Déi Gréiwemaacher Zéintscheier am Laf vun der Zäit

Vum Späicherraum zum herrlech restauréierte Jugend- a Begéinungstreff

Virtrag vum Monique Hermes bei Geleeënheet vu “Maacher Oart”, den 1. an 2. Abrëll 2018

D’Zéintscheier vu Gréiwemaacher ass en herrlecht Gebai aus dem Joer 1635 an deemno aus der spuenescher Zäit. D’Gebai läit am Häerz vu Gréiwemaacher, um Eck vun der Poststrooss, fréier och Onkelsgaass genannt, an der Kierchestrooss, fréier als Parstrooss (“rue de la Paroisse”)bekannt. No der Franséischer Revolutioun koum d’“Zéintscheier” a Privatbesëtz. D’Gebai gouf méi dacks ëmgebaut an hat verschidden Destinatiounen.

1975 huet d’Maacher Gemeng d’Gebai kaaft. Vun 2014 bis 2017 ass d’“Zéintscheier, déi zënter 2009 als Nationalmonument klasséiert ass, vun der Stad Gréiwemaacher vu Grond op restauréiert ginn, mat der wierksamer Ënnerstëtzung vum “Service des Sites et MonumentsNationaux” (SSMN).
Haut huet de “Centre de Rencontre, d’Animation et d’Information pour Jeunes – Gréiwemaacher (CRIAJ) eng Bleif an deem herrlechen Haus. Dee schéine verwëllefte Keller, deen un déi eegentlech Bestëmmung vun der Zéintscheier erënnert, benotzt d’Stad Maacher fir Versammlungszwecker.

Wann ee vun der Maacher “Zéintscheier” schwätzt, muss ee fir d’éischt bis an d’13. Jorhonnert zréckgoen.

Deemools, 1252, krut d’Uertschaft un der Musel d’Fräiheetscharta vum Lëtzebuerger Grof Hari V. (“de Blonden”), dem Jong vun der Gräfin Ermesinde, iwwerreecht. (Dës bedeitend Lëtzebuerger Gräfin hat jo mam Iwwerreeche vun de Fräiheetsbréiwer ugefaang, z. B. un Iechternach, 1236, unDiddenhuewen, wat deemools zu Lëtzebuerg gehéiert huet, 1239 an un d’Stad Lëtzebuerg, 1244.)

Dës Fräiheetscharta, vun där mer d’Original net méi hunn – eng begleewegt Copie aus dem 17. Jorhonnert fanne mer awer an den “Archives Générales du Royaume de Belgique” zu Bréissel, an nach eng begleewegt Copie vun dëser Ofschrëft aus dem 17. Jorhonnert läit an de Lëtzebuerger Nationalarchiven – war op Latäin verfaasst. Doran heescht et an enger Iwwersetzung vum Lokalhistoriker Jos. Hurt aus dem Joer 1952, wéi Maacher 700 Joer Fräiheet gefeiert huet: “All Joar hu se – (gemengt sinn d’Maacher Leit) – vun hire Géider, déi op dem Maacher Bann an driwwer eraus leien, mir – (dem Grof vu Lëtzebuerg, spéider dem Landriichter) – ofzeliwweren: vun der Fruucht déi neint Garf a vun den Drauwen déi neint Hot. D’Fruucht vun de Stécker an d’Drauwen aus dem Wéngert däerfen net agescheiert an agekellert ginn, dees se hätte mir mein Deel fir d’éischt ginn.”

Et ginn och nach aner Redevancen an där Charta opgezielt, mä déi sinn op dëser Plaz net esou wichteg. Et ass vläicht intressant, drop hinzeweisen, datt fir d’Feierlechkeete vun 2002 (“750 Joer Fräiheet”) e Faksimile vun där Charta erauskoum – an zwar d’“Handschrëft” op Latäin – dat ass d’Originalfassung – Däitsch a Franséisch – déi däitsch Iwwersetzung hat de Geeschtlechen aLokalhistoriker Abbé Joseph Hurt fir d’700-Jorfeier vum Fräiheetsbréif, 1952, geschriwwe, d’franséisch Iwwersetzung hat de Jean Welter 2002 besuergt.

