De Frantz Seimetz – e Maacher Unikum 2018

De Frantz Seimetz – e Maacher Unikum

„D’Musel a Maacher ass e Bestietnes!
D’Musel war awer schuns en al Matant, ewéi Maacher op d’Welt kum. Den uralen Tur bei d’r Kërrech kënnt et son: he wor debäi!“

Wat prägt e Mënsch, wat prägt e Kënschtler méi, wéi seng Heemecht?
A wie soll e bedeitende Moler éieren,
wann net grad seng Heemechtsuertschaft,
an dësem Fall d’Stad Maacher,
wou d’Wéi vum Frantz Seimetz
oder dem „Korriesch Rouden“ stoung…

Den 21. Abrëll 1858 –also viru genee 160 Joer – ass hien hei op d’Welt komm, esouzesoen am Schied vum Kierchtur, deen deemools wéi haut en Zeien aus längst vergaangenen Zäite war an ass.
Säi Vermiechtnes si Biller, ganz vill Uelegbiller an Zeechnungen, déi hie vu Jugend, genee vu 16 Joer un a bis an den Alter gemoolt huet; et däerften wäit iwwer 1000 sinn! – awer och véier Bichelcher mam Titel „Der Feuersalamander“, déi um Schluss vu sengem Liewen, tëscht 1931 an 1934, entstan sinn. Si iwwermëttelen äis, zesumme mat senge Kandheets- a Jugenderënnerungen, engersäits déi positiv Liewensastellung an anerersäits déi häerzerfrëschend Liewensphilosophie vum Mënsch a Moler Frantz Seimetz. Do wou et ëm „säi Maacher“ geet, schreift hie gär lëtzebuergesch, an dat ass natierlech „Maacher platt“!

Summa summarum kënnt ee soen: De Seimetz war e guddmiddegen, klugen awer och e bësse sarkastesche Spötter mat laachenden An, deen et verstan huet, Mënschen a Landschaften op d’Leinwand ze zauberen an dobäi och nach dem Vollek op de Mond ze kucken. Besonnesch a senge Selbstportraite blëtzt de Schallek nëmmen esou aus sengem Gesiicht.

D’Abenteuerloscht huet Korriesch Frantz scho fréi vu Maacher fort gedriwwen. „An d’Welt eraus“, war säi Motto. Bréissel, München, Paräis, bedeitend Stied mat net manner bedeitende Konschtakademien, wou de Moler sech weiderbilde wollt, awer och Amerika, wou e bal 10 turbulent Jore verbruecht huet, ir en an der Belsch – zu Arel – seng Fra an der Persoun vun der Marie-Antoinette (Mimi) Bourger fonnt a sech den 13. Juli 1897 mat hir bestuet huet.

Iechternach an d’Ëmgéigend ware laang Zäit der Koppel hire Wunnsëtz. Awer esou richteg „sesshaft“ war d’Famill Seimetz eegentlech néierens. Den Elsass, Italien, d’Sonneninsel Capri – déi Dreem huet d’Koppel sech gegonnt. A vun iwwerall huet de Frantz Seimetz seng Impressiounen a Form vun Tableauen an Zeechnunge mat „heem“ bruecht.

page1image1577362624

Well Wuerzelen hat dee profiléierte Kënschtler an intelligente Weltebummler a senger Heemechtstad Maacher! Hei hat hie mat senge Jugendfrënn – dorënner ë. a. de Mathis Prost – dee berühmten Touristeklibbche gegrënnt, dee laang floréiert huet an an deem wuel méi wéi eng Kéier, besonnesch bei Geleeënheet vun der Maacher Kërmes ëm Lorenzdag, d’Lidd vun de „Krunnemécken“ erklong ass. Et gëtt wuel kee Member am Touriste-Klibbchen, deen net vum Korriesch Frantz „veréiwegt“ gouf… An et ass a bleift e Rätsel, fir wat en net och seng Heemechtsstad eppes méi dacks op d’Leinwand oder op Pabeier gebannt huet, obwuel a leschter Zäit nach dës oder déi Seimetz-Zeechnung, ëmmer mam Kierchtur drop, opgetaucht ass…

