{"id":34520,"date":"2022-03-04T11:05:36","date_gmt":"2022-03-04T10:05:36","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-ii\/"},"modified":"2024-08-20T11:37:13","modified_gmt":"2024-08-20T09:37:13","slug":"dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-ii","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-ii\/","title":{"rendered":"D\u00e9i Gr\u00e9iwemaacher Z\u00e9intscheier am Laf vun der Z\u00e4it (II)"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row][vc_column][vc_column_text]<\/p>\n<h3>Vum Sp\u00e4icherraum zum herrlech restaur\u00e9ierte Jugend- a Beg\u00e9inungstreff<\/h3>\n<p><strong>Virtrag vum Monique Hermes bei Gelee\u00ebnheet vu <u>\u201cMaacher Oart\u201d<\/u>,\u00a0<\/strong><strong>den 1. an 2. Abr\u00ebll 2018.<br \/>\n<\/strong><strong>Iwwerschafft an erg\u00e4nzt am Februar 2022.<\/strong><\/p>\n<p><strong><u>L\u2019immeuble dit \u201cZ\u00e9intscheier\u201d<\/u><\/strong>, <strong>coin rue de la Poste \/ rue de l\u2019Eglise,\u00a0<\/strong><strong>inscrit au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A,\u00a0<\/strong><strong>sous le num\u00e9ro 910\/6267.<br \/>\n<\/strong><strong>B\u00e9n\u00e9ficie d\u2019une protection nationale depuis le 13 novembre 2009.<\/strong>[\/vc_column_text][vc_row_inner][vc_column_inner][vc_column_text]<\/p>\n<h4>D\u2019Z\u00e9intscheier vum 19. Jorhonnert un<\/h4>\n<p>De Jos. Hurt schreift an engem Artikel, deen 1940 an de <em>\u201cCahiers Luxembourgeois\u201d<\/em> ver\u00ebffentlecht gouf: <em>\u201cCette maison, de forme \u00e9l\u00e9gante, flanqu\u00e9e d\u2019un magasin de d\u00e9p\u00f4ts et portant le mill\u00e9sime 1635, a sans doute \u00e9t\u00e9 remani\u00e9e \u00e0 plusieurs reprises et malheureusement \u201cmodernis\u00e9e\u201d. Ayant servi jusqu\u2019\u00e0 la r\u00e9volution fran\u00e7aise, <strong>elle fut vendue comme bien national<\/strong> et devint la propri\u00e9t\u00e9 de la famille Schoren. Le cadastre de 1824 porte: Schoren Fr\u00e9d. Aubergiste. On doit regretter que le dernier occupant de ce bel immeuble ait cru devoir \u00e9largir les baies des fen\u00eatres finalement moulur\u00e9es et leur faire perdre ainsi cette \u00e9l\u00e9gance architecturale qui caract\u00e9rise l\u2019art de la Renaissance tel qu\u2019il fut affin\u00e9 et amenuis\u00e9 jusqu\u2019au d\u00e9but du XVIIe si\u00e8cle.\u201d <\/em><em>(Cahiers Luxembourgeois, 1940,78.)<\/em><\/p>\n<p>Domat w\u00e4re mer am 19. Jorhonnert, an d\u2019Z\u00e9intscheier, d\u00e9i net \u201cexpressis verbis\u201d um Urkadasterplang vun 1824 an och net um Plang, deen de Philippe Knaff sengen Buch <em>\u201cGeschichtliche Abhandlung \u00fcber die Stadt und Landrichterei und ehemalige Festung Grevenmacher\u201d (1877)<\/em> ernimmt ass, geh\u00e9iert <strong>der Famill Schoren<\/strong>, eng r\u00e4ich a renomm\u00e9iert Famill, d\u00e9i vill Gidder zu Gr\u00e9iwemaacher an \u00cbmg\u00e9igend hat. Am Gebai ass de Mielsp\u00e4icher fir d\u2019Miel aus der Schorensmill(en) \u2013 dat war d\u00e9i fr\u00e9ier Baxeras-Millen, d\u00e9i direkt \u00ebnner dem M\u00ebnschecker Tur un der Rouderbaach louch.