Geschicht a Geschichte vu Maacher

Geschicht a Geschichte vu Maacher
Tatsaachen, Soen a Legenden, Moler, Stroossemusikanten an aner Kuriositéiten VUM MONIQUE HERMES

Dëse Bäitrag huet als Titel: „Geschicht a Geschichte vu Maacher“, oder „Gréiwemaacher Geschicht a Geschichten“an dat soll et och sinn – näischt Schwéieres, näischt Héichtrabendes, och näischt zevill Déifgräifendes, mä éischter „Gepoters“. Fir datt eng Parti Saachen, déi mat deem Maacher ze dinn hunn, dat ville vun äis un d’Häerz gewuess ass, net esou séier an de Vergiess geroden, well se emol erëm eng Kéier op d’Tapéit kommen…

Nu kann een zu Maacher iwwer ganz vill Saache poteren, respektiv a ganz ville wichtegen Dokumenter bliederen:

 D’Geschicht ass wuel dat wichtegst vun dësen Dokumenter, dofir fänke mer och domat un.

  •   An da kënnt e bësse Schoulgeschicht an d’Spill, well déi hei zu Maacher och eng ganz besonnesch war.
  •   Duerno sti Maacher Soen a Legenden a – ganz enk domat verbonnen – e bësse Folklore um Programm.
  •   An zum Schluss wäerte mer äis kuerz mat Maacher Gässelen a Gaassen an och nach mat Maacher Biller befaassen.

    1) An der Geschicht gebliedert

    Do ass also fir d’éischt d’Geschicht vun där heemeleger Stiedchen, déi 1252 vum Lëtzebuerger Grof Hari V. – hie gouf „de Blonden“ genannt – de Fräiheetsbréif iwwerreecht krut. Den Hari V. war e Jong vun där dichteger a mächteger Gräfin Ermesinde, ouni Zweiwel eng vun deene grousse Fraegestalten an der Geschicht vu Lëtzebuerg.

    Ronn 100 Joer virun deem Fräiheetsbréif, ëm 1150, war Maacher definitiv un d’Lëtzebuerger Grofenhaus komm. Deemools hat de Grof Hari IV. – deen als „de Blannen“ an d’Geschicht agoe sollt an de Papp vun der Gräfin Ermesinde war – Fridde mam Bëschof Hillin(us) vun Tréier geschloss. Domat sollt deenen éiwege Streidereien ëm d’Lännereien un der Musel en Enn gesat ginn.

    Et gi Quellen, déi behaapten, d’Kräizkapell – wuel dann déi alleréischt – wär als sichtbaart Zeeche vun dësem Fridde gebaut ginn. Dat ass awer néierends

page1image1408515872 page1image1408516064

historisch beluegt. Allerdings liicht eis Kapell um Kräizerbierg hell bis wäit an d’Tréierer Land eran…

Am 13. respektiv am 14. Jorhonnert wollten d’Grofe vu Lëtzebuerg hire Besëtz un der Musel nach besser virun deene mächtegen Häre vun Tréier a virun anere Feinde schützen. Dofir hu se ronderëm Maacher eng staark Festung baue gelooss.

D’Stadmauer war e Véiereck vun 280 m op 250 m. D’Mauer, déi ee plazeweis nach gesi kann, stoung hanner der Réngmauerstrooss, der Webergaass, der Syr, der Turgaass an z. D. och der Spidolsstrooss.

An der Mauer ware 27 oder 28 Tir. Véier Paarten hunn a Maacher eran – oder aus der Stiedchen eraus – gefouert: d’Tréierer Paart (um Eck vun der Réngmauerstrooss an der Webergaass), d’Diddenhuewener Paart (net wäit vun där Plaz ewech, wou d’Spuerkeess zënter enger Zäit hir Filial huet a wou elo dat neit Spuerkeessgebai steet), d’Lëtzebuerger Paart (um Eck vun der Turgaass an der Syr) an d’Iechternacher Paart, mam Mënschecker Tur dernieft – déi Paart gouf och dacks „Mënschecker Paart“ genannt. Déi Paart stoung wuel am heitege Gaart vum „Home pour Personnes Âgées“, wou ee mat déi schéinst Iwwerreschter vun der Festung gesi kann.

D’Paarten haten zwéi staark Tir op all Säit an et ass net ausgeschloss – awer och net historesch beluegt – datt am Mënschecker Tur och e Prisong a vläicht esouguer eng Folterkummer war…

Ronderëm d’Festungsmauer wär en déiwen a breede Waassergruef gewiescht, fir datt et nach méi schwéier war, fir an d’Stad eranzekommen, heescht et a verschiddenen Dokumenter. Zwou Baachen, déi dëse Gruef mat Waasser gefëllt hunn, existéieren nach haut: d’Gehaans- an d’Roiderbaach (Rouderbaach).

An der Festung selwer war d’Plaz knapps. Dat kann een och haut nach un deene villen enken an heemelege Gaassen a Schlëff gesinn, op déi mer nach zréckkommen.
Eréischt wéi d’Festungsmauer Enn des 17. Jorhonnerts ënner dem franséische Generol Boufflers op Befehl vum Marschall Créqui ofgerappt ginn ass, konnt Maacher sech ausbreeden.

