D’Maartrecht – Zeenespill 2016

placeholder-01

Graf(f)enmachern Anno dausenddräihonnertfofzeg a siwen (1357)

En Zeenespill iwwer d’Maartrecht
fir beim Gaassefest, den 11. Juni 2016, opzeféieren.

Musikaleschen Optakt um Kiosk virun Offset:

  •   D’HMG spillt „‘t ass Kiermes am Duerf…“

    (D’Lidd kann evtl. och vu Chorale, Rhäifränsch / Kondschafter mat gesonge ginn.)

  •   D’Personnagen, zesumme mat enger halwer Dose Statisten, kommen d’Groussgaass erop op d’Bühn. D’Statiste bleiwen ënnen am Vollek.
  •   Eng Stëmm aus dem Hannergrond (Roby Wampach) seet d’Spill un: Graf(f)enmachern Anno dausenddräihonnertfofzeg a siwen (1357)

    En Zeenespill iwer dMoartrecht

    (Aleedung) D’Erzieler (Monique a Georges)

    M.: Mir sënn am Joar 1357. Viru gout 100 Joar huet den Hari V., de Blonden, Grof vu Lëtzeborrech a vu Laroche, Markgrof vun Arel, der Ortschaft Machern am schéine Mu(u)seldall d’Fräiheet geschenkt.

    D’Bërgerinnen an d’Bërger aus dem Machern vum Grof vu Lëtzeborrech sënn säitdeem fräi Leit op fräiem Grond a Buedem. Se kënne fräi a frank dorueter goen, an Haus an Häip opriichten do, wou et hinne gefällt.

    Ee Stadriichter a siwe Schäffe sorgen defir, datt an der Ortschaft un der Mu(u)sel alles säi Recht huet.

 Just e puer Téin, gespillt vun der HMG.

G.: De Grof Hari a sein Nofolger hunn een starrek Festungsmauer mat véier Puerten a 27 Tir dra rondrëm Machern gebaut, dat vun 1338 u Grafenmachern heescht.

Dës Festungsmauer muss awer ënnerhal a gefléckt ginn, wann erëm en Iwerfall oder soss een Katastrof woar, an dofir hunn d’Bërger vu Machern scho grouss Opfer bruet.

1353 iwerdréit de Grof Karel d’Grofschaft Lëtzeborrech u säi Brouder, de Wenzel I.. Als Karel IV. an domat als réimesch-däitsche Keeser, erhieft he „säi Land“ nëmmen ee Joar méi spéit zum Herzogtum.

 Just e puer Téin, gespillt vun der HMG.

page1image1555923872 page1image1555924160 page1image1555924448page1image1555924864 page1image1555925280 page1image1555925568 page1image1555662192 page1image1555662544 page1image1555662960page1image1555663248 page1image1555663536

M.: Machern huet sech am Laf vun de Joarzéinte vum Baueren- a Wënzerdorref zum regionalen Handelszentrum entwéckelt. Dat weess och de Wenzel I., Herzog vu Lëtzeborrech, vu Brabant a vu Limburg, Markgrof vun Antwerpen.

Op Grafenmachern ass den Herzog Wenzel gout ze schweetzen. He gesäit, datt d’Maacher Bërger trei zum Haus Lëtzeborrech stinn a scho grouss Opfer fir hir Stadmauer bruet hunn. Dofir wëllt e se belounen.

 Musikaleschen Intermezzo:
E puer Musikante vun der HMG spillen eng Fanfare.

Den Ausriffer (Jean-Paul)

J.-P.: Mir schreiwen d’Joar 1357, den 3. am Mount Januar. De Stadriichter vu Grafenmachern an 2 vun de Schäffen ëmfänken éisen edlen Herzog, de Wenzel I., deen hinnen haut d’Moartrecht schenkt, a säi Schreiwer.

