{"id":36350,"date":"2022-05-31T15:32:19","date_gmt":"2022-05-31T13:32:19","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/dee-leschte-landriichter-vu-greiwemaacher-francois-de-baxeras-a-sain-nolooss\/"},"modified":"2024-08-20T11:39:47","modified_gmt":"2024-08-20T09:39:47","slug":"dee-leschte-landriichter-vu-greiwemaacher-francois-de-baxeras-a-sain-nolooss","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/dee-leschte-landriichter-vu-greiwemaacher-francois-de-baxeras-a-sain-nolooss\/","title":{"rendered":"Dee leschte Landriichter vu Gr\u00e9iwemaacher, Fran\u00e7ois de Baxeras, a s\u00e4in Nolooss"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<strong>An der Muselmetropol Gr\u00e9iwemaacher sinn eng Partie \u00ebffentlech Gebaier a Siten op der L\u00ebscht vun eisen Nationalmonumenter: <\/strong>De Buerggruef, den \u201cHuelen Zant\u201d, d\u2019Z\u00e9intscheier, d\u2019Kr\u00e4izkapell mam Kr\u00e4izerbierg, d\u2019Parkierch mat hirem Festungstur, d\u2019Osburg-Haus mam Osburg-Gaart an de Juddekierfecht. Si all hunn eng ganz interessant Geschicht, op d\u00e9i et derw\u00e4ert ass, anzegoen.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36275&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<strong>Eng ganz besonnesch Geschicht<\/strong> huet och dat Nationalmonument, wat uewen an der Opl\u00ebschtung feelt, n\u00e4mlech <strong>d\u2019Parhaus (Dechenshaus)<\/strong> an der L\u00ebtzebuerger Strooss. Dat herrschaftlecht W\u00ebnzerhaus <strong>aus dem Joer 1708 <\/strong>ass z\u00ebnter 2017 klass\u00e9iert \u2013 zesumme mam Kaplounshaus a mat dem Gaart, deen derzou geh\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u00ebst besonnescht Haus hat um Enn vum 18. Jorhonnert <strong>e ganz besonnesche Bewunner: de Fran\u00e7ois de Baxeras, dee ganz onbel\u00e9ifte leschte Landriichter vun der Landriichterei<\/strong> \u2013 oder Propstei \u2013 Gr\u00e9iwemaacher.<\/p>\n<p>\u00c9iert mer op d\u00ebse spezielle Personnage a seng Spiichten aginn, muss een e b\u00ebsse m\u00e9i w\u00e4it aushuelen an <strong>der Geschicht vun der Muselstiedchen.<\/strong><\/p>\n<p><strong>E Riichter fir Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> war der Uertschaft un der Musel schonn 1252 zougestan ginn, w\u00e9i de L\u00ebtzebuerger Grof Hari V. \u2013 de Blonden \u2013 hir d\u2019Fr\u00e4iheet geschenkt huet. Am Ufank gouf e vum Grof genannt a m\u00e9i sp\u00e9it vun de Bierger gewielt.<\/p>\n<p>Schonn <strong>zur Z\u00e4it vun der Gr\u00e4fin Ermesinde<\/strong>, also vum Hari V. senger Mamm, <strong>war de Propst de Stellvertrieder vum Grofenhaus<\/strong> an hat e best\u00ebmmt Gebitt ze verwalten. Hie gouf vum Grof oder sp\u00e9ider vum Grondh\u00e4r ernannt. Seng Plaz war net ierflech, an hie konnt zu jidder Z\u00e4it ofgesat ginn. Nieft dem Propst gouf <strong>et de Grondh\u00e4r an den Hougeriichtsh\u00e4r oder Landriichter.<\/strong> D\u2019Propstei oder Landriichterei Gr\u00e9iwemaacher hat esou en Hougeriichtsh\u00e4r oder Landriichter \u2013 wuelverstan <strong>nieft dem Stadriichter,<\/strong> dee just fir d\u2019Uertschaft zoust\u00e4nneg war.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Zu d\u00e4r grousser Propstei Gr\u00e9iwemaacher hu laang Z\u00e4it <strong>iwwer 40 Dierfer an H\u00e4ff d\u00ebs- an d\u00e9is\u00e4it vu Musel a Sauer<\/strong> geh\u00e9iert. A keen aneren ew\u00e9i de Sonnekinneg Louis XIV. hat d\u2019Organisatioun vun de Propsteien Enn des 17. Jorhonnerts duerch en Edikt nei gereegelt, an <strong>elo konnte se och verierft an esouguer verkaaft ginn.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36277&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]Schonn am 17. Jorhonnert war <strong>d\u2019Herrschaft Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> \u2013 an domat d\u2019Landriichterei <strong>un d\u2019Famill de Vigny<\/strong> komm. De G\u00e9rard Joseph von Wickersloth huet 1758 d\u2019Landriichterei duerch Testament vu senger Grousstatta, der Anne-Claire de Vigny, eng gebueren de Wecker(t), geierft.