Lidder fir d’Vollek

Deemools zu Maacher Lidder fir d’Vollek

Ëm e Maacher – oder vill méi, ëm e Schoulmeeschter, deem Maacher zur Heemecht gi war an ëm en Deel vu sengem Wierk – soll et an dësem Artikel goen: den Anton Wagner (1844-1886).

Dëse Pädagog a Folklorist huet also an där Zäit gelieft, wéi deen éischte

Maacher Gesangveräin gegrënnt ginn ass. Deemools, 1848, war e wuel nach e

Kand, an en huet knapps eppes vun där Grënnung matkritt. Mä tëscht 1869 –

wéi en als Schoulmeeschter an d’Oberprimärschoul op Maacher koum – an

1886 – wéi en zu Maacher an der Musel erdronk ass – huet den Anton Wagner

ganz sécher de Maacher Gesangveräin kenne geléiert. Op der Lëscht vun 1873

– wéi de Veräin fir d’véiert Kéier reorganiséiert gi war an elo “Cäcilienverein”

geheescht huet – fanne mer ënner deenen 41 Memberen en Anton Wagner (cf.

Regëschtere vum Veräin an der Jubiläumsbroschür “Chorale municipale Grevenmacher, 1848-1973).

Eng Frondgrouf um Gebitt vum Folklor

Ma looss mer der Rei no fueren. D’Stad Maacher, d’Muselgéigend an d’Lëtzebuerger Land hunn dem Anton Wagner eng Fondgrouf um Gebitt vum Folklor am wäitste Sënn ze verdanken. All déi, déi sech fir d’Vergaangenheet vu Land a Leit interesséieren, kommen net laanscht dat Bichelchen, dat am Joer 1885 am Verlag J. Eßlen zu Maacher erauskoum:

“Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher. Eine Sammlung von Sagen und Märchen, Sitten und Gebräuchen, Volksmeinungen, Liedern, Sprüchen, Spielen u. s. w. gesammelt, herausgegeben und seinen Mitbürgern gewidmet von X. Mosellanus.”

E Bichelchen, dat am Ganzen 120 Säiten huet, sollt also derzou bäidroen, datt d’Soen an d’Gebräich, d’Lidder, d’Spréchwierder an d’Spiller, d’Stroossen- an d’Flouernimm vum Muselstiedchen an aus der Emgéigend net an de Vergiess gerode sinn.

D’Buch u sech ass (…) vun Enn 1985 bis Ufank 1986 ausféierlech an der “Warte” vum “Luxemburger Wort” virgestallt ginn. Dofir soll an dësem Artikel

page1image1508332720

(…) nëmmen dat véiert Kapitel behandelt ginn. Well dora befaasst de Wagner sech mat Lidder.

Wie war den Anton Wagner?

Ma looss mer emol fir d’éischt kloerstellen, wien deen Anton Wagner dann ägentlech war. An der Nummer 19/1986 vun der Zäitschrëft vun der Actioun Lëtzebuergesch “Eis Sprooch” steet dat hei:

“Op d’Welt komm war den Anton Wagner de 15. Dezember 1844 zu Berbuerg an deem klengen Haus ‘um Bierg’, dat haut nach do steet. Do ass hien och mat sengen dräi Bridder, dem Johann-Philipp, dem Mathias an dem Johann-Baptist opgewuess. Säi Papp war Léngewiewer.

Den Anton huet gutt geléiert an hie gouf Schoulmeeschter. Seng éischt Plaz krut en zu Jonglënster. Do sollt en awer nëmme véier Joer, vun 1865 bis 1869, bleiwen.
Am Joer 1869 koum den Anton Wagner an d’Oberprimärschoul op Gréiwemaacher. Do war dem spéidere Staatsarchitekt Peter-Anton Kemp (1841-1895) seng Plaz fräi ginn.

1872 huet den Anton Wagner sech mam Lucia Fell vu Manternach bestuet. Déi jonk Koppel krut véier Kanner: d’Maria Angelika (*1873), hatt sollt ënner dem Numm Sr Marie-Gabrielle bei den Dominikanerinnen antrieden; den Nikolaus- Josef (*1876), hie sollt Jesuit ginn; den Aloysius-Mathias (*1876), hie sollt säi Liewen um Tram zu Chicago an Amerika maachen; an d’Anna-Catherina (*1881), hatt sollt als Sr Irmengardis bei d’Elisabetherinne goen.

