Kierchegeschicht vu Maacher

D’Kierch am Duerf…
E puer geschichtlech Fakten iwwer Kierchen a Kapellen zu Maacher

Bléck vum Kräizerbierg mat der Kräizkapell op Gréiwemaacher (FOTO: ALAIN GOEDERT)

Am Joer 1252 huet de Grof Hari V. – de Blonden – der Stad Maacher de Fräiheetsbréif ginn. Maacher war domat déi véiert „fräi“ Stad am Land, no Iechternach (1236), Diddenhuewen (1239), wat deemools nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet, an der Stad Lëtzebuerg (1244). Déi dräi éischt Fräiheetsbréiwer hat dem Hari de Blonde seng Mamm, déi mächteg an dichteg Gräfin Ermesinde – d’Grënnerin vun der Abtei Clairefontaine (nieft der „Bardenburg“) – iwwerreecht.

Mat där neier Fräiheet hat och „d’Par Maacher“, wann en emol esou soen däerf, eppes ze dinn.

Ronn 100 Joer virum Fräiheetsbréif, 1153, konnt der Ermesinde hire Papp, de

Grof Hari IV. (de Blannen), Maacher definitiv vun Tréier lassléisen an un

d’Lëtzebuerger Grofenhaus ubannen. Et war zur Zäit vum Tréierer Äerzbëschof

Hillin, wéi dee Fridde mat den Häre vun Tréier geschloss ginn ass. (Den Hillin

von Falmagne – och Hillinus Treverensis – war vun 1152 bis 1169 Äerzbëschof vun Tréier.)

Deemools, also am 12. a sécher och nach am 13. Jorhonnert, ass „Maacher am Dall“ entstan a wuel am 13./14. Jorhonnert befestegt ginn. (Eng éischt Siedlung louch allerdéngs schonn zur Keltenzäit um Buergruef.)

page1image1508349808 page1image1508350000page1image1508350288

An dës nei Siedlung am Dall – an duerno befestegt Stad – un déi jo haut nach eng Partie Iwwerreschter erënneren, wär och ganz fréi eng Kierch gebaut ginn, déi schonn dem Patréiner vum Wäibau, dem hellege Laurentius, geweit gewiescht wär, liese mer beim Professer Emile Donckel a beim Professer Michel Schmitt.

Deemools hunn d’Kierchen dem Grof gehéiert. Hie konnt se verierwen, verkafen oder verschenken – oder och enger vu sengen Abteien ënnerstellen. An esou enger Abtei ass d’Kierch vu „Ma(c)keren“ dann och ënnerstallt ginn, nämlech der Zisterzienserabtei Clairefontaine (Bardenburg). Dës Abtei, déi vun der Ermesinde geplangt ginn a vum Hari V. gebaut ginn ass, war d’Lieblingsabtei vum Lëtzebuerger Grofenhaus.

Geschitt ass dëst Ubannen u Clairefontaine ëm 1251, also kuerz virum Fräiheetsbréif, duerch den Hari V., deen dat „Patronatsrecht“ fënnef Joer méi spéit och nidderschreiwen („verbréifen“) gelooss huet. Dëst Recht, mat deem eng Rennt vu 50 Malter Kär verbonne war, gouf 1256 vum Poopst Alexander IV. bestätegt – net vum Alexander VI., wéi et a verschiddenen Dokumenter heescht; den Alexander IV. war Poopst vun 1254 bis 1261, den Alexander VI. hat dat Amt vu 1492 bis 1503. 1275 huet d’Doumkapitel vun Tréier et unerkannt, an 1313 huet den Äerzbëschof Balduin vun Tréier et nach eng Kéier bestätegt an unerkannt. (De

Balduin vu Lëtzebuerg, jéngste Jong vum Grof Hari VI., gebuer ëm 1285, gestuerf den 21. Januar 1354 zu Tréier, vun 1307 bis 1354 Äerzbëschof a Kurfürst vun Tréier, war jo e bekannten a bedeitende Lëtzebuerger um Tréierer Bëschofsstull; hie gëllt als dee bedeitendste Kurfürst vun Tréier.)