Wéi de Frantz Seimetz de 26. Oktober 1934 am Rollengergronn d’An fir ëmmer zougemaach huet, ass en an alle méigleche Publikatioune vun deemools gewierdegt ginn: An der „Obermoselzeitung“, vum Frënd a spéideren Distriktskommissär Jos. Faber, an der „Luxemburger Zeitung“ vum Frënd aSchrëftsteller Batty Weber, deen hien als „einzigartig als Künstler und als Mensch“ bezeechent, an de „Cahiers Luxembourgeois“ vum Nicolas Ries an am „Luxemburger Wort“ vun engem weidere ganz enke Frënd, dem Dr. Léon Lommel, dem spéidere Bëschof vu Lëtzebuerg, deen en als „Altmeister unserer inländischen Maler“ betitelt a schreift: Seimetz war „eine der urwüchsigsten Gestalten, ein Mensch, der das Leben in allen Tiefen erkannt und von allen Seiten betrachtet hatte auf seinen langen Wanderfahrten durch die Welt und auf seiner rastlosen Jagd nach Schönheit.“ Méi treffend kann een et kaum soen…

Frantz Seimetz: gebuer den 21. Abrëll 1858 zu Gréiwemaacher, gestuerwen de 26. Oktober 1934 am Rollengergronn: tëscht deenen zwee Datume leie 76 räich gefëllt Kënschtler-, Weltebummler- a Schrëftstellerjoren…

De Frantz Seimetz a seng Zäit – wat heescht dat? Zu Maacher an am Ländchen?

Gebuer den 21. Abrëll 1858 zu Maacher – an deem Joer stoung laut der Lëtzebuerger Wäichronik en 3⁄4 Herrscht mat guddem Wäin bevir! De Seimetz huet sech ganz dacks mat dem Miseler Wéngche befaasst…
D’Land gouf regéiert vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III., an zu Maacher war de Pierre Muller-Walse Buergermeeschter seng Ënnerschrëft ass um Seimetz sengem Gebuertsakt.

De Seimetz huet a sengem Liewe sechs “Lëtzebuerger” Regente kannt, nämlech de Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg Wëllem III., mat dem „gudde Prënz Hari“ als Statthalter, den Adolf aus dem Haus Nassau- Weilburg, deen éischte Lëtzebuerger Groussherzog, de Wëllem IV. mat der Groussherzogin Maria-Anna an d’Groussherzoginne Marie-Adelheid a Charlotte.

page2image1580651376 page2image1580651664

A senger Heemechtsstad waren zu senge Liefzäiten eng ganz Dose Buergermeeschteren um Rudder, vum Pierre Muller-Walse iwwer den Théodor Waldbillig an de Jean-Pierre Bettinger, bis zu sengem Frënd Victor Prost.
Zwéi bedeitend Maacher Veräiner waren 1858 scho gegrënnt: d’HMG (1834) an de Gesangveräin (1848).

D’Kapphäre vun eiser Sprooch, de Michel Lentz (1820-1893), den Edmond de la Fontaine alias Dicks (1823-1891) an de Michel Rodange (1827-1876) waren och schonn allen dräi op der Welt. Am „Feuersalamander“ beschreift de Seimetz, wéi de Michel Lentz him während senger Münchener Studienzäit (1880), a senger Vakanz zu Lëtzebuerg begéint ass. Ganz sécher huet dee jonke Seimetz awer och de Michel Rodange (+ 1876) kannt – hien huet dee méi dacks gemoolt an en huet och 1921 zesumme mam Auguste Trémont Illustratioune fir de „Reenert“ geliwwert.