  •   De Wenzel – kënnt d’Lëtzebuerger Strooss erof um Päerd geridden, gëtt op d’Bühn begleet an trëtt dann op mat sengem Schreiwer, deen eng Urkund an der Hand hält.
  •   De Stadriichter an d’Schäffe ruffen: (Marc K., Marc Sch., Alain) M., M., A.: Vive den Herzog Wenzel vu Lëtzeborrech!

 D’Veräiner op der Bühn an d’Statisten huelen of: Vive den Herzog Wenzel vu Lëtzeborrech! Vive! Vive!

  •   De Wenzel (Marc W.) wénkt mam Kapp a geet op d’Bühn, wou hien an engem Sessel Plaz hëllt.
  •   De Schreiwer (Carlo) verkënnegt d’Maartrecht:

    C: Ise würdegen Herrscher Wenceslaus, genannt Wenzel, Herzog vu Lëtzeborrech, vu Brabant a vu Limburg, Markgrof vun Antwerpen, schenkt haut, den 3. am Mount Januar am Joar dausenddräihonnertfofzeg a siwen, seiner Ortschaft Grafenmachern, déi him eppes wäert ass, sein besonnesch Gonst:

  • –  D’Bërger vu Grafenmachern däerfe vun elo un all Woch donnesdes an op éiweg Zäiten e Moart ofhalen. Mam Akommes vun dësem Moart sollen d’Festungswerker ënnerhal an d’Ortschaft méi schéi gemaach ginn.
  • –  Um Moart kënne Wueren a Liewensmëttel souwéi och Véi verkaf ginn. Et däerfen och Wuere getosch ginn.
  • –  Aus 41 Dërfer aus der Emgéigend muss aus all Haus wéinstens een op dee Moart kommen, fir Wueren ze kafen oder ze verkafen. Wa se dat net maachen, bezuele se 5 Sous Strof. (De Schreiwer weist op de Stadtriichter.) De Stadriichter sorregt defir, datt d’Verordnungen ausgefouert ginn. An den Dërfer bestëmmt he Leit, déi him dobäi zur Säit stinn.

page2image1409032864 page2image1409033152 page2image1409033440 page2image1409033728 page2image1409034016 page2image1409034304 page2image1409034592

– D’Leit, déi op de Moart op Grafenmachern kommen, reesen deen Dag

ënner dem besonnesche Schutz vun éisem edlen Herzog.

 De Wenzel steet op a kritt d’Urkund aus den Hänn vum Schreiwer. Hien iwwerrecht se selwer un de Stadriichter.

Den Herzog Wenzel (M. W.)

M: Stadriichter, hei ass d’Schrëftstéck, mat deem ech, Wenzel, Herzog vu Lëtzebuerg, vu Brabant a vu Limburg, Markgrof vun Antwerpen, eiser Uertschaft Grafenmachern d‘Maartrecht schenken!

                         *******************

 De Schreiwer reecht dem Wenzel de Stadsigel (op festem Karton, evtl. mat enger hëlze Rumm):

M: Ech erlaben de Bierger vu Grafenmachern och, e Sigel mat mengem Wopen drop maachen ze loossen. Mat dësem Sigel, mam Léiw an der Mëtt, dem „Sigillum LIBERTATIS DE MACHERA“, solle vun elo un all offiziell Dokumenter gestempelt ginn.

Dat verkënnegen ech, Wenzel,
Herzog vu Lëtzebuerg, vu Brabant a vu Limburg,
Markgrof vun Antwerpen,
feierlech virum Stadriichter, de Schäffen
an de Bierger vun eiser Stad Grafenmachern,
haut, den 3. am Haartmount, am Joer dausenddräihonnertfofzeg a siwen!

De Riichter an déi 2 Schäffe kucken de Sigel a ruffe voller Freed mateneen: M.; M., A.: Sigillum LIBERTATIS DE MACHERA!

De Sigel vun der fräier Stad Grafenmachern!

Vive eisen Herzog Wenzel vu Lëtzeborrech!

