{"id":34354,"date":"2022-02-22T07:10:29","date_gmt":"2022-02-22T06:10:29","guid":{"rendered":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de-menschecker-tur-genannt-huelen-zant-1-deel\/"},"modified":"2024-08-20T11:36:48","modified_gmt":"2024-08-20T09:36:48","slug":"de-menschecker-tur-genannt-huelen-zant-1-deel","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/de-menschecker-tur-genannt-huelen-zant-1-deel\/","title":{"rendered":"De M\u00ebnschecker Tur, genannt \u201cHuelen Zant\u201d"},"content":{"rendered":"<div class=\"wpb-content-wrapper\"><p>[vc_row][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]<\/p>\n<h3><strong><u>La tour des anciennes fortifications <\/u><\/strong><strong>inscrite au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le num\u00e9ro 910\/6267.<\/strong><\/h3>\n<p><strong>B\u00e9n\u00e9ficie d\u2019une protection nationale depuis le 18 janvier 1985.<\/strong><\/p>\n<p>Et handelt sech \u00ebm <strong>den Nordtur vun der fr\u00e9ierer Stadmauer<\/strong> \u2013 oder Festungsmauer \u2013 ronder\u00ebm d\u2019Alstad vu Gr\u00e9iwemaacher. <strong>Fir d\u2019750-Joerfeier vum Fr\u00e4iheetsbr\u00e9if (2002)<\/strong> huet d\u2019Gemeng Gr\u00e9iwemaacher, zesumme mat dem \u201cService des Sites et Monuments Nationaux\u201d (SSMN) <strong>dee klass\u00e9ierten Tur fachgerecht restaur\u00e9iere gelooss.<\/strong> Bannendra kann een z\u00ebnterhier <strong>e Relief vun d\u00e4r fr\u00e9ierer \u201cFestungsstad\u201d <\/strong>kucken.<\/p>\n<p>Well Gr\u00e9iwemaacher vun der M\u00ebtt vum 12. Jorhonnert un dem L\u00ebtzebuerger Grofenhaus geh\u00e9iert huet, a well d\u2019Uertschaft un der Musel <strong>1252 d\u2019Fr\u00e4iheetscharta vum Grof Hari V<\/strong>. \u2013 genannt de Blonden \u2013 iwwerreecht kritt hat, stoung enger Befestegung vun d\u00ebser strategesch wichteger Plaz am Museldall n\u00e4ischt m\u00e9i am Wee. Et ass natierlech net vun haut op muer gaang, fir esou e Verteidigungssystem opzeriichten; jo, et kann ee soen, <strong>datt de Bau vun der Maacher Stadmauer e Wierk vu Generatioune war<\/strong>. Dozou huet och geh\u00e9iert, datt <strong>deen ale Waach- a Wiertur<\/strong> genee am Zentrum, <strong>dee wuel scho virun der Befestigung do stoung,<\/strong> a Stand gesat huet misse ginn. Aus enger Urkund aus dem Joer 1290 geet z. B. ervir, datt den Hari VII. (1288-1313), (Grof vu L\u00ebtzebuerg, Kinnek a Keeser vum Hellege R\u00e9imesche R\u00e4ich), <strong>duerch en Tosch mam Klouschter Mariendall<\/strong> no bei der Festungsmauer Land kritt huet, \u201cad castrum meum muniendum\u201d, wat esouvill heescht, w\u00e9i \u201cfir meng Befestigung ze sch\u00fctzen\u201d, bzw. an d\u00ebsem Fall auszebauen. Och d\u00e9i arch\u00e4ologesch Ausgruewungen, d\u00e9i 2003\/2004 am Ber\u00e4ich vum Baxerasgaart gemaach gi sinn, deiten drop hin, <strong>datt de Bau vun der Maacher Stadmauer er\u00e9ischt am sp\u00e9ide 14. resp. am fr\u00e9ie 15. Jorhonnert ofgeschloss war.<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34347&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; alignment=&#8220;center&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220; css_animation=&#8220;fadeInRight&#8220;][\/vc_column][\/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]Den Adolf Berens (1880-1956), deem mer wuel net d\u00e9i eelst, dofir awer <strong>d\u00e9i ausf\u00e9ierlechst Beschreiwung vun der Festung Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> verdanken, schreift: <em>\u201cDie Umwallung lief <strong>in einem regelm\u00e4\u00dfigen Viereck<\/strong> um den Ort herum und machte ihn f\u00fcr die damalige Zeit fast uneinnehmbar.