De Groussherzog Jean

De Groussherzog Jean (1921-2019)

am Kontext vun der lëtzebuerger Geschicht

De Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg,
Herzog vun Nassau, Prënz vu Bourbon vu Parma,
ass de 5. Januar 1921 um Schlass vu Colmer-Bierg op d’Welt komm, an den 23. Abrëll 2019 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

Hie war den eelste Jong vun der Groussherzogin Charlotte (1896-1985) a vum Prënz Félix vu Bourbon vu Parma (1893-1970).
Säin Dafpätter war de Poopst Benedikt XV. (1854-1922).

De Groussherzog Jean gouf dacks als “Vétéran de la Deuxième Guerre mondiale et doyen de la dynastie” (“Veteran aus dem Zweete Weltkrich an “Dingschteelste” vun der Dynastie) bezeechent. Iwwerdeems d’Groussherzogin Charlotte an där éischter Halschecht vum 20. Jorhonnertd’Symbol vu Lëtzebuerg war, stoung de Groussherzog Jean als Symbol fir déi zweet Halschecht vun engem Jorhonnert voller Ereegnesser. An enger offener Gesellschaft, déi ëmmer méi villfälteg gëtt, huet hien et fäerdeg bruecht, d’Roll vun der Dynastie nei ze definéieren an dëser Dynastie den Iwwergank an d’21. Jorhonnert méi liicht ze maachen.

E kuerze Bléck an d’Geschicht 1) Dat éischt “Haus Lëtzebuerg”

– Géint963: Den Ardennergrof Siegfried gëtt Här vum Fiels vu Lucilinburhuc a mécht doraus eng staark Buerg. Esou entsteet eist Lëtzebuerg.

  • –  1226-1247: Déi dichteg a mächteg Gräfin Ermesinde ass Herrscherin an der Grofschaft Lëtzebuerg.
  • –  1247-1281: Den Hari V. – genannt “de Blonden” – ass Grof vu Lëtzebuerg. Hien iwwerreecht Gréiwemaacher am Joer 1252 de Fräiheetsbréif.

page1image1578198608 page1image1578198896 page1image1578199184page1image1578199536

page2image1508857984 page2image1508213152

Facsimilé (2002) vun der Maacher Fräiheetscharta (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

  • –  1288-1313: Den Hari VII., Grof vu Lëtzebuerg, gëtt 1308 zum däitsche Kinnek gewielt a léisst sech 1312 zu Roum zum Keeser kréinen. (“Kaiser des Heiligen Römischen Reiches” 1308-1313).
  • –  1313-1346: De Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg, herrscht iwwer Lëtzebuerg a gëtt duerch säi Bestietnes Kinnek vu Béimen (“Böhmen”) – mat Prag als Haaptstad.
  • –  1346-1354: De Karel IV., Grof vu Lëtzebuerg, erhieft d’Grofschaft Lëtzebuerg 1354 zum Herzogtum. Hie selwer ass vun 1346 u Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
  • –  1354-1383: De Wenzel I. ass Herzog vu Lëtzebuerg. Hien erkennt Gréiwemaacher am Joer 1357 d’Maartrecht zou.

    Eng Maartzeen am ale Gréiwemaacher (Zeechnung: Lé Tanson)

page2image1508296432

  • –  1383-1419: De Wenzel II. ass Herzog vu Lëtzebuerg an och Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
  • –  1419-1417: De Sigismund ass Herzog vu Lëtzebuerg an och Keeser vum Hellege Réimesche Räich. Hien ass dee leschte Keeser aus dem Haus Lëtzebuerg.
  • –  1437: Mam Doud vum Sigismund stierft d’Haus Lëtzebuerg aus an d’Land kënnt ënner Friemherrschaft bis 1815. Noenee sinn d’Burgunder, d’Spuenier, d’Fransousen, erëm d’Spuenier, d’Éisträicher an nees d’Fransousen Herrscher am Herzogtum.
  • –  1659: Am Kader vum Pyrenäefridden trëtt Spuenien – deemools Här iwwer Lëtzebuerg – de südlechen Deel vum Herzogtum u Frankräich of. Dat ass déi éischt Deelung vu Lëtzebuerg.

