{"id":35124,"date":"2022-03-30T12:52:49","date_gmt":"2022-03-30T10:52:49","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/dpeiter-osburg-haus-zu-greiwemaacher-i\/"},"modified":"2024-08-20T11:38:37","modified_gmt":"2024-08-20T09:38:37","slug":"dpeiter-osburg-haus-zu-greiwemaacher-i","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/dpeiter-osburg-haus-zu-greiwemaacher-i\/","title":{"rendered":"D\u2019P\u00e9iter-Osburg-Haus zu Gr\u00e9iwemaacher (I)"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1648637338034{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h5><strong><u>La Maison d\u2019Osbourg<\/u><\/strong><strong>, jadis Hospice civil de la Ville de Grevenmacher, aujourd\u2019hui Ecole de Musique \u00e0 vocation regionale, <u>avec son jardin<\/u><\/strong>, <strong>inscrits au cadastre de la commune de Grevenmacher, section A de Grevenmacher, sous les num\u00e9ros 831\/5812 et 832\/1120, appartenant d\u2019apr\u00e8s l\u2019extrait cadastral \u00e0 \u201cGrevenmacher, l\u2019hospice\u201d.<\/strong><\/h5>\n<p><strong>B\u00e9n\u00e9ficie d\u2019une protection nationale depuis le 21 juin 2017.<\/strong><\/p>\n<p><strong>\u00cbm 1400<\/strong> wunnt <strong>den Edelmann<\/strong> (Krieger, Ritter) <strong>P\u00e9iter vun Osburg zu Gr\u00e9iwemaacher.<\/strong> Hie staamt aus d\u00e4r d\u00e4itscher Uertschaft Osburg bei Hermeskeil. Wahrscheinlech well e sech mat enger r\u00e4icher Gr\u00e9iwemaacher Biergerin bestuet hat, hat hien d\u2019Biergerrecht an der Muselstiedche kritt. Hie soll och ganz h\u00e9ich an der Gonscht vum Herzog Wenzel II. (1361-1419) gestan hunn, deen him eng Partie Privilegien zougestan hat.<\/p>\n<p><strong>1418<\/strong> (am Oktober) verm\u00e9cht d\u00ebse P\u00e9iter vun Osburg <strong>per Schenkungsurkunde<\/strong> <strong>seng gesamt Gidder zu Maacher der Stad Gr\u00e9iwemaacher<\/strong>, mat der Oplo, dass en Haus fir d\u00e9i Arem \u2013 e sougenannt <strong>Biergerspidol oder Zivilhospiz<\/strong> \u2013 a sengem Haus <strong>no bei der Tr\u00e9ierer Paart<\/strong> entstoe soll an dass doran och en Altor gebaut gi soll, fir Gottesd\u00e9ngschter ofzehalen. D\u00ebst Dokument, dat <strong>vun de Gr\u00e9iwemaacher Sch\u00e4ffen entg\u00e9intgeholl ginn ass a vum Gouverneur vu L\u00ebtzebuerg best\u00e4tegt<\/strong> <strong>gouf,<\/strong> louch bis zum 2. Weltkrich am Pararchiv vu Gr\u00e9iwemaacher. D\u2019Haus, wat deemools scho bestan hu muss, h\u00e4tt \u00ebnner dem Schutz vum hellege Georg, dem Patroun vun de Ritter, gestan, schreift den Adolf Berens.<\/p>\n<p><strong>1439<\/strong> verm\u00e9cht de P\u00e9iter vun Osburg a sengem <strong>Testament<\/strong> <strong>de ganze Rescht vu sengem Verm\u00e9igen <\/strong>\u201cden Illendigen und Siechen\u201d, d. h. den Aarmen a Kranken, an dr\u00e9ckt ausdr\u00e9cklech de Wonsch aus, <strong>\u201cim spitall zu machern\u201d<\/strong> begruef ze ginn. Dat war wuel geduecht fir an d\u00e4r Kapell, d\u00e9i un d\u2019Haus ugebaut war \u2013 an d\u00e9i deemno 1439 och scho bestan hu muss. Als <strong>Testamentsvollstrecker gouf den deemolege Paschtouer vu Gr\u00e9iwemaacher<\/strong>, e gew\u00ebsse \u201cpeter momp von arls, pastor zu machern\u201d genannt.