\u201d<\/em> (1)<\/p>\n<p><strong>Duerch d\u2019Festungsgrief sinn am Westen d\u2019Gehaansbaach an am Osten d\u2019Rouderbaach gelaf.<\/strong> E puer Historiker schw\u00e4tze vun enger Verbindung vun deenen zwou Baachen am Norden, resp. am S\u00fcden, an deemno vun engem Festungsgruef ronder\u00ebm d\u00e9i ganz Mauer. E klasseschen, \u201cd\u00e9iwe\u201d Gruef konnt allerd\u00e9ngs net am Baxerasgaart nogewise ginn. Et sch\u00e9ngt sech deemno \u00e9ischter \u00ebm eng fr\u00e4i Fl\u00e4ch gehandelt ze hunn, d\u00e9i am Noutfall geflut gi konnt. D\u00e9i eeler Bewunner vum Stued woussten awer eppes vun engem Gruef laanscht de s\u00fcdlechen Deel vun der Stadmauer.<\/p>\n<p>Wann een <strong>e Bl\u00e9ck op al Stadpl\u00e4ng vu Gr\u00e9iwemaacher<\/strong> w\u00e4erft, da muss een dem Lokalhistoriker Joseph Hurt b\u00e4iflichten, wann hie schreift: <em>\u201cDass die Anlage als Ort sowohl wie als Befestigung planm\u00e4\u00dfig geschah, dass Grevenmacher nicht eine \u2018gewachsene\u2019 sondern eine \u2018gegr\u00fcndete\u2019 Stadt ist, das zeigt heute in aller Klarheit ein Blick auf den alten Stadtplan mit der auffallend gleichseitig viereckigen Form der Stadtmauern (280&#215;250 Meter), mit dem Stadtturm im genauen Zentrum, mit den Toren als Stadtein- und \u2013ausg\u00e4nge der drei gro\u00dfen Verkehrsrichtungen mit der Lage von Stadthaus, Kirche und Altmarkt.\u201d<\/em> (2)<\/p>\n<p><strong>D\u00e9i bal quadratesch Festungs- oder R\u00e9ngmauer<\/strong>, d\u00e9i \u00ebm Gr\u00e9iwemacher war, war <strong>1,00 bis 1,50 m d\u00e9ck<\/strong> a <strong>bis zu 15 m h\u00e9ich<\/strong>. Den Hurt weist op <strong>dr\u00e4i Puerten<\/strong> hin: <strong>d\u2019Tr\u00e9ierer, d\u2019Diddenhuewener an d\u2019L\u00ebtzebuerger Paart<\/strong>, d\u00e9i allen dr\u00e4i vu jee zwee Tir flank\u00e9iert gi sinn. Et geet een allerd\u00e9ngs dervun aus, datt <strong>eng v\u00e9iert Paart<\/strong> bestoung, an zwar <em>\u201can der Stelle, wo wohl der \u00e4lteste Zutritt zu Ur-Grevenmacher gewesen sein mag, indem dort ein diverticulum (Abzweigung) der r\u00f6mischen Heerstra\u00dfe, wie auch ein Zweigweg der via consularis (Kiem) durch die sog. \u2018Schukkenhiehl\u2019 \u00fcber \u2018Boland\u2019 und \u2018D\u00e4rchen\u2019 m\u00fcndeten.\u201d<\/em> (Berens).<\/p>\n<p>Vun den zwee Tir nieft d\u00e4r Paart, d\u00e9i a geschichtlechen Ofhandlunge meescht als \u201cM\u00ebnschecker Paart\u201d bezeechent g\u00ebtt \u2013 wat net ganz richteg ass \u2013 sinn haut nach Spuren am Park vum HPPA ze gesinn. No bei d\u00ebser Paart, um ieweschten Enn vun der j\u00ebtzeger Spidolstrooss \u2013 si huet fr\u00e9ier \u201cPastorsgasse\u201d geheescht, well bis 1892 d\u2019Paschtoueschhaus dra war \u2013 stoung <strong>dee wuel gr\u00e9issten an imposantste vun alen Tir, de M\u00ebnscheckertur, wahrscheinlech mat engem Prisong am \u201cKeller\u201d.<\/strong> Den Ecktur un der Nords\u00e4it vun der Festungsmauer, <strong>den \u201cHuelen Zant\u201d<\/strong>, w\u00e9i en am Volleksmond genannt g\u00ebtt, dee wonnerbar restaur\u00e9iert ass, steet haut an der R\u00e9ngmauerstrooss <strong>no bei der Mill(en)<\/strong>, fr\u00e9ier emol als Baxeras- an duerno als Schorensmill(en) bekannt.