<\/p>\n<p>An domat komme mer bei <strong>de Franz de Baxeras<\/strong>. Hie war en ausgedingte Kapit\u00e4n aus dem \u00e9isterr\u00e4ichesche Regiment de Clerfayt, an <strong>huet d\u2019Landriichterei Gr\u00e9iwemaacher de 5. Juli 1777 fir 4.000 \u201cNavarra-Daler\u201d <\/strong>\u2013 dat ware S\u00eblwerm\u00ebnzen \u2013 vum Baron de Wickersloth <strong>kaaft.<\/strong> Dee sech awer d\u2019Recht behal huet, den Tittel vun engem Grof zu Maacher weiderzef\u00e9ieren an de Stadwopen ze notzen.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Zum Grondeegentum hunn deemools en Haus an och <strong>L\u00e4nnereien am Nordweste vu Maacher <\/strong>geh\u00e9iert,<strong> d\u00e9i als \u201cBaxeras-G\u00e4ert\u201d an d\u2019Geschicht agoe sollten.<\/strong><\/p>\n<p>Een Deel vun d\u00ebse G\u00e4ert war <strong>ugeluegt gi vum Landriichter<\/strong> Wolfgang-Henri-Ferdinand <strong>de Jardin<\/strong>, deem vun 1750 bis 1763 d\u2019Propstei Gr\u00e9iwemaacher \u00ebnnerstan huet. Hien hat och dee majest\u00e4tesche Buer mat der \u00c9ierentrap an der Muttergottessail ulee\u00eb gelooss.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36279&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36281&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]De Franz de Baxeras huet also mat senger Fra, der Catherine de Jardin, enger Duechter vum fr\u00e9iere Landriichter, <strong>vu 1777 bis 1795 am Baxeras-Haus<\/strong> gewunnt. Hien huet sech doran <strong>an Joer 1779 e pr\u00e4chtege W\u00e4ikeller ugeluegt<\/strong>, dee virun e puer Joer vum j\u00ebtzegen Deche Claude Bache, deen m\u00ebttlerweil iwweregens och W\u00ebnzer ass, zu neiem Liewen erw\u00e4cht gouf \u2013 d\u2019Joreszuel op der h\u00eblzen Dunn ass ganz s\u00e9cher historesch&#8230;[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]Folgendes ass an der Schr\u00ebft ze liesen:<\/p>\n<ul>\n<li>Den de Baxeras h\u00e4tt <strong>d\u2019Maartbaach <\/strong>\u2013 d\u00e9i aus dem Kundel d\u2019Groussgaass erofgelaf ass a bei engem Brand Waasser gespent huet \u2013 <strong>op seng Millen ofleede gelooss<\/strong>&#8230; (D\u2019de Baxeras-Millen, sp\u00e9ider Schuerensmillen, louch \u00ebnner dem sougenannten \u201cHuelen Zant\u201d un der Rouderbaach; et kann een haut nach laanscht dat renov\u00e9iert Haus tr\u00ebppelen).<\/li>\n<li><strong>Aus de Gemengeb\u00ebschter<\/strong> h\u00e4tt de Landriichter <strong>a sengem Numm Holz verkafe gelooss<\/strong> an de Profitt ages\u00e4ckelt.<\/li>\n<li>Hien h\u00e4tt <strong>Gemengel\u00e4nnereie als s\u00e4in Eegentum <\/strong><\/li>\n<li>Hien h\u00e4tt <strong>bei Klappjuegden d\u2019Bierger w\u00e9i Sklave m\u00ebssbraucht <\/strong>an domat g\u00e9int d\u2019Juegdgesetz gehandelt, etc., etc.<\/li>\n<\/ul>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36285&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]W\u00e9i den de Baxeras 1795 h\u00e9ich versch\u00eblt gestuerwen ass, huet seng Wittfra sech an d\u2019Stad zr\u00e9ckgezunn. D\u2019Haus, resp. d\u00e9i 2 Haiser an der L\u00ebtzebuerger Strooss si verkaaft ginn, an hunn \u00ebm 1870 enger Famill Schneider-Muller geh\u00e9iert. <strong>Vun der Wittfra Clara Schneider-Muller huet d\u2019Kierchefabrik schliisslech ufanks der 1890er Joren,<\/strong> zur Z\u00e4it vum <strong>Deche Nic. Post,<\/strong> d\u2019Haus, dat nach restaur\u00e9iert gi war, kaaft, w\u00e9i op engem St\u00e9ck Holz ze liesen ass, dat bei d\u00e4r leschter grousser Restauratioun 2014 an 2015 vun der Gemeng an der Kierchefabrik zesumme mam \u201cService National des Sites et Monuments\u201d gemaach ginn ass, an enger Mauer er\u00ebm fonnt gouf.