{"id":35770,"date":"2022-05-04T07:53:47","date_gmt":"2022-05-04T05:53:47","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de-georgely-alias-georg-weyer-vu-greiwemaacher\/"},"modified":"2024-08-20T11:39:20","modified_gmt":"2024-08-20T09:39:20","slug":"de-georgely-alias-georg-weyer-vu-greiwemaacher","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/de-georgely-alias-georg-weyer-vu-greiwemaacher\/","title":{"rendered":"De Georgely \u2013 alias Georg Weyer \u2013 vu Gr\u00e9iwemaacher"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]Zu Maacher ass <strong>de Blannen Theis<\/strong> e Begr\u00ebff, ganz besonnesch z\u00ebnter 1991, wou een dem Wil Lofy s\u00e4i gelongent Monument vum B\u00e4nkels\u00e4nger am Agank vun der Foussg\u00e4ngerzon bewonnere kann. Vu Maacher k\u00ebnnt awer nach eng weider landbekannt Pers\u00e9inlechkeet, n\u00e4mlech <strong>de Georgely<\/strong>, gelee\u00ebntlech och alt emol \u201cSchorscheli\u201d oder \u201cSchorschelchen\u201d genannt.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Als <strong>Georg Weyer<\/strong> koum hie freides, den 13. Oktober 1848 als 3. vun n\u00e9ng Kanner an der Muselstiedchen op d\u2019Welt. Nom Franz Schwab w\u00e4r dat <em>um Eck vum Stued, no bei eiser Muselbr\u00e9ck<\/em>, gewiescht. Nach dee selwechten Dag sollt hien an der Parkierch gedeeft ginn.<\/p>\n<p>Och als Erwuessene war hien n\u00ebmmen <em>\u00ebm d\u00e9i 85 cm grouss<\/em> an huet als klengste M\u00ebnsch vun der Welt gegollt. Wuel d\u00e9i plausibelst Erkl\u00e4rung fir seng Beh\u00ebnnerung ass d\u00e9i, datt en als klengt Kand d\u00e9i soug. \u201cEnglesch Krankheet\u201d hat, an datt s\u00e4i Wuesstem doduerch gebremst ginn ass.<\/p>\n<p>De Georgely huet s\u00e4i ganzt Liewe fir sech selwer gesuergt, hin ass <strong>als \u201cFahrender Musikant\u201d<\/strong> duerch d\u2019Land gezunn.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35758&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35760&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]An der <em>Obermosel-Zeitung vum 6. November 1886<\/em> ass d\u00ebs Annonce ofgedr\u00e9ckt:<\/p>\n<p><em>An meine Freunde und G\u00f6nner!<\/em><\/p>\n<p><em>m\u00f6chte ich die unterth\u00e4nigste Bitte stellen, so freigiebig sein zu wollen, mir gelegentlich einen Beitragspfennig beisteuern zu wollen zur Tilgung meiner gro\u00dfen Schuld, welche ich gezwungen ward, machen zu lassen, an meiner Drehorgel, welche mein ganzes Verm\u00f6gen repr\u00e4sentiert und welches Geld mir aus mildth\u00e4tigen H\u00e4nden vorgestreckt wurde. Irrth\u00fcmlicher Weise wurde das Ger\u00fccht verbreitet, ich sei verm\u00f6gend und der Almosen nicht bed\u00fcrftig.<br \/>\nAchtungsvoll<br \/>\nGeorg Weyer aus Grevenmacher.<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]De Jean Welter huet bei sengen Nofuerschungen erausfonnt, datt de Georgely <strong>w\u00e9instens 3 d\u00e4r Dr\u00e9iuergelen noeneen <\/strong>hat<strong>,<\/strong> wann net nach m\u00e9i. Si waren entweder op d\u2019Gestell vun enger Kannerkutsch mont\u00e9iert oder se hate selwer Rieder. 