De Frantz Seimetz a seng Zäit

De Frantz Seimetz (* 21 Abrëll 1858; + 26. Oktober 1934)

E puer wichteg Ereegnesser zu Maacher an am Ländchen zum “Korriesch Rouden” senger Zäit

1858: Lëtzebuerg gëtt zënter 1849 vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III (1849-1890) regéiert. Deen hat säi Brudder, de Prënz Hari vun Oranien- Nassau, “de gudde Pränz Hari”, (1820-1879) direkt 1849 zum Statthalter fir Lëtzebuerg ernannt (1849-1870).

Info: Bis zu sengem Dout, 1934, huet de Seimetz sechs Lëtzebuerger Regenten “erlieft”:

o De Kinnek-Groussherzog Wëllem III – mat dem “gudde Prënz Hari”,

o De Groussherzog Adolf aus dem Haus Nassau-Weilburg – als éischte Lëtzebuerger Groussherzog,

o De Groussherzog Wëllem IV. mat der Groussherzogin Maria- Anna,

o D’Groussherzogin Marie-Adelheid,

o D’Groussherzogin Charlotte.
– Och nach zu Liefzäite vum Seimetz ass 1921 de Prënz a spéidere

Groussherzog Jean op Schlass (Kolmer)-Bierg op d’Welt komm.)

– Zu Gréiwemaacher war beim Seimetz senger Gebuert de Pierre Muller-Walse Buergermeeschter (vun 1849-1861). Seng Ënnerschrëft kann ee ganz däitlech um Frantz Seimetz sengem Gebuertsakt liesen. Info: Bis 1934 waren zu Maacher eng ganz Dosen – also 12 – Buergermeeschteren um Rudder, déi de Seimetz wahrscheinlech all kannt huet:

o De Pierre Muller-Walse,
o De Joseph Ritter,
o De Jean Eichhorn,
o Den (Otto Julius) Mathias Feyder, o De Jean-Baptiste Knaff,

o De Victor Schoren,
o De Joseph Keiffer,
o Den Théodor Waldbillig,
o De Jean-Pierre Bettinger,
o De Pierre Godart,
o Den Antoine Wagner,
o De Victor Prost (zënter 1929).

Eng Partie vun hinnen huet de Seimetz gemoolt oder a sengem “Feuersalamander” beschriwwen. Ë. a. duerch de Victor Prost, dee bis 1959 Buergermeeschter war, huet d’Stad Maacher déi schéi Sammlung vu 66 Seimetz-Tableauen.

page1image1580836608 page1image1580836800page1image1580837088

  • –  Zwéi bekannt Maacher Veräiner waren 1858 scho gegrënnt: o D’Maacher Stadmusek (“Harmonie Municipale”) (1834), o De Gesangveräin – haut “Chorale Municipale” (1848).
  • –  Eis dräi bedeitendst Lëtzebuerger Dichter waren allen 3 op der Welt:

o De Michel Lentz (1820-1893), deen eis Nationalhymn (“Ons Heemecht”), d’Lidd “de Feierwon”, an den “Hämmelsmarsch”

geschriwwen huet.
o Den Edmond de la Fontaine, alias Dicks (1823-1891), deen eng

Zäitlaang Schlasshär zu Stadbriedemes war an eis wonnerschéin

Operetten hannerlooss huet.
o De Michel Rodange (1827-1876), deen de “Renert” geschriwwen

huet. Eng vun den Ausgabe vum “Renert” ass esouguer vum

Seimetz (zesumme mam jonken Auguste Trémont) illustréiert ginn.

Info: De Seimetz ass dem Michel Lentz ganz sécher eng Kéier begéint. Hie beschreift dat Treffen am “Feuersalamander”.
An de Michel Rodange ass méi dacks vum Seimetz gemoolt ginn – och Maacher huet där Rötel-Zeechnungen eng!

