Déi Maacher Judden (2018)

 ORT-EDUCTOUR (28.06.2018)

1) Awanderung:

No der Franséischer Revolutioun gëtt Lëtzebuerg an den “Département des Forêts” agegliddert. Deemools, am Joer 1795, loossen déi éischt Judde sech an eiser Géigend nidder. Déi reliéis Toleranz erméiglecht hinnen et, hire Glaf fräi ze praktizéieren, a si sinn och rechtlech géint all Diskriminéierung geschützt. 1808 fanne mer déi éischt jiddesch Famill zu Maacher: de Stoffhändler Lazar Levy vu Perl (D) mat senger Fra a sengen 3 Kanner. Wéi d’Famill Levy, stamen déi meescht Familljen, déi sech zu Maacher néierloossen aus dem däitsche Grenzgebitt. Duerch d’Awanderung an d’Neigebuerten klëmmt d’Zuel vun de Judden, déi zu Maacher liewen, no an no. Bei der Vollekszielung vun 1895 ginn 100 Judden opgelëscht, déi sech op 18 Haiser verdeelen. An dach si si nëmmen eng Minoritéit, bei deemools 2.530 Awunner genee emol 4 %.

Virun allem um wiertschaftlechen Plang hat d’Muselstad eng Partie Reizer. Nom Bäitrëtt an den Däitschen Zollveräin (1842) grenzt d’Stad Maacher un deen neien Handelspartner. D’Muselbréck erlaabt en direkte Wuerenaustausch, an déi 2 Eisebunnslinnen (vun 1891 un och zu Maacher) bidde gënschteg Transportbedingungen.

Nom Austrëtt aus dem Zollveräin (1918) geet d’Zuel vun de jiddeschen Awunner zu Maacher zréck. Dës wandere méi dacks a Richtung Haaptstad oder och Minettgéigend aus, wou d’Eisenindustrie bléit. Bis 1935 pendelt d’Zuel vun de Judde sech op 45 an. Dat emol als Résumé.

Wat schaffen dann déi Judden, déi sech zu Maacher néierloossen? Mä si si Päerds- a Véihändler, z. B. den Hermann Wolf an de Max Bonem oder Kleeder-, resp. Stoffhändler, z. B. de Salomon Mayer, de Benjamin Wolf, de Bernard Levy an den Arthur Liebermann. Um Sabbat an op reliéise Feierdeeg sinnd’Geschäfter zou, allerdéngs ginn d’Konnen och sonndes bedingt. Virun allem d’Kleedergeschäfter ginn, no hirer Moderniséierung ufanks des 20. Jorhonnerts, Maacher e städtesche Flair. Des Weideren hunn d’Familljen Isaak Kahn, Penas Wolf an Heinrich Bonem “Kolonialwueregeschäfter”, alsoEpicerien, an deenen net nëmme koscher Wuere verkaaft ginn.

Fir d’Gebiet ass schonn ëm 1865 en Zëmmer am Haus Wolf um Stued ageriicht. Awer well d’Gemeinschaft wiisst, kafen d’Judden 1884 d’Haus Eichhorn, dat als Tempel an als hebräisch Schoul genotzt gi soll. Bis zum 1. Weltkrich gëtt d’Gemeinschaft vun engem Kantor geleet, deen och d’Kanner ënnerriicht. Déi Verstuerwe ginn am Ufank op de jiddesche Kierfechter an den Heemechtsuertschafte vun de Leit begruewen. Well dat dacks komplizéiert ass, freet d’jiddesch Gemeinschaft d’Gemeng fir en eegene Kierfecht ze kréien. Si

kritt 1893 – no laangen an zéie Verhandlungen – d’Erlaabnes, fir eng Parzell op Fooscht ze kafen an déi als Kierfecht ze benotzen. (Dee jiddesche Kierfecht existéiert haut nach.)

2) Ausgrenzung oder Integratioun?