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35117&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1648637338034{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<strong>De 26. Februar 1439 stierft de P\u00e9iter vun Osburg,<\/strong> a g\u00ebtt virum Altor an der Spidolskierch \u2013 d\u00e9i <strong>der Hellegster Dr\u00e4ifaltegkeet geweit<\/strong> war \u2013 b\u00e4igesat. D\u2019Schr\u00ebft um Graf w\u00e4r gewiescht: <strong><em>\u201cHier liegt der edle und tapfere Kriegsmann (Krieger) (Ritter) Peter von Osburg, welcher starb im Jahre des Herrn 1439 am 26. Februar. Seine Seele ruhe in Frieden.\u201d<\/em><\/strong><\/p>\n<p>Am Joer <strong>1446<\/strong> g\u00ebtt an enger Ordonanz festgehal, datt <strong>d\u2019Verwaltung vum Hospiz<\/strong> <strong>vun den 3 Ges\u00ebschter vum P\u00e9iter vun Osburg gemaach gi soll<\/strong>, dat <strong>no engem Prozess<\/strong>, deen d\u2019Ges\u00ebschter mat der Gemeng gefouert haten. D\u2019Ierwe sinn \u00eb. a. derzou verflicht, op \u00e9iweg Z\u00e4iten <strong>all Woch eng St\u00ebllmass<\/strong> liesen ze loossen, am Spidol \u201c4 bezuge Bette\u201d prett ze halen, fir arem Leit <strong>a Pilger<\/strong>opzehuelen, a verschidden Ofgaben ze maachen. <em>(Bei d\u00ebse Pilger handelt et sech wuel \u00ebm Leit, d\u00e9i vu m\u00e9i w\u00e4it koumen an op de Kr\u00e4izerbierg gepilgert sinn, wat besonnesch an der Karwoch an \u00ebm de 14. September, dem Fest \u201cKreuzerh\u00f6hung\u201d, de Fall war.)<\/em><\/p>\n<p>An engem <strong>Visitatiounsbericht vu 1570<\/strong> g\u00ebtt d\u2019Spidol zu Machern, <strong>besonnesch fir d\u00e9i Arem, <\/strong>dokument\u00e9iert an als <strong>bauf\u00e4lleg<\/strong> duergestallt. Hei geet och Rieds <strong>vun enger Kapell, <\/strong>d\u00e9i ageriicht gi soll. Da w\u00e4r allerd\u00e9ngs virdrun eng Kapell am Hospiz selwer gewiescht, wat net onm\u00e9iglech ass, awer n\u00e9ierens ernimmt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><strong>1705<\/strong> g\u00ebtt a m\u00e9i Dokumenter <strong>d\u2019\u201cAn\u00e4scherung\u201d vu Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> ernimmt, duerch den Amarsch vun den Alli\u00e9ierten am Spueneschen Ierffollegskrich (1701-1714), \u00ebnner dem Philippe V. An enger <strong>Deliberatioun vum Verwaltungsrot vun 1842 <\/strong>g\u00ebtt best\u00e4tegt, datt deemools och <strong>Rechnungsbicher an aner Dokumenter betr. d\u2019Hospiz verbrannt<\/strong> sinn.<\/p>\n<p>Aus de Joresrechnunge vu <strong>1718-1719<\/strong> geet ervir, datt d\u2019Verwaltung vum Hospiz engem <strong>Hospizmeeschter <\/strong>uvertraut war, deen \u2013 wuel fir ee Joer ernannt \u2013 <strong>dem Stadriichter an de Stadsch\u00e4ffe Ried an \u00c4ntwert<\/strong> huet misse stoen. Deemools war d\u2019Haus scho <strong>keen Hospiz am \u00e4gentleche S\u00ebnn m\u00e9i<\/strong>, well an de Joresrechnunge geet Rieds vun engem sougenannte <strong>\u201cMietzins\u201d.<\/strong>Wahrscheinlech sinn d\u00e9i Arem zu deem Z\u00e4itpunkt mat sougenannte <strong>\u201cVerpflegungsgelder\u201d<\/strong>\u00ebnnerst\u00ebtzt ginn.<\/p>\n<p><strong>Ganz wichteg Joren an der Geschicht vum Osburg-Haus sinn d\u2019Jore 1751\/52.