1859: De Seimetz war 1 1⁄2 Joer al, wéi deen éischten Zuch de 4. Oktober 1859 vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass. Dem Michel Lentz säi “Feierwon” erënnert un dat Ereegnes.

1867: D’Festung Lëtzebuerg gëtt geschläift, d. h. ofgerappt. Dat Thema gouf deemools ganz sécher hei zu Maacher an där Schoul (uewen op der Maartplaz), wou de Seimetz dragaang ass, beschwat.

1868-1870: Deemools ass déi grouss Auswanderungswell a Richtung Amerika ugaang; do sollt d’Liewe vill besser sinn, wéi z. B. bei äis am Éislek. Vläicht huet dat dee jonke Seimetz inspiréiert, fir eng Kéier selwer an Amerika ze fueren, wat hien 1887 bis 1896 gemaach huet. Fënnef Méint laang war hien an där Zäit op engem Hausboot um Mississippi, engem 3766 km laange Floss an de Staten! Zum Vergläich: d’Musel huet genee emol 544 km vun der Quell an de franséische Vogesen bis zur Mündung zu Koblenz an de Rhäin!

Vun 1871 un – a bis wäit an d’20. Jorhonnert eran:
Och duerch d’Eisebunn war den Opschwonk vun der Eisenindustrie am Minett net méi ze stoppen. Dës Industrie huet vill zum Wuelstand vum Ländche bäigedro, an dee Wuelstand huet de Seimetz och gespuert, well e vill Tableaue verkafen a vu senger Konscht liewe konnt.

1880/81 mécht de Joseph Esslen, dee vun Tréier op Maacher gezu war, bei äis d’Dréckerei Esslen op – a gëtt d’Obermosel-Zeitung weider eraus, déi 1880 an d’Liewe geruff gi war. Dës Zeitung sollt bis wäit an d’20. Jorhonnert eran iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus

bekannt ginn a gëtt och vum Seimetz am “Feuersalamander” extra gewierdegt. (Info: Hie selwer huet och alt emol an d’Obermosel- Zeitung geschriwwen, z. B. d’Gedicht “August 1927”, iwwer e schlechten “Herscht”, dee virun der Dir stoung.)

Info: Am Verlag Esslen, resp. am Verlag vun der Obermosel- Zeitung kommen och eng Partie Bicher iwwer Maacher eraus, z. B. “Velleda – Die Drude von Machern” (Peter Olinger – 1935.

1882 An deem Joer geet zu Maacher déi éischt fest Grenzbréck tëscht Maacher (L)a Wellen (D) fir de Verkéier op. Si war 1880/81 gebaut ginn, an de Seimetz huet dat Ereegnes sécher begréisst. Vun der Musel schreift hie ganz vill a sengem “Feuersalamander”. Et ass och déi eenzeg Maacher Bréck, déi de Seimetz kannt huet. Wéi se am September 1944 zerstéiert gouf, war hie scho bal 10 Joer dout.

(1882 hat de Frantz Seimetz seng éischt Ausstellung zu Maacher organiséiert; 1884 war déi éischt Seimetz-Ausstellung an der Stad Lëtzebuerg. Duerno koumen nach ganz vill Ausstellungen zu Liefzäite vum Kënschtler no; an der Stad an och zu Maacher. De Seimetz war iwweregens deen éischte Lëtzebuerger Moler, dee vu senger Konscht liewe konnt!!!

1886 koum am Verlag Esslen zu Maacher e Bichelchen eraus mam Titel: “Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher” (geschriwwe vum Schoulmeeschter Anton Wagner). An deem Bichelche sinn och Maacher Soen a Legenden opgeschriwwen. De Frantz Seimetz huet et ganz sécher kannt, well hien iwwerhëlt déi eng oder aner So, resp. Legend a sengem “Feuersalamander”.

