Fräiheet iwwer Maacher 1952

Fräiheet iwwer Maacher **********************

FESTAKT fir d‘700-Jorfeier vum Maacher Fräiheetsbréif (1252-1952) den 29. Juni 1952

Jos. Hurt

An déi aktuell Schreifweis gesat vum Monique Hermes

  •   D’Festtribün steet laanscht d’Kërrech mat deem ale Stadtur vu Maacher.
  •   D’Spillpodium ass an der Mëtt tëscht den Haiser an dem Stadhaus zum Moart zou

page1image1409252528 page1image1409252816

opgeriicht.

  • –  De Grof Heinrich a sein Leit
  • –  De Spillmeester
  • –  Den Herold
  • –  Véier Wopendréier

Et trieden op:

page1image1409267744

  • –  De Riichter an d‘Schäffe vu Maacher
  • –  Jongen a Meedercher

    D’Kloke vun der Maacher Kërrech lauden zu Haf. Aus dem Stadhaus komme feierlech an eescht de Spillmeester an déi véier Wopendréier, duerno de Stadriichter mat deene 7 Schäffen an hannendrun een Band Jongen a Meedercher. Se stelle sech op de Podium a ronderëm. – D’Kloke gi sech net mat Lauden; wa s’ophalen, fänkt de Spillmeester un.

    Spillmeester:

    Laut, dir Maacher Kloken, laut all zu Haf! Haut ass den Houfestdag vun éiser léiwer aler Stad. Net emol, wat huet säi sech haut erausgefiizt! A meiner wärrech, se huet all Ursaach houfreg ze senn a sech ze weisen.

    Wa mir am Geschichtsbouch vun éiser Stad liesen, dann iwerkënnt is oft een hell Freed. Maacher ass zu Éiere komm, éis al Stad: s’ass grouss a starrek an zefridden a räich ginn. Ma och munech batter an heemlech Leed steet dora geschriwwen: éis Maacher gouf méi wéi een Kéier verbrannt a verherrecht, et huet munech Schmot a Kujenad erdroe missen. An dach huet et sech keemools ginn. Och no deem schrooste Wanter ass nees e Fréijoar komm mat neie Bléien a frëschen Dreem.

    Haut schloe mir am Geschichtsbouch vun éiser Stad dat éischt Blat op: Do steet a gëllene Boustowe geschriwen: FRÄIHEET iwer MAACHER! Et ass schonn e

page1image1508306016

goude Strapp hir – vru 700 Jor, du huet Heinrich V., de Blonden, deemools Grof vu Lëtzeborreg, éis Maacher geschafen; aus deem kleenen Nast een tockeg Festung gemat an de Leiden d’Fräiheet geschenkt. Et woar him virun allem dorëm ze don, säi Land starrek a sécher ze maachen. De Lëtzeborger Léiw wollt näischt ze fäerte brauche vu keener Säit.

Viru 700 Joar stunge se deemools hei wéi haut, d’Leit vu Maacher, un hirer Spëtzt den neie Riichter mat de Schäffe vun der fräier Stad. Mat Freed a mat Stolz hu se op de Grof vu Lëtzeborreg gewoart, de selwer bei se komme wollt, fir hinnen hir Fräiheet schrëftlech z’ënnerbreeden.

Posaune blosen 3 Stéiss.

A wat heescht dat elo? Huet Dir et och gehéiert, Dir mein léif Leit? Laustert, vun der steene Bréck erfort héieren ech Päerd trappen. ́t ass hirer een ganz Woul! An d’Fändelcher do uewen an der Luucht! Wéi se am Wand klaken a wénken! Meiner wärrech! ́t ass de Grof mat seine Leiden. Wéi liichten esou hell a frou déi blo a wäiss a rout Faarwen! Wéi kuckt de Lëtzeborger Léiw esou fräi a frank an d’Welt eran!

E puer Posaune blosen zesummen.

An elo se hale stall: De Grof klëmmt vum Päerd erof a kënnt alert op is zou! – Vive eise Grof! Vive Heinrich de Blonden!

All roufen zesummen:

Vive eise Grof! Vive Heinrich de Blonden!

Iwerdeem kënnt de Grof mat seine Leiden erbei; de Stadriichter mat de Schäffe ginn him entgéint, se heeschen e wëllkomm a féieren en op d’Éiereplaz. – D’Musek spillt e kleene feierleche Marsch.

Herold:

Éisen Här Grof, Heinrich V. vu Lëtzeborreg, schenkt haut seiner neier Stad Maacher, där he besonnesch gout gesënnt ass, d’Fräiheet. All Rechter an all Déinster, déi säi fortun leeste soll, déi säi vun him kréit huet, huet en op Pergament geschriwwen an un dat Schrëftstéck säi Sigel gehaangen. Éisen Här Grof versprécht dat alles, wat hen nidergeschriwwen huet, ze hale fest an trei, haut a fir éiweg Zäiten.