1891, den 11. September, steet z. B. an der Obermosel-Zeitung:<\/p>\n<p><em>Eine noch fast neue franz\u00f6sische Drehorgel mit zwei Walzen, 16 h\u00fcbsche St\u00fccke spielend und 70 Pfund wiegend, nebst einem gut erhaltenen W\u00e4gelchen und einem dressierten treuen Hunde steht ganz billig zu verkaufen, im Ganzen oder st\u00fcckweise bei Georg Weyer in Grevenmacher.<\/em><\/p>\n<p>Eent vum Georgely sengen Instrumenter konnt op enger Postkaart identifiz\u00e9iert ginn: <em>Ignaz Bruder &amp; S\u00f6hne, Waldkirch (am Schwarzwald \u2013 hei si bis 1933 an engem Familljebetrib Dr\u00e9iuergele gebaut ginn).<\/em> Eng vu sengen Dullemajiken, h\u00e4tt hien esouguer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid <em>(1912-1919 Groussherzogin vu L\u00ebtzebuerg) <\/em>geschenkt kritt, heescht et. D\u00ebs Dullemajik war eng \u201cKlingenthal\u201d.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Wa <em>Schueberfouer oder Oktav an der Stad<\/em> war, konnt een de Georgely all Dag gesinn, no beim Park zur Fouerz\u00e4it an \u00ebnne bei der Trap fir op de Knuedler zur Oktavz\u00e4it. Hie w\u00e4r jidderengem sympathesch gewiescht, besonnesch d\u2019Kanner h\u00e4tten hie g\u00e4r gehat, schreift de <em>Franz Schwab.<\/em><\/p>\n<p>Wann de Georgely mat senger Dullemajik vun Uertschaft zu Uertschaft gezunn ass, huet e wuel zum dacksten <strong>op den Zuch zr\u00e9ckgegraff.<\/strong> Dat beweist <em>eng Postkaart vun \u00ebm 1900<\/em>, vun der Gr\u00e9iwemaacher Gare, mam Zuch a mat enger Partie Leit drop, dor\u00ebnner de Georgely an der \u00e9ischter Rei a seng Dr\u00e9iuergel e b\u00ebssen hannendrun. S\u00e4in Instrument huet e m\u00e9is\u00e9ileg viru sech hier geschubst, oder en ass vun engem Hond als Zuchd\u00e9ier \u00ebnnerst\u00ebtzt ginn.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35762&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35764&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Et ass och bekannt, datt et <strong>op d\u2019mannst v\u00e9ier Postkaarte<\/strong> vum Georgely gouf. Hien h\u00e4tt d\u00ebs Kaarte mat sengem Konterfei drop selwer erausginn a verkaaft, fir esou e puer Sou m\u00e9i ze hunn. Eng vun deene Postkaarte mam Poststempel vum <em>25. Januar 1905<\/em> (Sammlung Carlo Jager, Gr\u00e9iwemaacher), dr\u00e9it d\u2019Opschr\u00ebft:<\/p>\n<p><em>Georg Weyer, geboren im Jahre 1848 zu Grevenmacher, Gro\u00dfherzogtum Luxemburg, w\u00e4hrend 7 Jahren mit Gicht behaftet und w\u00e4hrend 18 Jahren mit Blindheit geschlagen und dabei in keinem Besitz von Verm\u00f6gen.<\/em><\/p>\n<p>Eng aner Postkaart, ongestempelt, d\u00e9i <em>\u00ebm 1912<\/em> erauskoum, (Sammlung Carlo Jager, Gr\u00e9iwemaacher), huet Opschr\u00ebft: <em>Georg Weyer Grevenmacher 64j\u00e4hriger, fast g\u00e4nzlich erblindeter Kr\u00fcppel ohne Verm\u00f6gen noch Existenzmittel. Geboren 1848. <\/em>An dat selwecht och op Frans\u00e9isch.