<\/p>\n<p>An der ganzer R\u00e9ngmauer waren 20 m h\u00e9ich Tir, d\u00e9i <strong>am Hallefkrees no bausse gebaut<\/strong> waren, f\u00ebnnef op all S\u00e4it, an Ofst\u00e4nn vu jee 40 Meter; derb\u00e4i koumen d\u2019Ecktir op deene 4 Ecken an d\u00e9i Tir, d\u00e9i d\u00e9i 3, resp. 4 Paarte flank\u00e9iert hunn. Op deem Stadplang, deen <strong>de Philippe Knaff<\/strong> a sengem Wierk ver\u00ebffentlecht huet (3) an dee sp\u00e9ider och vum Adolphe Berens iwwerholl gouf, kann ee <strong>27 Tir<\/strong> zielen, op de Kadasterpl\u00e4ng aus sp\u00e9idere Jore sinn der <strong>28<\/strong> agezeechent. Op der banneschter S\u00e4it vun der Mauer waren a regelm\u00e9issegen Ofst\u00e4nn <strong>grouss B\u00e9i<\/strong>, a vun Tur zu Tur huet <strong>e Wiergank<\/strong>gefouert, an deem och <strong>Sch\u00e9issscharte<\/strong> waren.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><strong>D\u00e9i Gr\u00e9iwemaacher Festungsanlagen hu munche Streidereien, K\u00e4mpf a Kricher d\u2019Stir gebueden,<\/strong> an esouguer <strong>deem wuel schl\u00ebmmsten Ugr\u00ebff duerch den Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552<\/strong> hu se standgehal.<\/p>\n<p>D\u2019Mauer stoung <strong>bis an d\u20191780er Joren<\/strong>. Deemools sinn d\u00e9i m\u00e9i kleng Festungsanlagen op Befehl vum Sonnekinnek Ludwig XIV. geschl\u00e4ift ginn, fir datt se kee Widderstand m\u00e9i leeschte k\u00ebnnten. Dat war och fir Gr\u00e9iwemaacher de Fall. <strong>Nodeems d\u2019Stadmauer ofgedro war, hunn och d\u2019Paarte misse w\u00e4ichen.<\/strong> <strong>N\u00ebmmen d\u2019Tr\u00e9ierer Paart blouf stoe bis w\u00e4it an d\u201919. Jorhonnert eran.<\/strong><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><strong>Iwwerreschter vun der Stadmauer geh\u00e9ieren, zesumme mat verschiddenen Tir, bis haut zum Gr\u00e9iwemaacher Alstadbild<\/strong>. Dee gr\u00ebndlechen Inventar, deen de Berens an de Joren 1936-37 erstallt hat, st\u00ebmmt haut wuel net m\u00e9i \u2013 zevill ass am 2. Weltkrich zerst\u00e9iert ginn. <strong>Haapts\u00e4chlech an der Spidolstrooss, an der Syr, an der Webergaass an an der R\u00e9ngmauerstrooss si verschidden Haiser un d\u2019Stadmauer gebaut,<\/strong> resp. goufen Iwwerreschter vun den Tir an d\u2019Haiser integr\u00e9iert. Reschter vun der Stadmauer f\u00ebnnt een och <strong>a verschiddene Kelleren <\/strong>an deene genannte Stroossen a Gaassen.<\/p>\n<p><strong>Z\u00ebnter Juni 1987<\/strong> kann een <strong>um kulturhistoresche Rondgang duerch d\u00e9i al Festungsstad<\/strong> op de Spure vun d\u00e4r fr\u00e9ierer Stadmauer mat hire 27 oder 28 Wuechttir an hire v\u00e9ier Paarte wandelen. An <strong>z\u00ebnter Juni 2013<\/strong> lieft <strong>an der Fr\u00e4iliichtgalerie Turgaass <\/strong>Maacher Stadgeschicht.[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_single_image image=&#8220;34350&#8243; img_size=&#8220;full&#8220; add_caption=&#8220;yes&#8220; alignment=&#8220;center&#8220; onclick=&#8220;link_image&#8220; css_animation=&#8220;fadeInLeft&#8220;][\/vc_column][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text]Et war och 2013, de 5. Oktober, w\u00e9i <strong>d\u2019Straussfeier vum<\/strong> <strong>restaur\u00e9ierten Tur an der Syr <\/strong>war. D\u00ebsen 2. Tur am westlechen Deel vun der Stadmauer ass vun der Gemeng Gr\u00e9iwemaacher an Zesummenaarbecht mat dem \u201cCentre national de recherche arch\u00e9ologique\u201d (CNRA) a mat dem \u201cService des sites et monuments nationaux\u201d (SSMN) fachgerecht restaur\u00e9iert ginn. Am St\u00e9ck Mauer riets a l\u00e9nks nieft deem ofgeschr\u00e9iten Tur konnten zw\u00e9i B\u00e9i an och e St\u00e9ck vum Wiergank mat enger Sch\u00e9issschart fr\u00e4i geluegt ginn. Am Tur selwer ass m\u00ebttlerweil eng flott Vakanzwunneng fir Touristen.