Frantz Seimetz

An d’Gemengenarchive geluusst XLVI

Véier Portraite vum Frantz Seimetz (1858-1934)

Am Joer 1924 huet dee bekannten a beléifte Lëtzebuerger Moler mat Gréiwemaacher Wuerzelen, de Frantz Seimetz, sech selwer gläich véiermol op eengem an deem selwechten Tableau gemoolt: als jonke Mënsch „am Fréijoer“, als Erwuessenen „am Summer“, als räife Mann „am Hierscht“ an als ale Mënsch „am Wanter“. De Seimetz huet iwwerhaapt ganz vill Portraite gemoolt: vu senger Famill, vu senge Frënn an och “Selbstportraiten”. Och vill schéi Landschafte kann een op sengem Tableaue bewonneren.

Véiermol de Frantz Seimetz (1858-1934), als Konschtdrock an am Original am Maacher Gemengenarchiv

De Frantz Seimetz koum den 21. Abrëll 1858 zu Gréiwemaacher am ieweschten Deel vun der Groussgaass, net wäit vun der Kierch ewech, op d’Welt. U sengem Gebuertshaus ass haut eng Erënnerungsplack. Säi Papp, deen och Franz geheescht huet, war (Post)buet (Kurier). Dofir gouf de Jong mat deene roudelzegen Hoer „Korriesch Frantz“ genannt.

De Seimetz goung zu Maacher an d’Primärschoul. Déi war deemools nach matzen an der Uertschaft, wahrscheinlech op der Schiltzeplaz, do, wou haut d’Post steet. Duerno huet en an der Stad eng Léier bei enger Dekoratiounsfirma gemaach.

Scho fréi huet dee jonke Borscht säin Talent als Moler ënner Bewäis gestallt. Den deemolege Schlasshär vu Mäertert, Antoine Pescatore, hat dat erkannt an huet gehollef, datt dee jonke Seimetz eng Konschtausbildung zu Bréissel, Paräis a München krut.

Mat nëmme 24 Joer hat dee jonke Kärel schonn eng éischt Ausstellung vu senge Biller zu Maacher organiséiert. Do war ganz sécher och dem Seimetz säin

page1image1409222944

éischte Portrait, dee vum Deche Stephan Mersch, derbäi. Hie selwer erzielt déi Geschicht an engem vun senge véier Bichelcher mam Titel „Der Feuersalamander“, déi en tëscht 1931 an 1934, also um Enn vu sengem Liewen, geschriwwen huet:

Bei de Massendinger haten d’Bouwen – och de Seimetz – sech dermat ameséiert, Polverkigelcher ënner de Weirauch ze mëschen. Déi sinn am Ufank vun der Mass an der Kierch explodéiert. Et gouf zolitten Damp – an de Seimetz krut vum Här Dechen eng Zolitt gejauft…

Eng zweet Seimetz-Ausstellung war am Joer 1884 an der Stad.

Dee jonke Seimetz war awer och e “Weltebummler”. Näischt huet hien zu Lëtzebuerg gehal, obwuel en ëmmer gär op Maacher zréckkoum. Vum amerikanesche Konsul Derulle krut hien 1887 e Schëffsbillet fir an Amerika geschenkt. Do huet de Frantz Seimetz bis 1896 néng abenteuerlech Jore verbruecht. Zum Beispill ass hie sechs Méint laang op engem Hausboot um Mississippi gefuer. (Dee gréissten nordamerikanische Floss ass 3.765 km laang!) An deenen néng Joer war de Seimetz och a Mexiko an a Kanada.

Wéi de Kënschtler erëmkoum, hat e ganz vill schéin Tableauen am Gepäck, déi en 1896 an enger grousser Ausstellung an der Stad Lëtzebuerg gewisen huet.

Am Juli 1897 huet de Frantz Seimetz sech mam Marie-Antoinette (Mimi) Bourger vun Arel bestuet. D’Koppel, déi eng Zäitlaang ëm an zu Iechternach an duerno an der Stad gewunnt huet, hat keng Kanner. Déi zwee si ganz vill gereest: an den Elsass, an Italien, zum Beispill op Roum oder op d’Sonneninsel Capri… Vun iwwerall koumen Tableauen an Zeechnunge mat zréck op Lëtzebuerg, an et waren ëmmer nees grouss Ausstellunge vum Seimetz senge Wierker, besonnesch an der Stad an zu Gréiwemaacher, zum Beispill 1926 (Lëtzebuerg) an 1933 (Maacher).

De Frantz Seimetz ass de 26. Oktober 1934 an der Stad am Rolléngergronn gestuerwen. Awer säi Wierk lieft weider. Vill Privatleit hunn och haut nach en Tableau oder eng Zeechnung vun him. D’Stad Maacher verfügt iwwer eng bedeitend Seimetz-Galerie mat villen Tableauen an Zeechnunge vum Kënschtler. Och Stater Muséeën hu vill schéi Biller vum bekannte Moler.

De „Seimchen“, wéi en dacks genannt gouf, hat och seng fest Plaz bei groussen Ereegnësser zu Maacher: Beim Zeenespill „Maacher lieft“ am Kulturjoer 1995, beim Museksspektakel „Maacher Fräiheet 2002“ an esouguer 2007 bei der Maacher Krëppchen an der Dekanatskierch. Hie war och beim Fakelzuch ënner dem Motto „Maacher lieft 2014“ a beim “Maacher Fakelzuch reloaded” 2018 an der Muselmetropol mat derbäi.

Zu Gréiwemaacher, net wäit vun der Grondschoul ewech, an an der Stad um Lampertsbierg, gëtt et eng Seimetz-Strooss, déi un “eise” Moler erënnert.

Monique Hermes

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.