De Frantz Seimetz war nach kleng, wéi de 4. Oktober 1859 den éischten Zuch vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass. D’Wëllem-Lëtzebuerg-Bunnen hu jo ganz vill zum industriellen Opschwonk vum Land bäigedro.
Ganz sécher krut de Korriesch Frantz awer schonn eppes mat vum Wuelstand, déi tëscht 1860 an 1880 zu Lëtzebuerg geherrscht huet an och vum Opschwonk vun der Eisenindustrie, dee vun 1871 un net méi ze stoppe war a ganz besonnesch am Ufank vum 20. Jorhonnert zum Droe koum.

An d’Zäit vum Seimetz fale weider d’Schläife vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1867 an déi grouss Auswanderungswell a Richtung Amerika (1868- 1870) – soll dat eise Weltebummler éieren inspiréiert hunn?
Ufanks der 80er Jore mécht de Joseph Esslen, dee vun Tréier op Maacher gezunn war, d’Dréckerei Esslen op a gëtt d’“Obermoselzeitung“ weider eraus, déi 1880 an d’Liewe geruff gi war. Dës iwwerregional Publikatioun gëtt vum Seimetz am „Feuersalamander“ extra gewierdegt.

Ganz sécher huet de Frantz Seimetz et begréisst, wéi 1882 zu Maacher déi éischt fest Bréck iwwer d’Musel opgaang ass. Et ass och déi eenzeg Maacher Bréck, déi de Seimetz kannt huet.
1886 huet de Schoulmeeschter Anton Wagner d’Bichelchen “Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“- ë. a. mat Soen a Legenden verëffentlecht. De Seimetz befaasst sech am „Feuersalamander“ mat verschidene Maacher Soen a Legenden, z. B. mam Kräiz an der Kräizkapell a mam Longkaule(r)männchen, allerdings a senger ganz spezieller Mixtur…

De Seimetz lieft och an der Zäit vun de Prënz-Hari-Eisebunnen a vun deene Schmuelspurbunnen, déi an den 80er Jore vum 19. Jorhonnert entstan sinn. Hie war allerdings an Amerika, wéi am November 1891 d’Zuchstreck Waasserbëlleg-Gréiwemaacher opgaang ass.

Ganz war hie begeeschtert vum Elektreschen, dat 1889 vu Rouspert aus säi Siegeszuch duerch Lëtzebuerg ugetrueden an 1891 och an der Muselmetropol Anzuch gehal huet.

An de Korriesch Frantz wäert wuel och eppes méi vun där neier Bréck – der Adolfbréck – gewousst hunn, déi vun 1900 u gebaut gouf an 1903 als architektonescht Wonnerwierk iwwer dem Péitrussdall ageweit gouf.
1904 kruten de Moler Dominique Lang vun Diddeleng an de Frantz Seimetz dee prestigiéise Konschtpräis „Prix Grand-Duc Adolphe“ vum CAL („Cercle Artistique Luxembourg“) zouerkannt.

A wa mer e bëssen am Sport bliederen, da war et 1909, wéi de François Faber d’„Grande Boucle“ gewonn huet. An deem selwechte Joer ass zu Maacher de Foussball-Club gegrënnt ginn. De Seimetz huet och nach gelieft, wéi den Nicolas Frantz 1927 an 1928 den „Tour de France“ gewonnen huet.

De Frantz Seimetz huet awer och a senger Iechternacher Zäit als „Molerpittchen“ den 1. Weltkrich matkritt. Hie war Zäitzeien, wéi 1919 d’allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen (!) agefouert ginn ass an och, wéi 1921 de Prënz Jean um Schlass vu Kolmer-Bierg op d’Welt koum.