<\/p>\n<p>Et ass zu d\u00e4r Z\u00e4it, genee <strong>1822<\/strong>, wou eng Brandkatastrof, d\u00e9i als \u201c<strong>de grousse Brand\u201d<\/strong> an d\u2019Geschicht agoe sollt, 147 Wunnhaiser (vun am Ganzen 341), 80 St\u00e4ll an 39 Scheieren zerst\u00e9iert. Well de Brand an der \u00ebnnerschter Syr ugefaang huet, kann een dervun ausgoen, datt Z\u00e9intscheier, d\u00e9i wuel aus Steen war, deemools dach net ongeschuer dervu koum. \u00cbmmerhi waren d\u2019Klacken am Kierchtuer geschmolt an d\u2019Kierchenauer war och verbrannt!<\/p>\n<p>Sp\u00e9ider, \u00ebm 1870, huet e gew\u00ebsse <strong>Jos. Fischer<\/strong> d\u2019Gebai kaaft, restaur\u00e9iert an doran <strong>eng modern Konschtschr\u00e4inerei<\/strong> ageriicht. Zu deem Jos. Fischer ass ze soen, datt e mat sengem Brudder Peter zesummegeschafft huet, deen e bekannte Steemetzer \u2013 am S\u00ebnn vu Monumenter haen \u2013 war; hien hat s\u00e4in Atelier an der Schaffmill; <strong>vun deenen zwee Bridder fanne mer bis haut Spuren am ganze Land,<\/strong> z. B. rezent bei Restauratiounsaarbechten an der Stad L\u00ebtzebuerg um Klouschter vun de Redemptoristen nieft der Paterekierch. Iwwer dee Jos. Fischer steet an der <em>\u201cFamilienchronik der Stadt Grevenmacher\u201d, Band 1: A-N, Kayser &amp; Vanolst 2017,<\/em> S. 230: <em>\u201cEr war ein begabter Bildhauer und schuf Alt\u00e4re, Kommunionb\u00e4nke, Kanzeln, Statuen und Kirchenm\u00f6bel.\u201d<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387423025{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h4>Vill Propri\u00e9tairen a vill Destinatiounen am 20. Jorhonnert<\/h4>\n<p><strong>Am Laf vum 20. Jorhonnert huet d\u2019Z\u00e9intscheier m\u00e9i dacks de Propri\u00e9taire an d\u2019Destinatioun gewiesselt<\/strong>. Et war <strong>eng B\u00e4ckerei<\/strong> am Gebai, dovun ass <strong>de Bakuewen am verw\u00ebllefte Keller <\/strong>Zeien.<strong>En Dokter<\/strong> hat seng Praxis an der Z\u00e9intscheier, an et war och <strong>e Spirituosen- an Tubaksgesch\u00e4ft<\/strong> dran. En interessanten T\u00e9moignage huet den H\u00e4r Georges Arendt, deen an der Z\u00e4it Douanier hei zu Maacher war, \u00e4is no der \u201cPorte ouverte vum 15. Juli 2017 zoukomme gelooss: <em>\u201cFr\u00e9ier huet een do wunne missen, \u201cwou een d\u00e9tach\u00e9iert war. Esou hunn ech zu Gr\u00e9iwemaacher an engem Haus, dat \u201cZ\u00e9intscheier\u201d genannt gouf, bei enger eelerer Koppel gewunnt. (&#8230;.) D\u00e9i zwou Persounen haten e Spirituosen- an Tubaksgesch\u00e4ft, an et war do, wou ech gel\u00e9iert hunn, dee gudde L\u00ebtzebuerger W\u00e4in ze dr\u00e9nken.\u201d <\/em>(No den Informatioune vum H\u00e4r Arendt huet et sech \u00ebm <strong>den H\u00e4r an d\u2019Madame Weydert<\/strong> gehandelt, an hie selwer huet an der Z\u00e9intscheier gewunnt vun 1958 bis 1961.)