An der Mëtt vun der Festung stoung – a steet och haut nach – dee staarke Festungstur. Hie war Wuecht- a Wiertur zougläich an et kann ee sech froen, ob en net méi al wéi d’Festung selwer ass. Ganz dacks hunn d’Leit sech an den Tur zréckgezunn, wa Maacher nees eng Kéier a Gefor war.

Wa Maart war, ass och alt emol deen een oder aner „klenge Brigang“ dran agespaart ginn, well en e puer Äppel oder soss eng Habséilegkeet geklaut hat. Mer kommen och nach dorop zréck.

An der Mëtt de Kërrechtur, vun deem gëtt ee vill gewuer (…),

huet et an engem vun deene flotte Lidder am Kader vun dem grandiose Musikspektakel „Maacher Fräiheet 2002“ vum Georges Urwald geheescht.

Zënter 1781/82 huet d’Symbol vu Gréiwemaacher mat sengen décke Maueren a sengen ale Steng d’Funktioun vun engem Kierchtur. Du ass d’Kierch, déi dem hellege Märtyrer Laurentius geweit ass, un den Tur ugebaut ginn.
Et muss ee vläicht ervirhiewen, datt den Tur an den 1920er Jore en Helm verpasst kritt hat, deen enger Partie Maacher guer net gefall huet, ënner hinnen z. B. de Frantz Seimetz. Nom Zweete Weltkrich, 1949/50, krut eise Stadtur deen Helm erëm ofgedo.

Op eis Parkierch – si war bis de 2017 Dekanatskierch – mat hire wäertvolle Konschtschätz misst ee bei enger anerer Geleeënheet eppes méi genee agoen. Eent vun de rezente Konschtwierker ass déi imposant Keramik mat der Verkënnegungszeen, duergestallt am Kierchtur zu Maacher, geschaf am Joer 2007/2008 vun der Benediktinerin Christophora Janssen aus der Abtei St. Hildegard bei Rüdesheim um Rhäin. Dës talentéiert Kënschtlerin ass mëttlerweil wäit iwwer d’Grenze vun Däitschland eraus bekannt.

Looss mer nach e bëssen an der Maacher Geschicht weiderbliederen.

No 1338 kann een den Numm Graf(f)enmacher(n) op verschiddenen Akte liesen – dat huet natierlech eppes mat deene Lëtzebuerger Grofen ze dinn, déi jo och zu Maacher d’Soen haten – an eréischt zënter 1769 heescht Maacher ewéi haut, nämlech Grevenmacher – oder Gréiwemaacher, fir an eiser Sprooch ze bleiwen.

Virdrun, z. B. schonn am 7. Jorhonnert, héiere mer vun Nimm wéi Machara oder (Villa) Machera, duerno – ëm d’Zäit vum Fräiheetsbréif – „Makeren“.
Et muss een och onbedingt drop hiweisen – wéi et och um Aleedungspanneau vun deem intressante kulturhistoresche Rondgang geschriwwe steet, deen zënter dem 27. Juni 1997 duerch déi al Festungsstad féiert – datt „Gréiwemaacher“ méi al ass, wéi seng Festung an datt d’Uertschaft net ëmmer am Dall louch. Scho virun der Réimerzäit gëtt vun enger éischter Siedlung um „Buerggruef“ no bei där aler Réimerstrooss vun Tréier op Lëtzebuerg geschwat.

Am 14. Jorhonnert, eppes méi wéi 100 Joer nom Fräiheetsbréif, 1357, huet de Lëtzebuerger Herzog Wenzel I. der fräier Stad Maacher d’Maartrecht ginn. De Wochemaart, op deen d’Leit aus 41 Dierfer an der Ëmgéigend hu misse kommen, ass deemools am ieweschten Deel vun heiteger der Groussgaass ofgehal ginn, wou héchstwahrscheinlech och e Maartkräiz stoung. Spuren dervu ginn et leider keng méi, ausser op enger Zeechung vum Lëtzebuerger Kënschtler Lé Tanson (1914-1999) vu Munneref. Awer grad och duerch dee Maart hun den Handel an d’Handwierk gebléit an der Stiedchen un der Musel.

Um Maartdag si vum Balkon vum ale Stadhaus aus d’Geriichtsuurteeler verkënnegt ginn, well Maacher hat e Riichter an och nach siwe Schäffen, déi fir Uerdnung an der Stiedche gesuergt hunn. Den Ugeklote war beim Uurteel meeschtens derbäi. Hie stoung ënnen am Lomperéng a krut seng Strof zum dacksten op der Plaz, z. B. eng zolitt Faart Streech…

E liicht gekierzten, köstlechen Text aus där onverëffentlechter Kartularchronik

mam Titel „Grevenmacher: Einer Moselstadt geschichtliches Werden und

Wachsen – Von den Anfängen Grevenmachers bis 1800“ vum Paschtouer a

Maacher Lokalhistoriker Jos. Hurt (1892-1962), well ech Iech op dëser Plaz net

virenthalen, an zwar am „Originaltoun“, d. h. op Däitsch – (zënter dem Zeenespill

„Maacher lieft“, dat am Kulturjoer 1995 opgefouert gouf, existéiert den Text nämlech och an enger Lëtzebuergescher Iwwersetzung):

Marktszene im alten Grevenmacher

Der Markt, den man mit Recht den alten Markt nennen könnte, befand sich ausgehend vom Stadthaus einerseits und vom Stadtturm andererseits in der Straße bis zur Biegung links.

