Gréiwemaacher 16. Jorhonnert – Hobsbrauch

1) Am 16. (a 17. Jorhonnert) zu Lëtzebuerg an zu Gréiwemaacher

– Politesch ass Lëtzebuerg zu deem Zäitpunkt am “Heiligen Römischen Reich Deutscher Nation” an als Deel vun de spueneschen Niederlande ënner der Herrschaft vun de spueneschen Habsburger, (Karel V. 1506- 1555, Philippe II. 1555-1598, Albert vun Éisträich an Isabella vu Spuenien 1598-1621, Philippe IV. 1621-1665, Karel II. 1665-1684). Dann hält d’Herrschaft vun de spueneschen Habsburger op, a Lëtzebuerg kënnt vu 1684 bis 1697 ënner franséisch Herrschaft.

De Jos Hurt (1892-1962) zitéiert a senger “Kartularchronik” mam Titel “Grevenmacher. Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen” (Band II 1400-1617), de Lëtzebuerger Historiker Nicolas van Werweke (1851-1926): “Die Regierung Karls V. bildete einen Wendepunkt in der Geschichte unseres Landes: der moderne Staat ist ausgebaut, das Land bildet nun mehr ein zusammenhängendes Ganzes, alle Bewohner, ob Adel oder Klerus, ob Bürger oder Bauer, sind Untertanen des Fürsten und mussen mehr oder weniger die Lasten tragen und Steuern zahlen, wiewohl noch auf Jahrhunderte hinaus die Beiträge des Klerus und das Adels als freiwillige Geschenke bezeichnet werden.”

Dem Jos. Hurt seng onverëffentlecht Kartularchronik am Archiv vun der Stad Gréiwemaacher. (Foto: Archiv Jean Welter)

– Vu 1507-1525 ass e gewësse Mathias von Itzig “Domherr von St. Simeon, Trier, Dekan von Luxemburg, Pfarrer von Arlon, Pfarrer von Grevenmacher.” An der Folleg gi regelméisseg d’Nimm vun Paschtéier vu Maacher genannt. Dat war och scho méi fréi an eenzelnen Dokumenter de Fall.

page1image1427017152

  • –  Den 3. Oktober 1512 kënnt eng “Ordonnance du conseil, réglant lapêche dans la Moselle” eraus, déi esou heescht: “Entscheit zwischen dem rentmeister, procurator und richter von Machern und dem gotzhuss von Echternach.”
  • –  1514 geet eng éischte Kéier Rieds vun deem wäertvollen, spéitgotesche Kielech, deen haut nach am Maacher Kiercheschaz ass. Dorop steet: “Anno D. 1514 hat Johan von Zesingen diesen Kelch thun machen vor sine Capel d. Heilige Drivaldigheit”. (Dat war d’Kapell, déi nieft demOsburg-Haus stoung.)

o Aner Mentioune vum Johann von Zessingen fanne mer ëmmer erëm: “sous-justicier à Macheren” (13.4.1514), Landrichter zu Grevenmacher 1523, clerc-juré de Machre (1525-1528), gesworenen screiber und scheffen zu Gravenmacheren (7.1.1536).”

  • –  Den 11. Juli 1515 kënnt eng “Ordonnance du conseil pour l’élection des échevins de Grevenmacher” eraus: “Ordnong den gerichten von Grevenmachern betreffen den scheffenstul.”
  • –  1529 (8. August), 1531 (9. Mee), 1533 (26. Februar) gëtt de “Georg von der Fels – seigneur de Heffingen” an engem Dokument als Riichter vu “Machern” zitéiert. “Georg von der Fels war unter dem Luxemburger Adel ein durch hohe Stellung und durch Tapferkeit ausgezeichneterMann”, schreift de Joseph Hurt a senger “Kartularchronik”. D’Adelsfamill “von der Fels” hat duerno laang d’Soen zu Maacher.
  • –  1537: “Ordonnance et statuts du mestier des pescheurs dans le district de la justicerie de Macheren”. – “Die fischer zu Macheren, Billig undt Egell”. (“Gründung der Fischerzunft gegen 1500”).
  • –  1552: Gréiwemaacher gëtt – wahrscheinlech ufanks September, vläicht esouguer den 1. September – iwwerfall, ausgeraibert a verbrannt duerch d’Truppe vum Markgrof Albrecht vu Brandenburg. Et ass wuel net deen eenzegen, awer ee vun deene schlëmmsten Iwwerfäll opd’Stiedchen.
  • –  1569: Maîtrise du marteau:
    “Extrait des privilèges du temps d’Espagne statués à la ville de Grevenmacher.”
    “Comme Henry de Luxembourg avant quatre cents dix-huit années, comme Duc de Luxembourg par une inclination particulière a bien voulu privilégier la diete Ville de Grevenmacher les quels privilèges ont été renouvellés par le roi Wenceslaus comme auhsy par les successeurs

jusque l’Empereur Charles le neuf février de l’an mil cinq cents soixante neuf.
Premièrement au Corps vulgairement apellé la Maîtrise du marteau. En quel Corps sont compris:

o les tonneliers, les maréchaux, les serruriers, mahsons et taileurs de pierres, charpentiers, charons, menuisiers, orphèvres, fondeurs d’étin, couvreurs d’ardoises, vitriers, chaudronniers.” (…)

Dës Opzielung ass ganz intressant, well si beweist, wéi laang dat e scho

Brudderschaften zu Maacher ginn. (Mir kommen nach drop zréck.)