De Wagner war e gudde Schoulmeeschter, en ausgezeechente Pädagog an e feine Mënsch. Hien huet fir seng Schoul gelieft. Et ass dofir kee Wonner, datt en och eng Partie gutt Schoulbicher erausginn huet, esou eng däitsch Grammatik (1880) an eng Geographie (1884). (…)

De Wagner war och ee vun deene Schoulmeeschteren, déi “matzen am Vollek” gelieft hunn. Hien hat eppes iwwereg fir déi al Geschichten a Seeërcher, déi Lidder a Spiller, a fir déi Gebräich, déi et deemools nach zu Maacher gouf oder vun deenen d’Leit a laange Wanteruuchten ze ziele woussten. Ganz sécher huet hie gespuert, datt dëst wäertvollt Volleksgutt no an no verluer géing, wa keen et opschreiwe géif. (m.h.)

D’Resultat dovu sinn d’ “Alterthümliche Merkwürdigkeiten….”.

Soe mer och nach, datt dem Anton Wagner seng Fra den 1. Mäerz 1886 gestuerwen ass. Hie selwer ass, wéi scho bemierkt, nëmmen e puer Méint méi spéit, den 13. Juli 1886, beim Bueden an der Musel erdronk. D’Graf vun der

Famill Wagner-Fell war bis n d’1960er Joren um alen Deel vum Maacher Kierfecht.

Bis an d’20. Jorhonnert eran ass dat klengt Bichelchen éischter onbemierkt bliwwen. Et hu misse Leit ewéi en Adolf Berens (1880-1956), e Professer Jos. Hess (1889-1973), e Pol Noesen (1891-1960) an e Jos. Hurt (1892-1962) kommen, fir dem Anton Wagner säi Wierk ze wierdegen. Zwéi vun deene Genannten – den Adolf Berens an de Jos. Hurt – waren iwweregens vu Maacher…

32 Vollekslidder

Dat véiert Kapitel vu sengem Buch huet den Anton Wagner an zwee gedeelt: A. Vollekslieder a B. Kinderlieder.

Am éischten Deel geet et ëm 32 Vollekslidder, déi wuel ëm 1885 a virdrun zu Maacher gesonge goufen, vläicht scho vum Blannen Theis; mä doriwwer eppes méi spéit. Mat dësem éischten Deel befaasse mer äis elo eppes méi genee.

Den Auteur schreift an der Aleedung zum éischten Deel: “Diese Sammlung bietet nicht bloß alterthümliche Lieder, sondern auch solche aus der Neuzeit, wie z. B. ‘De Feierwon’ und mehrere andere, die ihres volksthümlichen Charakters wegen allenthalben sehr beliebt sind.” (S. 38)

Hei mierke mer, datt de gréissten Deel vum Wagner sengem Buch – ausser verschidde Lidder an dem 5. Kapitel, wou et ëm “Sprüche, Reime, Sprichwörter” geet an och am 8. Kapitel, wou “Didaktische Ausdrücke” an der Fënster stinn, an däitscher Sprooch geschriwwen ass. Dat ass ganz normal. Trotz engem Méchel Lentz (1820-1893), engem Edmond de la Fontaine (Dicks) (1823-1891) an engem Michel Rodange (1827-1876), war et net Usus, fir deemools an eiser Sprooch ze schreiwen. Et géif op dëser Plaz awer ze wäit féieren, fir op d’Evolutioun vum Lëtzebuergeschen am Geschriwwenen anzegoen.

Wat ass e Vollekslidd?

Ëm Vollekslidder geet et also fir d’éischt am véierte Kapitel vum Wagner sengem Bichelchen. Wat ass e Vollekslidd? Ma do zéie mer de Pädagog a Museksfachmann Henri Rodesch (1935-2015) zu Rot. An enger Aarbecht, déi op de Januar 1994 datéiert ass an den Titel huet: “Lëtzebuerger Volleksmusek – Eist Vollekslidd, eis Operetten” seet hien dat esou:

“D’Definitioun vum Begrëff ‘Vollekslidd’ geet zréck op de Joh. Gottfried HERDER (1744-1803), däitsche Philosoph, Theolog an Dichter. Wat d’Lidd ubelaangt, war hien ee vun deenen éischten, déi sech Suergen ëm d’Erhale vum Volleksliddgutt gemeet huet. Aus de Joere 1778/79 staamt seng Sammlung ‘Volkslieder – Stimmen der Völker in Liedern’.

