D’Eisebunn bis op Maacher

Zur Geschicht vun der “Maacher Eisebunn” 1) Eisebunn(en) an Europa an zu Lëtzebuerg

  •   D’Geschicht vun der Eisebunn fänkt ägentlech 1825 (de 27. September) un. Et ass den Englänner George Stephensen, dee seng “Dampflok” – eng Locomotion – déi e kuerz virdru gebaut huet, op Schinnen – op “Eisen” – fuere léisst. Dat war déi éischt “Bunn”, déi tëscht zwou Stied gefuer ass, nämlech tëscht Stockton an Darlington am Nordweste vun England. Datt et en Ereegnes fir d’Leit vun do war, versteet sech wuel vum selwen… An datt net jiddereen dat neit “Bewegungsmëttel” gutt fonnt huet, och.
  •   Nëmmen 10 Joer méi spéit, 1835, ass an Däitschland deen éischten Zuch tëscht Nürnberg (aus där Stad kënnt de Liefkuch!) a Fürth (a Franken) gefuer – an no an no huet d’Eisebunn sech weider ausgebreet.
  •   An da komme mer op Lëtzebuerg. 1850 – d’Grossherzogtum, dat schonn d’Form vun haut hat, war deemools nach a Personal-Unioun mam Kinnekräich Holland, an de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. war de Regent – kritt d’Lëtzebuerger Regierung duerch e Gesetz vum 7. Januar d’Recht, Verhandlungen iwwer de Bau vun enger Eisebunn am Grossherzogtum opzehuelen.
  •   1855 gëtt dann e Gesetz gestëmmt, dat et erlaabt, e lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ze bauen, fir d’Land mat sengen Nopeschlänner ze verbannen.
    Et si véier Haaptstrecken gebaut ginn, nämlech:

    • –  Lëtzebuerg – Beetebuerg – Frankräich,
    • –  Lëtzebuerg – Klengbetten – Belsch,
    • –  Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Däitschand,
    • –  Lëtzebuerg – Ettelbréck – (Dikrech) – Ëlwen – Belsch.
  •   1858 – den 30. Oktober – gëtt de Grondsteen vun där éischter Stater Gare geluegt. Et war e Gebai aus Holz.
  •   Well d’Gare net am Zentrum vun der Stad gebaut gëtt, entstinn an der Follegzäit: zwou wichteg “Verbindungsbrécken”: de Viaduc – oder d’al Bréck – (1859-1861 gebaut) an d’Adolphe-Bréck – oder d’nei Bréck – (1900-1903 gebaut).
  •   E ganz grousse Feierdag ass de 4. Oktober 1859. Op der Trap vum Stadhaus an der Stad – do, wou déi zwéi Léiwe stinn – ass e Festconcert, well deen Dag den éischten Zuch zu Lëtzebuerg fortfiert (vu Lëtzebuerg iwwer Klengbetten bis op d’belsch Grenz).
  •   Bei där Geleeënheet gëtt dem Michel Lentz säi Lidd “De Feierwon” fir d’éischt gesong. Dat Lidd gëtt herno esou eppes, wéi eis Nationalhymne.

page1image1578391264 page1image1578391552

(“Ons Heemecht”, wou den Text och vum Michel Lentz ass, gëtt eréischt 1864 uropgefouert.)
An deem éischten Zuch, dee vu Lëtzebuerg aus iwwer d’Schinne vun eisen dauscht, ass och de “gudde” Prënz Henri, dee vum Kinnek- Groussherzog zum Statthalter vu Lëtzebuerg agesat gi war.