  • –  1569, 25. Februar: De Philippe II. bestätegt d’Privilegie vun der StadGréiwemaacher an erneiert besonnesch d’Maartrecht vun 1357.
  • –  1570: Visitationsbericht der Pfarrei Grevenmacher – “Der ersteVisitationsbericht, von dem wir Akten besitzen”.
    “Kirche in Machern – 400 Kommunikanten. Das Recht, einen Pfarrer vorzuschlagen, hat die Abtissin von Bardenberg-Clairefontaine. Patron ist der hl. Laurentius. Pfarrer ist Herr Johannes Moriz aus Luxemburg, eingesetzt durch den Gouverneur von Luxemburg.”
    Et ass e ganz opschlossräiche Bericht, an deem och Rieds geet vun “Abgaben”, déi ze leeschte sinn, z. B. un d’Äbtissin vu “Bardenberg” (dat ass Bardenburg-Clairefontaine), dann un den Herzog vu Lëtzebuerg, iwwer d’Brudderschaft “vom hl. Kreuz, vom hl. Sebastian und vom hl. Johannes”, iwwer d’Kapell nieft dem Osburg-Haus, iwwer déi vu Mënschecker, mam hl. Jakobus als Patroun an iwwer déi vum hl. Johannes “auf dem Felde”.

    o D’Jakobus-Kapell zu Mënschecker als (fréier) Filial-Kierch vu Maacher deit op dee Jakobswee hinn, deen iwwer Mënschecker a wuel och iwwer Maacher gefouert huet.

  • –  Bei 1571 ass d’Bild aus dem “klenge Bertels” – déi éischt Zeechnung, déi mer vun engem Kräiz um Kräizerbierg hunn – mat verschiddenen Erklärungen.
  • –  1573: De Stadtur steet am Focus. “Dieser Stadtturm war der Wachtturm der Festung und diente auch als Gefängnis; “in den thorn legen” bedeutete ins Gefängnis werfen. Nach dem Urteil des Provinzialrates vom 14. November 1573 stand derselbe sowohl dem Stadt- als auch dem Landrichter zur Verfügung”, schreift den Hurt. E puer Säite weider heescht et: “Stadtturm. – Aus einem Hexenprozess des Jahres 1523 erfahren wir, dass der Turm wenigstens zwei Verliesse hatte, ein unteres und ein oberes, in denen Aufenthalt und Behandlung je nach der begangenen Übeltat verschieden waren.” (…)
  • –  1573, 14. November: “Sentence du Cons. Prov. de Lux. au sujet des droits du justicier de Grevenmacher sur les habitants de Munschacker,

Weckringen et Spitalscheu(e)r(en) – Spittelhof – sur la terre de Grev. et les portes de la ville.”

2) 1589 – Den Hobsbrauch

– “Record de justice de la ville de Grevenmacher. Coutume de la ville de Grevenmacher adressée au Conseil Provincial de Luxembourg par les justicier et échevins de la Ville”. (Hurt).
Den Hurt zitéiert den Text vum Brauch, esou, wéi en am Philippe Knaff sengem Wierk vun 1867 “Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher” publizéiert ass. Dee selwechten Text fanne mer am Band IV (1958) vum Nicolas Majerus (1892-1964) sengem ëmfaassende Wierk: “Die Luxemburger Gemeinden nach den Weistümern, Lehenserklärungen und Prozessen.”

Mir mussen op de Joseph Hess (1889-1973) zréckgräifen, an op deem säin Artikel “Mittelalterliche Rechtsverhältnisse in Grevenmacher” an der Monographie “Grevenmacher La Bonne Ville” (1952). Den Hess bezeechent den Hobsbrauch vu 1589 als “schriftliche Festlegung des städtischen Gewohnheitsrechtes, dem infolge der gehobenen Stellung der Bürger im Laufe der Zeit mancherlei Gelehrtenrecht beigegeben worden war.”

o E Weistum ass jo näischt anescht, wéi eng historesch Rechtsquell, déi am Ufank an der Regel mëndlech iwwerliwwert oder no verschiddene V erhandlunge protokolléiert ginn ass. Eréischt vill méi spéit goufen dës “Weistümer” schrëftlech festgehal.

Wa mer dann elo déi Maacher Rechtssätz, Weistümer oder Records, eppes méi genee ënner d’Lupp huelen, da muss ee vläicht nach drop hiweisen, datt de Provinzialrot, also souzesoen déi deemolegRegierung, de 15. Dezember 1588 all soug. “Herrschaftsinhaber” derzou opgefuerdert hat, déi mëndlech Weistümer, déi sech vu Joer zu Joer iwwerdro hunn, elo definitiv schrëftlech festzeleeën. Gréiwemaacher koum deem Opruff also ganz séier, nämlech scho 1589, no.

Dat handgeschriwwent Schrëftstéck, wat deemools opgesat gouf, a wat mer duerch de Philippe Knaff an den Geeschtlechen an Historiker Nicolas Majerus kennen, läit am Staatsarchiv zu Lëtzebuerg.

Wéi gouf d’Stad Gréiwemaacher am Mëttelalter verwalt? Wat “soen” déi 58 Artikelen?

