déi zwou Manifestatiounen iwweregens net méi op Äschemëttwoch mä schonn op Fuesdënschdeg ofgehal ginn.
  •   Iwwer d’Faaschtenzäit weess de Wagner ze soen, datt se deemools zu Maacher d’Buergbrennen nëmmen dem Numm no kannt hunn an datt Halleffaschtesonndeg jidder erwuessene Mann säin Hierk huet missen iessen, soss wär en am Summer vun de Mécke verziert ginn. Duerno wär d’Bretzel opkomm, an dee Brauch hätt sech ganz séier verbreet.
  •   Op Pällemsonndeg hunn d’Männer deemools eng kleng Pällemstrauss, déi an der Kierch geseent gi war, um Hutt gedro. No der Vesper ass dann de geseente Pällem op d’Felder gestach ginn. An op Pällemsonndeg gouf et kee Fleesch, wuel awer Panecher a gebake Biren als Mëttegiessen.
  •   Dat, wat iwwer d’Karwoch am Anton Wagner sengem Bichelche steet, ass haut nach zum Deel wouer: „Seit Erbauung der Kreuzkapelle besteht hier die fromme Sitte, dass in der Karwoche, besonders am Karfreitag, man auf den Kreuzerberg die Stationen beten geht. Am Karfreitag sieht man von morgens früh bis abends spät die Beter dort auf- und abgehen.“ Duerno schwätzt den Auteur vum „goldene Vaterunser“, dat besonnesch an der Karwoch vun deenen ale Maacher gebiet gi wär. E fromme Pilger hätt se et geléiert gehat. Dat „gëllent Vaterunser“ ass ägentlech de Résumé vun der Leidensgeschicht während der Karwoch.
  •   1. Abrëll: Soss war et heefeg, datt d’Leit an den Abrëll geschéckt gi sinn, z. B. an d’Apdikt Meefett kafen. Dëse Brauch huet ganz ofgeholl, bemierkt de Wagner.

page3image1572304208 page3image1572304496 page3image1572304784 page3image1572305072 page3image1572305360

  •   Natierlech si bei Ouschteren d’Ouschterär opgezielt, et geet awer och ëm d’Klibberjongen an ëm deen ale Brauch vum Ärtécken. Ouschterméindeg hätten d’Männer sech um Maart versammelt, fir ze técken. A Wäissen Ouschterdag wären erëm Är gesammelt ginn, awer nëmmen ongefierfter.
  •   Iwwer de Mount Mee gëtt et eng ganz Partie z’erzielen, z. B. datt den Hiert, deen d’Véi aus der Uertschaft gehitt huet, derfir ze suergen hat, datt déi Kou, déi den 1. Mee fir d’éischt an d’Stad zréckkoum, e Kranz ëm d’Hare gedro huet. Deen Dag huet den Hiert fir d’éischt an de Bësch goen däerfen. An et ass och derfir gesuergt ginn, datt d’Véi alleguer mam Gehaanswäin geseent ginn ass, fir datt nuets keng Hexen an de Stall kéimen. Grad an dëser éischter Meenuecht wären déi nämlech op ville Plazen unzetreffe gewiescht.
    • –  An da schwätzt de Wagner och nach vum Meefeier, dat an deenen éischte Meedeeg op den Héichten ëm Maacher gebrannt huet, a vun de Bittprëssiounen, déi am Mee duerch d’Felder gezu sinn a bei deenen d’Friichte vum Feld geseent goufen.
    • –  Den Anton Wagner erwähnt awer och de Brauch vum Meesetzen. Dëse Brauch wär wuel ni zu Gréiwemaacher parktizéiert ginn, seet en. En erzielt eng Geschicht, wou d’Borscht vu Gréiwemaacher der Manternacher Jugend hire Meebam, deen déi dem Buergermeeschter gesat hat, geklaut a virun der Maacher Kierch opgestallt hat. D’Borscht huet Dag an Nuecht beim Bam Wuecht gehal. A wéi en dee leschten Dag vum Mount ewechgeholl ginn ass, gouf e grousst Borschtfest gehal.
  •   Beim Härläichendag beschreift de Wagner d’Prëssioun, déi deen Dag selwer an och nach dee Sonndeg drop gaang ass a bei där d’Borscht eng ganz besonnesch Roll ze spillen hat. De Wagner weess awer och eppes vum Danz, dee sonndes um Maart war. „Nach der Vesper gingen dieBorschtjungen jeder ein Mädchen abholen, zum Tanz auf dem Markt; aber nur die Mädchen durften abgeholt werden, welche bei den Prozessionen die Muttergottes getragen hatten“, heescht et an da ginn déi ganz Feierlechkeete beschriwwen, déi bis 1835 gedauert hätten.
  •   Gehaansdag – de 24. Juni: „Dieser Tag wurde früher in Grevenmacher von Groß und Klein gefeiert. Man zog hinaus nach St. Johann – dat ass wäit hanner der Kräizkapell, wou déi éischt Parkierch vu Maacher stoung, déi dem hellege Gehanes geweit war; haut erënneren nach just e Flouernumm an e Kräiz no bei der Strooss fir op Nidderdonwen dorun – wohin auch viele Fremde kamen, teils um zu beten, teils um sich dort zu belustigen. Der große Platz um die Kapelle schien in einem Marktplatz umgewandelt zu sein.“ Et wär picknickt a gefeiert gi bis an d’Nuecht, seet

page4image1578398448 page4image1578398736 page4image1578399024 page4image1578399312

den Auteur, éiert e vun der „St. Johannskapelle“ schwätzt, déi während der franséischer Revolutioun vun de Fransousen zerstéiert gi wär. De Schluss vun dësen Ausféierungen ass deen hei: „Der Platz blieb der Belustigungsort der Grevenmacherer. Jetzt geht man an schönen Sommerabenden noch manchmal dorthin beten. Es steht nur mehr ein altes, vom Kreuzerberg dorthin gesetztes Stationskreuz da, mit der Jahreszahl 1747.“