Der Markt war der wichtigste Schauplatz des Gemeinschaftslebens. Auf ihm spielte sich nicht nur der hauptsächlichste Handelsverkehr ab, sondern auch die Rechtsvorgänge fanden dort statt.
Bäcker, Metzger, Handels- und Handwerksleute hatten hier ihre Auslagen und Verkaufsstände. Auf Tischen, in Buden und unter den Hallen waren die Waren ausgelegt. Hier standen auch wohl die meisten Kaufhäuser. Ihre Fenster mit den Auslagen waren eckig und standen hervor. Über der Tür hing das Zeichen des Hauses oder die Strauß, und oft wurde der Besitzer nach seinem Hausbild genannt.

Wenn Markttag war, wurde am Stadthaus die rote Fahne aufgesteckt und so lange sie ausgehängt war, hatten fremde Verkäufer das Marktrecht. Die Glocke läutete den Markt ein und läutete ihn wieder aus (…).
Im Lumpenring, an der Ecke des Stadthauses, steht ein Verurteilter und muss Spott und Hohn des Volkes über sich ergehen lassen (…).

Am alten Stadtturm an der Kirchhofecke steht ein Spielmann mit der Geige und singt dazu, ein lustiger Geselle pfeift die Weise mit, und bald beginnen Alt und Jung mitzusingen und zu springen. Da erklingt die Nachtglocke, und Gassen und Wirtshäuser leeren sich. Im Stadtturm sitzen einige Marktdiebe, die man erwischt hat.

1357, esouzesoen zäitgläich mam Maartrecht, krut d’Museluertschaft och hiren éischte Stadsigel („Sigillum LIBERTATIS DE MACHERA“). Doraus ass no an no de Maacher Wopen entstan. De roude Léif, d’Wopendéier vu Lëtzebuerg, war bekanntlech schonn am Grof Hari V. sengem Wopen.

page4image1582076480

An da muss een onbedingt och drop hiweisen, datt guer net ëmmer alles himmelblo oder rosarout war an eiser Museluertschaft mat deenen heemelege Gaassen an deem staarke Festungstur.
1552 huet de Markgrof Albrecht vu Brandenburg Maacher vum Grueweréck aus iwwerfall. D’Stad ass ausgeraibert an a Flame gestach ginn. Am 17. Jorhonnert sinn Honnerte vu Männer, Fraen a Kanner un der Pescht gestuerwen. D’Muselstiedchen hat duerno ganz laang eng Rochusbrudderschaft, déi ë. a. derfir gesuergt huet, datt déi Verstuerwen, déi d’Pescht haten, e wierdegt Begriefnes kruten. Nach haut steet eng Statu vum „Peschthellegen“ an der Kräizkapell.

1822, d’Festungsmauere ware schonn ofgerappt, goufe beim „grousse Brand“ 147 Haiser, 80 Ställ an 39 Scheieren zerstéiert.
Och déi schrecklech Zäit vum Zweete Weltkrich (1940-1945) hat hir Spuren zu Maacher hannerlooss. Villes war zerstéiert an huet nom Krich erëm missen opgebaut ginn, z. B. d’Bréck iwwer d’Musel…

Looss mer op dëser Plaz nach eng Kéier den Abbé Jos. Hurt zu Wuert komme loossen, deen an der Aleedung zu där schonn zitéierter „Kartularchronik“ schreift:

Es war einmal…

Da gab es im Moselland ein traumstilles, vom Grün der Weinberge umkränztes, vom Blau der Mosel umzogenes und vom leuchtenden Himmel überspanntes Städtchen. Das hieß Grevenmacher. (…)

Und Straßen und Gassen und Häuser und Mauern erzählen. Erzählen von Jammer und Not und harter Lebensmüh derer, die einst an diesen Herden saßen und im Schatten dieser Türme lebten. Dunkle Schicksalstage steigen auf, die nicht im Buche der Geschichte verzeichnet sind. Rotglühend wird der Himmel von den lohenden Feuergarben, die aus dem gebrandschatzten Städtchen steigen und hellrot fließt das Wasser des Marktbächleins von all dem Blut, das dort vergossen ward. Immer wieder zog auf der Völkerstraße durch diese Ortschaft mit den Kriegsheeren aus aller Herren Ländern das Elend, immer wieder hallten diese Gassen und Häuser wieder von den Gräueltaten plündernder Horden. Und die Pest kam nachgezogen und machte die ausgebrannten Straßen zu Wüsteneien.

Aber auch davon wissen sie zu berichten, die Gassen und Gässchen, die Mauern und Türme, freudig und stark, wie aus dunklen Verhängnissen, aus Not und Tod, aus Misswuchs und Missernte immer wieder die unverwüstliche Lebenskraft dieses Moselvolkes neues Wachsen und Schaffen hervorbrachte.

Déi Maacher hunn nämlech ni opginn – dat ass bis haut esou bliwwen an et ass och gutt esou!

page5image1508167744

2) E bësse Schoulgeschicht

Dat zweet, mat deem mer äis kuerz befaassen, ass d’Schoulgeschicht vu Maacher. Viru bal 100 Joer, de 5. November 1922, ass déi nei „Primärschoul“ – haut d’„Grondschoul“ – op der „Kopgewan“ ageweit ginn. Si war vun 1919 bis 1921 gebaut ginn an et gouf deemools an der „Obermosel- Zeitung“ vum 9. November 1922, vun engem „Schulpalast“ geschwat.