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]Op enger weiderer ongestempelter Postkaart, d\u00e9i \u00ebm 1922 erauskoum, (Sammlung Carlo Jager, Gr\u00e9iwemaacher), steet op Frans\u00e9isch an op D\u00e4itsch: <em>\u201cDer kleinste und \u00e4lteste Greis der Welt, Georg Weyer, 74 Jahre alt, geb. in Grevenmacher (Gro\u00dfherzogtum Luxemburg) am 13. Okt. 1848. H\u00f6he: 85 cm.<\/em><\/p>\n<p>Mat d\u00ebse Postkaarten, awer och mat Reklammen an der Obermoselzeitung an am \u201cLuxemburger Wort\u201d, huet de Georgely op sech opmierksam gemaach \u2013 haut g\u00e9ife mer dat <em>\u201cpublic relations\u201d<\/em> nennen. Esou stoung am August 1909 am \u201cLuxemburger Wort\u201d:<\/p>\n<p><em>Achtung! Telegramm! Achtung!<\/em><\/p>\n<p><em>Wie allj\u00e4hrlich, so wird auch dieses Jahr der kleine \u201cSchorschelchen\u201d mit seiner Drehorgel seinen Stand auf dem Schoberme\u00dfplatze einnehmen. Er bittet daher alle Me\u00dfbesucher, zur Linderung seiner gro\u00dfen Armut, in der er sich momentan befindet, doch ein Scherflein beitragen zu wollen unter Verabfolgung einer kleinen Gabe, wodurch ein Werk der Barmherzigkeit ausge\u00fcbt wird. Der liebe Gott wird es dereinst vergelten!\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0 Der kleine \u201cSchorschelchen\u201d, alt 61 Jahre.<\/em><\/p>\n<p><strong>De Georg Weyer ass den 13. Februar 1924 op der Rhum gestuerwen, wou en n\u00ebmmen eng kuerz Z\u00e4it war.<\/strong> D\u00e9i Deeg duerno gouf s\u00e4in Doud an de L\u00ebtzebuerger Dageszeitunge bekannt gemaach.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Z\u00ebnter deem groussen Open-Air Spektakel <strong>\u201cMaacher Fr\u00e4iheet 2002\u201d<\/strong> huet de Georgely regelm\u00e9isseg seng Optr\u00ebtter bei verschiddene Fester zu Gr\u00e9iwemaacher, an zwar mat senger Dullemajik, (d\u00e9i e gudde Fr\u00ebnd, him fir de Maacher Fakelzuch 2018 esouguer nogebaut hat!!!)<\/p>\n<p><em>Georgely, Georgely, dr\u00e9i, dr\u00e9i dr\u00e9i bis morie fr\u00e9i, dr\u00e9i nach dr\u00e9i nach puer Tir, mir s\u00eb b\u00e4i dir, mir s\u00eb b\u00e4i dir!<\/em><\/p>\n<p>Esou hat de <em>Georges Urwald vu Gr\u00e9iwemaacher<\/em> (* 1971) 2002 fir hie gedicht a kompon\u00e9iert. D\u2019Lidd sollt en Ouerewuerm ginn, an de Georgely tr\u00ebtt m\u00ebttlerweil dacks a g\u00e4r mam lokale <em>Musekstheaterver\u00e4in Rh\u00e4ifr\u00e4nsch<\/em> (och \u201ce Kand\u201d vun 2002) op, z. B. bei de Fakelzich 2014 an 2018&#8230; 2007 hat hien et esouguer bis bei d\u2019Maacher Kr\u00ebppchen an der deemoleger Dekanatskierch gepackt, dat dank der Kreativit\u00e9it vum Bernard Paulus! An am Juli 2022 ass hie m\u00e9i w\u00e9i s\u00e9cher derb\u00e4i, wann de Goethe er\u00ebm op Maacher k\u00ebnnt&#8230;<\/p>\n<p>W\u00e9i 2015\/2016 d\u2019Buch <strong>\u201cGr\u00e9iwemaacher. Mein Gemeen\u201d<\/strong> zesumme mat \u201c\u00e9ditions revue\u201d geplangt ginn ass, a w\u00e9i no enger Maskottche fir d\u00ebst Buch gesicht gouf, war et fir d\u00e9i dr\u00e4i Auteure Monique Hermes, Emile Krier a Carlo Weber an och fir den Zeechner Tomislav Findrik ganz s\u00e9ier selbstverst\u00e4ndlech, dass d\u00ebs K\u00e9ier net de Blannen Theis, <strong>m\u00e4 de Georgely mat senger Dr\u00e9iuergel<\/strong> duerch d\u2019Buch f\u00e9iere sollt.