Discours du maire à l’occasion de la fête nationale

Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot: Marc Krier, Monique Hermes, Liane Felten, Tess Burton, Martine Cognioul-Loos, Carine Sauer, Patrick Frieden, Claude Wagner, Lynn Mantz a Claire Sertznig,
Léif Musikante vun der HMG,
Léif Vertrieder vun den Veräiner,
Léif Mataarbechter vun der Gemeng,
Vertrieder vu Schoul, Lycée a staatleche Verwaltungen,
Léif Biergerinnen a Bierger,
Chers citoyennes et citoyens,
Liebe Mitbürgerinnen und Mitbürger,
Dear citizens,
Caros cidadãos e cidadãs,

Et ass Traditioun, datt mir um Virowend vum Nationalfeierdag, och den Nationalfeierdag an der Muselmetropol feieren.

Um Nationalfeierdag stinn ise Grand-Duc Henri, iist Land an is Natioun, also mir alleguer am Mëttelpunkt.

Zwee Joer hu mir missten Nationalfeierdag quasiment an der Stuff feiere wéinst dem Covid-19. Dofir si mir ëmsou méi frou dëst Joer kënne mat iech all zesummen de Virowend vum Nationalfeierdag ze feieren.

Erlaabt mir op dëser Platz direkt och all eisen Mataarbechter, ee grousse Merci ze soe fir hiert Engagement. Merci och de Pinoten, datt si bereet waren d’Festivitéiten ze organiséieren, zesummen mat der Gemeen. Dir gesitt, mir hunn dat méi grouss opgezu wéi soss. Loosst iech iwwerraschen an ameséiert iech, de Miseler Way of Life ass um Rendez-vous.

“Mir wëlle bleiwe wat mir sinn”. Fir dat kënnen ze sinn, däerf een net stoe bleiwen. Et muss ee sech weider entwéckelen.

Léif Leit, meng Generatioun, an och déi Generatiounen, déi de Krich oder d’Nokrichszäit erlieft huet, hu sécherlech net méi gemengt, datt een an enger Ried fir Nationalfeierdag nach eng Kéier dat Wuert Krich an Europa géif héieren. Nodeem mir opgeotemt hu well de Covid konnt zréckgedrängt ginn dank der Solidaritéit vun de Leit fir sech impfen ze loossen, hu mir erëm konnten eis ameséieren, a Veräiner goen, um kulturellen a sportleche Liewen deel huelen. Eis Wirtschaft ass erëm opgebléit. Mir hunn d‘Liewensfreed erëm an eiser Séil gespiert.

An dun, aus heiterem Himmel, ass de Krich iwwert d’Ukrain eragebrach. Krich, dee mir dagdeeglech live, am Minuttentakt kënnen an den Neiegkeeten, a Bild an a Wuert verfollegen. A senger Ried an der Chamber iwwer Video huet de President Zelensky gesot, och si wéilte bleiwe wat si sinn. Ech wëll kloer hei soen: dat, wat de President Putin senger Arméi befeelt ass Völkermord. Europa, wat aus den Äsche vum zweete Weltkrich erstanen ass, huet d’Flicht der Ukrain ze hëllefen. Och hei zu Gréiwemaacher hun eng ganz Rei Flüchtlingen Zouflucht fonnt. Ech wëll allen Awunner, déi ukrainesch Flüchtlingen opgeholl hunn, een ganz grousse Merci soen. Mir haten eng Receptioun fir d‘Flüchtlingen. Et wor een emotionale Moment, an et huet eis virun Ae gefouert, wat Fräiheet, fräi Walen a Rechtsstaat heeschen. Och eisem CRIAJ soen ech Merci fir déi gelonge Solidaritéitsaktioun mat der Ukrain.

Ech soen awer och ganz kloer, datt mir net géint d’russesch Populatioun sinn, et liewen och Russen hei zu Gréiwemaacher an och si sinn, wéi aner Natiounen, wëllkomm an der Muselmetropol. Et ass de President Putin a säi Machtapparat, déi d’Mäerder sinn.

Duerch den Ukrain-Krich si mir mat enger eenzegaarteger Inflatioun a Präisdéierecht gehäit. D’Aarmut ass an der Mëttelschicht ukomm. An der Groussregioun ginn d’Lëtzebuerger lo an Däitschland tanken. D’Matières Premières an d‘Nahrungsmëttel sinn zur Krichswaff ginn. Zesummen, ouni Ideologie, mat gesondem Mënscheverstand, mussen mer eis als Gesellschaft a Fro stellen, a bereet sinn eis Gewunnechten ze iwwerdenken. Nei Idieen opzehuelen an nei Weeër ze goen.

Souwuel an der Klimapolitik, an der Energieversuergung, an der Mobilitéit. Mir mussen haut alles drusetzen, datt eis Kanner an eis Kandskanner kënne vun hirer Aarbecht liewen, hier Fräizäit an hiert Familljeliewe genéissen. Well mir wëlle jo bleiwen, wat mir sinn.

