De Jean Huss (Johannes Houss) eppes méi genee beliicht

Duergestallt op engem Tableau vum Frantz Seimetz, am Besëtz vun der Stad Maacher

D’Stad Maacher ass ganz houfreg drop, datt se eng imposant Sammlung vun Tableaue vum Frantz Seimetz (1858-1934) an hirem Besëtz huet. Bekanntlech koum dee Moler, Schrëftsteller a Weltebummler den 21. Abrëll 1858 an der Muselmetropol “am Schiet vum Kierchtur” op d’Welt, an en ass de 26. Oktober 1934 an der Stad am Rollengergronn gestuerwen.

Tëscht dësen Eckdate läit e bewegt Kënschtlerliewen, aus deem “Korriesch Rouden” senger Nowelt ganz vill “Zeien”, d. h. virun allem Tableauen an Zeechnungen, awer och véier Bichelcher mam Titel Der Feuersalamander – Einfälle und Ausfälle – hannerlooss huet. Ënner dem Seimetz senge Biller si vill Portraite vun him selwer an vu Maacher Bërger, respektiv vu landbekannte Perséinlechkeeten, déi hien zu sengem Frëndeskrees gezielt huet.

Ee vu senge schéinste Portraiten huet eng Éiereplaz am Foyer vun der Maacher Gemeng: De Konterfei vun engem gewësse Jean (Johannes) Huss (Houss); den Tableau ass en Don vum Här Max Arendt (1884-1965), Ingenieur a fréiere Konsul vu Finnland, u säi gudde Frënd, den deemolege Maacher Buergermeeschter Victor Prost (1891-1959), dee vun 1929 bis 1959 un der Spëtzt vun der Muselmetropol stoung.

De restauréierte Portrait vum Jean Huss, gemoolt ëm 1900 vum Frantz Seimetz, am Stadhaus zu Maacher. (Foto: Christophe Weiland)

page1image1408577632

Wee war de Jean Huss (Johannes Houss)?

Fir eppes méi iwwer dëse kuriéise Personnage gewuer ze ginn, muss ee wäit siche goen. Bei Recherchen am Internet ënner www.eluxemburgensia.lu gëtt an engem Artikel vum 19. Februar 1939 an der AZ Luxemburger Illustrierte Wochenschrift (N° 8) op e Bäitrag vum 29. Abrëll 1901 an der Luxemburger Zeitung verwisen. Et handelt sech ëm en Noruff op dee besonnesche“Commissionnaire”, deen den Dag virdrun, also den 28. Abrëll 1901, am Pafendall am Zivilhospiz gestuerwe war. Op d’Welt komm war en den 2. Mäerz 1818. Mir kommen op dee Bäitrag zréck.

Schonn e puer Joer virdrun, de 14. Abrëll 1935, war och an der AZ Luxemburger Illustrierte Wochenschrift (N°15) en Artikel mat Foto – et schéngt déi eenzeg Foto vum Jean Huss ze sinn, a si gëtt méi dacks verëffentlecht – mam Titel: Ein Alter Luxemburger ze liesen. Et ass derwäert, dësen Artikel – dee ganz sécher aus enger fréierer (net zitéierter) Zeitung iwwerholl ginn ass, well de Jean Huss war 1935 scho méi wéi 30 Joer dout! – hei ausféierlech ze zitéieren, well e seet ganz vill iwwer eise Personnage aus:

Dieses ist der gottesfürchtige “Gehanes Huß”. Von den heute lebenden Luxemburgern haben ihn nur die Alten gekannt. Er war zeitlebens eine der populärsten Charakterfiguren der Hauptstadt, originell durch seine Tracht und sein Wesen. Man sah ihn nie ohne schwarzen Gehrock, weiße Weste (relativ weiß), weißen Stehkragen und Schlips (dito), enge Hosen und großes, breitnasiges Schuhzeug, kurz die Stu(t)zertracht (1) der Jahre um 1870. Sein Wesen war still und gleichmäßig, selten hörte man ein Wort über den Wulst seiner Unterlippe fallen, eine Haarsträhne hing ihm in die gefurchte Stirn und sein Blick aus gekniffenen Augen war streng und sorgenvoll. Sein Regenschirm verließ ihn so wenig wie der Degen den Offizier.

Den großen Schritt vor die Rampe der Popularität tat er eines Sonntags bei der Musik auf dem Paradeplatz. Es gab damals in Luxemburg einen stadtbekannten Stutzer, der jeweilig das neueste in Herrentoilette beim Sonntagskonzert der Militärkapelle zur Schau trug. Damals war Johannes Huß wohlbestallter Dienstmann, auf luxemburgisch Kommissionähr. Er rühmte sich, er habe bei derBuchhandlung Hoffmann “d’Bicher gefe’ert”, weil er bei einem Umzug die Geschäftsregister auf seinem Schubkarren gefahren hatte. Die Freunde besagten Stutzers steckten den Johannes Huß eines Tages in genau denselben Anzug, den der luxemburgische Brummel (2) trug, und man kann sich ausmalen, wie es wirkte, als der Kommissionähr auf dem Paradeplatz hinter dem Dandy auftauchte und sich ihm dicht auf den Fersen hielt, bis er floh.

