Kräizerbierg a Kräizkapell 2017

Kräizerbierg a Kräizkapell Zënter 1956 Monument „Fir Ons Jongen“

D’Kräizkapell vu Gréiwemaacher, den 9. Juli 2017. (Foto: Monique Hermes)

Virun 61 Joer, de 15. Juli 1956, ass de Kräizerbierg mat der Kräizkapell offiziell als Doudemonument vun der Stad Gréiwemaacher ageweit ginn. Dat war no enger grëndlecher Restauratioun, déi duerch den Zweete Weltkrich néideg gi war.

30 Joer méi spéit, 1986, war eng weider grëndlech Restauréierung vum Hellegtum um Bierg ofgeschloss. 1986 koum och en Timber mat der Kräizkapell eraus.

Zënter dem 9. Juli 2006 erënnert eng Plack hannen an der Kapell u „Kräizerbierg a Kräizkapell – 50 Joer Monument ‚Fir Ons Jongen’“.

2009 waren, (haaptsächlech mat der Ierfschaft vun der Mme Anni Schmit vu Maacher), Renovéierungsaarbechten un der Fassad an un de Grondmauere vun der Kapell gemaach ginn.

2009/10 war och de Kräizwee de Bierg erop propper gemaach a restauréiert ginn.

Schonn 1998 gouf dee schéine Steen um Fouss vum Kräizerbierg ageweit, deen op d’Bedeitung vu Kräizerbierg a Kräizkapell hiweist.

2014 koum um „Square Ons Jongen“ beim Steen en neit, modernt Monument derbäi.

page1image1408553456 page1image1409152624 page1image1409152816page1image1409153120 page1image1409153472 page1image1409153760 page1image1409154048 page1image1409154336 page1image1409169952

Am September 2012 war beim „Service des Sites et Monuments Nationaux“ d’Demande gestallt ginn, fir Kräizerbierg a Kräizkapell als Nationalmonument klasséieren ze loossen. Déi Demande war 2013 vum Kulturministère ugeholl ginn, awer den offizielle Classement gouf eréischt de 14. Oktober 2015 Wierklechkeet.

2016, bei der „Journée Ons Jongen“, ass d’Erënnerungsplack „60 Joer Monument Fir Ons Jongen“ am Agank vum Kierfecht ageweit ginn.

2016 ass vun de Gemengeresponsabele beschloss ginn, den Ustrach an der Kräizkapell an d’Plattform virdru fachgerecht ze erneieren. Dat ass an deene leschte Méint geschitt, zesumme mat enger Partie aneren Aarbechten, wéi eng Alarmanlag, nei Këssen op de Bänken, eng adäquat Beliichtung, e fachgerecht Botze vun de Figuren…

Den 9. Juli 2017, bei der „Journée Ons Jongen 2017“, huet den Deche Claude Bache déi renovéiert Kräizkapell geseent. Vill huet sech am Laf vun 61 Joer ronderëm d’Häerzstéck vu Gréiwemaacher gedo – well de Bierg an d’Kapell e ganz héije Stellewäert an der Muselmetropol hunn.

        ***********************************************************

1956-2006
Kräizerberreg a Kräizkapell:
50 Joar Monument „Fir Ons Jongen“
En halleft Joarhonnert méi spéit, den 9. Juli 2006, denke mir mat Respekt
un all déi Maacher Jongen a Meedercher,
déi tëscht 1940 an 1945
hiert Liewe fir d’Heemecht agesat hunn. Éier hirem Asaz!

Dësen Text steet op där Plack, déi hannen an der Kräizkapell hänkt an den 9. Juli 2006 vum deemolege Sektiounspräsident vun „Ons Jongen“, Will Streng, dévoiléiert gouf. Den Deche Fränz Muller war derbäi, wéi de Chanoine André Heiderscheid (+ 2018) d’Plack no där feierlecher Stëftungsmass fird’Zwangsrekrutéiert geseent huet.

Déi nei Plack ergänzt d’Ausso op der Tafel an der Fassad vun der Kapell, iwwer deem einfache Gedenksteen:

La Ville de Grevenmacher

a reconstruit ce Calvaire en 1956 à la mémoire de ses Fils Victimes des Années de Terreur 1940-1945

Deemools, de 15. Juli 1956, hat de Buergermeeschter Victor Prost bei der Aweiung vum Kräizerberreg als „Monument aux Morts“ fir „Ons Jongen“

page2image1578531856 page2image1578532144 page2image1578532432

betount: „Mir weien éise renovéierte Kräizerberreg an, den déi kommend Generatiounen un déi schwoarz Joaren erënnere soll, déi e Calvaire woare fir d’Lëtzeborger Pappen a Mammen. Mir leeën de Mëtteg de Grondsteen zou eener Cérémonie, déi een Traditioun muss ginn.“

D’Häerzstéck vu Maacher, d’Kräizkapell, déi 1944 an där onséileger Zäit vum Zweete Weltkrich vu Granate schwéier beschiedegt gi war, war direkt 1946 restauréiert ginn, an am Mäerz 1947 konnt erëm Mass dra gefeiert ginn.

Viru 55 Joer – 1956 – hat och de Kräizerberreg mat sengem Kräizwee – bis dohinn aus dem Joer 1875 a gestëft vun de Geschwëster Jeannette a Pauline Schoren – en neit Gesiicht kritt. De Geeschtleche Michel Weber huet senger Heemechtsstad Maacher déi 14 Statioune vum Réimecher Skulpteur JosyJungblut gestëft, déi nach haut do stinn. Den Här Weber selwer huet d’Aweiung vum Kräizerbierg leider net méi erlieft – hie war kuerz virdrun, den 3. Juni 1956, am Alter vun 73 Joer gestuerf.