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<strong>Dee ganze Komplex \u2013 Haus, Annexen a Gaart \u2013 huet deemools 21.000 Gold-Frange kascht.<\/strong> Bis zu deem Z\u00e4itpunkt huet vill m\u00e9i e klengt Parhaus zu de Gebailechkeete vun de Franziskanerinne geh\u00e9iert an et louch an der Spidolstrooss, d\u00e9i deemools dofir och Paschtoueschgaass geheescht huet. Esou ass d\u2019Strooss och op ale Pl\u00e4ng vu Maacher agedro. Schonn de Virg\u00e4nger vum Deche Post, den Deche Stephan Mersch, hat de Wonsch no engem bessere Parhaus ge\u00e4ussert. Schliisslech war Maacher jo <strong>z\u00ebnter 1820 Dekanatshaaptuert.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;36287&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<strong>A wat bleift vum Franz de Baxeras zu Gr\u00e9iwemaacher? Ma d\u2019Baxeras-G\u00e4ert \u2013 oder och de Baxeras-Gaart \u2013 am Nordweste vun der Alstad. Dora stinn haut Gebailechkeete vun de Franziskanerinnen, d\u00e9i z\u00ebnter 1869 \u2013 also m\u00e9i w\u00e9i 150 Joer! \u2013 zu Maacher wierken an d\u00e9i engem ganz onbel\u00e9ifte Landriichter ganz liicht Paroli bidde k\u00ebnnen! M\u00e4 dat ass wuel e Kapitel fir sech&#8230;<\/strong><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p style=\"text-align: right;\">\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0 <strong>Monique Hermes \u2013 November 2020 (update: 17.05.2022)<\/strong><\/p>\n<p><strong>\u00a0<\/strong><\/p>\n<p><strong>Quellen:<\/strong><\/p>\n<ul>\n<li><strong>\u201eVon K\u00f6nig Ludwig XIV. zu Kaiser Franz II. \u2013 Aus der Geschichte der Propstei und Hochgerichtsbarkeit Grevenmacher im 18. Jahrhundert\u201c, von Alphonse Sprunck, in \u201eGrevenmacher 1252-1952 La Bonne Ville \u2013 Festschrift zur 700 Jahrfeier des Freiheitsbriefes\u201c.<\/strong><\/li>\n<li><strong>\u201e750 Joer Fr\u00e4iheeet fir Gr\u00e9iwemaacher \u2013 D\u2019Par m\u00e9cht mat\u201c, Beitrag von Jean Welter zum Thema \u201eReligi\u00f6se Spuren in und um Grevenmacher\u201c.<\/strong><\/li>\n<li><strong>Dechant Emile Weyer in \u201eLaurentius-Pfarrblatt der Pfarrei Grevenmacher, Weihnachten 1990\/Neujahr 1991\u201c.<\/strong><\/li>\n<li><strong>\u201eAus der interessanten Geschichte des Grevenmacher Dechantenhauses\u201c, eine Zusammenfassung und Erg\u00e4nzung des ersten Beitrags, von m.h., in \u201e750 Joer Fr\u00e4iheet fir Gr\u00e9iwemaacher \u2013 D\u2019Par m\u00e9cht mat\u201c.<\/strong><\/li>\n<li><strong>\u201eGeschichtliche Abhandlung \u00fcber die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher\u201c von Philippe Knaff, Luxemburg, 1867.<\/strong><\/li>\n<\/ul>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1654003390878{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]An der Muselmetropol Gr\u00e9iwemaacher sinn eng Partie \u00ebffentlech Gebaier a Siten op der L\u00ebscht vun eisen Nationalmonumenter: De Buerggruef, den \u201cHuelen Zant\u201d, d\u2019Z\u00e9intscheier, d\u2019Kr\u00e4izkapell&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":36276,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-36350","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-06 18:08:10","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/36350","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=36350"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/36350\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":63736,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/36350\/revisions\/63736"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/36276"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=36350"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=36350"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=36350"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}