Von da an sprach die ganze Stadt von Johannes Huß, und wegen seiner Namensvetterschaft mit dem tschechischen Reformator – Jan Hus, Johannes Hus(s), 1372-1415, christlicher Theologe, Prediger und Reformator, zeitweise Rektor der

Karls-Universität Prag – nannte man ihn den Gottesfürchtigen. Ein Stammtisch aus der “Mühle”, dem früheren Caféhaus der Schwestern Erpelding am Konstitutionsplatz verlieh ihm das Ritterkreuz im Orden der Confiance publique nebst Diplom mit einem echten Regierungsstempel aus der französischen Zeit.

Das Diplom muss noch irgendwo im Casino in Luxemburg hängen. – Dësen Diplom, oder op d’mannst eng gutt Copie dervun, ass mat dem Bild vum Seimetz am Besëtz vun der Stad Gréiwemaacher. – Johannes Huß war noch eine zeitlang Sitz- Redakteur (3) der “Wäschfra”. Frantz Seimetz hat von ihm eines seiner besten Porträtbilder gemalt, das ebenfalls dem Casino gehört. (!) Unser Bild – an dësem Fall d’Foto – wurde aufgenommen nach einer Audienz beim Staatsminister Eyschen – Staatsminister vun 1888-1915 – bei dem sich Johannes Huß gemeldet hatte, um ihm für den Orden de la Confiance publique zu danken. Er bewährte sich auch sonst als treuer Regierungsanhänger, so wenn er jedesmal bei der Kammereröffnung, die früher noch feierlich vor sich ging, oder am Königs- Geburtstag seinen Hut mit dem dreimaligen Rufe schwang: “Vive de Guvelnement!” G. E.

  1. (1)  E “Stutzer” ass laut Duden “ein Modenarr, altertümliche Bezeichnung für übertriebenes Modebewusstsein.”
  2. (2)  Brummel – Brummell, kënnt laut Duden vum Engländer George Bryan Brummell (19. Jh.), “auch Beau Brummell genannt, weil er elegante Kleider und schöne Halstücher bevorzugte”, an deemno en “Dandy” war.
  3. (3)  E “Sitz-Redakteur” huet net ëmmer selwer Artikele geschriwwen, mä ass aner Redakteren aus senger Zeitung Prisongsstrofen ofsëtze gaang. (Evy Friedrich)

Esou wäit zu deem, wat 1935 posthum iwwer de Jean Huss an der AZ stoung. Mir ginn an deem Bäitrag, deen de Roger Spautz nach eng Kéier am Lëtzebuerger Journal, (1981 – Nr 287) ënner der Rubrik “Dokumente von gestern” iwwerholl huet, eng Partie Saachen iwwer d’Liewe vun dëst Unikum gewuer. Am Journal-Artikel ass just d’Aleedung geännert ginn: Er war schon ein sonderbarer Vogel, der “Gehanes Huss”. Kaum einer der noch heute lebenden Semester dürfte sich seiner noch leibhaftig erinnern.

Den Diplom “Jean Houss propriétaire de la confiance publique”, ausgestallt den 1. Abrëll 1885, am Besëtz vun der Stad Maacher.

page3image1577707392

Informatiounen iwwer de Jean Huss zu Liefzäiten

An der Obermosel-Zeitung vum 31. August 1871 fënnt een dës Notiz:

Drei neue Ansichts-Postkarten sind wegen der verregneten Schobermesse erschienen, auf denen zwar wenig von der Schobermesse zu sehen ist, die aber doch lose mit der Fouer zusammenhängen, da auf allen drei Musik und Text des Hämmelsmarsches wiederkehren. Auf zweien finden wir neben dem Hämmelsmarsch das wohlgetroffene Abbild des Nestors (4) unsrer Stadtkommissionäre, des bekannten Johannes Huß mit dem zweistöckigen Hut und dem Festtagsrock, mit Schubkarren und dem unvermeidlichen Regenschirm. (…)

(4) En Nestor ass laut Duden “herausragender ältester Vertreter einer Wissenschaft, eines (künstlerischen) Fachs, Ältester eines bestimmten Kreises”.

