D’Zéintscheier zu Gréiwemaacher

D’Zéintscheier zu Gréiwemaacher

L’immeuble dit “Zéintscheier”, coin rue de la Poste / rue de l’Eglise, inscrit au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le numéro 910/6267.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 13 novembre 2009.

  •   1252: De Lëtzebuerger Grof Hari V. (de Blonden) schenkt Gréiwemaacher d’Fräiheet. An der Fräiheetscharta steet, datt d’Maacher Bërger den néngten Deel vun de Friichte vum Feld a vun der Rief mussen ofginn. Fir dësen “Nauntel” ze späicheren, sinn am Mëttelalter Zéintscheiere virgesinn.
  •   1635: Déi jëtzeg Zéintscheier gëtt gebaut. Et ass en herrschaftlecht Haus mat spueneschen Elementer – Lëtzebuerg war deemools ënner spuenescher Herrschaft. D’Gebai steet um Eck vu Poststrooss a Kierchestrooss – déi fréier “rue de la Paroisse” geheescht huet.
  •   Ufanks vum 19. Jorhonnert: No der franséischer Revolutioun kënnt d’Zéintscheier a Privatbesëtz, a kritt am Laf vun der Zäit verschidde Bestëmmungen (Mielspäicher, Konschtschräinerei, Bäckerei, Dokteschpraxis, Spirituosen- an Tubaksgeschäft…).
  •   1975: D’Gemeng keeft d’Zéintscheier, déi an der Tëschenzäit méi dacks ëmgebaut ginn ass, fir 1,1 Millioun Frang vun der Famill Kirchens-Paulus. Et sollen ëffentlech Ariichtungen an d’Gebai kommen.
  •   2006.: D’Gemeng beschléisst, d’Zéintscheier, déi bis zu deem Zäitpunkt u Privatleit verlount war, vu Grond op ze restauréieren.
  •   2007: D’Gemeng freet de Classement vun der Zéintscheier un.
  •   2009: D’Zéintscheier gëtt op d’Lëscht vun den Nationalmonumenter

    opgeholl.

  •   2010: Et gëtt eng “restauratorische Bestandserfassung” vun der

    Zéintscheier duerchgefouert.

  •   2012-2013: Et gi weider Analyse gemaach, ë. a. wéinst engem zweeten

    ënnerierdeschen, bis dato onbekannte Keller, deen zum Deel fräigeluegt gëtt. Bei Gruewungen, duerchgefouert vum CNRA ginn am Gaart vun der Zéintscheier Mauere fräigeluegt, déi an d’13. Jorhonnert zréck datéiert gi kënnen. Domat ass bestätegt, datt scho fréier e Gebai op dëser Plaz stoung.

  •   2014: D’Restauratiounsaarbechten un der Zéintscheier fänken un.
  •   2016: D’Stad Maacher bedeelegt sech un de “Journées du Patrimoine 2016” a bitt eng Visite vum Keller vun der Zéintscheier un, déi gutt

    ukënnt.

  •   2017: Et ass eng “Porte ouverte” an der Zéintscheier, déi op groussen

    Uklang stéisst.

page1image1578843872 page1image1578844160

 2017: Am Dezember gëtt déi restauréiert Zéintscheier ageweit. De CRIAJ kritt eng Bleif am Gebai, an d’Stad Maacher hält dee verwëllefte Keller fir hir Zwecker.

 2018: De CRIAJ bedeelegt sech u “Maacher Oart”, an d’Leit kréien d’Geleeënheet gebueden, deene Jonken zur Wierker – an d’Zéintscheier – ze kucken. Am Keller ass 2 x e gutt besichte Virtrag: “D’Zéintscheier am Laf vun der Zäit”.

Monique Hermes (Mee 2018)

Déi Maacher Zéintscheier fréier (Zeechnung: Jemp Michels)…. ….an haut (Foto:Alain Goedert)

page2image1555860848 page2image1555861056

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.