Et huet den Dichter vun de „Krunnemécken“ wuel och net kal gelooss, wéi 1921 a senger Heemechtsstad Maacher gläich zwou bedeitend Kellereien opgaang sinn: d’Genossenschaftskellerei, haut Vinsmoselle, a Bernard-Massard.
Ganz sécher war hie vun deem neie „Schulpalast“ begeeschtert, deen 1921 zu Maacher op der Kopgewan gebaut gouf an 1922 seng Diren opgemaach huet an an deem duerno – vun 1925 un – eng ganz Parti Wäimäert ofgehal gi sollten. Ganz sécher huet de „Seimchen“ och bei där éischter „Vente publique des grands crus 1921“ am Joar drop (1922) am deemolegen Hôtel Hastert op der Bréck „de Joarhonnertwäin“ genoss, an e war beim éischte Maacher Wäimoart (1925) derbäi.

A vläicht huet e sech fir dem Joseph Kutter (1894-1941) seng Molerei intresséiert, deen tëscht 1923 an 1930 d’Lëtzebuerger Konschtzeen mam „Expressionismus“ bekannt gemaach huet. Hat hien och Kontakt mam Musel- Moler Nico Klopp (1894-1930), deen 1930 am Alter vun nëmme 36 Joer gestuerwen ass? A konnt en och eppes zum Jean-Pierre Beckius (1899-1948) senge stëmmungsvolle Muselbiller soen?

Wat soll en da wuel geduecht hunn, wéi de Professer Joseph Hess 1929 seng „Luxemburger Volkskunde“ am Verlag Paul Faber zu Gréiwemacher verëffentlecht huet? Vläicht huet hie grad zu deem Zäitpunkt nach e Selbstportrait mat deem schaussege Bléck gemoolt, dee keen aner esou gutt ausdrécke konnt, ewéi eben de Korriesch Rouden! Et wär Jammerschued gewiescht, wann hie senger Nowelt grad déi markant Kennzeechen net hannerlooss hätt, wéi en de 26. Oktober 1934 d’An zougemaach huet…

Dem Seimetz säi Vermiechtnes

An ebe vun deem Nolooss, vum Seimetz sengem Vermiechtnes, musse mer elo nach e bësse schwätzen, awer och dovun, wéi hie schonn zu Liefzäiten – an natierlech och postum – unerkannt gouf an deen éischte Lëtzebuerger Moler war, dee vu senger Konscht liewe konnt.

page4image1578358928

Et soll op dëser Plaz haaptsächlech ëm déi Seimetz-Ausstellungen an “Eventer” goen, déi e senger Heemechtsstad Maacher waren.
Eng alleréischt Seimetz-Ausstellung hat de Moler selwer am Joer 1882 organiséiert.

Eng weider grouss Ausstellung – vläicht déi gréisst – war 1933, am Kënschtler sengem 75. Gebuertsjoer, grad ëm Lorenzdag, nämlech vum 12. bis den 20. August, an 8(!) Säll an där „neier“ Primärschoul. 344 Biller an Zeechnungen, dorënner 15 Selbstportraiten, eng Parti Portraite vu Membere vum Touriste- Klibbchen a 4 Zeechnunge vum Maacher Kierchtur goufen an dëser bombastescher Ausstellung gewisen, déi „géint säi Wëll an ouni säi Wëssen“ organiséiert gi war an „zu där en eréischt säi Seege ginn huet, wéi säi Konterfei him an allen Ecke vu Maacher entgéintgelaacht huet“, schrouf de Jos. Faber. De Staatsminister Joseph Bech, de Professer Léon Lommel – dee jo een Deel vu senger Oberprimärschoul hei zu Maacher gemaach huet – an de Buergermeeschter Vic. Prost ware bei der Vernissage derbäi an et gouf e Selbstportrait vum Korriesch-Frantz als „Sonderdruck“ für 10 Frang verkaaft.

Eng weider Seimetz-Ausstellung war vum 20. bis den 23. Mee 1959, am 25. Doudesjoer vum Moler, an zwéi Säll vum Maacher Stadhaus – an duerch dës Ausstellung huet keen aner ewéi de Maacher Bierger a Muselmoler Roger Steffen (1924-1994)gefouert.

