{"id":34462,"date":"2022-03-01T15:55:16","date_gmt":"2022-03-01T14:55:16","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-i\/"},"modified":"2024-08-20T11:36:58","modified_gmt":"2024-08-20T09:36:58","slug":"dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-i","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/dei-greiwemaacher-zeintscheier-am-laf-vun-der-zait-i\/","title":{"rendered":"D\u00e9i Gr\u00e9iwemaacher Z\u00e9intscheier am Laf vun der Z\u00e4it (I)"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row][vc_column][vc_column_text]<\/p>\n<h4>Vum Sp\u00e4icherraum zum herrlech restaur\u00e9ierte Jugend- a Beg\u00e9inungstreff<\/h4>\n<p><strong>Virtrag vum Monique Hermes bei Gelee\u00ebnheet vu <u>\u201cMaacher Oart\u201d<\/u>,\u00a0<\/strong><strong>den 1. an 2. Abr\u00ebll 2018.<br \/>\n<\/strong><strong>Iwwerschafft an erg\u00e4nzt am Februar 2022.<\/strong><\/p>\n<p><strong><u>L\u2019immeuble dit \u201cZ\u00e9intscheier\u201d<\/u><\/strong>, <strong>coin rue de la Poste \/ rue de l\u2019Eglise,\u00a0<\/strong><strong>inscrit au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A,\u00a0<\/strong><strong>sous le num\u00e9ro 910\/6267.<br \/>\n<\/strong><strong>B\u00e9n\u00e9ficie d\u2019une protection nationale depuis le 13 novembre 2009.<\/strong>[\/vc_column_text][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34444&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]D\u2019Z\u00e9intscheier vu Gr\u00e9iwemaacher ass en herrlecht Gebai aus dem Joer 1635 an deemno aus der spuenescher Z\u00e4it. D\u2019Gebai l\u00e4it am H\u00e4erz vu Gr\u00e9iwemaacher, um Eck vun der Poststrooss, fr\u00e9ier och Onkelsgaass genannt, an der Kierchestrooss, fr\u00e9ier als Parstrooss (\u201crue de la Paroisse\u201d) bekannt. No der Frans\u00e9ischer Revolutioun koum d\u2019\u201cZ\u00e9intscheier\u201d a Privatbes\u00ebtz. D\u2019Gebai gouf m\u00e9i dacks \u00ebmgebaut an hat verschidden Destinatiounen.<\/p>\n<p>1975 huet d\u2019Maacher Gemeng d\u2019Gebai kaaft. Vun 2014 bis 2017 ass d\u2019\u201cZ\u00e9intscheier, d\u00e9i z\u00ebnter 2009 als Nationalmonument klass\u00e9iert ass, vun der Stad Gr\u00e9iwemaacher vu Grond op restaur\u00e9iert ginn, mat der wierksamer \u00cbnnerst\u00ebtzung vum \u201cService des Sites et Monuments Nationaux\u201d (SSMN).<\/p>\n<p>Haut huet de \u201cCentre de Rencontre, d\u2019Animation et d\u2019Information pour Jeunes\u201d \u2013 Gr\u00e9iwemaacher (CRIAJ) eng Bleif an deem herrlechen Haus. Dee sch\u00e9ine verw\u00ebllefte Keller, deen un d\u00e9i eegentlech Best\u00ebmmung vun der Z\u00e9intscheier er\u00ebnnert, benotzt d\u2019Stad Maacher fir Versammlungszwecker.[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner][vc_column_text]Wann ee vun der Maacher \u201cZ\u00e9intscheier\u201d schw\u00e4tzt, muss ee <strong>bis an d\u201913. Jorhonnert<\/strong> zr\u00e9ckgoen.<\/p>\n<p>Deemools, <strong>1252<\/strong>, krut d\u2019Uertschaft un der Musel <strong>d\u2019Fr\u00e4iheetscharta<\/strong> vum L\u00ebtzebuerger Grof Hari V. (\u201cgenannt de Blonden\u201d \u2013 de Jong vun der Gr\u00e4fin Ermesinde), iwwerreecht. D\u00ebs bedeitend L\u00ebtzebuerger Gr\u00e4fin hat mam Iwwerreeche vu Fr\u00e4iheetsbr\u00e9iwer ugefaang, z. B. un Iechternach, 1236, un Diddenhuewen, wat deemools zu L\u00ebtzebuerg geh\u00e9iert huet, 1239 (Stadrechter) an un d\u2019Stad L\u00ebtzebuerg, 1244.