Gréiwemaacher Zeechnung Bertels

An d’Gemengenarchive geluusst (XXVI)

Gréiwemaacher no enger Zeechnung vum Abt Bertels (1571)

Dës Zeechnung, déi als Konschtdrock am Gemengenarchiv läit, ass déi eelst Duerstellung vu Maacher, déi bis haut bekannt ass: Eng quadratesch Festung mat véier Ecktir an enger Paart mat Falgitter. Virdru gesäit ee véier Fässer. Um Bierg am Hannergrond steet e massivt Kräiz. Doraus zéit de Lokalhistoriker a Paschtouer Jos. Hurt (1892-1962) d’Conclusioun, datt deemools (nach) kengKapell um Kräizerbierg stoung. Vläicht war d’Kapell awer och baufälleg oder zerstéiert ginn; kee weess et…

D’Original, dat fir dësen Drock benotzt gouf, ass am „klenge Bertels“. D’Bichelche gehéiert der „Section historique“ vum „Institut Grand-Ducal“ a läit an de Staatsarchiven.

D’original Zeechnung, déi als Faksimile, zu engem Drëttel vergréissert, reproduzéiert gouf, ass an engem „Agenda“ (147 x 99 mm) vu 1571, deen, wéi schon ugedeit, den Numm „klenge Bertels“ krut. Doran huet de Johann Bertels d’Gidder („Redevances“) festgehal, déi verschidden Uertschaften, déi eppes mat der Abtei Neimënster ze dinn haten oder hir ënnerstan hunn, dëser Abtei am Stadgronn schëlleg waren.

De Johann(es) (Jean) Bertels, deen d’Zeechnung gemoolt huet, war den 12. Oktober 1544 zu Louvain op d’Welt komm. 1563 gouf de Benediktinerpater, dee 1562 an den Uerden agetratt war, zum Geschtleche geweit.

1566 krut de Bertels de Poste vum „Cellerarius“, also vum „Chef-Comptable“ an der Mënsterabtei. An där Zäit ass och de „klenge Bertels“ entstan.

page1image1580838240

1574 gouf de Bertels Abt an der Mënsterabtei, blouf awer och nach „Cellerarius“.

1595 ass de Bertels Abt an och „Cellerarius“ an der Iechternacher Abtei ginn. An der Abteistad ass de Jean (Johann) Bertels de 16. Juni 1607 gestuerwen.

Eng Statu vum Abt Bertels, deen och e Chronist war an als éischte „Lëtzebuerger“ Historiker gëllt, steet op der aler Sauerbréck tëscht Iechternach an Iechternacherbréck.

De Faksimile vum Bertels senger Zeechnung vu Gréiwemaacher huet déi deemoleg Kulturkommissioun den 20. Dezember 1985 bei Geleeënheet vun enger Ausstellung iwwer den Abt Bertels zu Maacher erausginn. Un deene ville Recherchen, déi fir dës Geleeënheet ze maache waren, war de Jean Welter (+2006) ganz enk bedeelegt.

Maacher Bërgerinnen a Bërger; déi um Konschtdrock vum Bertels intresséiert sinn, däerfe sech dat historescht Dokument gären op der Gemeng ofhuelen.

Monique Hermes

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.