Wann ee sech eppes méi intensiv mat där Postkaart beschäftegt, fënnt een am Buch Die Schobermesse: so war sie früher, wat den Norbert Etringer 1992 an den Editions Emile Borschette publizéiert huet, ënner der Postkaart: Den Hèmmelsmarsch dës Notiz:

Zur Schobermesse des Jahres 1897 erschien eine Ansichtspostkarte auf der der Text des “Hämmelsmarsches” auf Noten gesetzt zu sehen ist, die “Hämmelsmärschler” vor der Aldringerschule (eine Aufnahme von Charles Bernhoeft (5)) sowie das Abbild des damaligen Nestors unserer Stadtkommissäre, des “gottesfürchtigen” Johannes Huss, mit dem zweistöckigen Hut und dem Bratenrock angezogen, dem Orden der “Confiance publique” an der Brust und dem unvermeindlichen Regenschirm.

(5) De lëtzebuergesche Fotograf Charles Bernhoeft (1859-1933) war zu senger Zäit als Photographe de la Cour ee vun deene gefroteste Porträtisten zu Lëtzebuerg.

Vergréissert Copie vun der Postkaart vum Jean Huss, am Besëtz vun der Stad Gréiwemaacher.

page4image1552924416

An da gëtt et nach eng aner Postkaart, déi mer hei weise kënnen – wuel och vum Charles Bernhoeft – op där sech alles ëm de Jean Huss Ministre de la confiance publique dréint. Gläich dräimol ass en duergestallt, mat dësen Erklärungen:

  1. J. H. sur son équipage. (Dat ass seng Schubkar, där hir Bedeitung jo am Artikel “Ein Alter Luxemburger” erkläert ginn ass.)
  2. J. H. directeur de la Schuebermëss (wat verständlech ass, nodeems jo schonn esou Postkaarten erauskomm waren – d’Relatioun Huss-Schueberfouer bleift awer ze klären.)
  3. J. H. s’en va-t-en guerre… Mélodie: Malborough… (De “Ministre de la confiance publique” ass duergestallt mat Zylinder, Frack a Prabbeli – a mat sengem Uerden.)

Op der Postkaart vun der Stad Maacher ass de Stempel vum 10.04.1899 drop.

Wann een elo nach e bësse méi wäit zréck kuckt a sech D’Wäschfra emol op d’Long zéit – dëst “humoristisch-satyrisches Wochenblatt”, dat verschidden Nimm hat, koum vun 1868-1884 eraus – da liest een an der N° 52 vum 8. Mee 1869: Verantwortlicher Redacteur: Johannes HOUSS.

Copie vun der Titelsäit vun der “Wäschfra” vum 8. Mee 1869: www.eluxemburgensia.bnl.lu

Ganz intressant gëtt et, wann een an der Wäschfra N° 31 vum 18.05.1878 “bliedert” – am Internet, iwwer eluxemburgensia.bnl.lu, ass dat haut méiglech! Do hu mer et mat engem Bréif ze dinn, deen de Johannes Chrisostomus Huss An die hochgeehrten Wähler des Cantons Luxemburg-Land schreift. Dëse Bréif ass esou häerzerfrëschend, datt en hei zitéiert gi soll:

An die hochgeehrten Wähler des Cantons Luxemburg-Land.

page5image1578190448

Von verschiedenen Seiten war der Ruf ergangen, meine Kandidatur für die bevorstehenden Kammerwahlen aufzustellen. Das in mich gestellte Zutrauen rührte mich tief und obschon ich im Anfange bei meinem vorgerückten Alter mich nicht stark genug hielt einen solchen Vertrauensposten würdig auszuführen, bin ich doch heute, nach reiflicher Überlegung, fest entschlossen, mit eiserner Willenskraft, ungetrübtem Auge und klarer, fester Stimme für ein uraltes Recht gegen die Federfüchse in die Schranken zu treten. Haltet fest zusammen, ihr Landbewohner, und schickt nur solche Männer in die Kammer, die sich gleich mir mit Freude und Stolz einen Bauern nennen können. Pfui über solche, die da sagen, ach wie herzlich froh werde ich nicht sein, wenn der ganze Boutick mal einmal wieder vorüber sein wird, damit ich den Bauern die schmutzigen Hände nicht mehr zu drücken brauch. Solche Leute, denen ihr schmutzig scheint, die die Wahlen Boutick nennen, Wahlen, die doch da sind, damit ihr Männer in die Kammer senden könnet, die euer Recht so vertreten werden, dass euch unter die Arme gegriffen werde. Ich gehe nicht hin und gebe euch Champagner und Schinken zum Besten und theile Cigarren aus, nein, das habe ich nicht nöthig, ich kenne mich und ihr kennet mich. Als Ehrenbürger der Stadt Luxemburg, wurde ich zu verschiedenen Malen wider meinen Willen fast in den Gemeinen Rath gestimmt. Ich bin auch Artist und habe eine schöne Stimme, singe Lieder, die kein Mensch versteht und die doch gebist werden, weil man in mir, ja ich kann es ohne mir zu schmeicheln frei gestehen, den Mann von innerem Werthe, den Mann mit kühnem Geiste, den Mann von rascher That, zu Genüge kennt. Zum Schlusse lege ich euch noch ans Herz, wählet nur Männer, wie mich, und ihr werdet sehen, ehe drei Monate verflossen, wird jeder von euch eine Eisenbahnstation vor dem Hause haben. Trockene Höfe werden wir naß legen und Quellen suchen, wo keine sind, alle aber werdet ihr dekorirt werden und einen Wippchen ins Loch bekommen. Indem ich euch schon im Voraus danke, grüße ich euch bestens und drücke in meinem Geiste jedem zärtlich die Händchen