<\/p>\n<p>D\u00ebs Fr\u00e4iheetscharta, vun d\u00e4r mer d\u2019Original net m\u00e9i hunn \u2013 eng begleewegt Copie aus dem 17. Jorhonnert fanne mer awer an den <strong>\u201cArchives G\u00e9n\u00e9rales du Royaume de Belgique\u201d<\/strong> zu Br\u00e9issel, an eng weider begleewegt Copie vun d\u00ebser Ofschr\u00ebft aus dem 17. Jorhonnert l\u00e4it an de L\u00ebtzebuerger Nationalarchiven \u2013 war op Lat\u00e4in verfaasst. Doran heescht et an enger <strong>Iwwersetzung vum Lokalhistoriker Jos. Hurt<\/strong> aus dem Joer 1952, w\u00e9i Maacher 700 Joer Fr\u00e4iheet gefeiert huet: <em>\u201cAll Joar hu se \u2013 <\/em>(gemengt sinn d\u2019Maacher Leit) <em>\u2013 vun hire G\u00e9ider, d\u00e9i op dem Maacher Bann an driwwer eraus leien, mir <\/em>\u2013 (dem Grof vu L\u00ebtzebuerg, sp\u00e9ider deem jeweiligen Herrscher, resp. dem Stadh\u00e4r) \u2013<em>ofzeliwweren: <strong>vun der Fruucht d\u00e9i neint Garf a vun den Drauwen d\u00e9i neint Hot.<\/strong> D\u2019Fruucht vun de St\u00e9cker an d\u2019Drauwen aus dem W\u00e9ngert d\u00e4erfen net agescheiert an agekellert ginn, dees se h\u00e4tte mir mein Deel fir d\u2019\u00e9ischt ginn.\u201d<\/em><\/p>\n<p>Et ginn och nach aner Redevancen an d\u00e4r Charta opgezielt, m\u00e4 d\u00e9i sinn op d\u00ebser Plaz net esou wichteg. Et ass vl\u00e4icht intressant, drop hinzeweisen, datt fir d\u2019Feierlechkeete vun 2002 (\u201c750 Joer Fr\u00e4iheet\u201d) <strong>e Faksimile vun d\u00e4r Charta<\/strong> erauskoum \u2013 an zwar d\u2019\u201cHandschr\u00ebft\u201d op Lat\u00e4in, dat ass d\u2019Originalfassung, D\u00e4itsch a Frans\u00e9isch \u2013 d\u00e9i d\u00e4itsch Iwwersetzung hat de Geeschtlechen a Lokalhistoriker Abb\u00e9 Joseph Hurt fir d\u2019700-Jorfeier vum Fr\u00e4iheetsbr\u00e9if, 1952, geschriwwe, d\u2019frans\u00e9isch Iwwersetzung hat de Jean Welter 2002 besuergt.<\/p>\n<p>D\u2019Ofgi vu <strong>\u201cRedevancen\u201d un den Herrscher<\/strong> war \u201cgang und g\u00e4be\u201d am M\u00ebttelalter an och nach doriwwer eraus. Normalerweis huet et sech dob\u00e4i \u00ebm <strong>den Z\u00e9intel<\/strong> gehandelt, dohier den Numm <strong>\u201cZ\u00e9intscheier\u201d<\/strong>. Nun ass deen Numm awer zu Maacher \u201cfalsch\u201d, well mir hu jo missen eppes m\u00e9i ofginn, n\u00e4mlech <strong>den Nauntel,<\/strong> also den n\u00e9ngten Deel. M\u00e4 \u201cZ\u00e9intscheier\u201d, als Plaz, wou d\u2019\u201dNaturalsteier\u201d ofzegi war, ass e geleefege Begr\u00ebff, an och am Ausland sinn nach eng ganz Partie esou Haiser bekannt, z. B. an D\u00e4itschland oder och Frankr\u00e4ich, besonnesch am Elsass. Si heesche \u201cGrange aux D\u00eemes\u201d, \u201cMaison de la D\u00eeme\u201d oder \u201cGrange D\u00eemi\u00e8re\u201d.[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h4>E Gebai, wat 1635 gebaut oder nei gebaut gouf<\/h4>\n<p>Looss mer op eis Z\u00e9intscheier zr\u00e9ckkommen. D\u2019Gebai, w\u00e9i et haut do steet, gouf gebaut \u2013 oder nei gebaut \u2013 am 17. Jorhonnert, genee <strong>1635<\/strong>. D\u00ebs Joreszuel fanne mer zweemol um, resp. am Gebai, n\u00e4mlech an der Rumm vun der Dir an der Poststrooss an um Fouss vum Mauerpfeiler am Keller, wou steet: \u201c+1635 DEN 16. MAY FEINGH MAN AN IM NAMEN GOTTES\u201d. (Wat esouvill heescht, w\u00e9i: \u201cD\u2019Aarbechten hunn de 16. Mee 1635 ugefaang, am Numm vum H\u00e4rgott.