D’Zukunftsgestaltung geschitt och hei weider zu Gréiwemaacher. Fir d’Zukunft ze gestalte muss ee sech senger Geschicht bewosst sinn. Virun enger Woch hu mir honnert Joer Maacher Schoul gefeiert. D’Maacher Schoul ass deemools als de Schoulpalast an der Press zitéiert ginn. Mir hunn d’renovéiert Osburg-Haus mam Osburg-Gaart d‘lescht Woch ageweit. Eent vun den historesch wäertvollste Gebaier an eiser Uertschaft. Ee Bijou am Zentrum. Et ass ee gelongenee Projet matten am Zentrum, fir eis Kanner, eis Jugendlecher, fir d’Museksbegeeschtert, mat enger klenger grénger Long. Domadder ass ee wichtegen Deel vun der Neierung hei am Zentrum ofgeschloss. Et bleift nach déi grouss Maartplaz ze amenagéieren. Do wäerte mir de 4. Juli am Dialog mat iech een éischte Workshop maachen.

Ee wichtege Meilesteen an der medezinescher Versuergung ass eis gelongen, fir Maacher, fir den Osten. Wéi ech an d‘Politik gaange sinn, huet eng Kéier ee Parteikolleeg gesot: “an der Politik ginn et déck Brieder, mee wann ee se laang genuch duerchbuert, da gesäit een d’Liicht duerch d’Laach an et kënnt een un d’Zil”. Wéi ech an d’Nationalpolitik gaangen sinn, war eent vun mengem Uleies d‘medezinesch Versuergung. Mat dem IRM um Potaschbierg hu mir eppes Positives fir d’Gesondheetsversuergung vun den Leit gemaach.

Den 8. an den 9. an den 10. Juli fannen dann erëm grouss Feierlechkeete statt mat der Gréiwemaacher Zäitrees. Mir feieren 230 Joer Goethe zu Maacher, 100 Joer Muselpromenad, a 60 Joer Camping. Dir sidd alleguer häerzlech invitéiert. Den Entrée ass gratis, a fir dat leiblecht Wuel ass och gesuergt! Net ze vergiessen eis Maacher Plage, an ech soe Merci fir dat vill Luef, dat mir kruten fir eis Ligestill, déi duerch Maacher opgestallt sinn.

Wie stoe bleift, beweegt sech schonn hannerzeg. Dofir ass et och wichteg, datt mir weider Wunnraum schafen. Säit Joeren ass de Logement déi eischt Suerg vun den Bierger, a besonnesch vun ise Jonken. De Gemengerot huet mam neie Staadtentwécklungsplang (PAG) neie Wunnraum geschaf. Et ass déi éischte Kéier nom Quartier Flohr an den achtzeger Joeren, datt mam PAP Pietert een neie Quartier entsteet, wou Mixitéit garantéiert gëtt, an ee Quartier, wou Kanner kënnen op der Strooss spillen. Enn des Joers sollen Stroossenaarbechten ufänken.

Léif Leit, eng vun de grousse politeschen Diskussiounen dëst an d’lescht Joer ass d’Verfassungsreform. Déi éischt 3 Kapitele sinn am éischte Vote gestëmmt, an dat véiert Kapitel iwwert d’Chamber wäert elo am Juli gestëmmt ginn. Ech sinn houfreg konnten un der Verfassung matzeschaffen. A besonnesch d’Justizkapitel dréit meng Handschrëft. Esou eng Méiglechkeet an der Politik kritt een eemol am Liewen. Déi 4 Kapitele mussen nach eng Kéier an engem zweete Vote an der Chamber guttgeheescht ginn. Fir déi éischt 3 Kapitelen huet d’Referendumsinitiative  net déi néideg Ënnerschrëfte bruecht. Et kann ee fir oder géint ee Referendum sinn. Wat ech net akzeptéieren,  datt heuchleresch, falsch Aussoen an Ligen gemaach ginn, fir d’Leit an eng Richtung ze drécken. Wann ee fir de Referendum ass, muss ee sech och informéieren iwwer dat, wat am Text steet. D’Resultat huet kloer bewisen, datt d’Leit sech net vum Populismus dreiwe loossen. Mir sinn eng Natioun, an de Grand-Duc steet fir d’Unitéit an d’sozial Cohésioun vun dësem Land.

Léif Leit, zesumme mat eisen Grand-Duc Henri wëlle mir geeent no fir kucken, houfreg sinn op dat, wat mir sinn, houfreg op dat, wat mir erreecht hunn, an an Zukunft kënnen erreechen. Solidaritéit wäert méi wéi jee vun eis verlaangt ginn. Mir sinn eng Natioun an ee Land am Häerz vun Europa. Fräiheet, Sécherheet, Toleranz a Solidaritéit musse Waffe vun Europa sinn. Nëmmen esou kënne Prosperitéit, Gléck, Freed, Wuelstand a Wäertbestand weider um Kontinent garantéiert ginn. Mir alleguer zesumme sinn d’Seegele vum Schëff Lëtzebuerg, vum Schëff Europa.

Léif Léit, loosst mech mat Zitater aus dem Lied vum Demis Roussos „On écrit sur les murs“ oofschleissen:

„On écrit sur les murs à l‘encre de nos veines
On dessine tout ce que l’on voudrait dire,
Des messages pour les jours à venir
On écrit sur les murs la force de nos rêves
Nos espoirs en forme de graffiti
On écrit sur les murs pour que l’amour se lève
Un beau jour, sur le monde endormi
Des mots, seulement gravés pour ne pas oublier, pour tout changer“.

An dësem Sënn wënschen ech iech am Numm vum Schäffen- an Gemengerot ee flotten an een erhuelsamen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc.
Vive d’Groussherzoglech Famill.
Vive Lëtzebuerg.
A Vive Europa.