Maacher Schoul, Maacher Schoul,
Kuckt dat aalt Gebai – lo ass et schéin nei. Laang hu mir drop gewaart, all hunn hiert Best gemat. Héi dir Maacher! Vive eis Schoul!

Esou hu Schoulkanner a Léierpersonal den 19. Mee 2009 bei der Aweiung vun där erweiderter a renovéierter Primärschoul begeeschtert gesongen.

Awer scho laang virun deem „Schulpalast“, nämlech am 19. Jorhonnert, hu Maacher Léierpersounen duerch hir Musterschoulen an duerch bemierkenswäert Schoulbicher derfir gesuergt, datt den Numm „Gréiwemaacher“ e gudde Klang am Lëtzebuerger Land hat.

Nimm ewéi Nikolaus (Nicolas) Clasen (1783-1850), Anton (Antoine) Godart (1807-1876), Marie-Anne de Thierry (1808-1892) oder dee vun der Schoulschwëster Marie-des-Neiges Daleiden (1838-1908) a wuel och nach eng Parti anerer, si mat gëllene Buschtawen, net nëmmen an der Schoulgeschicht vun eiser Muselstiedchen, mä an där vum ganze Lëtzebuerger Land veréiwegt.

Zu Maacher gouf de Grondsteen geluecht fir d’Fortbildungs-, d’Oberprimär- an esouguer fir d’(Léierinnen)-Normalschoul. Zu Maacher si méi wéi 20 (!) wäertvoll Lëtzebuerger Schoulbicher entstan, déi zum Deel bis wäit an d’20. Jorhonnert era gebraucht goufen. Dorënner war z. B. déi alleréischt „Geographie für die luxemburger Schulen (…)“ (1884).

Den Auteur vun deem Schoulbuch, de Maacher Schoulmeeschter Anton (Antoine) Wagner, war eng vun deene ganz bedeitende Maacher Léierpersounen. Déi erwähnt Geographie ass iwwregens net säin eenzegt Wierk. Och eng „Deutsche Grammatik – nebst einem kurzgefassten Fremdwörterbuch nach der deutschen Rechtschreibung – zunächst für die luxemburger Schuljugend“, där hir éischt Oplo schonn 1880 erauskoum, stammt aus senger Fieder.

Den Anton Wagner war 1844 zu Berbuerg op d’Welt komm, krut 1869 dem spéidere Staatsarchitekt Peter Anton Kemp (1841-1895) seng Plaz zu Maacher an der Oberprimärschoul an huet 1885 – ee Joer viru sengem trageschen Doud an der Musel – an der Maacher Dréckerei Esslen, der „Virgängerin“ vun der Dréckerei Faber a vun „Offset Moselle“, e Bichelechen erausgi mam Titel:

page6image1572365040

Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher. / Eine Sammlung von Sagen und Märchen, Sitten und Gebräuchen, Volksmeinungen, Liedern, Sprüchen, Spielen u. s. w. / gesammelt, herausgegeben und seinen Mitbrüdern gewidmet / von X. Mosellanus – dat war ee vum Wagner senge Pseudonymen.

Duerch dat Bichelchen, dat eng richteg Fondgrouf um Gebitt vun der „Volkskunde“ an och vum Folklore ass, ass dem Wagner spéider den Titel „Vater der moselländischen Volkskunde“ zouerkannt ginn. An deen hat en och verdingt…

Duerch a mat dem Wagner sengem Bichelche kéime mer dann zu de

3) Maacher Soen a Legenden…

Am éischte Kapitel vun den „Alterthümliche Merkwürdigkeiten“ geet et nämlech ëm déi Soen a Legenden, déi d’Leit sech schon an den 1800er Jore bei äis verzielt hunn. A laange Wanteruuchten, wa se gutt Zäit haten a well se d’Geheimnisser vun der Natur net esou gutt kannt hunn ewéi mir. An et wär deemools wuel kaum engem agefall, fir nozepréiwen, ob och alles dat gestëmmt huet, wat do zum Beschte gi gouf…

Vläicht kennt Der jo de Longkaulemännchen – oder, wann Der wëllt, de Geldhannes, de Bläimantel an och nach de Kelzmännchen – dee bis an d’19. Jorhonnert an der Longkaul um lénken Uwenner vun der Musel tëscht Maacher a Meechtem gehaust huet. Déi Maacher Leit hunn e gefaart, well en ellen ewéi d’Nuecht war. Hie konnt a wollt sech net vu sengem Geld trennen. An en huet och no sengem Doud nach keng Rou fonnt, well d’Leit hunn en ëmmer erëm héiere ruffen: „Wou soll ech d’Grenzmark – also de Grenzsteen tëscht de Wéngerten, resp. de Felder – hi seetzen?“ Esou muenchereen hätt de Longkaulemännchen nuets esouguer missen a senger Hatt op de Kräizerbierg schleefen, heescht et.

Et gëtt d’So vum Longkaulemännchen a ganz ville Versiounen. Ganz sécher eng vun deenen eelste publizéiert den Theodor von Cederstolpe (1811-1878) an däitscher Sprooch an a Versform am Joer 1841 a sengem Buch „Sagen von Luxemburg“.