\u201d)<\/p>\n<p><strong>Firwat d\u00ebsen Neibau<\/strong>, resp. d\u2019\u00cbremopbauen <strong>am 17. Jorhonnert?<\/strong> Vu 1555 \u2013 a bis 1684 \u2013 war <strong>L\u00ebtzebuerg \u00ebnner spuenescher Herrschaft,<\/strong> an zwar huet d\u00e9i spuenesch Linn vun den Habsburger d\u2019Land gouvern\u00e9iert. Vu 1632 bis 1634 huet <strong>de Kinnek Philippe IV<\/strong> eng genee Opstellung maache gelooss vun deene Revenuen, d\u00e9i der spuenescher Kroun zu L\u00ebtzebuerg zoustoungen. Dat war de <strong>\u201ccartulaire du domaine de Luxembourg\u201d,<\/strong> an dovu war een Deel de <strong>\u201cCartulaire de Grevenmacher et de Remich\u201d.<\/strong> An deem Cartulaire geet \u00eb. a. Rieds vu 57 Maacher Parzellen, vun deenen de Kinnek vu Spuenien eng Rent zegutt h\u00e4tt. Dora g\u00ebtt och den \u201cNauntel\u201d vum W\u00e4in a vun de Friichte vum Feld vu Gr\u00e9iwemaacher a vum Haff R\u00e9imech erw\u00e4hnt, an zwar vu 1444 un a weider. <em>(Jean-Marie Yante, Grains et vins des terroirs mosellans de Remich et Grevenmacher (XVe-XVIIe si\u00e8cles, dans Revue belge de Philologie et d\u2019Histoire, Ann\u00e9e 1985, pp. 273-309).<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34446&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/4&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34448&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;3\/4&#8243;][vc_column_text]<strong>L\u00e4it doran de Grond fir den Neibau oder d\u2019Er\u00ebmopbaue vun der Maacher Z\u00e9intscheier?<\/strong> E Gebai, dat d\u00e4itlech spuenesch Elementer a senger Struktur opweist, kucke mer n\u00ebmmen <strong>dee sch\u00e9inen Trapentur mat sengen typesche schr\u00e9ie F\u00ebnsteren an der Wendeltrap bannendran.<\/strong> (E klenge pikanten D\u00e9tail: Bei d\u00e4r j\u00e9ngster Restaur\u00e9ierung war zu engem Moment geplangt ginn, de Lift an deen historeschen Trapentur anzebauen!).<\/p>\n<p>Wat mer w\u00ebssen z\u00ebnter de Gruewungen, d\u00e9i 2012\/2013 vum \u201cCentre National de Recherche Arch\u00e9ologique\u201d (CNRA) \u00ebnner der Leedung vun der Madame Christiane Bis-Worch duerchgefouert goufen, ass, <strong>datt dat heitegt Gebai net dat \u00e9ischt ass, wat op d\u00e4r Plaz steet.<\/strong><\/p>\n<p>Wat elo d\u00e9i \u201cnei\u201d Z\u00e9intscheier vu 1635 ugeet, esou fanne mer <strong>net vill Dokumenter oder Illustratiounen dervun an Archiven.<\/strong><\/p>\n<p>Mir mussen \u00e4is \u00eb. a. op eng bedeitend, net ver\u00ebffentlecht <strong>Kartularchronik<\/strong> verloossen, d\u00e9i vum <em>Abb\u00e9 Jos. Hurt<\/em> <em>(1892-1962)<\/em>, engem ganz \u00e4ifrege Lokalhistoriker, zesummegestallt gouf, an d\u00e9i an de Maacher Archive versuergt g\u00ebtt: <em>\u201cGrevenmacher \u2013 Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen\u201d<\/em>. Den Hurt schreift iwwer d\u2019Hausdier vun der Z\u00e9intscheier, d\u00e9i hien als <strong>w\u00e4ertvoll Renaissance-Dier<\/strong> bezeechent: <em>\u201cIch glaube annehmen zu d\u00fcrfen, dass in diesem Hause <strong>der Kellermeister der landesherrlichen G\u00fcter<\/strong> (vigneron du Roy, 1477) wohnte. In diesem Keller wurden die f\u00fcrstlichen Weine gesammelt und aufgehoben. (&#8230;) Die ehemalige Zehntscheuer, das Wahrzeichen des alten Regimes, wurde 1635 von der spanischen Dom\u00e4nen-Verwaltung in Luxemburg neu errichtet oder restauriert.