E Vollekslidd muss, nom Herder, dëse Kritären entspriechen:

  • –  et muss e ganz aalt Lidd sinn;
  • –  Textdichter a Komponist mussen anonym sinn;
  • –  et muss deemno aus dem Vollek eraus entstan sinn.

    Esou wäit den Henri Rodesch. Hei zu Lëtzebuerg hunn iwweregens de Matthias Tresch (1876-1942) mat sengem Buch “La chanson populaire luxembourgeoise” (1929) an de Mathias Thill (1880-1936) mat sengem Wierk “Singendes Volk – Volkslieder aus Luxemburg” (1937) Pionéieraarbecht geleescht, wat d’Vollekslidd ugeet.

    An elo zréck bei den Anton Wagner. Vu sengem 32 “Vollekslidder” – alleguer ouni Nouten an ouni Auteur – sinn der 9 dervun an eiser Sprooch. Déi aner sinn op Däitsch; an et fënnt ee se och an däitsche Lidderbicher aus där Zäit, zum Beispill an “Volkslieder von Mosel und Saar” (1896) vum Karl Köhler a John Meier.

    An enger Zäit, wou d’geschriwwent Lëtzebuergescht an de Kannerschong stécht, ass et nu wierklech kee Wonner, datt grad un der Grenz Lidder “vun där Säit” oder, wéi de Jos. Hess et a senger “Volkskunde” ausdréckt, “aus der stammlichen Nachbarschaft, von der Mosel, der Eifel und dem Hunsrück, aus em deutschen und dem französischen Sprachgebiet Lothringens” gesong gi sinn. An et ass och kee Wonner, datt dat zu Maacher kaum franséisch Lidder waren. Vill Leit konnten deemools bei äis iwwerhaapt kee Franséisch schwätzen.

    Vum ‘Feierwon’ bis bei d’Fuesent
    Looss mer äis also emol mat deenen 9 Lidder a Lëtzebuerger Sprooch ganz

    besonnesch ofginn.

    Do ass emol fir d’éischt eise gudden ale “Feierwon”. Deemools war en esouzesoe “fuschnei”, well de Lentz hat e jo fir de 5. Oktober 1859 – wéi zu Lëtzebuerg den éischten Zuch gefuer ass – geschriwwen.

    Datt “De Feierwon” un éischter Plaz steet, ass och ganz normal. Dëst Geleeënheetslidd war jo eng Zäitlaang eist “Nationallidd”, esou hat et ageschlo. A sengem Referat mam Titel “E Land a säi Lidd” – et goung ëm “Ons

Heemecht” – ass de Christian Calmes (1913-1995) de 24. Juni 1989 zu Ettelbréck op d’Rivalitéit agaang, zu där et an de 60er Jore vum 19. Jorhonnert tëscht dem “Feierwon” an der “Heemecht” komm war.

A méi spéit – am 20. Jorhonnert – sollt dëse “Feierwon” esouguer zu engem Manifest ginn. Oder wat bedeit d’Behaaptung: “Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn” anescht? Ma dat konnt den Anton Wagner deemools net wëssen, well de Lentz wosst et och net!

An et ass nach e Lidd vum Lentze Misch, dat beim Wagner op där zweeter Plaz steet: “De Komper Kueb”. Wuel jidderee kennt jo dem franséischen Dichter Jean de la Fontaine (1621-1695) seng bekannt a beléift Fabel “Le corbeau et le renard”, an och d’lëtzebuergesch Versioun dovun ass äis a Fleesch a Blutt iwwergaang:

“Et wor emol e Kueb, dee souz zefridd’n a frou,
e Kéis a sengem Schniewel op engem Bam anzwou…”

De Lentz hat dat Lidd iwweregens schonn am Joer 1843 geschriwwen.

“D’Fûgelshochzeit”

Intressant gëtt et beim drëtte Lidd: “D’Fûgelshochzeit”. D’Lidd fänkt un: “Elo welt ech, daat ech am Grénewald wär,

Ewô d’Fûgelshochzeit wôr!”

Hei féieren d’Parallelen zu aneren Texter, déi bal d’selwecht sinn, iwwer Lëtzebuerg – “Luxemburger Kinderreime”, 1884, Karl Mersch (1856-1884) – bis an Däitschland – an do bis an d’Joer 1530, wéi den Adolf Berens 1936 an der “Obermoselzeitung” schreift – an esouguer bis an d’franséisch Bretagne.