– Den Text fänkt u mat enger Reverenz:

  1. “Richter und Schöffen zu Grevenmacher entbieten dem Gouverneur S. K. Majestät zu Hispanien ihre Dienste, nebst dem Hofbrauch und den Statuten, die wir von unsern Vorfahren erlernt haben.”
    D’Stad huet zënter der Fräiheetscharta (1252) d’Recht, all Joer op Péiteschdag (29. Juni) hire Riichter ze wielen, ee Joer ënner de Schäffen, dat anert ënner de Bierger.
  2. Dëst Virrecht ass ëmmer guttgeheescht gi vum Landesfürst, mat allen Dignitéiten a Fräiheeten, wéi och d’Stad Lëtzebuerg se genéisst. De Riichter muss virum Gouverneur oder dem vun deem designéierte Vertrieder den Eed ofleeën.
  3. Déi siwe Schäffe gi vum Gouverneur ernannt; si befannen iwwer déi kriminalistesch, zivil a politesch “Rechtshändel”.
  4. De Stadriichter an d’Schäffen hunn d’Recht, e Gauner (“Missetäter”) an de Lomperéng (“Pranger – luxbg. de Stillchen”) ze stellen, hie mat Rudden ze beetschen an hien op éiweg oder nëmmen zäitweileg ze verbannen. D’Hiriichte bleift dem Landriichter virbehal; d’Boussgelderstinn dem Stadriichter an de Schäffen zou.o Dee Lomperéng wär zu Maacher beim Stadhaus gewiescht, gëtt op

méi Plazen iwwerliwwert. Vun do aus si jo och d’Geriichtsuerteeler verkënnegt ginn.

  1. An Ierfstreidereie muss deen, dee klot, fir d’éischt am Gudden, mat éierbare Bierger als Vermëttler, d’Géigepartei derzou bréngen (“ersuchen”) vum striddege Gutt ofzegesinn.
  2. Wann d’Géigepartei dat verweigert, da gëtt de Prozess esou duerchgefouert:
  3. Deen, dee klot (“der Kläger”) léisst duerch de Riichter dat ageklote Gutt duerch e Verbuet sécher stellen, mat dem Hannerleeë vun enger Kautioun. Dëst Verbuet muss all véierzéng Deeg erneiert ginn, woubäi een Dag iwwerschlo gëtt. Dës Prozedur geschitt dräimol. Wann deen, dee klot d’Prozedur ënnerbrécht oder wann en een Dag méi wéi virgesi versträiche léisst, da muss en op en Neits mat de Verbueten ufänken. Wann en awer d’Zäitofstänn genee anhält, da kann e sech (d’Gutt) no deem véierte Verbuet a seng Ierfschaft asetze loossen.
  4. Fir dës Prozedur auszeféieren, kritt de Riichter 8 an de Geriichtsbuet ee Groschen.
  5. Wann deen, dee klot seng Ierfschaft untriede kann, ass en dofir all Schäffen 4 Grosche schëlleg.

10.Déi riichterlech Dagessëtzungen gi vu véierzéng Deeg zu véierzéng Deeg (all véierzéng Deeg) ofgehal. Dofir bezuelt deen, dee klot 8 Grosche Geriichtsrecht; een Auswäertege bezuelt awer 16 Groschen.

11.De Bekloten (géint dee geklot gëtt), huet d’Recht op e Berodungs- an e Wierdag, all Sëtzung gëtt mat 8 Grosche Geriichtskäschte verrechent; en auswäertege Beklote bezuelt dat duebelt.

12.Wann d’Sëtzung widderholl muss ginn, da bezuelen d’Parteien dat selwecht Recht.

13.Ginn Zeie virgefouert, da muss d’Partei, déi prozesséiert, zwee “Carolusgulden” bezuelen.

o Dat war e Gulden, deen e Kaiser Karl V. am 16. Jorhonnert am “Heiligen Römischen Reich” agefouert hat, an deen no him benannt gouf.

14.De Geriichtsbuet kritt fir all Zeien, deen hien opsicht, en halwe “Stüber”, fir en Zeie vun auswäerts dat duebelt.

o De Stüber – Stüver oder Stuiver – war eng hollännesch Mënz, déi et nach bis 1815 gouf.

15.Wann een Auswäertegen e Gréiwemaacher Bierger ersicht, fir virun engem auswäertege Geriicht als Zeien opzetrieden, da muss deen Auswäertegen dem Gréiwemaacher Riichter eng Kautioun stellen, derbäi kommen 8 Grosche Geriichtsgebühr; de Geriichtsbuet kritt ee Groschen.

16.Wann en Zeien ouni wichteg Ursaach net optrëtt, da muss hien d’Geriichtskäschten droen, déi entstan sinn.

17.Fir en Niewenuerteel bezuelt all Partei aacht Groschen.
18.Wann d’Parteie sech virum Geriicht eens ginn (“versöhnen”), da bezuelt

all Partei aacht Groschen.
19.Bleift eng Geriichtssaach onentschidden, a si gëtt un den ieweschte

Geriichtshaff (“Oberhof”) weidergeleet, well eng vun de Parteien eng oder méi Geriichtspersounen net unerkennt, da muss dës Partei zwéi “Goldgulden” bezuelen, zu 28 “Stüber” pro Goldgulden.

o Dës “Goldgulden” ginn eigentlech op de Jang de Blannen an op d’Joer 1325, duerno op de Karel IV., also op d’Haus Lëtzebuerg, zréck.

20.Fir e geriichtlecht Uerteel bezuelt all Partei en halwen Daler, zu 15 “Stüber” den Daler.

o Den Daler – “Taler”- ass eng bekannt Sëlwermënz aus där Zäit a kënnt z. B. och méi dacks a Lëtzebuerger Kannerspréchelcher vir.

21.All Partei kann déi Punkten, iwwer déi si klot, an och hir Äntwert (“Replik”), hir Fuerderung a Géigefuerderung schrëftlech abréngen.

22.Wann eng Partei e Geriichtstermin verfale léisst, ouni ze erschéngen, da muss si eng Bouss an der Héicht vun de Geriichtskäschten, déi enstan sinn, bezuelen.

23.Erschéngt den Ugekloten net fir de Geriichtstermin, da gëtt en “en Défaut” zitéiert a muss dem Geriicht aacht Grosche bezuelen a grad esouvill der d’Partei, déi klot.