<\/strong> D\u00e9i rezent bauhistoresch a restauratoresch \u00cbnnersichungen, d\u00e9i den Diplom-Restaurateur Thomas Lutgen <strong>2016<\/strong>gemaach huet, hunn erginn, datt an deene Joren <strong>en Neibau mat Haapt- an laanggestrecktem Niewegebai <\/strong>entstan ass, \u201c<strong>die mit ihrer Anordnung, Raumabfolgen und Ausstattung die Nutzung als Hospiz wiederspiegeln<\/strong> <strong>und damit die Tradition des im 15. Jahrhundert von Peter von Osburg eingerichteten Hospizstiftes fortf\u00fchren\u201d,<\/strong> w\u00e9i et an den Ausf\u00e9ierungen heescht. <strong>D\u2019Niewegebai kann definitiv als Aarmenhaus ausgewise ginn.<\/strong> Vun esou engem Aarmenhaus geet a kengem eeleren Dokument Rieds, wuel awer, datt d\u2019Osburg-Haus fir d\u00e9i Arem op war. Et geet an Dokumenter just Rieds vun engem klengen Niewegebai riets vun der Kapell.<\/p>\n<p>Et stellt sech och eraus, datt<strong> de verw\u00ebllfte Keller<\/strong>, deen an <strong>16.\/17. Jorhonnert<\/strong> zr\u00e9ckdat\u00e9iert gi kann, an also schonn \u00ebnner engem fr\u00e9iere Bau war, <strong>zu deem eelste Baubestand geh\u00e9iert.<\/strong><\/p>\n<p>Aus der Joresrechnung 1765-1766 vum Gr\u00e9iwemaacher Spidol \u2013 St\u00ebftung P\u00e9iter vun Osburg geet ervir, datt <strong>e gew\u00ebsse Franz Bayet<\/strong> (1723-1776) vu Fr\u00e9iseng, <strong>vu Beruff \u201cAltarist\u201d<\/strong><strong>\u201cHospitalmeister\u201d<\/strong> ass. En Altarist ass e Geeschtlechen, deen n\u00ebmme Masse liest, a soss keng pastoral Aufgaben huet.<\/p>\n<p><strong>Duerch d\u2019Frans\u00e9isch Revolutioun<\/strong> g\u00ebtt d\u2019Maacher Zivilhospiz 1794 esouzesoen opgehuef, an <strong>d\u2019Haus kritt d\u00e9i verschiddenst Best\u00ebmmungen<\/strong>; \u00eb. a. g\u00ebtt et benotzt als Kas\u00e4r vun der beriddener Brigade vun de Gendarmerie, an d\u2019Kierch muss als soug. \u201cDekadentempel\u201d \u00ebnner de Sansculottes \u2013 <em>dat waren d\u00e9i radikal Revolution\u00e4ren<\/em> \u2013 hierhalen.<\/p>\n<p><strong>1812<\/strong> g\u00ebtt <strong>d\u2019Kierch<\/strong>, d\u00e4r hire bauf\u00e4llegen Tur dat Joer drop ofgerappt g\u00ebtt, un de Schmelzh\u00e4r a Buergermeeschter L\u00e9opold Joseph Fabert\u00a0 vu Berbuerg verlount, deen doran <strong>eng Zockerfabrik<\/strong>ariicht.<\/p>\n<p>Am Joer <strong>1820<\/strong> k\u00ebnnt et zu engem <strong>Tosch t\u00ebscht der Verwaltungskommissioun vum Zivilhospiz an der Gemeng Gr\u00e9iwemaacher<\/strong>: d\u2019Kierch an dat klengt Gebai, wat dru st\u00e9isst, ginn elo <strong>Gemengebes\u00ebtz,<\/strong> an et soll <strong>eng Schoul<\/strong> dran ageriicht ginn.<\/p>\n<p>N\u00ebmmen ee Mount virum grousse Brand <strong>1822<\/strong> (am November) g\u00ebtt d\u2019Haaptgebai vum Hospiz, an deem z\u00ebnter 1816 d\u00e9i kinneklech-holl\u00e4nnesch beridde Gendarmerie-Brigade resid\u00e9iert, vum Verwaltungsrot <strong>g\u00e9int Feier vers\u00e9chert<\/strong>.<\/p>\n<p><strong>1824 g\u00ebtt d\u2019Hospizkierch<\/strong>, d\u00e9i nach um Urkadaster, opgestallt t\u00ebscht 1811 an 1832, agezeechent ass, <strong>an e Schoulgebai<\/strong> \u00ebmgewandelt. <strong>Dat Joer g\u00ebtt och d\u2019Graf vum P\u00e9iter vun Osburg a vu senger Famill zerst\u00e9iert a verschw\u00ebnnt spurlos oder jiddefalls ouni siichtbar Spuren ze hannerloossen.<\/strong><\/p>\n<p>W\u00e9i d\u2019Regierung <strong>1846\/47 Sozialb\u00fcroen<\/strong> <strong>an de Gemenge<\/strong> geschaf huet, <strong>ass den urspr\u00e9ngleche S\u00ebnn vum Zivilhospiz definitiv verluergaang.