Fir d’Faaschtenzäit 2010 huet Maacher Gemeng de Kräizwee restauréiere gelooss, nodeem verschidde Statiounen duerch schändleche V andalismus zerstéiert gi waren.

An den 80er Jore koum et op Initiativ vun der Ligue „Ons Jongen“ –déi am Joer 1945 gegrënnt ginn ass – zu enger grëndlecher Restauréierung vum Hellegtum um Kräizerbierg. Dës Restauréierung war 1986, ofgeschloss. Am selwechte Joer – de 15. September 1986 – huet d’Lëtzebuerger Post en Timber vun 12 Frang mat Kräizkapell a Kräizerberreg erausginn.

Den 12. Juli 1998 ass dat schéint stenge Monument um Fouss vum Kräizerberreg ageweit ginn, dat mat dëse Wierder op d’Bedeitung vum Kräizwee a vun der Kapell hiweist:

Le Calvaire Kräizerberreg

Monument aux Morts

de la ville de Grevenmacher

Sacrifiés

88 Enrôlés de Force
28 Morts pour la Patrie
7 Juifs assassinés aux Camps de la Mort Victimes du Nazisme 1940-1945

De Gedenksteen konnt 2009 vun der Ligue „Ons Jongen“ mat der Hëllef vun der Maacher Sektioun vun de Fraen a Mammen an der Maacher Gemeng restauréiert ginn. „Looss dëse Steen an dës Plaz äis ëmmer drun erënneren, wéi wäertvoll d’Geschenk vun der Fräiheet ass“, huet den Deche Fränz Muller deemools virum Steen gebiet, wou och d’Gedicht „Säi lescht Gebiet“ virgedro ginn ass.

Dësen déifsënnegen Text, geschriwwe vum Dr. Henri Clees (1928-2000), gouf eng éischt Kéier 2006 verëffentlecht am Maacher Gemengebulletin bei Geleeënheet vum Gedenkdag „50 Joer Kräizerbierg a Kräizkapell“. „Säi lescht Gebied“ gëtt zënterhier all Joer bei der Gedenkzeremonie no der Stëftungsmass um Parvis vun der Kräizkapell rezitéiert.

Enn 2008 krut d’Kräizkapell frësche Botz an eng nei Fassad. Och d’Trap an d’Mauere ronderëm si restauréiert ginn. Dës Aarbechte konnte bal ganz vun deem Geld bezuelt ginn, dat d’Mme Anni Schmit oder „d’Annichen“ (+ 2007) der Gemeng Gréiwemaacher per Testament vermaach hat, mat der Oplo, datt d’Geld fir d’Renovéiere vun der Kapell um Kräizerbierg gebraucht géif.

An der Stëftungsmass 2010 ass ganz besonnesch un den Nationalpräsident vun den Zwangsrekrutéierten, Jos. Weirich, geduecht ginn, dee kuerz virdru gestuerwe war. De Jos. Weirich war esouzesoen all Joer bei der Feier um Kräizerberreg mat derbäi.

An da komme bekanntlech an deene leschte 7 Joer aner „Evenementer“ ronderëm Kräizerbierg a Kräizkapell derbäi:

  • –  De Square „Ons Jongen“,
  • –  D’Demande fir e Classement,
  • –  De «Classement national» vu Kräizkapell, Kräizerbierg a Kräizwee,
  • –  D’Aweiung vun der Erënnerungsplaquette an der Entrée vum Kierfecht,
  • –  D’Erneierung vun Ustrach a Plattform…

    Esou ginn d’Joren an d’Land, an d’Kräizkapell mat hirem massive stenge Kräiz als Häerzstéck, hält weider Wuecht iwwer d’Stad Maacher an iwwer en Deel vum Museldall. Zënter wéini genee, dat weess bis haut keen, an et géif op dëser Plaz ze wäit féieren, fir alles, wat bekannt ass, nach eng Kéier opzelëschten.

    Fir 55 Joer Kräizkapell a Kräizerbierg „Monument aux Morts“ vun der Stad Maacher a fir 25 Joer Restauréierung vun der Kräizkapell, huet de Chanoine André Heiderscheid bei der „Séance académique“, den 9. Juli 2006 am Sall Paul Faber vun der Maacher Kellerei, dëse Saz um Schluss vu sengem Virtrag gesot: „Dat Beispill do, wat der iech an dem ganze Land all Joer ginn hutt a gitt, dat, wat Der duerch elo 50 Joer gemaach a fäerdeg bruecht hutt, ass eppes wéi eFanal fir äis alleguer.“

    Gemengt war d’Eierung vun deene Maacher Jongen a Meedercher, déi hiert Liewe fir d’Heemecht agesat hunn. „Esou laang ewéi d’Maacher Mauere stinn, esou laang wéi ëm de Kräizerberreg d’Riewe bléien, wäerte mir éis Komeroden net vergiessen an trei zum Land an trei zu éiser Heemechtsstad Maacher stoen“, sot den deemolege Präsident vun „Ons Jongen“, Jules Sertznig, de 15. Juli 1956.

    Dës Wierder sinn och haut nach e Vermiechtnes. Och nach no méi wéi Joer Kräizerberreg a Kräizkapell – Monument „Fir Ons Jongen“.

    Monique Hermes Juli 2017

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.