D’Ofgi vu “Redevancen” un den Herrscher war “gang und gäbe” am Mëttelalter an och nach doriwwer eraus. Normalerweis huet et sech dobäi ëm den Zéintel gehandelt – dohier den Numm “Zéintscheier”. Nun ass deen Numm awer zu Maacher “falsch”, well mir hu jo missen eppes méi ofginn, nämlech den Nauntel, also den néngten Deel. Mä “Zéintscheier”, als Plaz, wou d’”Naturalsteier” ofzegi war, ass e geleefege Begrëff, an och am Ausland sinn nach eng ganz Partie esou Haiser bekannt, z. B. an Däitschland oder och Frankräich, besonnesch am Elsass, z. B. zu Molsheim an zu Obernai (“Grange aux Dîmes”, “Maison de la Dîme” oder “Grange Dîmière”).

E Gebai, wat 1635 gebaut oder nei gebaut gouf

Looss mer op eis Zéintscheier zréckkommen. D’Gebai, wéi et haut do steet, gouf gebaut – oder nei gebaut – am 17. Jorhonnert, genee 1635. Dës Joreszuel fanne mer zweemol um, resp. am Gebai, nämlech an der Rumm vun der Dir an der Poststrooss an um Fouss vum Mauerpfeiler am Keller, wou steet: “+1635 DEN 16. MAY FEINGH MAN AN IM NAMEN GOTTES”. (Wat esouvill heescht, wéi: “D’Aarbechten hunn de 16. Mee 1635 ugefaang, am Numm vum Härgott.”)

Firwat dësen Neibau, resp. d’Ëremopbauen am 17. Jorhonnert? Vu 1555 – a

bis 1684 – war Lëtzebuerg ënner spuenescher Herrschaft, an zwar hunn déi

spuenesch Linn vun den Habsburger d’Land gouvernéiert. Vu 1632 bis 1634

huet de Kinnek Philippe IV eng genee Opstellung maache gelooss vun deene

Revenuen, déi der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg zoustéingen. Dat war de

“cartulaire du domaine de Luxembourg”, an dovu war een Deel de

“Cartulaire de Grevenmacher et de Remich”. An deem Cartulaire geet ë. a.

Rieds vu 57 Maacher Parzellen, vun deenen de Kinnek vu Spuenien eng Rent

zegutt hätt. Dora gëtt och den “Nauntel” vum Wäin a vun de Friichte vum Feld

vu Gréiwemaacher a vum Haff Réimech erwähnt, an zwar vu 1444 un a weider.

(Jean-Marie Yante, Grains et vins des terroirs mosellans de Remich et Grevenmacher (XVe- XVIIe siècles, dans Revue belge de Philologie et d’Histoire, Année 1985, pp. 273-309).

Läit doran de Grond fir den Neibau oder d’Erëmopbaue vun der Maacher Zéintscheier? E Gebai, dat däitlech spuenesch Elementer a senger Struktur opweist, kucke mer nëmmen dee schéinen Trapentur mat sengen typesche schréie Fënsteren an der Wendeltrap bannendran. (E klenge pikanten Détail: Bei där jéngster Restauréierung war zu engem Moment geplangt ginn, de Lift an deen historeschen Trapentur anzebauen!). Wat mer wëssen zënter de Fouillen, déi 2012/2013 vum “Centre National de Recherche Archéologique” (CNRA) ënner der Leedung vun der Madame Christiane Bis-Worch duerchgefouert goufen, ass, datt dat heitegt Gebai net dat éischt ass, wat op där Plaz steet.

Wat elo déi “nei” Zéintscheier vu 1635 ugeet, esou fanne mer net vill Dokumenter oder Illustratiounen dervun an Archiven.