 D’Veräiner op der Bühn an d’Statisten huelen of:

Vive den Herzog Wenzel vu Lëtzeborrech! Vive! Vive!

Den Herzog Wenzel setzt sech erëm op säi Sessel. De Schreiwer zéit sech e bëssen zréck.

Musikaleschen Iwwergank:
D’HMG spillt e flotte Marsch (oder soss eppes Passendes, eppes ganz Freedeges).

De Stadriichter (M. K.):

page3image1578865296 page3image1578865584 page3image1578865872 page3image1578866160page3image1578866512 page3image1578866800 page3image1578867088 page3image1578867376

M.: Op dësem wäertvolle Schrëftstéck vun éisem gouden Herzog Wenzel stinn d’Nimm vun deenen 41 Ortschaften, déi all Woch op Grafenmachern op de Moart komme mussen!
Schäffen, liest de Bërger vun iser Stad déi Dërfer vir!

 Déi 2 Schäffen huelen d’Urkund mat dem Maartrecht a liesen déi 41 Uertschafte vir, aus deene Leit op de Maacher Wochemaart komme mussen:

Schäffen 1:
M.: Maachtem, Ohn, Wormeldeng, Nidderdonwen, Uewerdonwen, Éinen a Lenneng.

Schäffen 2:
A.: D’Wüstung (eng fréier Siedlung) Kanternach, Gousteng, Beyren, Menster a Rued.

M.: Ouljen, Roudemer, Eschweiler, Beidweiler, d’Wüstung Kunzingen a Rippig.

A.: Hemstel, Zittig, Boudler, Brouch, Biwer an Hasder (Hagelsdorf). M.: Betzder, Berreg, Fluesswëller, Manternach a Lelleg.
A.: Mäertert, Bëlleg, Laser, Mesenech, Gréivenech a Liersberg. M.: Igel, Reineg, Waasserliesch, Temmels, Nëttel a Rehlingen.

De Stadriichter: (M. K.)
M.: An elo, kënne mer getréist isen éischte Wochemoart ofhalen.

Schäffen, stellt d’Moartkräiz op, fir dass alles sein Richtegkeet huet.

 D’Maartkräiz mat der Opschrëft Maartrecht – Grafenmachern Anno 1357 – Wenzel I., Herzog vu Lëtzebuerg) gëtt vun de Schäffen nieft der Bühn opgestallt (Spidolstrooss).

Musikalesch Iwwerleedung:
Den Hämmelsmarsch gespillt a gesongen – HMG, Chorale a Rhäifränsch.

Eng Stëmm aus dem Hannergrond (Roby Wampach) seet un:
 Een Moartzeen am ale Maacher

D’Erzieler: (Georges a Monique)

G.: Dee Moart, deen een eigentlech „den ale Moart“ nenne misst, woar am ieweschten Deel vun de Groussgaass bis erop an d’Kéier. En huet tëscht dem Stadhaus an dem Festungstur ugefaang.

page4image1578669696 page4image1578669984 page4image1578670272 page4image1578670560 page4image1578670848page4image1578671136 page4image1578671424 page4image1578671712 page4image1578672128

De Moart war déi wichtegst Plaz, wou d’Leit sech begéint hunn. Hei huet net nëmmen den Handel gebléit, mee hei sënn och déi Verhandlungen ofgeschloss ginn, déi eppes mam Recht ze don haten.

D’Bäcker, d’Metzgeren, d’Händler an d’Handwerksleit haten um Moart hir Stänn opgeriicht. Op Dëscher, a Buden an an den Hale vum Stadhaus luchen d’Wueren, déi se feelgebuet hunn.

Ganz sécher woaren an deem Deel vu Maacher och déi meest Buttiker. Iwer den Diren devun hung d’Zeeche vum Haus oder d’Strauss, a ganz oft huet de Besëtzer de Familljennumm dorrech säi Berouf.