Et muss ee soen, datt déi éischt jiddesch Awanderer sech grondsätzlech vun der heemescher Bevëlkerung ënnerscheeden, och, well se der Sprooch net mächteg sinn. Si hunn Nimm, wéi Isaak Levy oder Salomon Mayer, déi bei äis net geleefeg sinn. Den Haaptënnerscheed besteet awer an der Relioun, wat am Ufank guer net esou gutt ukënnt, z. B. de Sabbat…

Bei där zweeter Generatioun ass kaum nach en Ënnerscheed. D’Kanner heeschen elo Robert oder Sophie, a ginn zu Maacher an d’Schoul. Natierlech entsti Frëndschaften am Schoulhaff. Och an engem Veräin schaffen d’Jude ganz aktiv mat, nämlech am “Kaufmännesche Veräin”, deen 1909 vun de Maacher Geschäftsleit gegrënnt gëtt – mir schwätzen haut vun der Union commerciale et artisanale! De Salomon Mayer gëtt éischte Präsident, an den August Wolf éischte Sekretär vun deem Veräin, an 1936 gëtt ënner der Präsidentschaft vum August Wolf déi éischt Braderie zu Maacher ofgehal. Allgemeng kann een also bei der Integratioun vun 2 Phase schwätzen: Eng éischt, méi schwiereg Phase (1808-1905), wou d’Judde kämpfe mussen, fir unerkannt ze ginn, an eng zweet Phase (1905-1940), wou d’Judde respektéiert a geschätzt ginn. Déi meescht vun hinnen hunn d’Lëtzebuerger Nationalitéit, an de Salomon Mayer geet esouguer mat an d’Gemengewalen. Och an der Obermoselzeitung, déi vun 1891 bis 1948 zu Maacher erauskënnt, gëtt net méi géint d’Judde gehetzt, wat eng Zäitlaang de Fall war.

Et muss een allerdéngs och drop hiweisen, datt d’Maacher Gemeng de Judden et net ëmmer liicht gemaach huet, z. B. wéi de 16. Januar 1885 hir Synagog ageweit gi sollt an de Buergermeeschter net un de Feierlechkeeten deelhuele wëllt – et war dee soss ganz geschätzten a beléiften Theodor Waldbillig (Lampesch Ditt).

3) Antisemitesch Hetz

Mir komme bei d’Zäit kuerz virum 2. Weltkrich: Wéi den Hitler an den 30er Joren d’Muecht iwwerholl an déi antijüddesch Gesetzgebung ëmsetze gelooss huet, hu vill Judde probéiert, aus Däitschland an d’Ausland – an Amerika oder a Palästina – ze flüchten. Etlech auslännesch Judden hu sech deemools am neutrale Lëtzebuerg néiergelooss, mee 1938 koum et och hei zu méi enger restriktiver Awanderungspolitik. Tëscht Mee an August 1938 ginn 356 jiddesch Flüchtlingen zréck an Däitschland verwisen. 4 Flüchtlinge bleiwe kuerzfristeg zu Maacher, sou dass d’Unzuel vun de Judde virum Krich op 45 steigt.

Awer vun 1935 u fillen d’jiddesch Famillje sech net méi sécher zu Maacher, besonnesch, well sech hei eng “däitsch Kolonie”, d. h. eng lokal Grupp vun der NSDAP néiergelooss huet an d’Leit sech Geschichte vun Iwwergrëff op

d’Judden am Grenzberäich erzielen. D’Famill Mayer, déi zënter 1862 zu Maacher e Kleedergeschäft hat, entschléisst sech z. B. no esou enger Geschicht, déi hir Duechter Emma zu Tréier erlieft huet, an Amerika auszewanderen. D’Famill August Wolf wandert op New York aus.

Déi däitsch Invasioun vun 1940 zéit verheerend Folge fir d’jiddesch Gemeinschaft mat sech. Méi wéi 1.500 Judden aus der Stad Lëtzebuerg an aus der Minettsgéigend sinn a Richtung Frankräich evaquéiert ginn, éiert d’Wehrmacht koum, a si sinn net op Lëtzebuerg zréckkomm. Déi Maacher Judde sinn direkt vun der Front iwwerrompelt ginn a konnte leider net un der Evakuéierung a Richtung Frankräich deelhuelen.