24.Wann den Ugekloten och no där véierter Zitatioun net erschéngt, da muss en all d’Onkäschte bezuelen an e verléiert säi Prozess.

25.No der Verkënnegung vum Uerteel däerf déi Partei, déi gewonn huet, a wann de V eruerteelten net an Appell gaang ass, eng schrëftlech Opstellung vun de Prozesskäschte maachen. Vun dëser Erklärung kann der veruerteelter Partei zu där hire Käschten duerch de Stadbuet eng Kopie zougestallt ginn, mat der Erklärung, datt se banne véierzéng Deeg en Antrag stelle kënnen, fir d’Onkäschten erofzedrécken. Anerefalls gëtt d’Opstellung vun den Onkäschten dem Geriicht zougestallt fir d’Taxatioun. Dofir zéit d’Geriicht ee Goldgulden à 28 Stüber als Gebühren an.

26.D’Onkäschte mussen no der Taxatioun bannent véierzéng Deeg bezuelt ginn, anerefalls kënnt et zur geriichtlecher Exekutioun.

27.Op dräi Deeg am Joer kann en Eed op geriichtlech Aussoe geleescht ginn: den éischten Dënschdeg no Remigiusdag (1. Oktober), den zweeten Dënschdeg no den “Zwanzigtagen” (vum 25. Dezember bis 14. Januar), dënschdes no dem drëtte Freideg no Ouschteren (“Bannfeiertag”).

o Dat war den Dag vun der Wallfahrt no St. Maximin zu Tréier, spéider op Iechternach.

28.Fir d’Leeschte vum Eed gëtt en Dësch, deen dofir virgesinn ass, mat engem wäissen Duch bedeckt. E Liichter mat enger Käerz, déi brennt an d’“Heiltum vun der Par”; ee Géissfaass mat Waasser an en zweet Handduch gehéieren zur Ausstattung.

o Bei dësem “Heiltum” handelt et sech ëm dee wäertvolle Gréiwemaacher Kräizreliquiar aus dem Enn vum 15./Ufank vum 16. Jorhonnert – mir komme méi spéit dorop zréck.

Ee Pfenneg gëtt als Affergeld hannerluegt; da beréiert deen, deen den Eed ofleet, d’Kräizpartikel mat den Hänn a widderhëlt ëffentlech d’Eedesformel, déi de Schäffen him virleet, dass bei Gott a bei sengeléiwen Hellegen, beim Verdame vu senger Séil dat, wat e schwiert, wouer ass (“unleugbar wahr”). Dorophi kritt hie recht, et sief dann, d’Géigepartei kënnt hien dervun iwwerzeegen, dass et e falschen Eed wär (“des zu Unrecht geleisteten Eides”). An dësem Fall sollen d’Rechtsgeléiert iwwer de Prozess entscheeden.

29., 30., 31: Bei dëse Punkte geet et ëm besonnesch Bestëmmunge fir den Eed vun Hotelieren (“Gasthalter”) a Wiert oder vu Familljememberen, an et gëtt drop higewisen, datt beschriwwe Regëschteren a “Kerben” e Beweismëttel duerstellen, an duerch en Eed bekräftegt gi kënnen.

o Zum “Kerbholz” gëtt den Hurt dës Erklärung: “Das Kerbholz war ein einfacher Holzstab, an dem durch eingeschnittene Striche oder Zeichen, d. h. Kerbe, die Lieferung von Waren, die Leistung von Arbeit oder die Erinnerung an Vorkommnisse festgehalten wurde. Dieses Kerbholz galt im privaten und öffentlichen Leben als Beweis. (…) Das Kerbholz war auch eine Art Kalender geworden, auf dem bestimmte Termine und Tage notiert wurden. (…) Müller, Hirten und einige Handwerker machten ihre Rechnungseintragungen auf dem Kerbstock. (…)”

  1. Mobiliargidder, déi engem virenthal ginn, kënne beim Riichter ageklot ginn. De Riichter hëlt de Kontrahent an déi gerecht Bouss an ordonnéiert, datt d’Gidder nach dee selwechten Dag zréckgi ginn. Gebühren: aacht Grosche fir de Riichter an ee Grosche fir de Buet.
  2. Wann de Beklote sech widdersetzt, ofgesi vun enger Géigeklo, da gëtt de Prozess ausgedro, eng Kautioun gëtt erstallt, an an der Tëschenzäit gëtt dat Gutt, ëm dat gestridde gëtt, sequestréiert.
  3. Et ka keen engem aner Gidder, déi dee besëtzt, ouni Rechtssproch ewechhuelen.
  4. Vu véierzéng Deeg zu véierzéng Deeg, ëmmer dënschdes, si Geriichtstagungen an Zivilsaachen; op Feierdeeg fale se aus a ginn ëm aacht Deeg verréckelt.
  5. Dräimol d’Joer ass zivil Geriichtsvakanz: vu Gehaansdag (24. Juni) bis dënschdes no der Schueberfoer (“Schadbermeß”), vu Luciendag (13. Dezember) bis dënschdes no den “Zwangigtagen” (14. Januar), a vun der Pällemwoch bis donneschdes no “Bannfeierdag” (drëtte Freideg no Ouschteren).
  6. Ausseruerdentlech Geriichtsëtzungen fir d’Sühne vun ellene Wierder (“Scheltworte”), Handgräiflechkeeten an dergläichen, souwéi fir friem Parteien, déi net bei den uerdentlechen Tagungen derbäi si konnten, ginn all Kéier op dräi Deeg ugesat, bis datt se gehal ginn. Gebühren: 3 Goldgulden; wann dëst Geld feelt, d’Onkäschten.