[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34503&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387461200{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<\/p>\n<h4>Am Bes\u00ebtz vun der Gemeng Gr\u00e9iwemaacher z\u00ebnter 1975<\/h4>\n<p>Et war <strong>am M\u00e4erz 1975, w\u00e9i d\u2019Gemeng Gr\u00e9iwemaacher beschloss huet, d\u2019Z\u00e9intscheier ze kafen. <\/strong>Zu deem Z\u00e4itpunkt waren den H\u00e4r an d\u2019Madame (Marcel) Kirchens-(Madeleine) Paulus d\u2019Propri\u00e9taire vum Gebai. D\u2019groussherzoglech Autorisatioun gouf den 1. Oktober ausgestallt, an doran ass d\u00ebs Intentioun ganz kloer zr\u00e9ckbehal: <em>\u201cConsid\u00e9rant qu\u2019il s\u2019agit d\u2019un immeuble datant de 1635 et <strong>que l\u2019acquisition est r\u00e9alis\u00e9e pour des raisons d\u2019utilit\u00e9 publique, dans l\u2019int\u00e9r\u00eat de la sauvegarde de cet immeuble<\/strong> et du logement des archives et de la biblioth\u00e8que de la Ville&#8230;\u201d.<\/em><\/p>\n<p>D\u2019Demande fir d\u2019Z\u00e9intscheier ze kafen, ass <strong>\u00ebnner dem Buergermeeschter Jean-Pierre Urwald<\/strong>gemaach ginn. <strong>De Kafpr\u00e4is war 1,l Millioun al Frang<\/strong>. Am Akt, deen de 26. November 1975 \u00ebnnerschriwwen an de 16. Dezember 1975 vum Gemengerot guttgeheescht gouf, kritt een d\u00ebs zous\u00e4tzlech Informatiounen: D\u2019Propri\u00e9tairen haten d\u2019Haus geierft vum H\u00e4r an der Madame (Bernard) Paulus \u2013 (Marie) Gelhausen an dem H\u00e4r Jean Paulus, Brudder vum H\u00e4r Bernard Paulus.<\/p>\n<p><strong>1976 goung eng Zort \u201cDornr\u00f6schenschlaf\u201d fir d\u00e9i fr\u00e9ier Z\u00e9intscheier un.<\/strong> D\u2019Gebai ass wuel net vernol\u00e9issegt ginn, m\u00e4 et war jorz\u00e9ngtelaang u Privatpersoune verlount.<\/p>\n<p>De <strong>14. Juli 2006<\/strong> huet de Gemengerot dunn e soug. \u201cDevis estimatif\u201d vun <strong>1.490.950,01 \u20ac\u00a0<\/strong>guttgeheescht, dee vum <strong>Architekteb\u00fcro Jean-Claude Lutz s.\u00e0.r.l. vu L\u00ebtzebuerg<\/strong> opgestallt gi war. De Libell\u00e9 war deen hei: <em>\u201cconcernant la restructuration et la revalorisation de la \u2018Z\u00e9intscheier\u2019 \u00e0 Grevenmacher\u201d <\/em>et projette d\u2019y installer <em>\u201c\u2019l\u2019Internet Stuff\u2019, des locaux pour le CRIAJ, des locaux pour l\u2019ALJ (\u201cAction Locale pour Jeunes\u201d) ainsi qu\u2019un logement de service.\u201d<\/em> D\u2019Entscheedung, <strong>fir de CRIAJ <\/strong>(Centre de Rencontre, d\u2019Information et d\u2019Animation pour Jeunes) <strong>an d\u2019Z\u00e9intscheier ze huelen<\/strong>, war <strong>vum deemolege Buergermeeschter Roby Stahl <\/strong>geholl ginn.<\/p>\n<p>E puer M\u00e9int m\u00e9i sp\u00e9it, <strong>de 6. M\u00e4erz 2007<\/strong>, g\u00ebtt de Gemengerot e positivt Gutachten of an h\u00eblt d\u2019Propositioun vum Sch\u00e4fferot un, <strong>fir d\u2019Z\u00e9intscheier als Nationalmonument klass\u00e9ieren ze loossen<\/strong>, mat d\u00ebsem Hiw\u00e4is: <em>\u201cen constatant les \u00e9l\u00e9ments \u00e0 sauvegarder (la cave vo\u00fbt\u00e9e, l\u2019escalier en colima\u00e7on et l\u2019encadrement de diverses fen\u00eatres)\u201d.<\/em> <strong>De Regierungsrot seet<\/strong> <strong>den 13. November 2009 s\u00e4i Jo zu d\u00e4r Demande.