Euer herzlicher, bester und innigster Freund, Johannes Chrisostomus Huss. Commissionnaire-propriétaire du confiance de la public.

Elo kënnt ee weiderfuere mat dësem oder deem (ganz dacks spëtteschen) Zitat betr. de Jean Huss selwer a verschiddene Rubriken an der Wäschfra, z. B. an der N°11 vum 30. Juli 1881:

Om Bour. (wou d’Wäschfrae sech jo opgehal hunn)

(Et handelt sech ëm en Dialog tëscht dem Mimi an dem Kètté an et geet drëm, datt d’Jesuite sollen erlaabt kréien, an der Capitale eng Universitéit opzeriichten, vun där “de gottesfürchtegen Johannes Huss” soll Pedèll (6) ginn. Firwat, dat erkläert d’Kètté.)

D’Kètté (lacht). Wât well der hun? – De Johannes Huss ass de Propriétaire vun der Confiance vun der Republique, décoréert vum Beschof ma’m Grand-Croix de l’Ordre vun der onbeflèckter Empfängniss; an dobei ass e nach Vorstands- Mitglied vum Pater-Zobels-Verein. (7) (…)

(6) E Pedell ass laut Duden den “Hausmeister einer Schule oder Hochschule”.
(7) De Pater Johann Abrosius Zobel (1815-1893), war laut Wikipedia en éisträichesche Redemptoristepater, deen zu Lëtzebuerg gelieft huet a besonnesch bekannt war fir

seng vehement Predigten.

Looss mer zréck bei d’Obermosel-Zeitung vum 19. September 1893 kommen. Do liest een an der Rubrik Chronik aus der Hauptstadt. dës éischter onopfälleg Notiz:

M Unfall. Vor einigen Tagen wäre der sehr ehrenwerte Hr. Johannes Huß, langjähriger “verantwortlicher Redakteur” der Becker’schen Witzblätter (8) und wie er sich selbst mal auf die Frage des Gerichtspräsidenten gelegentlich eines Preßprozesses nannte “Propriétaire de la confiance publique” beinahe das Opfer eines Unfalles geworden. In der Großstraße wurde der alte Mann – den Huss hat deemools 75 Joer! – von einem Fuhrwerk umgestoßen, wobei er mit dem Kopfe neben die Schienen der Trambahn fiel; in demselben Augenblicke fuhr ein Tramwagen vorbei; wenn dessen Führer den Greis nicht in der letzten Sekunde erschaut und den Wagen zum Stehen gebracht hätte, wäre der gute alte Huß schwer verletzt, wenn nicht getödtet worden!

(8) De Charles (Karl) Becker (1834-1884), en Däitsche Comptabel, dee sech zu Lëtzebuerg etabléiert hat, huet D’Wäschfra erausginn, dofir geet hei vun den “Becker’schen Witzblätter” Rieds.

Schliisslech komme mer bei den 28. Abrëll 1901; et ass deen Dag, wou de Jean Huss stierft. Een éischten Noruff op déi bekannt Perséinlechkeet gëtt nëmmen 2 Deeg méi spéit, den 30. Abrëll 1901, an der Bürger- und Beamtenzeitung verëffentlecht. Dësen Noruff gëtt herno vill – an dacks falsch – zitéiert!

Den Artikel fänkt u mat der Matdeelung: + Johannes Huß. Eine bekannte Persönlichkeit unserer Stadt, der Commissionnär Joh. Huß, mit dem Beinamen “der Gottesfürchtige” ist am Sonntag Morgen im Civilhospiz im Alter von 83 Jahren gestorben. Eine Zeit lang trug er viel zur Belustigung des Publikums bei, indem er einen Scherz, den sich einige Witzbolde mit ihm gestattet hätten, Ernst nahm (…). (Et geet ëm deen Diplom, op dee schonn an Text a Bild higewise ginn ass.) (…) bei allen öffentlichen Kundgebungen stand er in der vordersten Reihe und ließ Fürstenhaus und Regierung hoch leben, wie er es sich auch als schweren Etikettenfehler angerechnet hätte, den Honoratioren nicht zu jedem Neujahrs- oder Namenstag, zu jeder Ehrung oder Beförderung zu gratuliren. Die Trinkgelder, die dabei abfielen, waren für den armen Schelm ein