Zu Grevenmachern am Moselstrand Ist’s Unkekaulmännchen allbekannt; Es kann für mannigfache Sünden Im Tode selbst nicht Ruhe finden.

Die Leute hat es arg gedrückt,
Des Nachts den Grenzstein oft verrückt, Dabei ist es zuletzt versunken,
Und starb im Froschteich
bei den Unken. (…)

page7image1572711824

Jetzt irrt es, wenn der Tag vorbei, Mit Hut und Mantel schwer von Blei Bei der Kapell’ auf steiler Höhe, Und stöhnt, und klaget laut sein Wehe.

Esou fänkt dem von Cederstolpe säi Gedicht „Das Unkelkaulmännchen“ un.

An do ass natierlech och d’Legend vum Kräiz an der Kräizkapell. Et handelt sech wuel ëm eng vun deene bekanntste Maacher Legenden. (Eng Legend ass jo eng So mat reliéisem Gehalt.) Jorzéngtelaang war dës Geschichtchen esouguer am Liesbuch fir d’3. an d’4, Schouljoer.

Als Zeeche vum Fridden tëscht de Grofe vu Lëtzebuerg an de Bëschofe vun Tréier soll scho viru Jorhonnerten um Bierg no bei der Stiedchen eng Kapell gebaut gi sinn, hu mer den Owend schonn eng Kéier héieren.
Haut – an zënter 1737 – steet déi jezeg Kräizkapell op där Plaz. Deemools ass se vergréissert ginn. An hiert Häerzstéck, dat massivt stenge Kräiz iwwer dem Haaptaltor, wär eng Kéier – war et wierklech Karfreideg 1151 oder 1152? – iwwer d’Musel géint de Stroum geschwomm komm an hätt mat engem Arem op de Kräizerbierg gewisen. Dee Frommsten aus der Par hätt d’Kräiz ganz eleng vum Museluwenner bis an d’Kierch gedro. Awer dee Moien drop hätt et erëm virun der Kierchendir gestan an nees mat engem Arem op de Kräizerbierg gewisen. Du hätten d’Leit d’Kräiz op déi Plaz gedro a mat eegene Mëttelen eng Kapell do uewe gebaut.

D’Kapell mam Kräiz krut den Numm „Kräizkapell“ an dee ganze Bierg heescht nach haut „Kräizerbierg“. Zënter 1956 ass de Komplex Doudemonument fir déi Maacher Jongen, déi net méi aus dem Zweete Weltkrich heemkomm sinn. An zënter 2015 si Kapell a Bierg op der Lëscht vun den Nationalmonumenter.

Schon zënter Jorhonnerte bewaacht d’Kapell mat hirem geheimnisvollen Torso an der Ëmfaassungsmauer Gréiwemaacher a seng Awunner. A si ass ouni Zweiwel eent vun de Lokalhellegtümer aus der Muselmetropol.

An dann trëppele mer bis an d’Fels esouzesoen nieft der Longkaul. Hei begéine mer der Felsefrächen. D’Leit hätte se all kannt. Iwwer d’Joer wär se bei d’Aarbechter an de Wéngert komm, fir mat hinnen z’iessen. Awer si hätt ni e Wuert geschwat. Nëmmen ëm d’Geeschterstonn hätt si schaureg gejaut agesongen. Si hätt och allerlee Zorten Téi fir krankt Véi gebraut a wär zu Maacher éischter beléift gewiescht.

Bis zu deem Moment, wou si e Bouf doudgemaach hätt, dee bei si komm war, fir Téi fir eng krank Kou ze froen. Zënterhir kéim d’Felsefrächen net méi zu Rou. Vläicht huet Der se jo schon héiere jäizen…

Oder war dat éieren de Muselhond, dee gebillt huet? Dat Ongeheier, dat sech meeschtens an, resp. bei der Musel ëm Gréiwemaacher opgehal huet? Moies huet de Muselhond säin Tour duerch d’Uertschaft getrëppelt. A well e weider

kengem eppes zuleeds gedo huet, huet och keen en esou richteg gefaart, och wann d’Leit d’Stroossesäit gewiesselt hunn, wa se him begéint sinn.
D’Kanner awer ware guer net frou mam Muselhond, well deene war e wuel eng Nummer ze grouss. A wann d’Elteren hir Kanner vun der Musel ewechhale wollten – déi war deemools geféierlech wéinst den Trëndelen – hu se ganz einfach gesot: „Pass op, de Muselhond kënnt dech huelen!“ Déi Wierder solle Wonner gewierkt hunn…

Déi Kreesch, déi Der alt emol héiert, wann de Stuerm hault a jot, kënnen awer och dem Däiwel seng sinn – deem vum Groesteen, wou jo och dem Maacher Schoulmeeschter a Schrëftsteller Nik. Wampach (1880-1950) säi fläissegt Zwergevollek gehaust huet!

Dir kennt bestëmmt all deen décke Steen, deen op der Héicht tëscht Maacher a Manternach läit, an deen z. B. am Maacher Schoulmeeschter an duerno Schoulinspekter Peter Olinger (1863-1940) sengem Wierk „Velleda. Die Drude von Machern- Erzählung aus Geschichte und Sage der Stadt Grevenmacher“, wat 1935 erauskoum, eng grouss Roll spillt. Entweder ass et e ganz alen Altor – fréier hunn d’Leit bekanntlech hir Götter op Héichte bausst den Dierfer veréiert, fir méi no bei hinnen ze sinn; dat kënnt och esou um Kräizerbierg gewiescht sinn – oder et ass e Graf, bzw. e sougenannten „Tumulus“. Well keen et richteg weess, sinn eng Parti Soen a Legenden ëm de Groesteen gesponne ginn.