Mir mussen äis ë. a. op eng bedeitend, net verëffentlecht Kartularchronik verloossen, déi vum Abbé Jos. Hurt (1892-1962), engem ganz äifrege Lokalhistoriker, zesummegestallt gouf, an déi an de Maacher Archive versuergt gëtt: “Grevenmacher – Einer Moselstadt geschichtliches Werden undWachsen”. Den Hurt schreift iwwer d’Hausdir vun der Zéintscheier, déi hien als wäertvoll Renaissance-Dir bezeechent: “Ich glaube annehmen zu dürfen, dass in diesem Hause der Kellermeister der landesherrlichen Güter (vigneron du Roy, 1477) wohnte. In diesem Keller wurden die fürstlichen Weine gesammelt und aufgehoben. (…) Die ehemalige Zehntscheuer, das Wahrzeichen des alten Regimes, wurde 1635 von der spanischen Domänen-Verwaltung in Luxemburg neu errichtet oder restauriert.” A wann dee “Vigneron du Roy” soll 1477 an deem Haus gewunnt hunn, da muss et deemools schonn do gewiescht sinn; dofir hëlt den Hurt un – an net nëmmen hien – datt d’Gebai 1635 restauréiert gi wär.

Wichteg Zeitungsartikelen

Elo ginn et awer iwwer eis Zéintscheier dräi zimlech opschlossräich Zeitungsartikelen, déi den Adolf Berens (1880-1956) tëscht dem 17. Januar 1948 an dem 5. Februar 1949 an der “Obermosel-Zeitung” an duerno am “Lëtzebuerger Journal” publizéiert huet. Och de Berens war vu Maacher, an huet senger Heemechtsstad wichteg Déngschter geleescht, besonnesch, wat historesch Recherchen a Publikatiounen ugeet.

D’Artikelen, vun deene mer hei schwätzen, hunn den Titel:

  • –  Die Zehntscheuer, Wahrzeichen des alten Regimes.
  • –  Ein Stück Spanien in Alt-Grevenmacher.
  • –  Stein gewordene Geschichte.

 Am éischten Artikel (17. Januar 1948 – Obermosel-Zeitung), geet et z. B. ëm d’“Zehntschöffen”, déi déi ganz vill “schier erdrückende Kronabgaben und Kirchenzehnten der ‘Freiheit’ Grevenmacher unter dem alten Regime” opgehuef hunn a se och ze verwalten haten.

A punkto Zéintscheier schwätzt de Berens vun engem vun den intressantste Gebaier vum Land e bezeechent et als “eindringliches Denkmal der weltumspannenden, in der Neuzeit ausklingenden spanischen Herrschaft und Größe.”

Ausféierlech beschriwwe ginn de Keller mat dem wuchtege Kräizverwëllef tëscht de gewaltege Peileren an déi zwéin iewescht Stäck mat ganz geraimege Säll. Och de Berens geet dervun aus, dattd’Zéintscheier 1635 nei opgebaut ginn ass a schreift: “Gewiss überragte er (der Bau) an Größe und Stattlichkeit alle übrigen Gebäude der Stadt, öffentliche wie private (…).”

  •   Am zweeten Artikel (15. November 1948 – Lëtzebuerger Journal; an der Folleg vun der Obermosel-Zeitung) gëtt nach eng Kéier entweder de Bau oder den Neibau vun der Zéintscheier bekräftegt. Ganz besonnesch geet et dann ëm déi grouss Paart vum Ubau op der Säit vun der Kierchestrooss: “in Renaissance-Fassung, mit dem charakteristischen, phantastischen, meisterhaft gearbeiteten Satyr- (Bacchus)kopf am Schlussstein des Bogens”. Och op dat skulptéiert Drauwemotiv, dat vu stiliséiertem Wäilaf ëmrummt ass, weist de Berens hin a verweist op den “Nauntelwein” (deen dem Herrscher a spéider dem Här vu Maacher, resp. dem Landriichter zougestan huet).
  •   Am drëtten Artikel (5. Februar 1949) geet et ëm Vermuddunge betr. fréier Besëtztëmer no beim Bau, an ëm den ëffentleche Pëtz am Haff – dee bei de rezente Fouille konnt am Agank vum Gaart lokaliséiert ginn; och eng Zetär no beim Trapentur ass erëmfonnt ginn. De Berens geet an dësem Artikel schonn eppes méi wäit an thematiséiert d’Notze vun der Zéintscheier als Fruucht- a Mielspäicher duerch d’Famill Schoren, déi jo d’Gebai no der franséischer Revolutioun kaaft hat.Weise mer an dësem Zesummenhang drop hin, datt et de Berens ass, deen äis a sengem Buch “Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher”, wat 1952 erauskoum, déi eenzeg Zeechnung matliwwert, déi mer vun der Zéintscheier kennen. Den Architekt, Moler a Sculpteur Jean-Pierre (“Jemp”) Michels (1906-1989) huet se gemaach. Och d’Fotoe vum Gebai si rar. Op enger Postkaart aus dem Ufank vum 20. Jorhonnert ass d’Fassad zur Säit vun derPoststrooss ze gesinn.