Laanscht dëst Lidd ass och de Meeschter Dicks net komm. A senge “Luxemburger Volkslieder älterer Zeit” (1904) liese mer eng eppes méi laang “Fullenhochzeit”. An de Kapphär vun der Lëtzebuerger Sprooch hat sech jo 1848 – am Grënnungsjoer vum Maacher Gesangveräin – och un deem Thema inspiréiert, fir seng legendär politesch Parodie mam Titel “D’Vulleparlament am Gréngewald” ze schreiwen…

Ganz beléift wär dat véiert Lidd gewiescht, dat de Wagner festhält: “De Gérend mat dem Esel”. Et geet doran ëm e Bauer, dee säin Iesel net gutt versuergt, esou datt d’Déier muss doutgemaach a begruewe ginn.

Besonnesch beim Spannen hätten d’Fraen dat Lidd nawell gär gesongen. An der “Obermoselzeitung” vum Dezember 1936 mengt den Adolf Berens, et hätt däitsch Wuerzelen, obwuel hien dem Text nach néierens an Däitschland begéint wär.

An nach eng Kéier ëm e Bauer geet et och am Wagner sengem fënnefte Lidd: “De Kirmesbauer”. Wann een den Text liest, kann ee sech virstellen, datt d’Lidd sech gutt gesong huet:

“Et wôr emol e Bauer,
Et wôr emol e Kirmesbauer, Juchheisahopsa Kirmesbauer…”

D’Geschicht ass ganz einfach déi hei, datt de Bauer dat Geld, wat e fir Holz kritt huet, op der Kiermes versauft an dann op d’Nues fällt. Elo muss en déi vu senger Fra verbonn kréien.

“D’Gefuodesch”

Elo komme mer wuel un dat Lidd, mat deem mer äis méi laang beschäftege mussen. Dat huet seng Grënn. Ma looss mer der Rei no fueren.

D’Lidd heescht: “D’Gefuodesch”, an den Anton Wagner kennt sechs Strofen dervun. Déi zweet Strof sief hei zitéiert:

“Et wuoren emol zwó Gefuodeschen, se gongen mat enèn: Se gongen en Schôpen drénken, se drénken e Môser nein. Derlengdeng, diederleng, derlengdeng, deng, deng, deng!”

Mat dësem Lidd huet eegentlech kee sech net befaasst! Mer ginn emol direkt bei den Dicks. A sengem Buch: “Die Luxemburger Volkslieder älterer Zeit” (1904) schreift deen och “Zu Arel op der Knippchen” op. Do heescht déi zweet Strof:

“Et sosen drei Gefuodeschen, Am Wirtshaûs bis an d’Nuôcht, Mat hirem Parlatintchen
An dronken èng Mos or uôcht. Berelénk, denk, direlirelénk…”

Et ginn also emol ganz sécher Parallelen tëscht deenen zwee Lidder. Ëm “D’Gefuodesch” – wat wuel vum däitsche “Gevatterin” kënnt an ë. a. och esou

eppes, wéi “Kumpanin” bedeit – wëssen och de Mathias Thill an de Matthias Tresch (an deenen zwee Bicher, déi schonn zitéiert gi sinn).

An dann de Blannen Theis…

Mä dat eleng geet net duer, fir eist Lidd interessant ze maachen. Dëst Lidd an och dat anert, wat derbäi passt, sinn nämlech laang dem “Blannen Theis” zougeschriwwe ginn. An elo si mer néierens anescht, wéi am Häerz vu Maacher!

Well am Häerz vun der Muselmetropol, an der Maacher Foussgängerzon bei där fréierer Dekanatskierch (zënter Mee 2017 Parkierch vun der Par Musel a Syr Saint- Jacques), der Gemeng an der Maartplaz krut dëse Blannen Theis 1991 en Denkmal gesat. Esouzesoen op enger Éiereplaz. De Kënschtler Wil Lofy huet déi herrlech Statu geschaf.

An déi selwecht Zäit – d. h. am Oktober 1991 – koum dem Jean Welter säin opschlossräicht Buch mam Titel “Auf den Spuren des ‘Blannen Theis’ – (Mathias Schou) 1747-1824” eraus.

Firwat? Mä well et am Muselstiedche wuel kaum méi eng legendär a populär Figur gëtt, ewéi dëse blanne Spillmann.

Looss mer nach eng Kéier kuerz zesummefaassen:

De Mathias Schou – deen am Ufank vum 20. Jorhonnert jorzéngtelaang als Mathias Gelhausen gehandelt gouf, bis de Leo Senninger (1896-1974) deem Spillchen en Enn gemaach huet, well dat war natierlech falsch – ass 1747 zu Maacher op d’Welt komm. Well en net gutt – oder och bal näischt – gesinn huet, krut en am Volleksmond ganz séier den Numm “Blannen Theis”.