 E kuerze musikaleschen Intermezzo – evtl. nach eng Kéier 1 Stroph vum „Hämmelsmarsch“…

M.: Wa Moartdag woar, ass am Stadhaus de roude Fändel ausgehaang ginn (gëtt kuerz geschwenkt, an op der Bühn opgestallt – Sim). Esoulaang, wéi dëse Fändel aushung, haten d’Händler vun auswäerts d’Moartrecht.

D’Gloock vum Festungstur huet de Moart agelaut, a se huet en och ausgelaut, wann en eriwer woar.

  •   Et gëtt mat där décker Schell vum fréiere Gemengenausriffer geschellt (Jean-Paul).
  •   Bei d‘Maartkräiz gëtt vun de Schäffen e Veruerteelte bruecht. Hien huet en ale Sak

    bei sech, dee gutt gefëllt ass.

    Beim Moartkräiz steet e Veruerteelten, deen um Moart e Sak Rommele geklaut huet. Elo muss en de Spott vum Vollek iwer sech ergoe loossen.

 D’Statisten an d‘Veräiner jäizen – z. B. „Do ass en, den Déif!“ – a laachen dee Veruerteelten aus.

G.: Am ale Stadtur um Eeck vum deemolege Kërfech ass e Spillmann mat seiner Gei. He kënnt ebäi, fidelt a séngt debäi. E lëstege Brouder päift een Weis mat, a geschwë fänkt Jonk an Al un, matzeséngen an ze sprangen.

  •   De Blannen Theis gëtt lues aus der Oischtgesgässel vun engem Statist erbäigefouert.
  •   2 Museksschülerinne begleeden en a spillen op der Gei (Anne-Catherine + Kollegin).
  •   De Blannen Theis séngt mat der Chorale a mat Rhäifränsch d’Lidd: „Zu Arel op der Knippchen“.
  •   D’Leit ginn animéiert, fir ze widderhuelen a matzesangen.
  •   Et gëtt erëm laang geschellt (Jean-Paul).

page5image1578408176 page5image1578408464 page5image1578408752

M.: O laustert, elo laut schonn d’Nuetsgloock! D’Gaassen an d’Wiertshaiser ginn eidel. Nëmmen do ënnen am Stadtur sëtzen nach e puer kleen Näischnotzen, déi um Moart erwëscht gi sënn…

 E puer Musikante spillen eenzel Téin op hirem Instrument (HMG). De Stadriichter (M. K.) – kënnt gelaf an ënnerbrécht:

Neen, neen, neen!
Mir halen elo nach net op!
Well is Gaassefest fänkt eréischt richteg un!
Kommt, léif Leit, a feiert all mat is an de Gaasse vun al Maacher, a bleift bäi is bis déif an d’Nuet!

Ofschloss: Lidd: Maacher lieft! – gespillt vun HMG, gesonge vu Chorale, Rhäifränsch/Kondschafter – an duerno de Refrain mat de Leit. (Koordinatioun: Georges Urwald.)

 D’Personnagen an d‘Statiste ginn zesummen a Richtung Dechenshaus vun der Bühn.

 De Buergermeeschter
seet e puer Wuert als Iwwerleedung, an invitéiert d’Leit op d’Gaassefest am

ieweschten Deel vu Maacher, mat Attraktiounen a Stänn „bis an d’Nuecht“:

 tëscht Kofferschmatts- a Schaakegässel, an der Oischtgesgässel, an der Spidolstrooss, an der Turgaass, tëscht Turgaass a Syr, an der Syr bei Festungstur a Festungsmauer, op der Plaz beim CRIAJ, an der Lëtzebuerger Strooss, am Dechenshaff an um Haaptkiosk.

Et brauch och keen hongereg oder duuschtereg heemzegoen!
Update no där éischter Prouf: 26.04.2016 – Monique Hermes/Georges Urwald

page6image1572613856 page6image1572614144 page6image1572614432 page6image1572614720page6image1572615008 page6image1572615296 page6image1572615584page6image1572615872page6image1572616288 page6image1572616576 page6image1572616864page6image1572617152

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.