<\/strong><\/p>\n<p>An der T\u00ebschenz\u00e4it hat den Architekteb\u00fcro Lutz, dee mat der Restauratioun vun der Z\u00e9intscheier betraut war, Faillite gemaach (2007), an et huet er\u00ebm <strong>bis 2010<\/strong> gedauert, \u00e9iert eppes geschitt ass. Du ass de Restaurateur Thomas Lutgen charg\u00e9iert ginn, fir <strong>eng \u201crestauratorische Bestandserfassung\u201d<\/strong>vun der Z\u00e9intscheier ze maachen, wat <strong>vu Mee bis Juli 2010 <\/strong>zesumme mat der Historikerin Marzena Kessler geschitt ass. An deem ganz kompletten Inventar ginn \u00eb. a. eng ganz Partie \u00c4nnerungen um Gebai festgestallt, d\u00e9i bekannt waren.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387486175{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34508&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h4>E bedeitende Projet, dee laang gedauert huet<\/h4>\n<p>Schliisslech g\u00ebtt <strong>\u201cARK Architekt Kugener\u201d<\/strong> vu Gr\u00e9iwemaacher mat dem Projet \u201cZ\u00e9intscheier\u201d betraut, an <strong>den 22. September 2011<\/strong> approuv\u00e9iert de Gemengerot deen entspriechenden Devis an engem Montant <strong>vun 2.769.386,33 \u20ac.<\/strong> Et ass also <strong>vun 2012 un, wou e bedeitende Projet Form unh\u00eblt.<\/strong><\/p>\n<p>An de Joren <strong>2012 an 2013<\/strong> leet d\u2019Christiane Bis-Worch, Conservatrice am \u201cService d\u2019arch\u00e9ologie m\u00e9di\u00e9vale et postm\u00e9di\u00e9vale\u201d am CNRA (\u201cCentre National de Recherche Arch\u00e9ologique), <strong>d\u2019Gruewungen an d\u2019Fouillen, d\u00e9i duerchgefouert ginn<\/strong>, an <strong>den 22. Oktober 2013<\/strong> k\u00ebnnt d\u00e9i deemoleg Kulturministerin Octavie Modert sech d\u00e9i Fouillen ukucken. Am Pressecommuniqu\u00e9, dee vum Christiane Bis-Worch a vun der Kultursch\u00e4ffin Monique Hermes zesummegestallt g\u00ebtt, heescht et \u00eb. a., datt <strong>Mauere vun onbekannte F\u00ebllementer am Gaart<\/strong> ausgegruewe gi sinn. <em>\u201cLes murs ont pu \u00eatre dat\u00e9s au 13e si\u00e8cle d\u2019apr\u00e8s les c\u00e9ramiques y d\u00e9couvertes\u201d, <\/em>steet doran. An och nach, datt dat iwwerenee st\u00ebmme g\u00e9if mat der Joreszuel 1290, w\u00e9i den Hari VII (1275-1313), Grof vu L\u00ebtzebuerg, Haiser, Scheieren, Kelleren a Kelteren t\u00ebscht sengem \u201cSchlass\u201d an der Diddenhuewener Paart opkaaft h\u00e4tt, fir s\u00e4i Schlass ze vergr\u00e9isseren, dat no bei der Kierch St-Laurent louch, also matzen a Maacher![\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387461200{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column][vc_column_text]<strong><em>\u201cLes structures r\u00e9cemment mises au jour, y compris une cave abandonn\u00e9e in\u00e9dite d\u00e9couverte sous la cave existante du 17e si\u00e8cle pourraient donc th\u00e9oriquement appartenir \u00e0 ce complexe\u201d, <\/em><\/strong><strong>heescht et am Communiqu\u00e9.