    2) D’Kinneke vun Holland als Groussherzoge vu Lëtzebuerg

  • –  1815: Beim Wiener Kongress gëtt Europa nei opgedeelt. Aus dem Herzogtum Lëtzebuerg gëtt e Grossherzogtum, wat dem Kinnek Wëllem I. vun Oranien-Nassau, Kinnek vun Holland, zougesprach gëtt. (Personalunioun). Lëtzebuerg verléiert awer Deeler déisäit vu Musel, Sauer an Our. Dat ass déi zweet Deelung vu Lëtzebuerg.
  • –  1839, mam Londoner Vertrag, kritt Lëtzebuerg zwar d’Onofhängegkeet zouerkannt, awer d’hollännesch Kinneke bleiwe Groussherzoge vu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg muss nees e Stéck Land un d’Belsch oftrieden. Dat ass déi drëtt Deelung vum Land.
  • –  De Wëllem II. (1840-1849) an de Wëllem III. (1849-1890), (mam “gudde” Prënz Hari als “Statthalter”), sinn an der Folleg Groussherzogen, resp. Regente vu Lëtzebuerg.

    3) D’Herrscher aus dem Haus Nassau-Weilburg

  • –  Scho 1783 gesäit de Familljepakt vum Haus Nassau vir, datt d’groussherzoglech Kroun nom Doud vum leschte männlechen Nokommen un d’Haus Nassau-Weilburg geet. Dat ass 1890 de Fall. Mam Doud vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III. hält d’Personalunioun tëscht Holland a Lëtzebuerg op, an den Herzog Adolph(e) vun Nassau, deen schonn 73 Joer huet, gëtt den éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass deemno de Begrënner vun enger eegener lëtzebuerger Dynastie.

page3image1562289104 page3image1562289392

page4image1508841504

Die Dynastie Luxemburg-Nassau (Fotoen: Marc Schoentgen)

– De Groussherzog Adolph(e) vun Nassau (1890-1905) ass deen éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. Ënner senger Regentschaft gëtt vun 1900- 1903 d’Adolphe-Bréck an der Stad gebaut.

– De Groussherzog Wëllem IV. (1905-1912) ernennt 1908 aus Gesondheetsgrënn seng Fra, d’Groussherzogin Maria Anna vu Braganza, als Statthalterin. Schonn 1907 war d’Gesetz vun der Ierffolleg geännert ginn. Elo kann och eng Fra op den Troun kommen, wa kee männlechen Nokommen do ass.

  • –  D’Groussherzogin Marie-Adélaïde (1912-1919), ass déi éischt Fra um Troun vu Lëtzebuerg an déi éischt Groussherzogin, déi och am Land op d’Welt komm war. Duerch politesch Onrouen no dem Éischte Weltkrich muss si 1919 ofdanken.
  • –  D’Groussherzogin Charlotte (1919-1964) kënnt 1919 ënner schwierege Bedingungen op den Troun vu Lëtzebuerg, awer an engem Referendum wollt d’Vollek deemools, datt d’Dynastie bestoe bléif. D’Groussherzogin, déi sech 1919 zu Lëtzebuerg mam Prënz Felix vuBourbon vu Parma bestuet hat, gëtt zu enger vun de bedeitendste Fraegestalten an der Lëtzebuerger Geschicht. Si steet déi schwéier Zäit vum an nom Zweete Weltkrich mat hirem Vollek duerch an ass ganz beléift. 1961 ernennt d’Groussherzogin Charlotte hiren eelste Jong, den Ierfgroussherzog Jean, zum Statthalter. Si dankt 1964 of a lieft bis zu hirem Doud 1985 am Schlass zu Fëschbech.

– De Groussherzog Jean (1964-2000), iwwerhëlt 1964 den Troun vu senger Mamm, der Groussherzogin Charlotte. Mir gi méi spéit extra op hien an.