<\/p>\n<p>De Georges Urwald l\u00e9isst de Georgely am Ufank vum Buch esou zu Wuert kommen:<\/p>\n<p><em>Georgely, Georgely, dr\u00e9i!\u00a0\u00a0\u00a0\u00a0 E goude Morrien alleguer!<\/em><\/p>\n<p><em>Ech s\u00ebnn de Georgely. Landbekannt s\u00ebnn ech ginn dorrech mein Dr\u00e9iorriel. Ech hat d\u00e4r Instrumenter e puer an hunn op flotte Plazen drop gespillt \u2013 op de Schueberfouer, um Oktavm\u00e4ertchen, op K\u00ebrm\u00ebssen, M\u00e4ert an anere Fester. Et s\u00ebnn och Postkoarte vu mir mat meiner Lantermajik <\/em><em>(Dullemajik ass m\u00e9i richteg!)<\/em><em>gemaach ginn. Gestorwe s\u00ebnn ech den 13. Februar 1924 op de Rumm an der Stad.<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35766&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<em>Haut begleeden ech Eech, l\u00e9if grouss a klee Leit, dorrech d\u00ebst Bouch iwwer \u201cMaacher. Mein Gemeen.\u201d Et woar jo och mein Gemeen. Se huet vill ze b\u00e9iden. A se ass mat de Z\u00e4it vill m\u00e9i grouss a vill m\u00e9i modern ginn.<\/em><\/p>\n<p><em>Kommt, kuckt a liest mat mir! Vu fr\u00e9ier a vun haut. Et g\u00ebtt flott!<\/em><\/p>\n<p><em>\u00c4re Georgely<\/em><\/p>\n<p>Domat krut eise Georgely wuel d\u00e9i bleiwend Er\u00ebnnerung, zu d\u00e4r deen onermiddleche Maacher Fuerscher Jean Welter (1935-2006) eegentlech den Ustouss ginn hat.<\/p>\n<p><strong>Monique Hermes<\/strong><\/p>\n<p><strong>\u00a0<\/strong><\/p>\n<p><strong>Quellen:<\/strong><\/p>\n<ul>\n<li><strong>Franz Schwab: <\/strong>De Georgely \u2013 Eis Sprooch Nr. 6 \/ 1975.<\/li>\n<li><strong>Jean Welter:<\/strong> Auf den Spuren des \u201cGeorgely\u201d (Georg Weyer, 1848-1924) \u2013 150 Joar Maacher Gesangver\u00e4in 1848-1998.<\/li>\n<li><strong>Monique Hermes, Emile Krier, Carlo Weber:<\/strong> Gr\u00e9iwemaacher Mein Gemeen \u2013 \u00e9ditions revue, 2016.<\/li>\n<\/ul>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1651643057310{margin-bottom: 69px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]Zu Maacher ass de Blannen Theis e Begr\u00ebff, ganz besonnesch z\u00ebnter 1991, wou een dem Wil Lofy s\u00e4i gelongent Monument vum B\u00e4nkels\u00e4nger am Agank vun&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":35761,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-35770","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-06 19:10:03","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35770","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=35770"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35770\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":63734,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35770\/revisions\/63734"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/35761"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=35770"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=35770"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=35770"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}