    D’Zéintscheier vum 19. Jorhonnert un

    De Jos. Hurt schreift an engem Artikel, deen 1940 an de “Cahiers Luxembourgeois” verëffentlecht gouf: “Cette maison, de forme élégante, flanquée d’un magasin de dépôts et portant le millésime 1635, a sans doute été remaniée à plusieurs reprises et malheureusement “modernisée”. Ayant servi jusqu’à la révolution française, elle fut vendue comme bien national et devint la propriété de la famille Schoren. Le cadastre de 1824 porte: Schoren Fréd. Aubergiste. On doit regretter que le dernier occupant de ce bel immeuble ait cru devoir élargir les baies des fenêtres finalement moulurées et leur faire perdre ainsi cette élégance architecturale qui caractérise l’art de la Renaissance tel qu’il fut affiné et amenuisé jusqu’au début du XVIIe siècle.”(Cahiers Luxembourgeois, 1940,78.)

Domat wäre mer am 19. Jorhonnert, an d’Zéintscheier, déi net “expressis verbis” um Urkadasterplang vun 1924 an och net um Plang, deen de Philippe Knaff sengen Buch “Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und Landrichterei und ehemalige Festung Grevenmacher” (1877) bäifügt, gehéiert der Famill Schoren, eng räich a renomméiert Famill, déi vill Gidder zu Gréiwemaacher an Ëmgéigend hat.

Et ass zu där Zäit, genee 1822, wou eng Brandkatastrof, déi als “de grousse Brand” an d’Geschicht agoe sollt, 147 Wunnhaiser (vun am Ganzen 341), 80 Ställ an 39 Scheieren zerstéiert. Well de Brand an der ënnerschter Syr ugefaang huet, kann een dervun ausgoen, datt Zéintscheier, déi wuel aus Steen war, deemools dach net ongeschuer dervu koum. Ëmmerhi waren d’Klacken am Kierchtuer geschmolt an d’Kierchenauer war och verbrannt!

Spéider, ëm 1870, huet e gewësse Jos. Fischer d’Gebai kaaft, restauréiert an doran eng modern Konschtschräinerei ageriicht. Zu deem Jos. Fischer ass ze soen, datt e mat sengem Brudder Peter zesummegeschafft huet, deen e bekannte Steemetzer – am Sënn vu Monumenter haen – war; hien hat säin Atelier an der Schaffmill; vun deenen zwee Bridder fanne mer bis haut Spuren am ganze Land, z. B. rezent bei Restauratiounsaarbechten an der Stad Lëtzebuerg um Klouschter vun de Redemptoristen nieft der Paterekierch. Iwwer dee Jos. Fischer steet an der “Familienchronik der Stadt Grevenmacher”, Band 1: A-N, Kayser & Vanolst 2017, S. 230: “Er war ein begabter Bildhauer und schuf Altäre, Kommunionbänke, Kanzeln, Statuen und Kirchenmöbel.”

Vill Propriétairen a vill Destinatiounen am 20. Jorhonnert

Am Laf vum 20. Jorhonnert huet d’Zéintscheier méi dacks de Propriétaire an d’Destinatioun gewiesselt. Et war eng Bäckerei am Gebai, dovun ass de Bakuewen am verwëllefte Keller Zeien. En Dokter hat seng Praxis an der Zéintscheier, an et war och e Spirituosen- an Tubaksgeschäft dran. En interessanten Témoignage huet den Här Georges Arendt, deen an der Zäit Douanier hei zu Maacher war, äis no der Porte ouverte vum 15. Juli 2017 zoukomme gelooss: “Fréier huet een do wunne missen, wou een détachéiert war. Esou hunn ech zu Gréiwemaacher an engem Haus, dat “Zéintscheier” genannt gouf, bei enger eelerer Koppel gewunnt. (….) Déi zwou Persounen haten e Spirituosen- an Tubaksgeschäft, an et war do, wou ech geléiert hunn, dee gudde Lëtzebuerger Wäin ze drénken.” No den Informatioune vum Här Arendt huet et sech ëm den Här an d’Madame Weydert gehandelt, an hie selwer huet an der Zéintscheier gewunnt vun 1958 bis 1961.