D’Abtei vu Clairefontaine krut schonn am 13. Jorhonnert opgedro, e „Vicarius perpetuus“, also e Geeschtlechen, fir Maacher ze nennen. Dëse misst och eppes vun der „Kiercherennt“ kréien, housch et. A well ganz genee festgeluecht gi sollt, wat dës Kierch vu „Ma(c)keren“ un Akommes hätt, ass am Joer 1297 e Verzeechnes vun där Kiercherennt opgestallt ginn. Deemools wären d’Äbtissin Johanna vu Clairefontaine – dat war d’Duechter vum Hari V. a vu senger Fra, der Margareta vu Bar; d’Johanna war 1285 gebuer an ass 1310 gestuerf – an d’ „Chefin“ vu „Macre“, d’Gräfin Margareta vu Lëtzebuerg – dat kënnt och eng Duechter vum Hari V. gewiescht sinn, déi mam Johann III. Graf von Ghistelles bestuet war – perséinlech an der Uertschaft un der Musel gewiescht. Aus dësem Verzeechnes geet och den Numm vum éischte bekannte Geeschtlechen erfir, deen zu Maacher gewierkt huet: „Monsignor Jehan, prestre de Macre.“

Duerch d’kierchlech Uglidderung vu Maacher un d’Abtei Clairefontaine- Bardenburg hat dës Abtei natierlech och Flichte vis-à-vis vun eiser Kierch, z. B. déi, fir den Ënnerhalt vum Bau a fir aner Käschten opzekommen. Datt dat net grad ëmmer geklappt huet, gëtt an de Geschichtsbicher dokumentéiert. Eng Zäitlaang wäre méi wéi 20 Joer laang hefteg Prozesser mat der Abtei Clairefontaine gefouert ginn, fir dës un hir Flichten ze erënneren…

page3image1508798464

(Skizze: Abbé Jos. Hurt 1958)

                   **************************

Et ass onbedingt derwäert, och op aner Kierchen a Kapellen zu Maacher hinzeweisen, ouni allerdings an den Détail ze goen, well dat géif ze wäit féieren.

Um Buerggruef, do, wou déi éischt Maacher Siedlung war, a méi genee, „op St. Johann“, stoung wuel scho virun der Festungszäit d’Gehaanskapell, un déi och eng Einsiedelei ugebaut war. D’Kapell an d’Einsiedelei sinn 1804 verfall. D’Gehannskräiz nieft der Strooss fir op Nidderdonwen erënnert haut nach u si.

D’Gehaanskräiz op der Strooss fir op Nidderdonwen (FOTO: MONIQUE HERMES)

page3image1572699168

De Péiter vun Osburg huet der Stad Maacher am Joer 1418 säin Hab a Gutt vermaach. Op dës Schenkung an op säin Testament aus dem Joer 1439 geet dat Zivilhospiz zréck, wat haut nach steet.

Mat dësem Hospiz verbonn war och eng geraimeg Kierch „zur Hellegester Dräifaltegkeet“, mat remarkabele Kiercheschätz a mat dem Graf vum Stëfter. D’Franséisch Revolutioun hat dem Gotteshaus ellen zougesat, an zënter 1824 gëtt et d‘Kierch net méi. Och déi sichtbar Spure vum Graf vum Péiter vun Osburg si verschwonn.

D’Osburg-Haus an der Tréiererstrooss (FOTO: CAMILLE NIES)

An da komme mer bei d’Häerzstéck vu Maacher, d’Kräizkapell um Kräizerbierg, zënter 1956 Doudemonument fir „Ons Jongen“ an zënter Oktober 2015 och Nationalmonument. Esou, wéi d’Kapell elo do steet, ass se am Joer 1737 ausgebaut an an der Tëschenzäit e puer Mol restauréiert ginn. Dat wëllt allerdings net soen, datt et déi éischt Kapell ass, déi trei iwwer eis Muselstiedche waacht.