De Gauleiter Gustav Simon gouf zum Chef vun der Zivilverwaltung ernannt, an huet eng konsequent Germaniséierungspolitik ëmgesat, wouvun d’Judden déi éischt Affer waren. D’Veruerdnung vum 5. September 1940 huet de Judden den Zougrëff op hir Bankkonte verwiert an huet se derzou gezwongen, hir Geschäfter opzeginn. Déi Maacher Kleedergeschäfter Liebermann a Levy and’Epicerie Sommer stounge virum finanzielle Ruin. D’Besatzer hunn d’Wuere vun de Geschäftsleit an d’Véi vun de Päerdshändler beschlagnahmt. Kollaborateuren hu sech bei Razzien e jiddeschen Haiser no Häerzensloscht bedingt, an déi nationalsozialistesch Propaganda war omnipresent zu Maacher. Am Kino sinn antisemitesch Hetzfilmer gelaf. D’Haiser vun de jiddesche Famillje si beschlagnahmt ginn, an d’Judde goufen an e puer Haiser isoléiert. De 15. September 1940 kënnt et dann zu enger regelrechter Hetz vun de Judden duerch Gréiwemaacher. D’Fassade vun hiren Haiser waren iwwerNuecht mat Davidsstären a mat Paroule wéi “In Dachau ist noch Platz für euch!” beschmiert ginn. Bei der Hetzjuegd hunn d’Judde Schëlter mat der Opschrëft “Ich bin ein Drecksjude” droe missten a goufe gezwong, fir mat Trommelen ëm den Hals op sech opmierksam ze maachen. No dëser ëffentlecher Ernidderegung huet kee Judd sech méi virun d’Dir getraut. Och hiert Gebietshaus gouf Enn September 1940 entweit. Esou wäit war et komm, well NS-Fanatiker d’Rassentheorie vum “Führer” kalbliddeg ëmgesat hunn.

4) Flucht an Deportatioun

Well d’Liewensbedingunge sech dramatesch verschlechtert haten, hunn d’Judde probéiert, sech a Richtung Westen ofzesetzen. Der Famill Hayum-Kahn geléngt et ufanks November 1940 an d’Dominikanesch Republik ze flüchten a sech do en neit Liewen opzebauen.

Och d’Famillje Bonem, Cahen, Liebermann, Levy, Meyer a Wolf kënnen no Frankräich flüchten, musse sech do awer virun der Vichy-Polizei verstoppen. Den Erny Levy an den Ernest Meyer sinn esouguer am Maquis (Widderstandsorganisatioun) täteg.

Awer déi Judden, déi net iwwer déi néideg finanziell Mëttelen, resp. iwwer déi noutwendeg Pabeiere verfügen, kënnen net flüchten. Den Oskar Hayum, dee sech eppes gebrach hat, gëtt op Cinqfontaines an datt “Jüddescht Altersheim” gestach. Duerch dëst Internéierungslager ginn 300 al a krank Judde geschleist, éiert se déportéiert ginn. 3 weider Membere vun der Famill Hayum-Dahl, de Felix, de Siegmund an de Fernand, musse Gréiwemaacher Mëtt September 1941 verloossen a komme bei enger Famill zu Manternach ënner. De 16. Oktober 1941 gi si mat deem éischte vu 7 Deportatiounszich vu Lëtzebuerg a Richtung Osten verfracht. Si vegetéieren nach e puer Méint am total iwwerfëllte Ghetto vu Litzmannstadt (Lodz), éiert se stierwen. Am Mäerz 1942 verléisst d’Selma Sommer als lescht Jüddin d’Stad Maacher – si hat laang Hëllef vu guttgesënnte Maacher Bierger kritt, mä elo goung et net méi. Si kënnt an d’Sammellager bei Ëlwen, éiert se zesumme mam Oskar Hayum a 25 anereJudden aus Lëtzebuerg an de Ghetto Izbica oftransportéiert gëtt. Nieft deene 5 Judden, déi vu Maacher an d’Ghettoen an d’Konzentratiounslager verfracht goufen, an doutgemaach gi sinn, ginn 2 weider Maacher Judden, de Max Bonem an de Raphael Cahen, a Frankräich gestallt, iwwer d’Lagere Gurs anDrancy déportéiert an zu Sobihor ermuert.