<\/strong><\/p>\n<p>Baussent dem Gebai goufen och nach <strong>eng Zet\u00e4r beim Trapentur an e grousse P\u00ebtz am Agank vum Gaart<\/strong> fonnt, d\u00e9i zum Gebai aus dem 17. Jorhonnert geh\u00e9iert hunn.<\/p>\n<p>An da k\u00ebnnt nach eppes Intressantes un d\u2019Dagesliicht, n\u00e4mlech <strong>en Zort Lineal<\/strong>, deen ee b\u00e9ie kann, d. h. <strong>e Moossinstrument<\/strong> vun 30,48 cm, dat a 24 \u201cdemi-pouces\u201d, resp. an 12 \u201cpouces\u201d agedeelt ass. (1 \u201cpouce\u201d sinn 2,54 cm.) <strong>Dat Instrument gouf an enger Couche Steng fonnt, d\u00e9i d\u00e4itlech m\u00e9i al ass, w\u00e9i 1635, wat drop hin deit, dat op d\u00ebser Plaz scho virun deem Datum eng Z\u00e9intscheier stoung!<\/strong><\/p>\n<p>An du konnt ee soen: <strong>\u201cWas lange w\u00e4hrt, wird endlich gut!\u201d<\/strong> D\u2019Fouillen hunn d\u00e4itlech gemaach, <strong>dass d\u2019Z\u00e9intscheier vu 1635 net dat \u00e9ischt Gebai op d\u00e4r Plaz war, an d\u2019Aarbechte fir d\u2019Restaur\u00e9ierung ware virbereet.<\/strong> Elo konnten d\u00e9i Aarbechten definitiv uf\u00e4nken. Si sollten net \u00ebmmer einfach sinn&#8230; <strong>D\u2019Soumissioun ass de 25. Abr\u00ebll 2014 opgemaach ginn, an Enn 2017 konnt d\u00e9i herrlech restaur\u00e9iert Z\u00e9intscheier d\u00e9i Jonk vum CRIAJ ophuelen!<\/strong><\/p>\n<p>Bei der <strong>Aweiung, de 4. Dezember 2017<\/strong>, konnt de Maacher D\u00e9put\u00e9-maire L\u00e9on Gloden dem Educatiounsminister Claude Meisch an deene ville G\u00e4scht e ganz r\u00e9uss\u00e9ierte Projet present\u00e9ieren, deen <strong>\u00ebm d\u00e9i 2,5 Milliounen Euro<\/strong> kascht huet. Subvention\u00e9iert gouf de Projet vun de Minist\u00e8r\u00eb vun der Kultur an der Educatioun a vum europ\u00e4esche Programm FEDER, an en ass realis\u00e9iert ginn <strong>an enker Zesummenaarbecht mat dem \u201cService des Sites et Monuments Nationaux\u201d<\/strong>, well eis Z\u00e9intscheier jo e \u201cmonument class\u00e9\u201d ass.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387423025{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Looss mer schlussendlech drop hiweisen, datt d\u00e9i ganz vill Jonker, d\u00e9i regelm\u00e9isseg an de CRIAJ kommen, an och hir Responsabel, ganz houfreg sinn, fir d\u00e4erfen an engem vun deene prestigi\u00e9iste Gebaier vu Maacher ze \u201cwunnen\u201d. De Keller huet d\u2019Gemeng gehal fir verschidde Manifestatiounen. <strong>Hei kann en och \u00ebnner Glas d\u2019Verw\u00ebllef vun deem fr\u00e9iere Keller gesinn, dat Zeien ass vun d\u00e4r laanger, intressanter a beweegter Geschicht vun de Maacher Z\u00e9intscheier.<\/strong><\/p>\n<p>Awer d\u2019Geschicht vun der Gr\u00e9iwemaacher Z\u00e9intscheier geet nach weider! Bei den traditionelle Konschtausstellungen <strong>\u201cMaacher Oart\u201d<\/strong> hunn d\u00e9i Jonk vum CRIAJ 2018 an \u201chirer\u201d Z\u00e9intscheier hir Konschtwierker gewisen, verbonne mat enger gutt besichter \u201cPorte ouverte\u201d. D\u2019Stad Maacher huet d\u00ebs besonnesch \u201cInterpretatioun\u201d vun deem historesche Gebai kaaft.