  • –  De Groussherzog Henri (zënter 2000), ass zënter 1981 mat der Maria Teresa Mestre – der Groussherzogin Maria Teresa – bestuet. Hien huet eng Lizenz an de Politikwëssenschaften, a leet d’Land mat vill Ëmsiicht a Geschéck. Der groussherzoglecher Koppel hire Wunnsëtz ass d’Schlass zu Colmer-Bierg. Déi offiziell Residenz vum Groussherzog ass awer de Palais an der Stad, e schéint, spuenescht Renaissance-Gebai aus dem 16. Jorhonnert, direkt nieft der Chamber.
  • –  Deen eelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel, déi fënnef Kanner huet (Guillaume, Félix, Louis, Alexandra, Sébastien), ass den Ierfgroussherzog Guillaume, deen eist Land ganz dacks am Ausland vertrëtt a sech och ganz vill am soziale Beräich engagéiert. Hien huet sech 2012 mat der belscher Gräfin Stéphanie de Lannoy, elo Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg, bestuet. Déi sympathesch jonk Koppel wunnt zu Colmer-Bierg.

    D’ierfgroussherzoglech Koppel 2014 zu Maacher (Foto: Marc Wilwert, LW)*****************************************

    E Bléck op d’Liewe vum Groussherzog Jean (1921-2019) (* 5. Januar 1921 zu Colmer-Bierg, + 23. Abrëll 2019 an der Stad Lëtzebuerg)

  • –  Dee gréissten Deel vu senger Kannerzäit verbréngt de Prënz Jean mat senge fënnef Geschwëster, de Prinzessinnen Elisabeth, Marie-Adelheid, Marie-Gabrielle, Alix an dem Prënz Charles, um Schlass vu Colmer-

page5image1580805680 page5image1580805984

Bierg. Seng Primär- a Sekundarschoule mécht dee jonke Prënz zu Lëtzebuerg. Duerno setzt hie seng Ausbildung an England (Ampleforth College – Yorkshire) fort.

– De 5. Januar 1939 gëtt de Prënz Jean groussjäreg a kritt den Titel: “Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg”.

Den Ierfgroussherzog Jean mat der Groussherzogin Charlotte mat anere Prënzekanner bei der Onofhängegkeetsfeier, de 16. Juli 1939 zu Maacher.
(Foto: Foto-Club Flash – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

– Wéi déi däitsch Truppen den 10. Mee 1940 a Lëtzebuerg amarschéiert sinn, huet den Ierfgroussherzog d’Land zesumme mat senger Famill an der Regierung verlooss. Am November 1942 huet hie sech als Fräiwëllegen an déi britesch Arméi gemellt, gouf 1943 zum Leutnant an 1944 zum Offizéier vum Regiment vun den “Irish Guards” ernannt. Hie war den 11. Juni 1944 och bei der Landung vun den Alliéierten Truppen an der franséischer Normandie derbäi. Den 10. September 1944 ass hien, zesumme mat sengem Papp, dem Prënz Felix, mat den amerikaneschen Truppen an d’Land komm. Dës Truppe ware komm, fir Lëtzebuerg ze befreien. Well de Krich awer nach net ganz eriwwer war, huet den Ierfgroussherzog weider gekämpft, z. B. an der Ardennen-Offensiv. De 14. Abrëll 1945 ass hien derbäi, wéi d’Grossherzogin Charlotte um Enn vun de Feindséilegkeete mat grousser Begeeschterung an der Stad Lëtzebuerg ëmfaang gëtt. Duerno maachen d’Groussherzogin an den Ierfgroussherzog sech op ganze ville Plazen – och zu Maacher – e Bild vun den Zerstéierungen. Hie kritt och fir säi groussen Asaz am Zweete Weltkrich eng ganz Partie militäresch Auszeechnungen a gëtt direkt nom Krich ieweschte Chef vun där nach jonker lëtzebuerger Arméi.

page6image1581105696

  • –  Den 9. Abrëll 1953 bestuet den Ierfgroussherzog Jean sech an der Stad mat där belscher Prinzessin a Kinneksduechter Joséphine-Charlotte (1927-2005). D’Koppel, déi zu Bierg-Betzder wunnt, kritt fënnef Kanner: d’Prinzessin Marie-Astrid (*1954); de Prënz Henri (*1955), d’Zwillinge Jean a Margaretha (*1957) an de Prënz Guillaume (*1963).
  • –  Vun 1951 bis 1961 ass den Ierfgroussherzog Jean Member vum Staatsrot.