Déi bekanntst dervun ass déi hei: Viru Jorhonnerte krut der Däiwel matgedeelt, zu Tréier géif him zu Eieren e Casino gebaut ginn. Doriwwer war dee Schwaarzen natierlech immens frou an hie wollt perséinlech e ganz schwéiere Steen – de Grondsteen fir de Casino – op Tréier schleefen. Wéi en op d’Héicht vum Groesteen koum, ass e fromme Pilger him entgéint komm, dee grad aus der Réimerstad koum. Dee sot, et wär guer kee Casino, mä en Doum fir den Härgott, deen do gebaut géif…

De Rescht kennt Der: Der Däiwel ass immens béis ginn. Hien huet de Steen ganz fest op de Buedem gepucht an ass drop ronderëm gesprong vu Roserei. Dofir sinn nach haut déi vill Trëtt drop. A wann Der gutt kuckt, da sinn dat Päerdsféiss. Well esou Féiss hätt der Däiwel!

Soen a Legende vu Maacher a ronderëm – et ginn der nach eng ganz Partie a si sinn e wichtegen Deel vun eisem Kulturgutt. Dofir ass et derwäert, datt ee se vun Zäit zu Zäit bei esou enger Geleeënheet ewéi haut ernimmt.

4) Maacher Folklore

Mä looss mer zréck an d’Häerz vun eiser Muselstiedche kommen. Dir wäert elo ganz sécher enttäuscht, wann ech net eng legendär Perséinlechkeet ernimme géif, déi zum Maacher Folkore gehéiert. Zënter dem Oktober 1991 huet si hir fest Plaz am Agank vun der Maacher Foussgängerzon an zënter 2006 och am “Lies a Fléi”, deem neie Schoulbuch fir eis Sprooch am Cycle 4 vun eiser Grondschoul.

page9image1561967008

Jo, ech schwätze vum Blannen Theis, deen esouzesoen nieft der Maacher Parkierch eng Weis op senger Gei spillt – dat dank deem talentéierte Lëtzebuerger Sculpteur Wil Lofy (* 1937).
Dëse “Blannen Theis” war keen aner ewéi de Mathias Schou, deen 1747 zu Maacher op d’Welt komm war a sech als blanne Bänkelsänger a Spillmann säi Liewe verdingt huet. Op Fester ewéi der Kiermes, bei Hochzäit, Kanddaf a ganz sécher och zu Maacher um Wochemaart, huet den Theis d’Vollek mat senge Liddercher ameséiert. Op dës Weisen, déi gesongen a gespillt goufen, ass da gedanzt a gespronge ginn. Dem Theis seng Fra a säin Hond wären ëmmer derbäi gewiescht, heescht et.

Fir wat krut deen Theis do, deen 1824 ganz arem zu Eech/Lëtzebuerg gestuerwen ass, e Monument zu Maacher? Mä well hien déi éischt Textercher an eiser Sprooch virgedro hätt, „Zu Arel op der Knippchen“, oder „D’Meedche vu Gëtzen“, fir emol nëmmen dës zwee Volleksliddercher ze ernimmen… Zum Theis senger Zäit war dat schon eppes Besonnesches, well deemools goufen et bei äis esouzesoen nëmmen Lidder a Gedichter an däitscher Sprooch.

Et waren der iwwerégens zwéi vun eisen Nationaldichter, nämlech de Michel Rodange (1827-1876), an den Edmond de la Fontaine (1823-1891), alias Dicks, deen dem Blannen Theis eng Plaz an eiser Literaturgeschicht verschaaft huet.

Gelt Monnonk“, sot de Fiisschen, „nu feelt Iech nach Gei;
Dir stéingt mam blannen Theis nu jo prächteg an der Rei.

Dir géingt op d’Dierfer spillen, da wär Äert Brout gebak;
a bei em Mo wi Ärem,
Der bräicht emol kee Sak.

Der bräicht wuel nach e Schnëppel an dann e Bounepaartshutt, derbei nach géing Iech wierklech eng bluttrout Box och gutt.

Dat liese mer an eisem Nationalepos, dem „Reenert“ am XIV. Gesank.

Ech zéien uechter d’Land erëm Mat menger Fra am Arem; D’Leit kennen all meng fréilech Stëmm, An ́t kränkt mech kee Gendarem. Ech hu fir jiddereen eng Weis. Gestëmmt ass ëmmerfort meng Gei. Juchhei!

Ech sinn de blannen Theis.

Esou heescht et an engem Gedicht aus dem Dicks senger Fieder, dat de Maacher Schoulmeeschter Johny Weis 1991 fir d’Aweiung vum Monument vertount huet.