willkommener Zuwachs zu seinem kärglichen Verdienst, den er größtenteils auf den Unterhalt seiner verwaisten Enkelkinder (!) verwandte.
Als junger Mann soll Johannes Huß ein schmucker Mensch gewesen sein; (…). Das farbenfrohe, charakteristische Antlitz des alten Herrn hat mancher Maler auf der Leinwand festgehalten, namentlich von Seymetz bestehen einige

vorzügliche Hußbilder. (!) Franz Heldenstein – 1820-1907; hie war Apdikter zu Gréiwemaacher an huet äis ëm 1850 déi stëmmungsvoll Zeechnung Grevenmacher aufgenommen von der Klautermühle hannerlooss – hat von ihm einen sprechend ähnlichen Kopf modellirt.

Als Sitzredakteur der früheren “Wäschfra” gehörte Huß einigermaßen auch zur siebenten Großmacht. (…)

Op kengem Fall vernoléissegen däerf een e méi grousse Bäitrag, deen an der AZ Luxemburger Illustrierte Wochenschrift vum 19. Februar 1939 publizéiert gouf. An dësem Artikel gëtt sech fir d’éischt op en Noruff op de Johannes Huss, an der Luxemburger Zeitung vum 29. Abrëll 1901 beruff. Dobäi handelt et sech ëm déi “Luxemburger Zeitung” déi vun 1868-1941 erauskoum a wou de Batty Weber jorelaang Chef- a Feuilletonredakter war. (Zeitungen in Luxemburg 1704-2004, Romain Hilgert, Service Information et Presse, 2004.) Deen éischten Deel vum Artikel ass eng Kopie vum zitéierte Bäitrag an der Bürger- und Beamtenzeitung.

Am zweeten Deel vum Artikel gëtt mat intressante biographischen Eenzelheete betr. de “gottesfürchtige Gehânes Huss” opgewaart. Ë. a fanne mer säi Gebuertsdatum (den 2. Mäerz 1818), d’Haus, wou hien op d’Welt koum, nämlech “Breydenveg N° 563”, Präzisiounen iwwer seng Elteren, de 45- jährigen Tabakspinner Wilhelm Houss a seng um zwei Jahre ältere Gattin, soudatt den Auteur vum Artikel hien als ein echtes Kind der Heimat, ein Kind der Hauptstadt bezeechent. Et gëtt drop higewisen, datt dee jugendliche Johannes emol fir d’éischt huet missen en Handwierk léieren, wahrscheinlech datselwecht, wéi de Papp, also “Tabakspinner”.

An dann heescht et: Wir hören erst wieder von ihm am Nachmittag des 30. Dezember 1846 – welcher bezeichnende Tag – wo er heiratet. Der Vater hat fünf Monate vorher das Zeitliche gesegnet und der 28jährige Johannes nimmt sich nun eine um ein Jahr jüngere Vollwaise zum Weibe. (…)

Duerno geet et ëm eng tragesch Episod aus dem Liewe vun der Famill Huss:

Schon vorm Herbst 1851 ist im Haushalt Huss die Not eingezogen und die kranke Hausfrau, die seit einem Jahre Mutter ist, muß zur Genesung ins Bettlerdepot aufgenommen werden, wo sie am 17. August 1851 entlassen wird. Da kënnt e Bericht des Wohlfahrtsamtes an die Generalstaatsanwaltschaft vum 8. März 1852, deen esou ufänkt: La famille Jean Huss se compose du mari, paraissant borné d’esprit, de la femme et d’un enfant de deux ans. Jean Huss étant momentanément congédié par son maître Buchholtz s’est adressé au bureau de bienfaisance à l’effet d’obtenir une petite avance pour acheter du tabac et en faire des cigares. (…)

Dës Demande soll net déi lescht sinn, an den Aarmebüro ass net méi gewëllt duerzehalen. Et gëtt vun Alkoholismus und Bettelei geschwat, an d’Famill soll elo im Bettlerdepot einem strengen Regime ënnerworf ginn, wat och geschitt. Den 10. Mai 1852 – also am Alter vun 51 Joer – gëtt de Jean Huss schliisslech aus dem Bettlerdepot entlooss an duerno virleefeg net méi do gesinn. Er fällt erst wieder den Oeffentlichen Mitteln zur Last, als er die Achtzig überschritten hat (deemno kuerz éiert e gestuerwen ass). Krank und nun effektiv leistungsunfähig, findet der Greis am 11. Mai 1899 im Zivilhospiz in Pfaffenthal gütige Aufnahme und verbleibt dort bis zum 11. September 1900. Einen ganzen Monat ist er dann abwesend, und als er zurückkehrt, verläßt er das Hospiz nicht mehr lebend… Esou hält den zweeten Deel vum Artikel op.