Den Theis huet säi Liewen als Spillmann verdéngt, war zweemol bestuet an ass 1824 ganz arem zu Eech gestuerf.

Do war eegentlech nach näischt Aussergewéinleches derbäi. Awer dëse Blannen Theis hätt eppes ze di gehat mat deenen éischte Lidder, déi an eiser Sprooch gesong – a wuel och geschriwwe – gi wären. An do gi grad déi zwee Lidder, déi uewen zitéiert gi sinn, am meeschte genannt. Et war also derwäert, fir eppes méi genee drop anzegoen.

Datt de Blannen Theis, vun deem mer als eenzeg “Foto” eng Bläistëftzeechnung an eisem Staatsmusée fir Konscht a Geschicht hunn, duerch de Michel Rodange an den Dicks an d’Lëtzebuerger Literatur agaang ass, weess wuel jiddereen.

Dat bekannst Beispill ass sécher dem Dicks säi Gedicht mam Titel “De blannen Theis”, dat de Maacher Schoulmeeschter Johny Weis 1991 vertount huet. Déi éischt Stroph vun dësem vertounte Gedicht heescht (an der Schreifweis vun haut):

“Ech zéien uechter d’Land erëm
Mat menger Fra am Arem;
D’Leit kennen all meng fréilech Stëmm, An ‘t kränkt mech kee Gendarem.
Ech hu vir jiddereen eng Weis, Gestëmmt ass ëmmerfort meng Gei. Juchhei!
Ech sinn de blannen Theis.”

An de Méchel Lentz léisst de Fiischen am Renert soen: (XIV. Gesank – Schreifweis vun haut):

“Gelt, Monnonk”, sot de Fiischen, “nu feelt Iech nach eng Gei;
Dir stéingt mam blannen Theis nu Jo prächteg an der Rei.

Dir géingt op d’Dierfer spillen, Da wär Iert Brout gebak;
A bei em Mo wi Ieren,
Der bräicht emol kee Sak.

Der bräicht wuel nach e Schnëppel An dann e Bounepaartshutt, derbei nach géing Iech wierklecheng bluttrout Box och gutt.”

Et ginn nach eng Partie Spuren an der lëtzebuergescher Literatur, ë. a. beim Adolf Berens an deem sengem Roman “D’Kerfegsblo’m” oder beim Nikolaus Welter (1871-1951) oder beim Marcel Reuland (1905-1956) oder beim Nikolaus Hein (1889-1969)…

Am beschte liest een dat ganz ausféierlech am Jean Welter sengem Buch no. Et ass e meeschterhaft Wierk iwwer eng besonnesch Figur vu Maacher.

An dann existéiert nach eng Spur, déi an dësem Artikel fir d’alleréischt opgegraff gëtt. Et ass e fragmentarescht Manuskript vun engem Theaterstéck mam Titel “De blannen Theis”, dat mer a ganz interessanten Notizen, Gedichter

an Texter vum Dr. Henri Clees (1928-2000), e gebierdege Maacher, dee spéider zu Esch/Uelzecht gewunnt huet, fonnt hunn. (Den Dr. Henri Clees, genannt “Hein”,

war de Jong vum Dr. Jean Clees an der Mme Marie Catherine Clees-Prost. Den Dr. Jean Clees (1890-1948), e beléifte Maacher, deen am Éislek op d’Welt komm war a sech 1919 am Muselstiedchen etabléiert hat, sollt sech am Zweete Weltkrich duerch säi Patriotismus ervir doen. Säin Undenken ass an der Nummer 2/1991 vun der Zäitschrëft “De Cliärrewer Kanton” ausféierlech gewierdegt ginn.)

D’Stéck spillt am Joer 1822, wéi zu Maacher dee legendäre grousse Brand war, an den Theis an den Dicks kommen dra vir. An e puer Bemierkungen, déi den Theis mécht, sinn eegentlech derwäert, datt se hei niddergeschriwwe ginn.

“Ech gesinn, well ech gär hunn – an dir hutt gär, well der gesitt.”

“Ech verlaangeren nom Liicht, well et däischter ass – an dir begiert am kloeren Dag schonn d’Nuecht.”