\u201d<\/em> A wann dee \u201cVigneron du Roy\u201d soll 1477 an deem Haus gewunnt hunn, da muss et deemools schonn do gewiescht sinn; dofir h\u00eblt den Hurt un \u2013 an net n\u00ebmmen hien \u2013 datt d\u2019Gebai 1635 restaur\u00e9iert gi w\u00e4r.[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;3\/4&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h4>Wichteg Zeitungsartikelen<\/h4>\n<p>Elo ginn et awer iwwer eis Z\u00e9intscheier <strong>dr\u00e4i zimlech opschlossr\u00e4ich Zeitungsartikelen<\/strong>, d\u00e9i <em>den Adolf Berens (1880-1956)<\/em> t\u00ebscht dem 17. Januar 1948 an dem 5. Februar 1949 an der <strong>\u201cObermosel-Zeitung\u201d<\/strong> an duerno am <strong>\u201cL\u00ebtzebuerger Journal\u201d<\/strong> publiz\u00e9iert huet. Och de Berens war vu Maacher, an huet senger Heemechtsstad wichteg D\u00e9ngschter geleescht, besonnesch, wat historesch Recherchen a Publikatiounen ugeet.<\/p>\n<p>D\u2019Artikelen, vun deene mer hei schw\u00e4tzen, hunn den Titel:<\/p>\n<ul>\n<li><em>Die Zehntscheuer, Wahrzeichen des alten Regimes.<\/em><\/li>\n<li><em>Ein St\u00fcck Spanien in Alt-Grevenmacher.<\/em><\/li>\n<li><em>Stein gewordene Geschichte.<\/em><\/li>\n<\/ul>\n<ul>\n<li>Am \u00e9ischten Artikel <strong>(17. Januar 1948 \u2013 Obermosel-Zeitung),<\/strong> geet et z. B. \u00ebm <strong>d\u2019\u201cZehntsch\u00f6ffen\u201d<\/strong>, d\u00e9i d\u00e9i ganz vill <em>\u201cschier erdr\u00fcckende Kronabgaben und Kirchenzehnten der \u2018Freiheit\u2019 Grevenmacher unter dem alten Regime\u201d<\/em> opgehuef hunn a se och ze verwalten haten. (Den \u201cZehntsch\u00f6ffen\u201d war deemno ee vun de siwe Sch\u00e4ffen, d\u00e9i Maacher schonn an der Charta vun 1252 zougestan krut; zesumme mat dem Stadtriichter.)<\/li>\n<\/ul>\n<p>A punkto Z\u00e9intscheier schw\u00e4tzt de Berens <strong>vun engem vun den intressantste Gebaier vum Land<\/strong> e bezeechent et als <em>\u201ceindringliches Denkmal der weltumspannenden, in der Neuzeit ausklingenden spanischen Herrschaft und Gr\u00f6\u00dfe.\u201d<\/em><\/p>\n<p>Ausf\u00e9ierlech beschriwwe ginn <strong>de Keller mat dem wuchtege Kr\u00e4izverw\u00ebllef t\u00ebscht de gewaltege Peileren<\/strong> an d\u00e9i zw\u00e9in iewescht St\u00e4ck mat ganz geraimege S\u00e4ll. Och de Berens geet dervun aus, <strong>datt d\u2019Z\u00e9intscheier 1635 nei opgebaut ginn ass<\/strong> a schreift: <em>\u201cGewiss \u00fcberragte er <\/em>(der Bau) <em>an Gr\u00f6\u00dfe und Stattlichkeit alle \u00fcbrigen Geb\u00e4ude der Stadt, \u00f6ffentliche wie private (&#8230;).\u201d<\/em>[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/4&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34451&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/4&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34453&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;3\/4&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<ul>\n<li>Am zweeten Artikel <strong>(15. November 1948 \u2013 L\u00ebtzebuerger Journal; an der Folleg vun der Obermosel-Zeitung)<\/strong> g\u00ebtt nach eng K\u00e9ier <strong>entweder de Bau oder den Neibau vun der Z\u00e9intscheier<\/strong> bekr\u00e4ftegt. Ganz besonnesch geet et dann \u00ebm <strong>d\u00e9i grouss Paart vum Ubau op der S\u00e4it vun der Kierchestrooss<\/strong>: <em>\u201cin Renaissance-Fassung, mit dem charakteristischen, phantastischen, meisterhaft gearbeiteten Satyr-(Bacchus)kopf am Schlussstein des Bogens\u201d<\/em>. Och op <strong>dat skulpt\u00e9iert Drauwemotiv<\/strong>, dat vu stilis\u00e9iertem W\u00e4ilaf \u00ebmrummt ass, weist de Berens hin a verweist op den <strong>\u201cNauntelwein\u201d <\/strong>(deen dem Herrscher a sp\u00e9ider dem H\u00e4r vu Maacher, resp. dem Landriichter zougestan huet).