Am Besëtz vun der Gemeng Gréiwemaacher zënter 1975

Et war am Mäerz 1975, wéi d’Gemeng Gréiwemaacher beschloss huet, d’Zéintscheier ze kafen. Zu deem Zäitpunkt waren den Här an d’Madame (Marcel) Kirchens-(Madeleine) Paulus d’Propriétaire vum Gebai. D’groussherzoglech Autorisatioun gouf den 1. Oktober ausgestallt, an doran ass dës Intentioun ganz kloer zréckbehal: “Considérant qu’il s’agit d’un immeuble datant de 1635 et que l’acquisition est réalisée pour des raisons d’utilité publique, dans l’intérêt de la sauvegarde de cet immeuble et du logement des archives et de la bibliothèque de la Ville…”.

D’Demande fir d’Zéintscheier ze kafen, ass ënner dem Buergermeeschter Jean- Pierre Urwald gemaach ginn. De Kafpräis war 1,l Millioun al Frangen. Am Akt, deen de 26. November 1975 ënnerschriwwen an de 16. Dezember 1975 vum Gemengerot guttgeheescht gouf, kritt een dës zousätzlech Informatiounen: D’Propriétairen haten d’Haus geierft vum Här an der Madame (Bernard) Paulus – (Marie) Gelhausen an dem Här Jean Paulus, Brudder vum Här Bernard Paulus.

1976 goung eng Zort “Dornröschenschlaf” fir déi fréier Zéintscheier un. D’Gebai ass wuel net vernoléissegt ginn, mä et war jorzéngtelaang u Privatpersoune verlount.

De 14. Juli 2006 huet de Gemengerot dunn e soug. “Devis estimatif” vun 1.490.950,01 € guttgeheescht, dee vum Architektebüro Jean-Claude Lutz s.à.r.l. vu Lëtzebuerg opgestallt gi war. De Libellé war deen hei: “concernant la restructuration et la revalorisation de la ‘Zéintscheier’ à Grevenmacher” et projette d’y installer “’l’Internet Stuff’, des locaux pour le CRIAJ, des locaux pour l’ALJ (“Action Locale pour Jeunes”) ainsi qu’un logement de service.” D’Entscheedung, fir de CRIAJ an d’Zéintscheier ze huelen, war vum deemolege Buergermeeschter Roby Stahl geholl ginn.

E puer Méint méi spéit, de 6. Mäerz 2007, gëtt de Gemengerot e positivt Gutachten of an hëlt d’Propositioun vum Schäfferot un, fir d’Zéintscheier als Nationalmonument klasséieren ze loossen, mat dësem Hiwäis: “en constatant les éléments à sauvegarder (la cave voûtée, l’escalier en colimaçon et l’encadrement de diverses fenêtres)”. De Regierungsrot seet den 13. November 2009 säi Jo zu där Demande.

An der Tëschenzäit hat den Architektebüro, dee mat der Restauratioun vun der Zéintscheier betraut war, Faillite gemaach, an et huet erëm bis 2010 gedauert, éiert eppes geschitt ass. Du ass de Restaurateur Thomas Lutgen chargéiert ginn, fir eng “restauratorische Bestandserfassung” vun der Zéintscheier ze maachen, wat vu Mee bis Juli 2010 geschitt ass, zesumme mat der Historikerin Marzena Kessler. An deem ganz kompletten Inventar ginn ë. a. eng ganz Partie Ännerungen um Gebäi festgestallt.

E bedeitende Projet, dee laang dauere wäert

Schliisslech gëtt “ARK Architekt Kugener” vu Gréiwemaacher mat dem Projet “Zéintscheier” betraut, an den 22. September 2011 approuvéiert de Gemengerot deen entspriechenden Devis an engem Montant vun 2.769.386,33 €. Et ass also vun 2012 un, wou e bedeitende Projet Form unhëlt.