  •   D’Haaptstrecke vun eiser Eisebunn, déi elo ganz séier opginn, kréien den Numm vum Kinnek-Groussherzog, nämlech “Wëllem-Lëtzebuerg- Bunnen”.
  •   Schonn 1864 kënnt zu Lëtzebuerg d’Iddi op, fir eng zweet Eisebunnslinn ze bauen, eng sog. “Gürtelbahn” vu Waasserbëlleg iwwer Iechternach, Ettelbréck, laanscht d’Atert a bis op d’belsch Grenz, a weider iwwer Klengbette bis op Péiteng an Esch/Uelzecht. Dofir gëtt 1869 d’Gesellschaft “Chemins de Fer Prince Henri” gegrënnt, an déi nei Bunn, déi no an no entsteet, kritt den Numm “Prënz-Hari-Bunn”.
  •   An da si mer geschwënn am Joer 1891 – an zu Maacher. Mä do virdrun ass awer nach munches ze erzielen.

    2) Dee laange “Wee” vun der Eisebunn fir op Maacher

  •   Scho vill méi fréi, kuerz no 1859, sollt och Maacher seng Eisebunn kréien – vu Éinen, Wuermer, Ohn, Meechtem erfort, an dann op Bëlleg – mä doraus gouf näischt, ë. a. well eng Partie Wënzer net wollten, an och well deemools zu Manternach eng grouss Pabeierfabrik war, déi onbedingt den Uschloss un d’Eisebunn wollt. Dofir gouf leider näischt aus dem Projet.
  •   1875 hunn déi Maacher Gemengeresponsabel e Bréif un d’Regierung geschriwwen, fir eng Eisebunn an eng Bréck ze froen. (Deemools gouf et d’Bréck tëscht Maacher a Wellen nach net.) Maacher krut schonn e Joer drop, 1876, per Gesetz d’Verspriechen, datt déi Bunn kéim, an zwar vu Réimech laanscht d’Musel op Waasserbëlleg, mä och doraus gouf näischt.
  •   Awer d’Bréck ass 1881 gebaut ginn an 1882 fir de Verkéier opgaang.
  •   D’Eisebunn, déi huet op sech waarde gelooss bis 1891… Awer dunn ass d’Streck Waasserbëlleg-Gréiwemaacher gebaut ginn, zesumme mat enger Gare zu Maacher; Bëlleg hat der 2, nämlech d’Wëllem-Lëtzebuerg-Gare an d’Prënz-Hari-Gare (genannt de Prënz; do ass haut d’Gemeng dran).
  •   Am Laf vun 1891 ass d’Gare gebaut ginn – do, wo haut de Centre sportif et culturel steet. An du konnt den Zuch de 24. November 1891 op Maacher kommen!

page2image1409278240

  •   Deen Dag war natierlech e grousst Fest an der Muselmetropol, mat de Veräiner, z. B. mat de Museken – Maacher hat der deemools 2 – mat groussem Festiessen op der Gemeng, a mat elektrescher Beliichtung, well ufanks des Joers 1891 hat Maacher d’Elektresch kritt…
  •   Fir dat Fest war extra e Gedicht geschriwwe ginn. Et hat 13 Strofen, an déi éischt an déi lescht hu geheescht:

    1) Dir Bierger vu Maacher séngt: “Heissa, juchhei!” Weil hu mer dach entelech d’Eisebunn hei.

    13) Héich sollen s’all liewen, vill Joar nach derno Séid lësteg dir Bierger, weil d’Eisebunn ass do!

  •   Bis den 22. Mee 1954 ass den Zuch tëscht Bëlleg a Maacher gefuer – am Ufank fënnef Faarten hin an zréck, fir e puer Sous de Billet… Duerno koumen d’Bussen an den Asaz. 1963 ass och de Gidderverkéier op d’Strooss verlagert ginn, an 1970 ass d’Gare ewechgerappt ginn. Haut – zënter dem Mäerz 2016 – erënnert nëmme méi eng Plack nieft dem Centre drunn, datt do emol eng Gare stoung an en Zuch gefuer ass…

    Monique Hermes (2016) Update: 28.01.2019

page3image1508072752

Eng Vue vu Maacher – mat engem Zuch direkt nieft der Bréck. (Foto: Foto-Club Flash)

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.