38., 39., 40. Aner Geriichtskäschten.
41. Wann e Bierger engem aner seng Schold pfände wëllt, da muss en

d’Erlaabnes vum Riichter froen. D’Pandgutt kann no véierzéng an engem Deeg zum Kaf ugebuede ginn, nodeems de “Gepfändeten” bescheed gesot krut. No aacht an engem Deeg schätzt een d’Schold gerecht, an deen, deen eppes schëlleg ass, kritt gesot, e soll d’Schold nach dee selwechten Dag begläichen, well soss d’Pand verluer wär. Wann ee keng Mobiliargidder huet, kann esouwuel deen, dee Schold huet, wéi och d’Geriicht fir d’Geriichtskäschten op Ierfgidder, d. h. op Grond a Buedemzréckgräifen.

  1. Een Auswäertegen, deen e Pand andreiwe wëllt, muss dem Riichter virdrun eng Kautioun stellen an dobäi duebel Gebühre bezuelen.
  2. Gesteet e Bierger an éischter Instanz d’Schold an, dann ass e spéidert Leegnen null an nichteg.
  3. Gesteet en nëmmen en Deel vun der Schold an, da muss en deen Deel bezuelen. Fir deen Deel, deen dann nach aussteet, muss deen, bei deem e Schold huet, (“der Gläubiger”) de Bewäis bréngen oder d’Schold bezuelen.
  4. D’Pfändung muss bannt Joresfrist vollzu sinn; soss erläscht d’Pfandschaft an de Prozess muss nei gefouert ginn, et sief dann, et wär ënner de Parteien ausgemaach, datt d’Pfandschaft bestoe bleift, wouriwwer de Riichter awer informéiert si muss.
  5. Ass d’Pfändung vollzunn an deen, dee Schold huet, gestänneg, an e weigert sech herno fir d’Exekutioun, da veruerteelt de Riichter hien zu allen Onkäschten an zur direkter Exekutioun, ouni e weidert Verfueren.
  6. De “Gläubiger” muss sech mat Pfänder begnügen, wéi ee se beim aarme Mann fënnt; d’Pfänder sollen no hirem Wäert geschätzt ginn.
  7. Wien als Ierfgutt Pandstécker zougesprach kritt a säi Geld net méi laang entbiere kann, kann d’Pandstécker stéckweis huelen an taxéiere loossen a se duerno ëffentlech ubidde loossen; awer deen, dee Schold huet, oder een a senger Plaz, ka bannt Joresfrist d’Scholdzomm mat de Geriichtskäschten ubidden an d’Pandgutt lasskafen.
  8. Wien engem aneren Ierfgutt (Grond a Buedem) verkeeft, muss de Verzicht an den Optrag virum Riichter an zwou oder dräi Geriichtspersounen ënner fräiem Himmel oder an der Stadhal mat dëser Zeremonie maachen: Mat der Iwwerreechung vum Hallem (“des Halms”), och mat dësen ausdréckleche Wierder, déi de Verkeefer zum Keefer seet: “Ech entierwe mech a meng Famill, an setzen dech an deng Ierwen an.” Wuelverstan, wann e Verkaf duerch eng Koppel an “am ganze Bett” (zu Liefzäite vun deenen zwee Partner) geschitt, muss der Fra hiert Averständnes derbäi sinn, soss ass de Verkaf net rechtskräfteg. A kascht esou ee Verkaf oder Verzicht aacht Stüber an de Riichter kritt ee Stüber fir d’Schrëftstéck, da sinn d’Geriichter awer net schëlleg, de Kafiwwer Joer an Dag ze garantéieren. (Si garantéieren de Kaf nëmmen ee Joer laang.) Wëllt de Keefer sech da besser versuerge loossen, da kann en, wann e wëllt, Bréif a Sigel doriwwer maache loossen; de Sigel kascht aacht Stüber fir e Maacher Bierger an ee Goldgulde fir en auswäertege Bierger.
  9. Bannt Joer an Dag kënne Blutsverwandter géintiwwer engem Verkaf vu Grond a Buedem maachen, datt hiert “Nährrecht” gëllt. (De Blutsverwandte kann dem Keefer och nach nom Iwwerdroe vum kaaften Ierfgutt dëst Eegentom “ofdreiwen”, wann en d’Verflichtungen erfëllt,déi de Keefer iwwerholl huet.)
  1. Wann dës “Retraktaktioun” awer net rechtens geschitt, da gëtt se als null an nichteg erkläert.
  2. D’Bierger däerfen hir Ierfgidder mat Marksteng oder aneren Zeechen ofdeelen, ouni datt se dofir d’Häre Riichter oder d’Geriichter froe mussen.
  3. Wa se dës Oftrennung maache mat de Geriichter derbäi, da schëlde se dem Riichter an de Geriichter vun all Mark a vun all Partei e Sieschter Wäin oder esouvill Geld, wéi e Sieschter Wäin bei de Geriichter verkaaft gëtt.o De Sieschter ass en aalt “Hohlmaß” fir Kär a Flëssegkeet ze moossen. Am Badischen z. B. huet e Sieschter 15 Liter ëmfaasst.
  4. Fir d’Opbidde vun de Geriichter fir d’Markéierung kascht et zwéi Carolusgulden.
  5. Wann zwou jonk, net bestuet Persounen mat Wëssen a Wëlle vun hiren Elteren oder nächste Frënn bestuet ginn (“zum Stand der heiligen Ehe vermählet werden”), bleift deem, deen am längste lieft, d’“Helichsgut”, (dat war d’Dott), wann ee vun deen zwee ouni leiflech Ierwe stierft,(“ohne Leibeserben mit Gott abgehet”), fir sech a seng Nokommen.
  6. Wann d’Eltere vun där enger Säit stierwen, dann ierft d’Koppel dat, wat se hannerloossen; wann dee Partner, dee geierft huet, ouni läiflech Ierwe stierft, dann ierft deen, deen am längste lieft, och dës Deel.
  7. Wa jonk Leit scho virun hirem Bestietnes geierft hunn an et stierft ee Partner, ouni läiflech Ierwen, dann ierft deen, deen am längste lieft, alles, et sief dann et wär anescht an de Bedingunge vum Bestietnes ofgemaach.
  8. All Maacher Bierger (“Eingesessen”), souwuel déi Geeschtlech, wéi den Adel, wéi déi einfach (“gemeine”) Bierger, mussen engem Stadriichter an all deene Saachen, déi virfalen, follegen (“Gehorsam schuldig”) an hien als hire Beschützer respektéieren an unerkennen, souwäit wéi biergerlech Rechtshändel a Betruecht kommen.A. Strenge