5) Maacher Gässelen a Gaassen…

An da maache mer e klengen Tour duerch Maacher Gässelen a Gaassen…

Badensgässel, Bourg(s)gässel, Boussegässel, Courtsgässel, Dietzegässel, Dupontsgässel, Fupessegässel, Gilgesgässel, Hurysgässel, Keiffeschgässel, Klingenbergsgässel, Kofferschmattsgässel, K(o)uschegässel, Mathessegässel, Oischtgesgässel, oder Schaackegässel…
Groussgaass, Neigaass, Turgaass, Webergaass oder Katreinergaass… Ënner dem Bou(gen), Gängelchen, Gierwergruef, Kurzacht, Luxenséit, an der Mill, Passage, Postlooch, um Stued oder an der Syr…

Dës Nimm klenge gutt. An et muss een an d’Häerz vun der Muselstiedche goen, fir se ze fannen, déi Gässelen, Gaassen an aner Schlöff, déi an der Zäit de Charme vun der Muselmetropol ausgemaach hunn.
Nach ëmmer erënneren an enger Partie vun hinnen d’Paveesteng un déi „gutt al Zäit“, wéi et a Maacher nach eppes méi roueg war, ewéi hautjesdaags.

Grad dës Paveesteng kënnte Geschichten erzielen:

  • –  Vu fläissegen Handwierker – Bäcker, Butteksmann oder Butteksfra,

    Gierwer, Faassbënner, Kéifer, Kofferschmatt, Léngewiewer, Metzeler, Schëffer, Schmatt, Schouster, Woner oder Wënzer – déi schon zu Festungszäiten äifreg an de Gaasse gewuddert a geschafft hunn, fir hiert deeglecht Brout ze verdingen.

  • –  Vu gudden Nopeschen, déi gemittlech beienee soutzen, fir ze poteren, ze bitzen, ze heekelen, ze strécken an och alt emol fir ze klapen.
  • –  Vun äerdege Kanner, déi an de Gässelen a Gaasse gelaf sinn oder mam Ball gespillt an dobäi frou gelaacht hunn.
  • –  Vun houfrege Päerdskutschen, déi duerch si gezunn a vun klabberegen Drotieselen, déi duerch si gefuer sinn, laang éiert den Auto erfonnt war.
  • –  Vun dichtegen a wichtege Leit, déi op Maacher op Besuch koumen oder

    duerch d’Muselstiedche gefuer sinn.

    De Goethe koum vu Mäertert, Napoljong vun der Knupp,
    a muenchen anre grousse Mann houl gär elei seng Schlupp,

page11image1561625328

heescht et an der Festkantat „Gréiwemaacher“, vum Poutty Stein , mat Musek vum Péiter Faber, déi och bei der 700-Jorfeier vum Fräiheetsbréif (1952) opgefouert gouf.

– Eis Paveesteng wéisste ganz sécher och eppes z’erzielen iwwer déi bekannt a manner bekannt Leit, déi verschiddene Gässelen a Gaassen hiren Numm ginn hunn… Dat ass da fir eng aner Kéier…

Ëmmerhi sinn a bleiwe d’Maacher Gässelen, Gaassen a Schlöff eemoleg Zeien aus vergaangenen Zäiten. Et wär schued, wa si zevill verschampeléiert géifen. An et wär och Zäit, datt se all en Numm kriten!

6) Maacher Biller

Looss mer äis zum Schluss, wéi versprach, e bësse mat Maacher Biller befaassen…

Wat wär eis Stiedchen ouni déi Moler, déi Maacher mat sengen onverkennbare Symboler a mat den heemlege Gaassen oder mat de besonnesche Fester esou dacks op Léngent oder op Pabéier veréiwegt hunn?

Gewëss, net all Uertschaft huet e Frantz Seimetz, zu senger Zäit bekannt als „Korriesch Frantz“, opzeweisen… Dëse Weltebummler, deen 1858 am Häerz vu Maacher gebuer gouf, an deen et wéi kaum een Zweete verstan huet, säi Portrait mat deem schalleksege Bléck op Léngend oder op Pabeier ze zauberen, mécht senger Heemechtsstad och haut nach all Eier. Datt grad de Festungstur am Bléckpunkt vum Seimetz senge – wéinege – Maacher Zeechnunge steet, versteet sech vum selwen – en ass jo esouzesoen „am Schiet vun dësem Tur“ op d’Welt komm…

D’Musel a Maacher ass e Bestietnes! D’Musel wor awer schuns en al Matant, ewéi Maacher op d’Welt kum. Den uralen Tur bei der Kërrech kënnt et son: he wor debäi!

Esou schreift de Seimetz am Band III vun „Der Feuersalamander – Einfälle und Ausfälle“. Et handelt sech am ganzen ëm véier sprëtzeg Bichelcher, déi tëscht 1931 an 1934 erauskoumen.

An och net all Museluertschaft kann esou e sensibelen an talentéierte Muselmoler ewéi de Roger Steffen (1924-1994) zu hire Gréissten zielen. Wéi dacks hat hie seng Staffelei an an ëm Maacher opgestallt, fir eemoleg Impressioune festzehalen: bei der Kräizkapell, um Kräizerberreg, an der ieweschter oder der ënneschter Syr, an der Turgaass, op der Maartplaz, an der Fels, an der Meechtemer Kéier oder och déi Säit der Musel… Ganz houfrech soe vill Maacher Bërger och haut nach: „Mir hunn och e ‚Steffen’“. Déi schéi Monografie „Roger Steffen – Auf den Spuren eines bewegten Künstlerlebens“,

page12image1559292432

déi am November 2004 ënner dem Impuls vum onnermiddleche Jean Welter (+2006) erauskoum, ass Zeie vun deem räiche Wierk vum Kënschtler.