De Grof leet dem Stadriichter d’Pergament an d’Hand.

Grof:

Stadriichter! Elei ass dat Schreiwes. Vun haut un, op Péiteschdag, soll Maacher fräi senn! Do huet dir et schwoarz op wäiss. Liest äre Leiden et hoart vir an da leest dir den Eed drop.

De Stadriichter hëlt de Bréif aus der Hand vum Grof, mécht een Näip virun him a gëtt d’Dokument un den Herold weider, den et virliest.

Herold:

Laustert, Riichter a Scheffen an dir alleguer, daper Bërger vu Maacher! Och dir, Noper a Bekannten, déi der op éis Fest hir komm séit! Laustert gout, wat de Fräiheetsbréif vu Maacher seet!

Am Numm vun der helleger Dreifaltegkeet. Amen.
Ech, Heinrich V., Grof vu Lëtzeborreg a Laroche, Kommedant vum Areler Festongsstreech, son allen, déi dat Dokument hei ënner d’A krin, wëllkemm.

Ech don hinnen ze wëssen, datt ech deene Maacher Leit, hire Kanner a Kandskanner, d’Fräiheet schenken. Vun haut u se se fräi Leit op fräiem Grond a Buedem, net méi mat Läif a Séil, mat Hab a Gout mir ënnerdéineg. Se kënne fräi a frank am Land doruechter gon an hir Haus an Heip opriichten do, wou et hinne gefällt, ouni Verläf ze heeschen.

All Joar hu se vun hire Géider, déi op dem Maacher Bann an driwer eraus leien, mir ofzeliwweren: vun der Fruucht déi neint Garf a vun den Drauwen déi neint Hot. D’Fruucht vun de Stécker an d’Drauwen aus dem Wéngert dërfen net agescheiert an agekellert ginn, dees se hätte mir mein Deel fird’éischt ginn.

Jidder Haus op Maacher Buedem soll mir all Joar 14 Denare berappen: 7 op Walburgisdag a 7 op Remisdag.

Wa mäi Jong Ritter gëtt, sollen s’eppes bäisteieren, grad wéi d’Stadlëtzeborger. Och wa mein eelst Duechter sech bestuet, sollen s’een Gof parat hunn.

All Joar, op Péiteschdag, nennen ech en neie Riichter op Maacher. Nëmmen, wen op dem Maacher Bann wunnt, huet d’Bërgerrecht.

Grad ewéi d’Stadlëtzeborger mussen och déi MaacherLeit hire Mann stellen, wa Kréich ass.

All Muerd an Niderträchtegkeet sollen se strofen no hirem ale Brauch a Recht.

Wat se bis elo u mech bezuelt hunn, dat soll weiderbestoen, ouni datt ech se dozou zwéngen an dirängelen.

De Sigel hei un deem Pergament ass d’Zeechen, datt s’op mech ziele kënnen, wann hinnen Ongläich geschéit.

Dat alles gouf nidergeschriwen am Joar eendausend zweehonnert fofzeg an zwee.

Herold:

Stadriichter! Am Numm vun de Bërger vu Maacher, am Numm vun Ärer neier Stad, sollt Dir elo éisem Här a Grof Heinrich V. vu Lëtzeborreg den Treieed schwieren.

De Riichter triet virun de Grof a schwiert mat der rechter Hand – iwwerdeem spillt d’Musek d’Sonnerie Nationale.

Stadriichter:

Ech, Stadriichter vu Maacher, verspriechen éiser Härgott do uewen: op Liewen an Doud dem Här Grof vu Lëtzeborreg trei ze senn; d’Schlëssele vun éiser Stad allzäit gout ze versorgen; d’Puerte vu Maacher zur rechter Zäit op- an zouzespären, et misst dann aner Uerder virleien. Fir all Leit op éisem Bann a Buedem soll datselwecht Recht gëllen, op arem oder räich; keen Gefällegkeet a keen Haass sollen doranner e Wuert matrieden. Ech wëll e gerechte Riichter senn a bleiwen, alles don an ënnerloossen, wat deem net gued. – Dat schwieren ech éiser Härgott.

En Partie Leit kommen op de Riichter zou a rëselen him kräfteg d’Hand – iwerdeems seetzt d’Musek an zum Virspill vun der Festhymn.

Spillmeester:

I.