[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34510&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387486175{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34513&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<strong>Am Summer 2018<\/strong> huet <strong>dee renomm\u00e9ierte finnesche Fotograf Miikka Heinonen<\/strong> (* 1969), deen z\u00ebnter 1996 zu L\u00ebtzebuerg lieft (a schonn zweemol de \u201cPrix Grand-Duc Adolphe krut), d\u2019Z\u00e9intscheier op seng ganz speziell Man\u00e9ier fotograf\u00e9iert, an <strong>d\u2019Foto,<\/strong> (\u201cChromogenic print on Aluminium and acrylic glass\u201d, 104 x 154 cm), war <strong>vum 22.09.-28.10.2018<\/strong> <strong>an der Ausstellung \u201cMurmures\u201d fir d\u2019europ\u00e4escht Joer vum kulturellen Ierfgutt am Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neum\u00fcnster <\/strong>ze gesinn. M\u00ebttlerweil huet d\u00ebs besonnesch Z\u00e9intscheier hir fest Plaz <strong>am Foyer vun der Maacher Gemeng.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387423025{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Schliisslech stellt <strong>\u201cPost Philately\u201d den 3. Dezember 2019 am Kulturhuef zu Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> hir Wohlt\u00e4tegkeetstimberen 2019 vir. De Motto ass: <strong>\u201cLa Moselle luxembourgeoise \u2013 l\u2019architecture\u201d.<\/strong>Op den Timbere si bemierkensw\u00e4ert Haiser zu Wellesteen, R\u00e9imech, Ohn \u2013 <strong>an d\u2019Maacher Z\u00e9intscheier!<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34515&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row css=&#8220;.vc_custom_1646387486175{margin-top: 150px !important;margin-bottom: 150px !important;}&#8220;][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34517&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<strong>Monique Hermes, Kultursch\u00e4ffin vun der Stad Gr\u00e9iwemaacher<\/strong><\/p>\n<p><em>Quellen: All benotzte Quelle sinn am Text uginn.<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column][vc_column_text] Vum Sp\u00e4icherraum zum herrlech restaur\u00e9ierte Jugend- a Beg\u00e9inungstreff Virtrag vum Monique Hermes bei Gelee\u00ebnheet vu \u201cMaacher Oart\u201d,\u00a0den 1. an 2. Abr\u00ebll 2018. Iwwerschafft an erg\u00e4nzt am Februar 2022. L\u2019immeuble&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":34518,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-34520","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-17 11:05:58","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34520","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=34520"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34520\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":34521,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34520\/revisions\/34521"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/34518"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=34520"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=34520"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=34520"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}