Wie war deen A(dam) Strenge, deen dat ausféierlecht Dokument ënnerzeechent huet? Esouwuel den Nicolas Majerus, wéi de Joseph Hess ginn Erklärungen zu senger Persoun.

o Den Adam Strenge war vu Gréiwemaacher an do Stadschreiwer. Hie war mat der Susanna von Lellich bestuet. Am Joer 1601 gouf hien an der Sakramentsbrudderschaft agedro. Dës Brudderschaft war 1529 – nom Jos. Hurt 1539 – gegrënnt ginn.

Zur Persoun vum Adam Strenge

Vläicht nach e bësse “Familljegeschicht”, déi intressant ass: dem Adam Streng(e) säi Jong Valentin war Greffier beim Provizialrot an der Stad. Hie war et, deen am Joer 1627 “ein steinernes Kreuzbild”, also eng vun deene Statiounen, déi scho fréier laanscht de Wee vir op de Kräizerbierg stoungen, opriichte gelooss huet. Dorun erënnert nach haut dee stenge Sockel vun der Statioun hannen an der Kräizkapell, wou drop steet: “Dies Stuck hat Valentinus Streng Luxemburgischer Ratsgreffer Substitut zur Gedächtnus machen lassen 1627.”

Een anere Jong vum Adam Strenge war de Bernard Strenge, dee 1602 a Spuenien gaang war, fir do an der kinneklecher Garde ze dingen. Duerno war hie 45 Joer laang Stadschreiwer zu Gréiwemaacher.
En anere Jong vum Adam Strenge, den Adolf Strenge, war Stadschäffen zu Maacher.

Aus därselwechter Famill koum de Christian Streng(e), dee vu 1648-1650 Paschtouer zu Maacher war an des Weideren als “apostolischer Notar und Baccalaureus der hl. Theologie” fungéiert huet.

De Gréiwemaacher Kräizreliquiar aus dem 15./16 Jh.

Et handelt sech bei dësem besonnesche Kiercheschaz ëm e spéitgotesche “Reliquienostensorium” mat enger Kräizpartikel. “Entstanden zu Ende des 15. oder zu Anfang des 16. Jahrhunderts, enthält das zylinderförmige Schaugefäss eine Kreuzreliquie, die von einem kostbaren Rahmen eingefasst ist. Der dachförmige Helm wächst aus einem Zinnenkranz hervor und wird durch ein Kruzifix bekrönt. Der untere Teil, aus Fuß, Knauf und Schaft bestehend, greift auf die spätmittelalterliche Kelchform in Konzeption und Einzelheiten zurück.” Esou beschreift de Geeschtlechen a Kierchenhistoriker Michel Schmitt (1936-2009) dat reliéist Konschtwierk am Artikel “Die Dekanatskirche von Grevenmacher im Laufe der Zeiten” (“750 Joer Fräiheet fir Gréiwemaacher – D’Par mécht mat”, 2002).

Ganz ausféierlech befaasst de Paschtouer an Historiker Jos. Hurt sech mat dem “Heiltum” am Artikel “Die Kreuzreliquie und ihre Verehrung” (Der Kreuzerberg und seine Geschichte” – Stadt Grevenmacher, 1956).
De Jos. Hurt schreift: “Eine so weitschichtige und andauernde Kreuzverehrung, wie sie in Grevenmacher von Alters her bestand, wäre kaum aufgekommen und hätte sich nicht so zäh behauptet, wenn sie nicht immer neuen Antrieb bekommen hätte durch die Kreuzreliquie.”

Wahrscheinlech war d’Veréierung vun dëser Reliquie, wou mer net wëssen, wou se hierkënnt, fréier och mat Abläss verbonnen.
Dëst “Heiltum” gouf net nëmmen am Gottesdéngscht veréiert, mä huet am Mëttelalter, wéi eng enk Verbindung tëscht Kierch a Gemeng bestan huet, och am ëffentlech-rechtleche Liewen eng Roll gespillt, wéi am “Hobsbrauch” (1589) däitlech gëtt.

o Des Weideren huet e Friemen, deen zu Maacher bäigezunn ass oder sech do abestuet huet, de Biergereed op d’Kräizreliquie ofleeën. Et geet och dervu Rieds, datt d’Maacher Schäffen den Eed op d’Kräizpartikel geleescht hätten.

D’“Heiltum” vun der Par, dat an der Kräizkapell eng soug. “Heimstatt” fonnt hat a vun der lokaler Kräizbrudderschaft” esouzesoen als Eegentum ugesi gouf, wéi aus engem Verzeechnes vu 1786 ervirgeet, ass matgeholl ginn op Wallfahrten, z. B. op Tréier. Ganz besonnesch freides an der Faaschtenzäit oder bei Gottesdéngschter op besonnesche Feierdeeg, wéi beim Fest“Kreuzerhöhung”, de 14. September, koum d’Kräizpartikel zu Éieren. D’Pilger si bei deem Festdag vu wäit hier komm an hu wuel dacks eng Bleif am Osburg-Haus fonnt.