Vläicht kucke mer och nach kuerz an de Szenario vun där leschter Zeen eran:

Den Theis ass vum Buergermeeschter zum Prisong veruerteelt ginn. Säi leschte Wonsch, nach eng Kéier op der Gei ze spillen, gëtt him bewëllegt.
Hie spillt e Lidd vun der Léift. (…) Duerno rifft de Buergermeeschter d’Zaldoten, fir den Theis ofzeféieren, ma si kommen net.

E Buet stierzt eran a mellt voll Opreegung, datt beim Senge vun engem Schwäin Maacher ugestach gouf. – Groussen Duercherneen. – E Meedche kuckt an d’Uertschaft, déi brennt a seet, dem Theis säin Haus wär och derbäi. Du riicht dee seng blann An an déi Richtung a kräischt.

D’Meedchen tréischt en a seet, d’Gemaier géif wuel verbrennen, mä den Theis hätt jo schonn d’Fëllementer geluegt fir en neit Haus: dat vun der lëtzebuerger Sprooch.

Elo schenkt den Theis engem Jong – et ass den Dicks (wuel awer ganz jonk!) – seng Gei a biet hien, d’Instrument weider ze ginn duerch d’Generatiounen. Den Dicks spillt säin éischt Lidd, an d’Meedche séngt derbäi. (…)

E Wuert iwwer de “Blanne Pully”

Et ass de Jos. Faber (1888-1954), deen an der Obermoselzeitung vum 18. Abrëll 1929 eng éischte Kéier eng Verbindung tëscht dem Blannen Theis – deen deemools fälschlecherweis jo als Mathias Gelhausen zitéiert ginn ass – an engem gewësse “blanne Pully” mécht.

Dëse Schouster a Poet wär e gewësse Johann Gelhausen vu Gréiwemaacher gewiescht, deen de 17. Abrëll 1811 op d’Welt komm an de 25. November 1874

gestuerwen ass. (An der Familienchronik der Stadt Grevenmacher – Ca. 1634-1923 vun Kayser & Vanolst, 2017, gëtt dëse Johann Baptist Gelhausen als “Schuster, Geiger” erwähnt. Tëscht him an dem Theis ginn et also “Zäit-Parallelen”, wann ee weess, datt den Theis 1747 gebuer an 1824 gestuerwen ass.)

De blanne Pully wär mat der Zäit blann ginn an hätt sech vu senger “sehenden Hälfte, der Häsprengs Gret” (Grete Frisch) op Joermäert a Kiermessen

erëmféiere gelooss, wou en op der Gei gespillt an och gesongen hätt. (Laut där schonn zitéierter Familienchronik huet dem Johann Gelhausen seng Fra tatsächlech Margaretha Frisch geheescht.) “Es sollte mich königlich freuen, wenn Einer aus Überlieferung oder sonstwoher einen weiteren Strich zum authentischen Porträt des Blannen Theis oder des Schuhmachers und Poeten Pully liefern könnte”, schreift de Jos. Faber um Schluss vu sengem Artikel, deen herno fir esou munnecht Gespréich gesuergt hunn dierft.

An de Blanne Pully misst och eng Kéier méi genee “analyséiert” ginn. Vläicht wär et derwäert, sollt et net schonn ze spéit sinn…

Elo misst op dëser Plaz e Wuert falen iwwer an anere Maacher Spillmann, deen zur Zäit vum Anton Wagner gelieft huet an op d’Welt komm war an deem Joer, wéi de Maacher Gesangveräin gegrënnt ginn ass.

Et geet ëm de Georg Weyer (1848-1924), besser bekannt ënner dem Numm

“De Georgely”. Mat him huet de Jean Welter sech ausféierlech an engem

Artikel an der Broschür 150 Joar Maacher Gesangveräin 1848-1998: “Auf den

Spuren des ‘Georgely’ (Georg Weyer, 1848-1924). An dee Georgely krut och

eng extra Plaz am Buch “Gréiwemaacher – Mein Gemeen. Wissenswertes aus

Geschichte, Geografie und Kultur” wat 2016 erauskoum. (Autorenteam: Monique Hermes, Emile Krier, Carlo Weber.)

“De klène Mènnchen”

E Lidd, wat deemools vill doruechter verbreet war, steet u siwenter Plaz beim Wagner senge Vollekslidder an eiser Sprooch.

Et huet den Titel: “De klène Mènnchen”, an et ass d’Geschicht vun engem “klenge Mann”, dee mat senger Fra op d’Kiermes goe wollt, awer net matgeholl ginn ass. Esou heescht et an där drëtter Stroph (vu fënnef):

Dôhem sollt hie jô bleiwen, Derjiederjiederjo,

Fir d’Ké an d’Kâlewer ze dreiwen, elô, elô, elô.