An da fanne mer vum 20. Dezember 1973 bis de 6. Januar 1974 eng grouss opgezuge Seimetz-Schau an de Reimlechkeete vun der Kellerei Bernard- Massard. Bei där Geleeënheet koum och déi schéi Monographie vum Kënschtler eraus. Als 16. Band vun de „Publications Mosellanes“, mat enger ausféierlecher Biographie, zesummegestallt vum Robert Stumper. Am selwechte Joer ass de 17. Band vun dëse Publikatiounen dem Seimetz als Ergänzung zur Monographie gewidmet ginn: „Der Feuersalamander – von Frantz Seimetz – im Spiegel seiner Heimatstadt Grevenmacher“, vum Pierre Hauffels a vum Martin Gerges nei geuerdnet a kommentéiert. An nach eng Kéier koum dee„Feuersalamander“ 2014 fir den 80. Doudesdag vum Seimetz bei PRESSS zu Gréiwemaacher eraus, dës Kéier illustréiert mat Tableaue vum Auteur.

Eng 5. grouss Seimetz-Ausstellung hat d’Kulturkommissioun am 50. Doudesjoer vum Kënschtler, vum 21. bis de 26. Dezember 1984, am Maacher Centre culturel organiséiert. Bei där Geleeënheet gouf eng Lithographie vu 4 Selbstportraiten publizéiert a fir 400 Frang verkaaft.

Des Weidere si beim Chrëschtmaart 1992 am Osburg-Haus sechs Zeechnunge vum Kënschtler gewisen ginn, déi d’Gemeng an deem Joer vun enger Privatpersoun ofkafe konnt.

An am Kulturjoer 1995 stoung bei der éischter Ausstellung „Aux 4 coins de Grevenmacher“ nees eng Kéier de Frantz Seimetz am Bléckpunkt am Sëtzungssall vun der Gemeng – a mat him 4 „nei“ Biller vu sengen Elteren a senger Fra, déi d’Gemeng an Laf vun deem Joer ugebuede krit hat.

Déi wuel bescheiden, awer schéi Seimetz-Austellung am Kader vu „4 coins 2008“ an am 150. Gebuertsjoer vum „Korriesch Frantz“, déi en immense Succès hat, war also déi sechst lokal „Schau“ fir dee bedeitende Maacher Jong.

An déi 7. Seimetz-Ausstellung ënner dem Motto „Seimetz intime“ war am Kader vu „Maacher Oart“, 2014, am 80. Doudesjoer vum Moler, zu Maacher op der Gemeng.

Et däerf een och op kee Fall d’Seimetz-Owender zu Maacher an d’„Präsenz“ vum Kënschtler bei „Maacher lieft 1995“, resp. bei der „Maacher Fräiheet 2002“ an esouguer bei der Maacher Krëppchen 2007 oder beim Fakelzuch 2014 vergiessen. An da muss een eng Parti Ausstellungen an der Stad (z. B. 1884, 1896, 1926, 1949 an 2013/14) ob d’mannst ernimmen…

An et ass och selbstverständlech, datt d’Stad Maacher d’Joer 2018 an domat den 160. Gebuertsdag vum Moler, Kënschtler a Weltebummler, net eriwwergoe léisst, ouni de Seimetz ze wierdegen.

„De Frantz Seimetz – e Maacher Unikum“,

dat war hien – um Schluss mat engem flotte Seimetz-Zitat:

„Dem einen kommt der Verstand mit dem Alter, dem anderen kommt das Alter erst mit dem Verstand; er hat also Aussicht, länger jung zu bleiben.“

Ech wënschen Iech, dass Dir dann all méi laang jonk bleift!!! Monique Hermes (20.04.2018)

D’Ënnerschrëft vum Frantz Seimetz am “Feuersalamander” vun der Stad Gréiwemaacher.

page6image1577182752  page6image1577183424

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.