En Drëtten am Bond hat gutt Verbindungen zur Muselmetropol. Maacher huet dem Jean-Pierre Beckius (1899-1946) aus der Nopeschuertschaft Mäertert vill ze verdanken. Wuel jidderee kennt op d’mannst eent vun deene schéine Plakater, déi de Beckius ganz besonnesch fir de Maacher Wäimoart kreéiert huet: Vläicht d’„Kondschafter“ oder den „Hotendréier“, déi sech op de Wee maachen, fir eiser Musel an hirem Wéngchen Eier ze erweisen…

Maacher Moler – oder Kënschtler, déi der Stiedche ganz no stoungen a stinn – droen derzou bäi, datt d’Muselmetropol och op der Lëtzebuerger Konschtzeen mathale konnt a kann…

An domat wäre mer bal um Enn vu „Geschicht a Geschichte vu Maacher“. Sécher, et bléif nach vill ze soen, z. B. iwwer eng ganz Parti Perséinlechkeeten, déi an eiser Muselstiedche gelieft hunn oder op Besuch komm sinn, nenne mer nëmmen dee räichen Edelmann a Maacher Bierger Péiter vun Osburg, dee senger Heemechtsstad ufanks dës 15. Jorhonnert säin Hab a Gutt vermaach huet. Looss mer och net vergiessen, datt dee bekannten däitschen „Dichterfürst“ Johann Wolfgang von Goethe, deen den Owend schonn erwähnt gouf, seng Begéignung vum 26. August 1792 mam Maacher Postmeeschter Philipp Johann Jolliot esouguer a sengem „Tagebuch“ opgezeechent huet…

Et misst een och iwwer dëst oder dat historescht Gebai e Wuert verléieren, z. B. iwwer d’Zéintntscheier an der Kierchestrooss, déi de Grofe vu Lëtzebuerg gehéiert huet a wou d’Maacher Bierger den néngten Deel („den Nauntel“) vun de Friichte vum Feld a vun der Rief ofgi mussten. D’Gebai ass mëttlerweil härlech restauréiert, an eis Jugend krut eng Bleif dran.

Ophale wëlle mer mam Kundel, deem eenzege Wäschbur bannt de Festungsmaueren, vir an engem däischteren Eck an der Turgaass. Et existéiert wuel keng sichtbar Spur méi vun deem echte Kundel, awer zënter dem Mäerz 2010 kann een an der Gemengescheier direkt nieft deem authentesche Bur eng Replik vum Kundel kucken. D’Waasser spruddelt erëm, an eng Wäschfra ass am Gaang, hir Wäsch ze maachen.

Uewenop an der Scheier, an enger klenger Galerie gëtt een nawell vill gewuer iwwer d’Baxeras-Gäert, déi an der direkter Noperschaft leien. Si verdanken hiren Numm dem leschten Hougeriichtshär François de Baxeras, dee vu 1777 bis no der Franséischer Revolutioun „säin Onwiesen“ zu Maacher gedriwwen huet.

Och iwwer déi remarkabel Entdeckungen, déi nom Hierscht 2003 bei enger Noutgruewung vum staatleche Musée fir Konscht a Geschicht un d’Dagesliicht koumen, erfiert een eppes méi: Et handelt sech jo ëm ganz al Grouwenhaiser,

Mënzen aus dem 13. Jorhonnert, d’Grondrësser vun enger bis dato total onbekannter Kierch, wahrscheinlech aus dem 12. Jorhonnert, mam Graf vun engem Pilger mat enger Jakobsmuschel als Bäigof an ëm e grousse Kierfecht.

Dat alles werft net nëmme Froen op, mä stellt d’Geschicht vu Maacher an e ganz neit Liicht. A wuel och dës oder déi Geschichte ronderëm d’Geschicht. Awer dat ass fir eng aner Kéier…

Erlaabt mer elo nach just eng eenzeg Fro:

 Firwat esou e Bäitrag iwwer Gréiwemaacher Geschicht a Geschichten?

D’Äntwert ginn ech Iech mat engem Zitat vum Professer Jos. Hess (1889- 1973), deen net nëmmen 1929 am Verlag Paul Faber hei zu Maacher seng „Luxemburger Volkskunde“ erausginn huet mä duerno och nach etleches iwwer eis Muselstiedchen zu Pabeier bruecht huet. Am Virwuert zur „Luxemburger Volkskunde“ schreift hien:

Es gilt zu retten, was noch zu retten ist. So rasch vollzieht sich der materielle Aufstieg unserer Zeit, dass wir Gefahr laufen, von den Wurzeln unseres Daseins abgeschnitten zu werden, und haltlos, ohne das beruhigende Gefühl der Verbundenheit mit dem mütterlichen Heimatboden und mit unsern Vorvätern, nur unserer Zeit zu leben. Zurückschauen heißt aber nicht zurückschreiten. Wer mit der Vergangenheit verwachsen seines Weges dahinzieht, strauchelt nicht so leicht wie einer, der ‚von der Hecke gepflückt’, ein Zufallsleben führt.

(Virtrag: „Maacher Geschicht a Geschichten“ am Joer 2011 am Kulturhuef, iwwerschafft den 06.02.2019.)

page14image1559927616

D’Longkaul bei Gréiwemaacher am Hierscht 2018 (Foto: Monique Hermes)

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.