Mat zéng Strophe waart den Dicks a senge “Luxemburger Volkslieder…” op. An do ass déi drëtt Stroph déi hei:

Mei Mènnchen, dû bleifs mir am Haus, Derji derja derjo!
Spulls d’Schosselen an d’Têlleren aûs. Elo, elo, elo!

Hei gesäit een, wéi séier datt en Text – zum Beispill vun Uertschaft zu Uertschaft, oder awer mat der Zäit – ännere kann. D’Lidd, dat och mam Blannen Theis a Verbindung bruecht gëtt, gëtt iwweregens a verschiddene Variante vun all deenen zitéiert, déi eppes méi iwwer Vollekslidder ze soen haten. Am meeschte Strophen – nämlech 12 – huet et beim Matthias Tresch: “La chanson populaire luxembourgeoise”.

Et ass och kee Stacklëtzebuerger Lidd, well et fënnt een ähnlech Texter an Däitschland, z. B. am Buch “Sitten und Bräuche des Eifler Volkes” (1856), vum J. H. Schmitz, (Titel: “Das Kauschermännchen”), an esouguer an der Schwäiz an och am éisterräicheschen Tirol.

“Elei kommen dé Mâcher Medercher … a Jongen”

Zwee “Fuosendsléder” sinn déi lescht vun de lëtzebuergesche Vollekslidder beim Anton Wagner. Si wäre bei de Fuesentsëmzich zu Maacher gesonge ginn, schreift de Wagner am 2. Kapitel (“Sitten und Bräuche”).

Dat éischt vun deenen zwee Lidder ass näischt Extraes. Et heescht: “Elei kommen dé Mâcher Medercher” respektiv “dé Mâcher Jongen”.

Looss mer de Joseph Hess zu Wuert komme loossen, deen an der “Luxemburger Volkskunde” (1929) schreift: “Nach J. N. Moes hätte jedes Dorf ein Heischelied eigener Ausdeutschung gehabt; erst als die regelrechten Umzüge aller Dorfkinder insgesamt aufhörten, seien die Fastnachtslieder ineinander verlaufen. (…) Einige Einzelheiten finden sich in allen Heischeliedern wieder.” (S. 249-250)

An dann ass nach e kuerzt Lidd derbäi, wat alt erëm eppes mam Blannen Theis ze doen hätt:

“Mim Aneleis, Mim Aneleis,

Wat mâchen éiere Gènz?
Sie sûdelen sech, si puddelen sech, Sie wëschen hiere Schwènz!”

(Am Buch ass wuel en Dréckfeeler, wann do steet: “Sie rûdelen sech”.)

Interessant ass dee Kommentar, deen de Matthias Tresch zu dësem Lidd liwwert: “A Arlon même, la chanson était chantée différemment, surtout pendant le carnaval.” (“La chanson populaire…” S. 150-151.)

No all Stroph vum beschtbekannte Lidd: “Zu Arel op der Knippchen” gëtt nämlech eng Stroph vum Lidd “Mumm Aneleis” ageflecht. A wann een nëmmen den Text vun där éischter Stroph liest, da gesäit een direkt, datt dat Lidd eendeiteg aus Däitschland kënnt:

“Mumm Aneleis, Mumm Aneleis, Wat machen ihre Gäns?
Sie sudelen, sie puddelen,
Sie wäschen ihre Schwänz.”

Passen elo aner Versen, déi de Wagner “einfach esou” nidderschreift, och an d’Fuesent? Dat sief emol dohigestallt.

“Hop Marjènchen, hop Marjènchen, Lôss dei Baueren danzen!”

Dësen Text fënnt een a ville Kannerlidder erëm, an ech selwer hunn e Mëtt der 1950er Joren nach an der Spillschoul zu Réiden un der Atert gesongen, awer mat anere Wierder, deenen een och ganz dacks begéint, nämlech:

“Hopp, Marjännchen, Hopp, Marjännchen, Looss deng (déi) Pëppercher danzen.”

Nëmme just sträife wëlle mer déi 23 Lidder an däitscher Sprooch, déi de Wagner dann opschreift. Et sinn der derbäi, déi mer haut nach kennen, ewéi “Guter Mond – Der gute Kamerad – O Tannenbaum – O, du lieber Augustin…” Et sinn der och derbäi, déi manner geleefeg sinn, ewéi “Der Kuckuck – O Straßburg – Des Schneiders Hochzeit…”.