<\/li>\n<\/ul>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<ul>\n<li>Am dr\u00ebtten Artikel <strong>(5. Februar 1949)<\/strong> geet et \u00ebm Vermuddunge betr. <strong>fr\u00e9ier Bes\u00ebtzt\u00ebmer no beim Bau<\/strong>, an \u00ebm <strong>den \u00ebffentleche P\u00ebtz am Haff<\/strong> \u2013 dee bei de rezenten Ausgruewunge konnt am Agank vum Gaart lokalis\u00e9iert ginn; och eng Zet\u00e4r no beim Trapentur ass er\u00ebmfonnt ginn. De Berens geet an d\u00ebsem Artikel schonn eppes m\u00e9i w\u00e4it an <strong>thematis\u00e9iert d\u2019Notze vun der Z\u00e9intscheier als Fruucht- a Mielsp\u00e4icher duerch d\u2019Famill Schoren,<\/strong> d\u00e9i jo d\u2019Gebai no der frans\u00e9ischer Revolutioun kaaft hat.<\/li>\n<\/ul>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34455&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_row_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34457&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220;][\/vc_column_inner][vc_column_inner width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Weise mer an d\u00ebsem Zesummenhang drop hin, datt et de Berens ass, deen \u00e4is a sengem Buch <em>\u201cDie Anf\u00e4nge der Stadt und Festung Grevenmacher\u201d,<\/em> wat 1952 erauskoum, <strong>d\u00e9i eenzeg Zeechnung<\/strong>matliwwert, <strong>d\u00e9i mer vun der Z\u00e9intscheier kennen. <\/strong>Den Architekt, Moler a Sculpteur <em>Jean-Pierre (Jemp) Michels (1906-1989)<\/em> huet se gemaach. Och d\u2019Fotoe vum Gebai si rar. Op enger Postkaart aus dem Ufank vum 20. Jorhonnert ass d\u2019Fassad zur S\u00e4it vun der Poststrooss ze gesinn.[\/vc_column_text][\/vc_column_inner][\/vc_row_inner][vc_column_text]<strong>Quellen: All benotzte Quelle sinn am Text uginn.<\/strong><\/p>\n<p><strong>Et geet nach weider! <\/strong><\/p>\n<p><strong>Monique Hermes<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column][vc_column_text] Vum Sp\u00e4icherraum zum herrlech restaur\u00e9ierte Jugend- a Beg\u00e9inungstreff Virtrag vum Monique Hermes bei Gelee\u00ebnheet vu \u201cMaacher Oart\u201d,\u00a0den 1. an 2. Abr\u00ebll 2018. Iwwerschafft an erg\u00e4nzt am Februar 2022. L\u2019immeuble&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":34458,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-34462","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-06 19:10:20","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34462","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=34462"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34462\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":63724,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34462\/revisions\/63724"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/34458"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=34462"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=34462"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=34462"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}