An de Joren 2012 an 2013 leet d’Christiane Bis-Worch, Conservatrice am “Service d’archéologie médiévale et postmédiévale” am CNRA, d’Gruewungen an d’Fouillen, déi duerchgefouert ginn, an den 22. Oktober 2013 kënnt déi deemoleg Kulturministerin Octavie Modert sech déi Fouillen ukucken. Am Pressecommuniqué, dee vum Christiane Bis-Worch a vun der Kulturschäffin Monique Hermes zesummegestallt gëtt, heescht et ë. a., datt Mauere vun onbekannte Fëllementer am Gaart ausgegruewe gi sinn. “Les murs ont pu être datés au 13e siècle d’après les céramiques y découvertes”, steet doran. An och nach, datt dat iwwerenee stëmme géif mat der Joreszuel 1290, wéi den Hari VII (1275-1313), Grof vu Lëtzebuerg, Haiser, Scheieren, Kelleren a Kelteren tëscht sengem “Schlass” an der Diddenhuewener Paart opkaaft hätt, fir säi Schlass ze vergréisseren, dat no bei der Kierch St-Laurent louch, also matzen a Maacher!

“Les structures récemment mises au jour, y compris une cave abandonnée inédite découverte sous la cave existante du 17e siècle pourraient donc théoriquement appartenir à ce complexe”, heescht et am Communiqué.

Baussent dem Gebai goufen och nach eng Zetär beim Trapentur an e grousse Pëtz am Agank vum Gaart fonnt, déi zum Gebai aus dem 17. Jorhonnert gehéiert hunn.
An da kënnt nach eppes Intressantes un d’Dagesliicht, nämlech e Lineal, deen ee béie kann, d. h. e Moossinstrument vun 30,48 cm, dat a 24 “demi-pouces”, resp. an 12 “pouces” agedeelt ass. (1 “pouce” sinn 2,54 cm.) Dat Instrument gouf an enger Couche Steng fonnt, déi däitlech méi al ass, wéi 1635, wat drop hin deit, dat op dëser Plaz scho virun deem Datum eng Zéintscheier stoung!

An elo kënne mer soen: “Was lange währt, wird endlich gut!” D’Fouillen hunn däitlech gemaach, dass d’Zéintscheier vu 1635 net dat éischt Gebai op där Plaz war, an d’Aarbechte fir d’Restauréierung ware virbereet. Elo konnten déi Aarbechten definitiv ufänken. Si sollten net ëmmer einfach sinn…D’Soumissioun ass de 25. Abrëll 2014 opgemaach ginn, an Enn 2017 konnt déi herrlech restauréiert Zéintscheier déi Jonk vum CRIAJ ophuelen!

Bei der Aweiung, de 4. Dezember 2017, konnt de Maacher Député-maire Léon Gloden dem Educatiounsminister Claude Meisch an deene ville Gäscht e ganz réusséierte Projet presentéieren, deen ëm déi 2,5 Milliounen Euro kascht huet. Subventionéiert gouf de Projet vun de Ministèrë vun der Kultur an der Educatioun a vum europäesche Programm FEDER, an en ass realiséiert ginn anenker Zesummenaarbecht mat dem “Service des Sites et Monuments Nationaux”, well eis Zéintscheier jo e “monument classé” ass.

Looss mer schlussendlech drop hiweisen, datt déi ganz vill Jonker, déi regelméisseg an de CRIAJ kommen, an och hir Responsabel, ganz houfreg sinn, fir däerfen an engem vun deene prestigiéiste Gebaier vu Maacher ze “wunnen”. De Keller huet d’Gemeng gehal fir verschidde Manifestatiounen. Hei kann en och ënner Glas d’Verwëllef vun deem fréiere Keller gesinn, dat Zeien ass vun där laanger, intressanter a bewegter Geschicht vun de Maacher Zéintscheier.

Monique Hermes, Kulturschäffin, 14.03.2018

Déi restauréiert Maacher Zéintscheier, fotograféiert vum Alain Goedert (C) am Februar 2018

page8image1581117008

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.