<\/p>\n<p><strong><em>\u201eUnd Stra\u00dfen und Gassen und H\u00e4user und T\u00fcrme erz\u00e4hlen. Erz\u00e4hlen von Jammer und Not und harter Lebensm\u00fch derer, die einst an diesen Herden sa\u00dfen und im Schatten dieser T\u00fcrme lebten. (\u2026) Aber auch davon wissen sie zu berichten, die Gassen und G\u00e4sschen, die Mauern und T\u00fcrme, freudig und stark, wie aus dunklen Verh\u00e4ngnissen, aus Not und Tod, aus Misswuchs und Missernte immer wieder unverw\u00fcstliche Lebenskraft dieses Moselvolkes neues Wachsen und Schaffen hervorbrachte\u201c<\/em><\/strong><strong>,<\/strong> schreift den Abb\u00e9 Jos. Hurt (4). Dat ass och haut nach esou.<\/p>\n<p><strong>Monique Hermes (Mee 2018 \u2013 update: Februar 2022)<\/strong>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row][vc_row][vc_column][vc_column_text]<\/p>\n<ol>\n<li>Adolf Berens: Die Anf\u00e4nge der Stadt und Festung Grevenmacher \u2013 Zur Siebenhundert-Jahrfeier der Verleihung des Freiheitsbriefes 1252-1952, Grevenmacher, 1952.<\/li>\n<li>Joseph Hurt: Grevenmacher: Werden und Leben einer Moselstadt, in Grevenmacher 1252-1952 La Bonne Ville, Grevenmacher, 1952.<\/li>\n<li>Philippe Knaff: Geschichtliche Abhandlung \u00fcber die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher, Luxemburg, 1867.<\/li>\n<li>Joseph Hurt: Grevenmacher: einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen \u2013 Ein Geschichtswerk \u00fcber die Moselmetropole von den Anf\u00e4ngen bis 1800, unver\u00f6ffentlichtes Manuskript, als Kartularchronik gebunden, im Besitz der Gemeindeverwaltung Grevenmacher.<\/li>\n<li>Christiane Bis-Worch: Ungew\u00f6hnliches aus Grevenmacher: die Funde aus dem Baxeras-Garten, in \u201eMus\u00e9e info\u201c N\u00b0 17, D\u00e9cembre 2004.<\/li>\n<li>Monique Hermes. \u201eDie Festung Grevenmacher\u201c, in \u201eDie Warte \u2013 Luxemburger Wort\u201c, vom 28.06.2012.<\/li>\n<\/ol>\n<p>[\/vc_column_text][\/vc_column][\/vc_row]<\/p>\n<\/div>","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>[vc_row][vc_column width=&#8220;1\/2&#8243;][vc_column_text] La tour des anciennes fortifications inscrite au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le num\u00e9ro 910\/6267. B\u00e9n\u00e9ficie d\u2019une protection nationale depuis le 18 janvier 1985&#8230;.<\/p>\n","protected":false},"author":20,"featured_media":34348,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[899],"tags":[],"class_list":["post-34354","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-archivage-de"],"publishpress_future_action":{"enabled":false,"date":"2026-06-06 19:10:29","action":"change-status","newStatus":"trash","terms":[],"taxonomy":"category","extraData":[]},"publishpress_future_workflow_manual_trigger":{"enabledWorkflows":[]},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34354","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/20"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=34354"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34354\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":34402,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/34354\/revisions\/34402"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/34348"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=34354"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=34354"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/grevenmacher.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=34354"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}