page4image1572849968 page4image1572850272

D’Kräizkapell um Kräizerbierg (FOTO: MONIQUE HERMES)

1571 huet de spéideren Iechternacher Abt Johann(es) Bertels (1544-1607), deen deemools „Schatzmeeschter“ an der Mënster-Abtei am Gronn war, a sengem „Notizbichelchen“ vun den „Abgaben“ vun deene verschiddene Stied un d’Mënster-Abtei, dem „klenge Bertels“, e Kräiz um Bierg dokumentéiert. Dës Zeechnung am „klenge Bertels“ ass déi éischt bis dato bekannt Duerstellung vun der Festungsstad Maacher mat dem Kräizerbierg.

page5image1572261008

Gréiwemaacher op enger Zeechnung vum Johann Bertels (1571)

Eis heiteg Parkierch, där hire Patréiner den hellege Laurentius ass (Erzdiakon vu Roum am 3. Jorhonnert; 2. Patréiner ass den Diakon Stephanus, deen als éischte chrëschtleche Märtyrer veréiert gëtt), geet op d’Joer 1782(83) zréck a steet ongeféier op där Plaz, wou schon hir Virgängerin stoung. Deemools gouf se un dee legendäre Festungstur ugebaut, deen am Zentrum vu Maacher steet a Jorhonnerte laang als Waach- a Wiertur eng wichteg Roll gespillt huet. (Virdru war den Tur duerch e Schlof vun der Kierch getrennt.) Den Apostolische Vikar Jean- Théodor Laurent (1804-1884), huet déi nei St.-Laurentius-Kierch am Joer 1847 konsekréiert.

page5image1572338480

D’Dekanatskierch mam Festungstur haut (FOTO: MONIQUE HERMES)

Elo wäre mär ägentlech um Enn vun dësem kuerzen Iwwerbléck, wann net bei enger Noutgruewung, déi vum heitege „Centre National de Recherche Archéologique“(CNRA) ënner der Leedung vun der Archäologin Christiane Bis- Worch duerchgefouert ginn ass, am Joer 2003 an de Baxeras-Gäert bausst där fréierer Festungsmauer eng Struktur mat Chouer, dräischëffeger Raumopdeelung a Griewer fräigeluecht gi wär, déi eendeiteg op eng Kierch hindeit.

An där bis dato onbekannter Kierch (Basilika) goufe Scherbelen aus der spéider Karolingerzäit, also aus dem 10./11. Jorhonnert, a Mënzen aus dem 12. Jorhonnert fräigeluecht. An e Pilgergraf mat enger Jakobsmuschel als Bäigof ass entdeckt ginn.

Bei där bis dato onbekannter Kierch kënnte mer et vläicht mat där Virgängerin vun eiser Laurentius-Kierch ze dinn hunn, déi am Joer 1085 eng éischt Kéier bezeit gëtt. An deem Fall wär d’Maacher Parkierch eréischt nom Opriichte vun de Festungsmaueren an deen „neien Zentrum“ vun der Uertschaft verlagert ginn. Dat ass awer nëmmen eng Vermuddung. An et dierft och schwéier ginn, fir do eng Kéier definitiv Klorheet ze kréien.

D’Baustruktur vun där Kierch, déi 2003/2004 an de Baxeras-Gäert fonnt gouf (FOTO: MNHA) Wéi deem och sief:

Eis Dekanatskierch – dat ass se zënter 1820 a schonn zënter 1782 ass se un de Festungstur ugebaut –
eis Kräizkapell,
déi fréier Dräifaltegkeetskierch,
d’Gehaanskapell (mat hirer Einsiedelei)
déi rezent Struktur, déi an de Baxeras-Gäert entdeckt gouf,
an d’Kapellen a verschiddenen Institutiounen,
z. B. am Maacher Altersheim vun de Franziskanerinnen, beweisen,
datt d’Kierch ëmmer hir fest Plaz an an ëm Maacher hat!

page6image1572128384

Monique Hermes – 13.01.2017 – Update 25.01.2019

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.