27 Kannerlidder

Den zweeten Deel vum véierte Kapitel aus dem Anton Wagner sengem Bichelche besteet aus 27 “Kinderlieder”, wéi hie schreift. Et sinn der a Lëtzebuerger Sprooch an an däitscher Sprooch.

Vill dervu fanne mer der och an anere Bicher aus där Zäit, well Kannerlidder oder kleng Gedichter waren iwwerall bekannt a beléift, wéi de Paul Noesen an der “Geschichte der Luxemburger Jugendliteratur” (1951) schreift: “Es gab früher kein Haus und keine Hütte, in denen nicht die Kinderreime heimisch waren. Mütter und Großeltern sangen und sagten den Kindern jene Reime vor, die sie von ihren Eltern erlernt hatten, und Reim und Rhythmus weckten im kindlichen Ohr die Freude am sprachlichen Wohllaut und öffneten die Seele der Kleinen den Wurzeln dichtereschen Erlebens und Gestaltens.” (S. 7)

“Nâ, nâ Kendchen, Zeckerchen an de Mendchen!”

“Bom, bom, Bi(e)ren, d’Klôke lauden zu Schieren; (…)”

Ech selwer hunn déi Gedichtercher a Liddercher jiddefalls nach gutt kannt. An et géif elo en Artikel fir sech ginn, (…) wann ee sech ausféierlech dermat ofgi wëllt. (…)

An zum gudde Schluss

  •   Wat sinn dem Anton Wagner seng “Vollekslidder” a wat ass d’Bichelchen “Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher” dann elo wäert?
  •   Musse mer net fir d’éischt emol Ofstréch maachen, wa mer op déi Definitioun vum Vollekslidd zréckkommen, déi den Henri Rodesch nom Herder zitéiert, zum Beispill: “Textdichter a Komponist mussen anonym sinn”? A wéi ass et da mam “Feierwon” oder mam “Komper Kueb”? Oder ass een “anonym”, wa keen Numm derbäi steet, wéi dat beim Wagnerde Fall ass? An “al” waren déi zwee zitéiert Lidder 1885 och nach net…
  •   D’Lidder sinn deemno net all “aus dem Vollek eraus” entstan, awer si sinn ouni Zweiwel dacks a gär vun deem Vollek gesong ginn. Zielt dat net?
  •   Luef oder Kritik? Wuel déi zwee! D’”Alterthümliche Merkwürdigkeiten…” si sécher keng wëssenschaftlech fundéiert a “professionell” Aarbecht, wéi se hautdesdaags verlaangt géif.
  •   An dach soll een dëst Bichelchen, dës Fondgrouf um Gebitt vum Folklor, op kee Fall vernoléissegen. Besonnesch fir Maacher huet et e ganz spezielle Wäert. Dofir ass et och derwäert, datt een ëmmer erëm drop zréckkënnt an dra bliedert.

    De Paschtouer Jos. Hurt, dee vill Verdéngschter ëm seng Heemechtsstad Maacher huet, huet zum Bichelchen dat hei geschriwwen:

“Es muss für jene Zeit nicht nur eine ungeheure Arbeit, sondern auch ein neues, großes Wagnis gewesen sein, diesen bislang unbeachteten und absterbenden Zeugnissen des Alltags nachzugehen und sie aufzuzeichnen. Dem Verfasser und seinem Sammeleifer verdankt Grevenmacher die Rettung all dieser tausend Kostbarkeiten, die ohne ihn heute wäitgehend verloren wären.” (“Luxemburger Wort” vum 15. Juni 1961)

Grad dës Ausso kann ee mat zwou Hänn ënnerschreiwen.

Monique Hermes (Mäerz 2019)

Dëse Bäitrag ass eng gekierzt an iwwerschafft Versioun vun engem ausféierleche Kommentar, deen an der “Warte” am “Luxemburger Wort” vum 28. November 1985 a vum 5. Dezember 1985 vum selwechten Auteur an däitscher Sprooch publizéiert ginn ass.

Et ass och eng adaptéiert Versioun vum Bäitrag: “Deemools zu Maacher –Lidder fir d’Vollek”, deen an der Festbroschür “150 Joar Maacher Gesangveräin 1848-1998” publizéiert ginn ass.

Schéi faarweg ass d’Titelsäit vun den “Alterthümliche Merkwürdigkeiten…” vum Schoulmeeschter Anton Wagner, publizéiert 1885

page14image1575555072

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.