Och haut kënnt dem Kräizreliquiar, deen op enger Foto vun 1956 nach Säitendeeler huet, nach e besonnesche Stellewäert zou, z. B. bei de Freidesgottesdéngschter an der Faaschtenzäit an der Kräizkapell oder bei der Stëftungsmass fir d’ “Journée Ons Jongen”, den zweete Sonndeg am Juli.

 E Wuert zur Kräizbrudderschaft: Eigentlech hat se den Numm “Heilig- Kreuz-Bruderschaft”, a si war eng vu ganz ville Gréiwemaacher Brudderschaften an Zünften, déi eng Zäitlaang ganz wichteg waren. Dës bedeitend Brudderschaft gëtt eng éischte Kéier an engem Visitatiounsbericht vu 1570 genannt – en ass schonn zitéiert ginn. D’Helleg-Kräiz-Brudderschaft huet bis 1786 bestan. Deemools ass se mat de kierchleche Reforme vum éisterräichesche Keeser Joseph II. (1741- 1790) opgehuef ginn. Lëtzebuerg war jo vu 1714-1795 ënner éisträichescher Herrschaft.

De Jos. Hurt erkläert d’Wuert “Brudderschaft” folgendermoossen:
o “Bruderschaft ist gleichbedeutend mit unserer heutigen Kirchenfabrik. (…) Bruderschaft bedeutet aber auch einen kirchlichen Verein, eine von der Kirche erlaabte und geförderte Genossenschaft von Gläubigen, die sich zusammenschließen zu besonderen Werken der Frömmigkeit oder der Nächstenliebe. (…) Bruderschaften sind religiöse, organisierte Verbindungen, die zu einem speziellen Zweck, z. B. Kult eines Heiligen, Verehrung des allerheiligsten Sakramentes oder des Kreuzes von der zuständigen Obrigkeit genehmigt sind. (…) Unter Bruderschaft versteht man endlich auch Zunftgenossenschaften, die sich unter dem Patronat

eines Heiligen zusammenschließen, (…).”

Den Hurt zielt och d’Brudderschaften an d’Zünfte op, déi et an der Zäit zu Maacher ginn huet, nämlech:

o D’Sakramentsbrudderschaft (* 1539), d’St. Urbanus-Brudderschaft fir d’Wënzer, (genannt 1635), d’Sebastianus-Brudderschaft, géint Pescht a béis Krankheeten (genannt 1570), d’St. Johannisbrudderschaft (genannt 1570), d’Rochusbrudderschaft géint d’Pescht (wuel aus der Sebastianus-Brudderschaft entstan, genannt 1716), d’Helleg-Kräizbrudderschaft – déi schonn erwähnt ginn ass – d’ “Kaufmannszunft”, d’Schousterzunft, d’Bäckerzunft, d’Handwierkerzunft – si ass schonn erwähnt ginn ) (1569), and’Fëscherzunft (* ëm 1500).

3) Aner markant Ereegnesser zu Maacher (bis 1684)

– 1596: De Philippe II. erlaabt der Stad Gréiwemaacher e Joermaart. “Lettres de Philippe II, concedant des franches foires à la ville de Grevenmacher.”

o “… dass von jetzt an für immer sie in der genannten Stadt drei freie Märkte in jedem Jahr halten dürfen, den ersten am ersten Montag in der Fastenzeit, den zweiten am Montag nach St. Johann-Baptist im Juni und den dritten am Montag nach dem hl. Briccius im November (…). Daher ist es wohl verstanden, dass die Gewinne, die aus den gen. Märkten entstehen, verwendet werden für die notwendigen Reparaturen und den Unerhalt der Stadt, der Tore, Brücken, Pflaster, Türme und Mauern. (…)”

An dësem Schreiwes, dat am Numm vum Kinnek vun der Regierung zu Bréissel ausgestallt gi war, sti ganz kloer Konditioune fir d’Ofhale vun esou engem Maart, deen also nieft dem Wochemaart erlaabt gëtt. Mir ginn an deem laange Schreiwes och ganz vill gewuer iwwer eng Situatioun, déi, ë. a. duerch den Iwwerfall vum Albrecht vu Brandenburg sengen Truppen am Joer 1552, alles anescht ewéi roseg war.

– Den 9. August 1600 kréien déi Maacher e Schreiwes vum Grof Peter Ernst von Mansfeld (1517-1604): “Aufforderung des Grafen von Mansfeld, gouverneur zu Luxemburg an die Grevenmacherer, den H. Paul von der Veltz als ihren Richter anzuerkennen.”

 Vum 17. Jorhonnert schreift den Hurt als Aleedung: “Dieses Jahrhundert war eines der schlimmsten, wenn nicht das allerschlimmste unserer Geschichte; die Kriege hörten kaum auf, denn sie dauerten von 1600-1609, von 1621-1659, von 1665-1668, von 1672-1678, von 1681- 1684 und von 1688-1698, um erst mit dem Schluss des spanischen Erbfolgekrieges (1701-1715) einer längeren Friedensepoche zu weichen. Zu den Kriegsnöten kamen die Schrecknisse ansteckender Krankheitenund die fürchterlichen Hexenprozesse.” Esou Prozesser goufen et och zu Maacher, z. B. 1628 a 1629.

– 9. Mee 1616: Bruxelles – Demande de confirmation des privilèges de leur ville adressée aux archiducs par les “centier, bourgeois, manans et communaulte de la ville de Macheren le Comte.” – Admis par ceulx du

Conseil de Luxembourg.