Loosst d’Kloke weithi schalen, loosst d’Häerzer freedeg walen, haut op deem Éierendag! Stëmmt un dat feiregt Lidd
vu Fräiheet a vu Fridd!
Fest schwiert mat Mond an Hand, dass een et héiert dorch d’ganz Land: Fräi wore mir, fräi bleiwe mir!
A Freed a Leed sti mir zu dir, Dau Maacherstad, esou kleen a reen!

Den Treieed ass geschwuer. Zënter deem éischte Péiteschdag bis haut se 700 Joar eriwer. Ee Riichter no deem aneren huet joarëm den Eed geleest: trei dem Grof an trei éisem Maacher.

700 Joar se komm a 700 Joar se vergaangen. D’Zäite woaren net ëmmer schéin. Ma éis Maacher hu Wuert gehalen: ́t konnt komme wéi et wollt, säi hunn net laang gezéckt a wann et huet misse senn, dann hu säi och hir Gout a Blout geoffert. Feireg-rout ass dann den Himmel gi vun deene Flamen, déi éis Stad

verherrecht a verwouscht hunn; bloudeg-rout ass méi wéi een Kéier d’Musel bis ënner Mäertert gi vun all deem Häerzblout, dat hei op d’Strooss a Gaass geseebelt ass. An ëmmer op en Neits hunn déi Maacher hir Doudeg begruewen, hir Haiser an hir Maueren nees opgebaut.

Woaren d’Zäiten och schro a schamper, hir Trei zu Lëtzeborreg huet warem an hell geliicht wéi een Oustersonn. Se woar net ënnerzekrinn. Fest a poulriicht wéi elo den Tur vun éiser aler Festung huet se duergehalen.

Dau stees nach haut op deiner aler Plaz, dau stramme Kadett! Dau gouden ale Festungstur! En Grimmel frimm a verschotert gesäis dau dech un an deiner neier Wop, matzen an deem neie Maacher vun haut. Ma gleef es: mir senn all houfreg op dech. Joaren a Mënschen hues dau iwerlieft, de hues dech gout gehalen, dat muss een der loossen. A wat hues de net alles gesinn an erlieft an deene laange Joaren! Dau kanns verziele vun alen Zäiten a vun helleger Trei!

Laustert, d’Kloke ginn erëm lieweg am alen Tur a séngen iwwer d’Land ewech: e Léid fänkt un ze klénken, esou treiméideg an esou fromm. An d’Musel dréit et weider laast d’Rieweberger op an of!

D’Kloke lauden, d’Musek spillt op en Neits.

Spillmeester:

II.

Loosst d’Kloke weithi schalen, loosst d’Häerzer freedeg walen! Eriwer ass nau d’Plo, vergeess dat batter Leed,
dat is esou oft gedreet.
Fest schwiert mat Mond an Hand, dat een et héiert dorch d’ganz Land: Fräi wore mir, fräi bleiwe mir!
A Freed a Leed sti mir zu dir, Dau Maacherstad, esou kleen a reen!

1252 bis 1952! – Siwemol gouf en nei Joarhonnert ugefaangen. All déi Joarhonnerten erdorrech ass Gréiwemaacher ëmmer fest verwuess mat seiner Fräiheet. Säi wor wéi e Rampart, dee kee Feind zerdätscht. Säi woar wéi de beste Maacher Wäin, den d’Joare méi kloar a goldeg färwen. Iwwer dem Land liichten déiselwecht Lëtzeborger Farwen haut wéi deemools: rout, wäiss a blo. An de Lëtzeborger Léiw ass nach ëmmer net gewach a léisst sech net lokelen an net vergaachelen. Un der Spëtzt vum Land steet haut een Kinnigin aus alem Lëtzeborger Geschlecht.

Léif Groussherzogin! Dau Mamm vum Heemechtsland! Dir leest haut Maacher op en Neits den Eed vun Trei a vu Léift, Dir schenkt et den ale Fräiheetsbréif, weil et weess: An Deinen Hänn, do ass e gout versorgt.

De Stadtriichter mat de Schäffen triede feierlech virun d’Groussherzogin an iwerreechen Hir d’Charte – iwwerdeem erkléngt en nei Strof vun der Festhymn.

III.

Loosst d’Kloke weithi schalen, loosst d’Häerzer freedeg walen! Gott seen éis Groussherzogin,
Déi wéi een Mamm is all behéit, Dat is keen Ongléck je geschéit. Fest schwiert mat Mond an Hand Dir jidder Lëtzeborger Kand:
fräi woare mir, fräi bleiwe mir!
A Freed a Leed sti mir zu Dir, Schutzengel Dau vum Heemechtsland!