Déi jiddesch Gemeinschaft, déi sech am Laf vum 19. Jorhonnert no an no zu Maacher opgebaut an integréiert hat, gouf abrupt duerch den Naziterror zerstéiert. 7 Maacher Judde goufen an de Ghettoen an an de Konzentratiounslager dout gemaach. Nëmmen e puer koumen der nom Krich an hir Heemechtsstad zréck.

Quellen: André Ney – Konferenz “Déi Maacher Judden” (1808-1945), de 6. Mäerz 2017, zu Maacher am Centre culturel.

5) “Maacher erënnert sech…

… un déi 7 Maacher Judden, déi während dem Zweete Weltkrich Affer vun der Shoah gi sinn”, huet et 2017 geheescht.
Mat dem Film “Le Fils de Saul” mat Podiumsdiskussioun mat dem Dr. Guideon Greif (Israel), den 22. Januar am Cinémaacher, mat där schonn zitéierter Konferenz vum André Ney, “Déi Maacher Judden”, de 6. Mäerz am Centre Culturel, mat dem Verleeë vun Stolpersteng duerch de Kënschtler Gunter Demnig, den 10. Mäerz a Gréiwemaacher a mat der Ausstellung “Between Shade and Darkness” iwwer d’Schicksal vun de Judde vu Lëtzebuerg vun 1940 bis 1945 am Foyer vun der Maacher Gemeng, ass sech erënnert ginn. Et war ergräifend!
Un de Feiere bedeelegt waren d’Stad Gréiwemaacher, d’MemoShoah asbl an de Maacher Lycée. Besonnesch déi Jonk vum Maacher Lycée ware staark an d’Feierlechkeeten abezunn. Mam Änder Ney si si déi jiddesch Plazen zu Maacher kucke gaang, si hu beim Stolperstengverleeë matgewierkt a waren d’Konzentratiounslager Sachsenhausen bei Berlin kucken, wou si un den am Abrëll un den Erënnerungsfeierlechkeeten fir d’Befreiung vun deem KZ deelgeholl hunn.

D’Nimm Felix Hayum, Siegmund Hayum, Oskar Hayum, Fernand Hayum, op No 33 an der Tréiererstrooss, Raphael Cahen, op No 38 an der Katreinergaass, Max Bonem op No 25 an der Lëtzebuergerstrooss a Selma Sommer op No 19 an der Groussgaass, hunn zënter 10. Mäerz 2017 e Gesiicht zu Maacher – e Gesiicht, wat u Schreckleches erënnert, awer wat keen deene 7 Maacher Judden, déi – wéi vill anerer – onschëlleg gestuerwe sinn, méi huele kann. “Man fällt nicht hin, man stolpert mit dem Kopf und dem Herzen”, seet de Gunter Demnig, deen d’Stolperstengaktioun an d’Liewe geruff huet. An och nach: “Ein Mensch ist vergessen, wenn sein Name vergessen ist. Mit einem Stolperstein soll an das individuelle Schicksal erinnert werden – und zwar an dem Ort, wo das Grauen begann.”

Mäi Papp ass och duerch de KZ gestuerwen (wuel net am KZ mä Jorzéngten duerno duerch eng Krankheet, déi ni méi vergaangen ass). Ech hoffen a wënsche vu ganzem Häerz, datt mer ni méi Stolpersteng leeë mussen, fir un esou schrecklech Saachen ze erënneren, wéi se deemools geschitt sinn.

Monique Hermes

D’Verleeë vun de Stolpersteng, den 10. Mäerz 2017 zu Gréiwemaacher. (Foto: Camille Nies)

page5image1579083744

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.