    – Den 28. Abrëll 1961 ernennt d’Groussherzogin Charlotte den Ierfgroussherzog Jean zum Statthalter, an den 12. November 1964 iwwerhëlt hien den Troun vu senger Mamm. Duerno maachen de Groussherzog Jean an d’Groussherzogin Joséphine-Charlotte eng ganz Partie Visiten a ville Stied an Uertschafte vum Ländchen – och zu Maacher! Natierlech stoungen och ganz vill Staatsvisiten um Programm, an et si vill auslännesch Monarchen a Presidenten op Besuch op Lëtzebuerg komm.

    Bei der “Joyeuse Entrée”, de 17. Mee 1965, kommen de Groussherzog Jean an d’Groussherzogin Joséphine-Charlotte mat de Gemengenautoritéite vum Kräizerbierg erof. (Foto: Foto-Club Flash – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

    – 1998 ernennt de Groussherzog Jean, säin eelste Jong, den Ierfgroussherzog Henri, zum Statthalter. De 7. Oktober 2000 dankt hien of, de Groussherzog Henri trëtt seng Nofolleg un, an de Groussherzog Jean wunnt bis zu sengem Dout (2019) am Schlass zu Fëschbech.

page7image1578366080

  • –  De Groussherzog Jean war e gudden a ganz beléifte Regent. Hien huet säi Land an enger Zäit regéiert, déi duerch grouss Changementer geprägt war, z. B. duerch d’Stolkris, duerch d’Diversifizéierung vun der Industrie, duerch d’Entwécklung vun der Finanzplaz a vun den europäeschen Institutiounen.
  • –  De Groussherzog Jean war awer och en engagéierte Scout a veréierte Chef-Scout. D’Entwécklung vum Scoutissem zu Lëtzebuerg louch him um Häerz, an hien huet dës Entwécklung mat Begeeschterung verfollegt. Nach den 29. Mäerz 2019 war hie bei der “Séance académique” fir 100 Joer Lëtzebuerger Guiden a Scoute mat derbäi.
  • –  Kuerzëm, de 23. Abrëll 2019 huet an der Persoun vum Groussherzog Jean e beléifte Monarch, e sympatheschen a joviale Mënsch, deen dem Land a senge Leit no stoung an deem och d’Natur eppes bedeit huet, en intresséieren Zäitzeien, dee bal e Jorhonnert lëtzebuerger Geschicht mat erlieft a mat geprägt huet, jo, e Symbol vu Lëtzebuerg äis fir ëmmer verlooss. Net fir näischt gouf hien an alle Print- an digitale Medie vum Groussherzogtum an doriwwer eraus gewierdegt. Éier sengem Undenken!

    Zesummestellung: Monique Hermes (25.04.2019)

    Quellen:

– à propos … die großherzogliche Familie, Service information et presse, August 2010.

  • –  à propos… Geschichte des Großherzogtums Luxemburg, Service information et presse,

    Februar 2008.

  • –  Marc Schoentgen: Die Dynastie Luxemburg-Nassau / La dynastie Luxembourg-Nassau,

    éditions saint-paul, 2015.

  • –  Monique Hermes: 125 Joer Lëtzebuerger Dynastie a Stéchwierder (1890-2015), Bulletin

    municipal Grevenmacher, 05/2016.
    Fotos: Foto-Club Flash, Grevenmacher und Gemeindearchiv Grevenmacher.

    Déi lescht offiziell Visite vum Groussherzog Jean a vun der Groussherzogin Joséphine- Charlotte an der Muselmetropol Gréiwemaacher, Nationalfeierdag 1985.
    (Foto: Foto-Club Flash – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

page8image1581855584 page8image1581855872