  •   Mariä Himmelfaart, de 15. August, dat ass zënter éiweg am Volleksmond als “Léiffrawëschdag“ bekannt, well ee fréier drop gehal huet, fir an all Haus e Wësch ze hunn, deen an der Kierch geseent gi war. Esouguer déi Doudeg hätten als Këssen e geseente Wësch kritt, weess de Wagner ze erzielen.
  •   Méchelsdag – den 29. September, wär de Bann fräi gewiescht fir all Véi. An de Méchelsowend wär an den Uuchten an an de Wiertshaiser freedeg begaang ginn, heescht et an de „Merkwürdigkeiten“.
  •   Den hellegen Haupert (Hubertus) – den 3. November, hätten d’Jeeër a fréieren Zäiten zu Maacher ganz besonnesch gefeiert. An d’Kanner an d’Meedercher häte sech dann d’Hubertusréng an d’Medaile seene gelooss, déi se dat ganzt Joer un de Fanger an ëm den Hals gedro hätten, fir sech virum Bëss vu wëllen Hënn ze schützen.
  •   Mäertesdag – den 11. November wär en Dag gewiescht, wou all Scholden an all Loun deen nach fälleg war, ze bezuele waren. A vun der Mäertesnuecht weess de Wagner och schonn eppes ze zielen, z. B. vu Feieren, déi op den Héichten ëm Maacher gebrannt hunn. D’Mäertesuucht huet nämlech zesumme mat der Dräikinneks-, der Méchels- an der Neklosuucht zu de véier „Hofabende“ gehéiert. An déi sinn an der Famill an an der Gesellschaft freedeg begaang ginn.
  •   Kiermes, déi ass zu Maacher eng Kéier de 17. November, (oder dee Sonndeg duerno), wann dat eegentlecht „Kirchweihfest“ ass, an eng Kéier am Summer, nämlech dee Sonndeg no Laurenzdag (10. August – kleng Kiermes), well den hellege Laurentius ass jo de Patréiner vun der Maacher Dekanatskierch (zënter 2017 Parkierch vun der Par “Musel a Syr Saint-Jacques”. Vun deenen zwou Kiermesse weess de Wagner eppes ze erzielen. Et sinn eng Partie al Bräich, déi e festhält. A besonnesch dat hei schéngt intressant: „Am Großkirmesmittwoch und am Kleinkirmesmontag wurde früher von der Borscht die Kirmes begraben. Man machte einen Strohmann, den man unter Lachen und Schreien, unter Weinen, Schluchzen und Trauern aus der Stadt trug und begrub, worauf man einige Schoppen zum Abschluss der Kirmes trank.“

page5image1572724928 page5image1572725216 page5image1572725504 page5image1572725792 page5image1572726080

  •   Looss mer zum Schluss nach just ee Brauch erausgräifen, deen och eppes mat Maacher ze dinn huet. Den Anton Wagner zielt der nämlech nach méi op, wéi d’Amecht, d’Hochzäit, den Héil ophänken, Charriwari, de Stréimann, Gebuert a Kanddaf, Krankheet an Doud, d’Straussfeier, déi awer méi allgemeng sinn. Si sollen dofir just ernimmt ginn.
  •   Zur Drauwelies seet den Auteur dat hei: „Die Kornernte geht hier ohne besondere Gebräuche und Lustbarkeiten vorüber, nicht aber die Traubenlese. Den ganzen Tag hört man während derselben im Weinberge singen, und abends bei der Heimkehr geht’s ebenfalls recht lustig zu. DerTräger ist die Hauptperson im Weinberg und führt einigermaßen die Aufsicht über die anderen. Es gibt besonders Acht, dass keine Traube hängen bleibt und merkt sich in seinem Büchlein, wie viel jede Leserin deren übergangen. Am letzten Tag der Lesezeit macht man den ‚Hunn’.“ An da beschreift en dës Feier eppes méi genee.

    Esou wäit zum zweete Kapitel aus dem Anton Wagner senger Fondgrouf mam Titel: „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher. Eine Sammlung von Sagen und Märchen, Sitten und Gebräuchen, Volksmeinungen, Liedern, Sprüchen, Spielen u.s.w. – gesammelt, herausgegeben und seinen Mitbürgern gewidmet von X. Mosellanus.“

    An enger Zäit, wou alles séier goe muss, well kaum nach een Zäit huet, ass et derwäert, datt een dat net an de Vergiess gerode léisst, wat eise Virfueren eppes Wäert war. Grad Veräinsbroschüre bidden de Kader, fir dëst oder dat opzefrëschen.

    Monique Hermes 2002 am “Livre d’Or Sapeurs Pompiers Grevenmacher” – Update 2019 (Den Artikel geet zréck op 2 “Warte”-Artikele vum 14. a vum 21.11.1985)

page6image1572045184 page6image1572045472

1885 koum d’Bichelchen “Alterthümliche Merkwürdigkeiten…” eraus.

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.