  • –  5. Abrëll 1617: Bestätigung vun de Privilegie vu Gréiwemaacher duerch denAlbert an d’Isabella: “Lettres patenes des archiducs confirmant les

    privilèges de la ville de Macheren.”

  • –  1618-48: “Das unglücklichste Jahrhundert unserer Geschichte. Es war dasJahrhundert des dreißigjährigen Krieges (1618-1648).” Den Hurt weist op

    Pescht (1632), Hongersnout (1636-38) asw. hin.

  • –  1619: “Haus bey dem Creutz od’ Hallen dieser Statt…” Et geet hei ëmd’Maartkräiz, dat tëscht Stadhaus a Stadtur stoung a méi dacks an Akten erwähnt gouf. Leider gëtt et haut jo keng Spur méi dervun (ausser enger Zeechnung vum Lé Tanson).
  • –  1620: “Henricus Machthumb, Schoullmeister dieser Statt”. Dat ass déi éischt Mentioun vun engem Schoulmeeschter zu Maacher – also net méi de “Frühmesser”, d. h. Kaploun oder Vikar, dee vun der Kierch aus Schoul gehal huet. “Die Bürger legten Wert auf den Unterricht; sie bedurften einer gewissen Bildung, um Handel und Handwerk erlernen und ausüben zu können, um die städtischen Ämter zu versehen und um mit den Behörden zu verkehren”, schreift den Hurt dozou.
  • –  1631: “Ordonnance et statuts du mestier des pescheurs dans le district de la Justicerie de Macheren dont ils sont en bonne et paisible possession de immemorial, et leur ont esté cy devant octroyés à l’encontre tels services et obligations, comme respectivement s’ensuit.”
  • –  1635. – Haustüre der Zehntscheuer. An deem Joer ass déi jëtzeg Zéintscheier gebaut ginn. Den Hurt schreift: “Ich glaube annehmen zu dürfen, das in diesem Hause der Kellermeister der landesherrlichen Güter (vigneron du Roy, 1477) wohnte, in diesem Keller wurden die fürstlichenWeine gesammelt und aufgehoben.” Des Weidere verweist den Hurt op en Artikel vum Berens betr. d’Zéintscheier: “Ein Stück Spanien in Alt- Grevenmacher” (15.11.1948).
  • –  1637: Bey dem Statthauss.” Hei geet et an engem gréisseren Artikel iwwer déi al Gemeng, an där och emol Schoul gehal ginn ass, well 1681 heescht et: “die Schull im Statthauss.”
  • –  1641, 1642, 1654, 1656, 1661, 1664, 1665, 1669, …. 1698…. Verleihung des Bürgerrechtes, “Bürgereydt” genannt. “Es bestand in der freien Stadt Zuzugsfreiheit für die Fremden, welche dann innerhalb einer bestimmten Zeit und gegen Entrichtung gewisser Gebühren an die Stadt als neue Bürger aufgenommen wurden. Erst dann durften sie den Namen Bürger führen und genießen deren Rechte im allgemeinen und im besonderen,” schreift den Hurt, an e bemierkt, datt an all deene Jore vill Leit op Maacher gezu sinn.
  • –  11. Januar 1645: “Infolge einer Unvorsichtigkeit bricht eine Feuersbrunst aus, die nur wenige Häuser der Stadt verschont.”

page14image1562403568 page14image1562403856

1645: “Marschall Turenne lässt die spanische Besatzung der Stadt Grevenmacher von 200 Mann, die sich in den Stadtturm zurückgezogen hatte, niedermetzeln, herunterwerfen und verbrennen.”
8. Oktober 1650: Gréiwemaacher gëtt vun den Truppe vum Herzog vu Louthrengen an der Nuecht iwwerfall, ausgeraibert an zerstéiert.

1651: Zweete Sigel “der Stadtfreiheit Grevenmacher”: SIGILUM CIVITATIS COMITIS MACHERENTINA.
1654: Op Ouschterméindeg ginn duerch e Feier méi wéi 2/3 vun den Haiser vu Gréiwemaacher zerstéiert.

1667, 2 mars: “Plainte adressée par les bourgeois de Grevenmacher à Bruxelles des charges et oppressions continuelles de l’année terrible 1638 àa cette année 1667.”
1667, 31 août: “La ville de Grevenmacher par suite d’une demande adressée par le justicier et les échevins de la ville au roi Charles II d’Espagne est exempté du Payement de l’aide et de tous les autres impôts pendant un terme de dix ans.” (Arch. Gouv. A XIII, 1 Nr 25).

1674-1700: “Prothocol der Landtrichterey Grewenmacheren (Landrichter: Hubert Degenhardt.) An der Landrichterei sinn deemools d’Stad Maacher + 39 Dierfer a Weiler dës- an déisäit vu Musel a Sauer, opgelëscht vun Ahn bis Wuermer.

1677: “Die Einwohner der Landrichterei Grevenmacher richtegen an die Stände des Herzogtums eine Bittschrift um Nachlass der Steuern und Lasten.”
1677. – “auf dem Markh stehendes halbes hauss.” Mat enger intressanter Beschreiwung iwwer de Maart fréier.

1684 kommen d’Fransousen un d’Rudder. Kuerz duerno, 1688, gëtt d’Stadtmauer vu Gréiwemaacher op Befehl vum Marschall Créqui geschläift.

Zesummestellung: Monique Hermes – 27.09.2017

page15image1562700416 page15image1562700704

Quellen: Déi gebraucht Quelle sinn an der Zesummestellung ausféierlech zitéiert.

Maacher fréier – duergestallt 1952 vum Abbé Jos. Hurt. (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

page15image1562720208

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.