Awer et geet nach weider. Nämlech mat der “menschlichen Kuriosität” des Johannes Huss, mat där de Batty Weber (1860-1940) sech an de Cahiers Luxembourgeois befaasst huet. Hie gëtt esou zitéiert: In den letzten Jahrzehnten des vergangenen Jahrhunderts und bis an sein seliges Ende war er im Straßenbild der Stadt eine Charakterfigur. Im Uebrigen aber war er ein grundehrlicher, braver Mann, der treu für seine Familie sorgte. (…)

Johannes Huss ist vor allem Symbol für eine Epoche, die nicht die harte wirtschaftliche Not von heute kannte und sich den Luxus menschlicher Originale noch leisten konnte. Anekdoten kreisten zu seinen Lebzeiten um ihn, bildeten seine Legende – und er verstand es, sie auszunützen. (…)

Esou wäit zum Artikel, an deem zwou Säite vum Huss, jo, ägentlech zéi kontradiktoresch Personnagen, beliicht ginn…

 Wat haten de Frantz Seimetz an de Jean Huss mateneen ze dinn?

Wa mer d’Eckdate vun deenen zwéi ganz besonnesche Personnage vergläichen: Jean Huss (1818-1901) a Frantz Seimetz (1858-1934), da fanne mer eraus, datt déi zwee sech duerchaus begéint hu kënnen – an och hu missen.

Zweemol ass de Portrait vum Jean Huss, deen am Besëtz vun der Stad Maacher ass, an der Tëschenzäit fachmännesch restauréiert ginn:

– Eng éischte Kéier 1985, duerch d’Konschthistorikerin a Restauratorin Blanche-Weicherding-Goergen. Si beschreift an hirem Bericht vum 03.09.1985 de Portrait esou: Portrait de Jean Huss, huile sur toile, format oval, hauteur 72 cm x largeur 58,50 cm, signé en bas à droite F. Seimetz, sur le Revers: “Jean Huss, Commissionnaire, dit Ministre de la Confiance Publique, peint par Seimetz vers 1900 – also kuerz virum Dout vum “Commissionnaire”.

Le cadre en bois de chêne a été spécialement réalisé pour le Portrait de Jean Huss. Le cadre ne date pas des années 1900. La toile sur laquelle Seimetz avait peint avec humour et plaisir Jean Huss avait été mal coupée et collée sur fond de carton. (…)

Le portrait de Jean Huss est un des meilleurs exécutés par Frantz Seimetz et l’on peut supposer que les deux hommes avaient une grande sympathie l’un pour l’autre.
Valeur approximative à ce jour (plan national): 180.000 FL.

– Eng zweet Restauratioun huet d’Restauratrice Simone Habaru am Joer 2016 fachmännesch duerchgefouert an dem Tableau seng ganz “Luminositéit” erëmginn.

Wou d’Sympathie vum Seimetz fir den Huss hierkoum, op déi d’Blanche Weicherding-Goergen hiweist, versteet deen, deen dem Seimetz säi Feuersalamander mat sengen sprëtzege Maximen zu verschiddenen Themen an deene beschriwwene “Charakterkäpp”, gelies huet, ouni weider Erklärung.

Deen éischten – a wuel kopéierten – Deel vum Artikel aus der AZ vum 19. Februar 1939 – en Artikel, dee mer schonn zitéiert hunn – hält op mat dëser Feststellung:

Nun hat er seinen letzten Gang gemacht, der arme gottesfürchtige Johannes. Aber lange noch wird er, seinen Regenschirm unter’m Arm und seine Medaille im Knopfloch, langsamen und gemessenen Schrittes durch die Erinnerung derer schreiten, die für humorvolle, originelle Figuren ein Verständnis haben.

A grad dat Versteesdemech fir humorvoll an originell Personnagen hat e Frantz Seimetz, deem de Schallek am Genéck souz!

Wann een an der Biographie vum Seimetz bliedert, stellt ee fest, datt deen 1881 an der Stad an der Waassergaass – an duerno um Prënzeréng – säin Atelier hat. Dat ass déi Zäit, wou de Jean Huss – deemools 63 Joer al – am satiresche Wocheblatt D’Wäschfra aktiv war. Zu deem Zäitpunkt – an zënter 1871 – gouf et schonn eng Postkaart mat sengem Konterfei drop.