Herold:
Mir schreiwen 1952. Erëm eemol, wéi esou dacks an der Vergaangenheet, ass Maacher operstanen, nodeem Haass an Nidderträchtegkeet et wollten dem Äerdbuedem gläich maachen. Dat woare schwéier Joaren, wou mir is hu misse kuschen. Dat wor déi batterst Stonn an éisem Liewen, wou mir gezwongener Weis Dech, Maacher, hu missten am Plang loossen, fir éis naackeg Liewen ze retten.

A wéi hues De erausgesinn, wéi mir de Wee op heem erëm gaange senn!

Dat alles ass nau iwerstaangen; déi schrooste Wonne se geheelt, awer vill Läinzeeche se bliwwen.

Haut laacht Däi Wopen erëm fonkelnootsnei iwwer éisem ale Stadhaus. A laachen a geckse kanns de och erëm, wéi dat esou Miseleroart. Esou gefälls Dau is, Maacher! Esou woars Dau an der Vergaangenheet, esou bass Dau haut an esou solls Dau bleiwen, ewéi e Miselermeedche mat eem treien Häerz an eem schallekege Mond. Dir kléngt haut éis Léid aus vollem Häerz!

IV.

Loosst d’Kloke wäithi schalen, loosst d’Häerzer freedeg walen! Éis Maacher gëtt sech net, Sou laang nach d’Riewe blénken an d’Léider lësteg klénken.

Herold:

Fest schwiert mat Mond an Hand, dass een et héiert dorch d’ganz Land: Fräi woare mir, fräi bleiwe mir!
A Freed a Leed sti mir zu Dir,
O Maacher, Heemechtsstad!

Här Borgemeester! – Och an Är Hänn leeë mir den ale Fräiheetsbréif. Wat Riichter a Bërger mat vill Fläiss a Schweess Joarhonnerten erdorrech opgeriicht hunn, Dir huet et gout versorgt, Dir huet et trei bewaacht! Huelt als Undenken un deen hautegen Dag vum Jubiläumsfest d’Charte, mir leeë se a gout Maacher Hänn. A wéi a wat och kënnt, Här Borgemeester, op Är Maacher Leit kënnt Dir stéiteg a fest zielen!

De Stadriichter iwwerreecht dem Här Borgemeester vu Maacher d’Fräiheetscharte.

Spillmeester:

Dir Maacher Leit! Fräiheet iwer Maacher!
Är Pappen hunn se kréit, hunn drop geschwuer a gebaut an hunn trei dorrech 7 Joarhonnerten erdorrech den Eed gehalen. Fir säi hunn se gewoudert a geschafft, hir Liewe laang. Fir säi woaren s’op der Mol, wann et gegollen huet, fir säi hunn se Gout a Blout geofert. Haut leeë mir dat helleg an är Hänn an an är Häerzer. Weist, datt och an ären Oderen nach Blout vum ale Maacher Schlag äerdegschléit a waalt a rouft behäerzt an d’Welt en Trei dem Land! – Trei der Groussherzogin! – Tréi éisem Maacher!

Iwwerdeems fänken d’Kloken un zu Haf ze lauden an d’Musek spillt feiereg e feierlech déi letzt Stroph vun der Festhymn.

V.

Loosst d’Kloke wäithi schalen, loosst d’Häerzer freedeg walen! Mir bleiwen trei der Kroun
an trei der Maacherstad
a kéim och Gott weess wat!
Fest schwiere mir mat Mond an Hand, Dass een et héiert dorch d’ganz Land: Fräi woare mir, fräi bleiwe mir!
A Freed a Leed sti mir zu Dir,
O Lëtzeborg, léift Heemechtsland!

D’Musek leet mat eem Zwëschespill iwwer op d‘„Heemecht“ – iwwerdeem seet den Herold nach d’Schlusswuert.

Herold:

No all deem Jubel, no all där Freed, loosse mir all, wéi Kanner gleeweg-fromm, d’Hänn falen an zu éiser Härgott bieden (oder: an éise Lëtzeborger Vaterunser bieden):

De Festakt schléisst mat der Nationalhymn, déi fir d’éischt vum Herold deklaméiert gëtt an zesumme stoesfouss vum ganze Vollek widerholl gëtt.

O Du do uewen, deem seng Hand Duerch d’Welt d’Natioune leet, Behitt Du d’Lëtzebuerger Land Vru friemem Joch a Leed!

Du hues ons all als Kanner schonn De fräie Geescht jo ginn. Looss viru blénken d’Fräiheetssonn, Déi mir sou laang gesinn. Looss viru blénken d’Fräiheetssonn, Déi mir sou laang gesinn.

Kiischpelt, den 10. Abrëll 1952 – J. H.

„Fräiheet iwwer Maacher“ – Zeechnung vum Jos. Hurt (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

page8image1561743280

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.