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1648637338034{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35119&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<strong>1884<\/strong> k\u00ebnnt en <strong>neie Mietvertrag<\/strong> t\u00ebscht dem Zivilhospiz an der Gemeng zustan: <strong>D\u2019Gebai g\u00ebtt mat Gaart an Dependenzen als Meederchersschoul an als Wunneng fir d\u2019Schoulschw\u00ebsteren (\u201cDoctrine Chr\u00e9tienne\u201d) verpacht.<\/strong> <em>(D\u2019Schoulschw\u00ebstere ware schonn z\u00ebnter 1857 \u2013 a bis 1980 \u2013 zu Maacher ugesidelt a k\u00ebnnte vun Ufank un am P\u00e9iter-Osburg-Haus gewunnt hunn. Schoul w\u00e4ert am Haus an enger \u00e9ischter Phase bis an 20er Jore vum 20. Jorhonnert gehal gi sinn \u2013 dunn ass d\u2019Prim\u00e4rschoul op der Koppgewan gebaut ginn.)<\/em><\/p>\n<p><strong>1939 g\u00ebtt den Adolf Berens (1880-1956) d\u2019Buch \u201c500 Jahre Zivilhospiz zu Grevenmacher (1439-1939) als Festschr\u00ebft zum 500. Doudesjoer vum St\u00ebfter eraus<\/strong>. An deem Joer k\u00ebnnt <strong>och eng Gedenktafel op Lat\u00e4in un d\u2019Osburg-Haus<\/strong>. Op D\u00e4itsch iwwersetzt de Berens d\u2019Schr\u00ebft esou: <strong>\u201cZum Andenken an den edlen und tapferen Kriegsmann (Ritter) Peter von Osburg, Vater der Armen dieses Ortes, gestorben im Jahre des Herrn 1439 am 26. Februar. Sein Name sei gebenedeit! Im Jahre des Herrn 1939.\u201d<\/strong> Zu d\u00e4r Z\u00e4it kritt den \u00ebnneschten Deel vun der R\u00e9ngmauerstrooss och s\u00e4in heitegen Numm: <strong>\u201crue Pierre d\u2019Osbourg\u201d.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1648637338034{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Enn der 30er Jore vum 20. Jorhonnert entsti <strong>Privathaiser<\/strong> nieft dem \u00e4gentlechen Zivilhospiz. <strong>Dee Bur, deen zum Haus geh\u00e9iert huet steet haut nach do<\/strong>.<\/p>\n<p><strong>No 1980<\/strong> g\u00ebtt d\u2019P\u00e9iter-Osburg-Haus z\u00e4itweileg genotzt, <strong>fir verschidde Schoulklasse vum \u201cMaacher Lyc\u00e9e\u201d<\/strong>, deemools \u201cLyc\u00e9e Technique Joseph Bech\u201d, opzehuelen.<\/p>\n<p><strong>Et geet weider!<br \/>\n<\/strong><strong>Monique Hermes<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;35121&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row equal_height=&#8220;yes&#8220; content_placement=&#8220;middle&#8220; css=&#8220;.vc_custom_1648637338034{margin-bottom: 60px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text] La Maison d\u2019Osbourg, jadis Hospice civil de la Ville de Grevenmacher, aujourd\u2019hui Ecole de Musique \u00e0 vocation regionale, avec son jardin, inscrits au&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":35118,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-35124","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-06 19:09:31","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35124","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=35124"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35124\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":35129,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/35124\/revisions\/35129"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/35118"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=35124"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=35124"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=35124"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}