Et ass och zu deem Zäitpunkt, 1881, wou de Seimetz seng éischt Ausstellung an der Stad hat: “Kurz nach seiner Niederlassung in Luxemburg, veranstaltete Seimetz seine erste Gemäldeausstellung in der Hauptstadt, im Erdgeschoss des weitläufigen Hauses der Geschw. Saur an der Königinstraße, das damals noch einen einzigen Complex bildete, und erst später in die verschiedenen Geschäftslokale aufgeteilt wurde, die sich von der Ecke am Wilhelmsplatz bis zu Janin-Delcour erstreckten”, liese mer am Katalog vum Salon 1928 vum Cercle Artistique de Luxembourg – den Artikel ass mat B. W. ënnerzeechent; et handelt sech beim Auteur méi wéi sécher ëm de Batty Weber (1860-1940); deen zum Frëndeskrees vum Seimetz gehéiert huet, wéi de Robert Stumper (1895 – 1977) an der Monographie Frantz Seimetz – Ein Künstlerleben (1973)

schreift: Hier – im Gartenhaus Nouveau-Printz am Prinzenring – trafen sich regelmäßig etliche gleichgesinnte Luxemburger Intellektuelle, u. a. Antoine Pescatore, Albert Rodange, Antoine Hirsch, Batty Weber, es wurde eifrig diskutiert und fröhlich gebechert.

4) Seimetz-Ausstellunge mat dem (mat engem) Portrait vum Jean Huss

Dee schonn zitéierte Robert Stumper weist op eng aner Seimetz-Ausstellung am Joer 1896 am Casino an der Stad hin: Viele seiner Bilder sind drüben(an Amerika) geblieben. Mit den Übrigen veranstaltete er gleich nach seiner Rückkehr eine Ausstellung im Luxemburger Casino: (…) Von nun an galt Seimetz als einer der unbestrittenen Meister im Luxemburger Kunstschaffen, seine Zukunft war gesichtert. An där Ausstellung war de Portrait vum Johannes Huss nach net, well en net existéiert huet.

An da komme mer zréck op de Salon 1928 vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL). Dëse Salon war vum 16.06.-08.07.1928 am Festsall vum “Palais Municipal” – dat ass d’Cercle-Gebai op der Plëss.
Am Focus stoung dat Joer de Frantz Seimetz, dee säi 70. Gebuertsdag gefeiert huet, an de Batty Weber schreift e ganz intressanten Artikel iwwer säi Frënd, deen schonn 1904 mam “Prix Grand-Duc Adolphe” ausgezeechent gi war, an deen elo am Rollengergronn (rue François Boch) wunnt. Dat nëmmen niewebäi.

Ganz intressant, datt am Katalog fir de Salon eng Oplëschtung ze fannen ass vun den Tableauen, déi de Seimetz ausgestallt hat. An ënner der Nummer 15 steet “Portrait Confiance Publique” (appartient au Casion – dat däerft en Dréckfeeler sinn a Casino heeschen)! Do hu mer also, 27 Joer nom Doud vum Jean Huss, eng éischt (?) Mentioun vum Tableau vun eisem legendäre Personnage!

Fënnef Joer méi spéit organiséiert d’Stad Maacher dem Seimetz eng grouss Ausstellung – vum 12.-20. August 1933, am neie Schoulgebai, Pour le 75e Anniversaire du Maître Frantz Seimetz, deen duerno nach e Joer lieft. Keen aner wéi de Batty Weber schreift den Aleedungsartikel mam Titel Der Frantz am Katalog. Et sinn 344 (!) Wierker ausgestallt: Aus der Sammlung vum Kënschtler selwer 41, vun der Regierung 9, vun der Stad Gréiwemaacher 1 (!), vum Distriktskommissariat 1 an de Rescht vu Privatsammler, déi all genannt sinn. Ënner der Nummer 328 steet ze liesen: Portrait Huss (porteur de la confiance publique), an den Tableau gehéiert dem Casino Luxembourg.

Zu deem Zäitpunkt war de Vic. Prost scho Buergermeeschter vu Maacher, an d’Famill Prost hat no Aussoe vum Fils Joseph vum Vic. Prost, perséinlech Relatioune mam Seimetz. De Mathis Prost, Papp vum Vic., war z. B. zesumme mam Seimetz am “Touristen-Klibchen” zu Maacher.

Vun där grousser Seimetz-Retrospektiv Enn 1973 – genee vum 20.12.1973- 06.01.1974 – zu Gréiwemaacher an de Raimlechkeete vun der Kellerei

Bernard-Massard fanne mer am Ausstellungskatalog ënner Les amis mat der Nummer 23 Portrait de Jean Huss, vers 1900, huile / toile 70 x 55 mat der Ville de Grevenmacher als Propriétaire!

Elo muss een eng Partie Iwwerleeunge maachen:

  1. Handelt et sech beim “Maacher Tableau” ëm dee Portrait, vun deem averschiddenen Ausstellungskataloge Rieds geet? Wéi ass den Tableau dann no 1933 – wuel mat Diplom a Postkaart (?) – vum Casino an de Besëtz vum Max Arendt komm?
  2. Handelt et sech beim “Maacher Tableau” ëm een aner Seimetz-Tableau, op deem e säi Frënd duergestallt huet? Dat géif d’Ausso am zitéierten Noruff an der Bürger- und Beamtenzeitung bestätegen: namentlich von Seymetz bestehen einige vorzügliche Hußbilder.Sollten et där Portraiten nach ginn, da si se allerdéngs net an ëffentlecher Hand, d. h. an der Seimetz-Kollektioun vun der Stad Lëtzebuerg. Op Nofro hin huet d’Mme Angelika Glesius, Conservateur adjoint an der “Villa Vauban” bestätegt, datt et an der “Museums- Datenbank” vun de Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg kee weideren Tableau vum Jean Huss gëtt. Esou e Portrait misst deemno a Privatbesëtz sinn, an et dierft méi schwéier ginn, fir elo nach erauszefannen, bei weem…

Eent steet fest: Och wa mer haut keng definitiv Äntwerte gi kënnen, war et derwäert, fir méi intensiv Recherchen iwwer dee skurille Personnage op eisem restauréierten Tableau vum Jean Huss, Commissionnaire, dit Ministre de la Confiance Publique – ee vun deene schéinste Seimetz-Portraiten – ze maachen. Wéi heescht et an engem vun den zitéierten Artikelen: Anekdoten kreisten zu seinen Lebzeiten um ihn, bildeten seine Legende – und er verstand es, sie auszunützen. An op enger anerer, och zitéierter Plaz: (…) lange noch wird er (…) langsamen und gemessenen Schrittes durch die Erinnerung derer schreiten, die für humorvolle, originelle Figuren ein Verständnis haben.

Monique Hermes, Kulturschäffin, 27.02.2017

Photo: Ensch, Nicolas Antoine – Les prisons de la Ville de Luxembourg: notice historique. Luxembourg: P. Schroell, 1934, P. Worré-Mertens (Cote: LA 7583)

page12image1580555392

Quellen:

  • –  D’Wäschfra N°52 – 08.05.1869.
  • –  Obermosel-Zeitung – 31.08.1871.
  • –  D’Wäschfra N°31 – 18.05.1878.
  • –  D’Wäschfra N°11 – 30. 07.1881.
  • –  Obermosel-Zeitung – 19.09.1893.
  • –  Cercle Artistique de Luxembourg: Salon 1928 – Frantz Seimetz.
  • –  Exposition Franz (!) Seimetz – organisée par la Ville de Grevenmacher, 1933,Catalogue.
  • –  AZ Luxemburger Illustrierte Wochenschrift N° 15 – 14.04.1935.
  • –  AZ Luxemburger Illustrierte Wochenschrift N° 8 – 19. Februar 1939.
  • –  www.eluxemburgensia.bnl.lu – mat engem besonnesche Merci un d’Mme MartineMathay aus der “Section du Réseau national des bibliothèques luxembourgeoises”

    vun der Nationalbibliothéik, déi mer ganz vill bei der Recherche gehollef huet!

  • –  Monographie: Frantz Seimetz – Ein Künstlerleben, Biographie: Robert Stumper, Publications Mosellanes et Entente, 1973.
  • –  Exposition Rétrospective Frantz Seimetz 1858-1934, du 20 décembre 1973 au 6 janvier 1974: Catalogue.
  • –  Friedrich, Evy: 8. Juni 1857 – De Sëtzredakter Jhang Huss, Kalennerblieder N° 2, Bourg-Bourger, 1979/80.
  • –  Spautz, Roger: Dokumente von gestern, in: Lëtzebuerger Journal 1981 – Nr 287.
  • –  Etringer, Norbert: Die Schobermesse: So war sie früher. Editions Emile Borschette,Christnach, 1992.
  • –  Hilgert, Romain: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004, Service Information et Presse,2004.
  • –  Hermes, Monique: Ein landbekanntes Unikum, porträtiert von Frantz Seimetz, in:Grevenmacher – Bulletin municipal 01/2016.
  • –  www.cal.lu : Prix Grand-Duc Adolphe: Lauréats.
  • –  www.industrie.lu : Arendt Max, ingénieur, Luxembourg: Historique.
  • –  www.duden.online : Verschiedene Wortbedeutungen.
  • –  www.wikipedia.lu : Johann Ambrosius Zobel.4 Käpp – de Frantz Seimetz moolt sech selwer am Fréijoer, dem Summer, dem Hierscht an dem Wanter. (Seimetz-Archiv – Stad Gréiwemaacher)

page13image1408955728

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.