1891 ass bei äis d’Zuchstreck Waasserbëlleg-Gréiwemaacher opgaang. De Frantz Seimetz war deemools an Amerika. Et ass awer méi wéi wahrscheinlech, datt hien no 1896 den Zuch geholl huet, fir aus der Stad op Waasserbëlleg (mat der Wëllem-Lëtzebuerg-Bunn) an dann op Maacher (mat der Prënz-Hari-Bunn) bei säin “Touristeklibbchen” ze kommen. (Info: An deem Klibbchen ass d’Lidd entstan: “Kuck elei, do sëtzen d’Krunnemécken!” An hien huet och vill Memberen dervu gemoolt, well de Seimetz konnt immens schéi Portraite molen – och vu sech selwer!

1891 war de Seimetz ëmmer nach an Amerika, wéi Maacher d’Elektrescht krut, dat 1889 vu Rouspert aus säi Siegeszuch duerch Lëtzebuerg ugetrueden huet. Am Seimetz senge Kannerjore gouf et deemno nach keen Elektresch an der Muselmetropol!

1897 huet de Frantz Seimetz sech mat dem Mimi Bourger vun Arel bestuet. D’Stad Maacher huet Biller, déi de Moler vu senger Fra gemoolt huet.

1900-1903: De Frantz Seimetz a seng Fra ware sécher begeeschtert, wéi an der Stad d’Adolfbréck – oder déi nei Bréck – gebaut ginn ass, déi 1903 als architektonescht Wonnerwierk iwwer dem Péitrusdall ageweit ginn ass. Si zielt och haut nach zu deene gréisste Brécken op der Welt mat engem stenge Bou.

1904 war e ganz bedeitend Joer fir de Frantz Seimetz. Zesumme mat dem Diddelenger Moler Dominique Lang krut hien de Konschtpräis “Prix Grand-Duc Adolphe” zouerkannt, deen eréischt 1902 vum Groussherzog Adolphe perséinlech an d’Liewe geruff gi war.

1909 huet de Seimetz sech ganz sécher mam François Faber gefreet, wéi deen den Tour de France gewonnen huet. An hien huet och nach erlieft, wéi den Nicolas Frantz 1927 an 1928 d’ ”Grande Boucle” gewonnen huet.

1909 ass zu Gréiwemaacher de Fussball-Club gegrënnt ginn. Och dat dierft de Seimetz matkritt hunn.

1914-1918:
De “Molerpittchen” huet zu Iechternach-Bréck (D) an duerno zu Iechternach gewunnt an där onroueger Zäit vum 1. Weltkrich. Zu Iechternach huet de Seimetz seng schéinste Biller gemoolt.

1919 (Info: war de Seimetz Zäitzeien, wéi d’allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen (!) zu Lëtzebuerg agefouert ginn ass…)

1921 konnt de Seimetz sech driwwer freeën, datt a senger Heemechtsstad gläich zwou grouss Kellereien opgaang sinn: d’Genossenschaftskellerei, haut Vinsmoselle, an d’Kellerei Bernard-Massard.

  1. 1921  war zu Maacher – no 2 Joer Bauzäit – deen neie “Schulpalast” fäerdeg, deen am November 1922 ageweit ginn ass; et handelt sech ëm déi fréier Primär- an heiteg Grondschoul! De Seimetz ass ganz sécher nach op deen éischte Wäimoart komm, deen 1925 am Schoulgebai war. An hien huet wuel och seng gréisst Ausstellung genoss, déi d’Stad Maacher him 1933 fir säi 75. Gebuertsdag (1933) an dëser neier Schoul organiséiert hat: 344 Biller goufen an 8 Schoulsäll gewisen!!! Esouguer de Staatsminister Bech war beim Vernissage derbäi! An et ass e Selbstportrait vum Korriesch-Frantz – eng Affiche – als Extradrock fir 10 Frang verkaaft ginn!
  2. 1922  huet de “Seimchen” wuel bei där éischter “Vente publique des grands crus 1921” am Hôtel Hastert op der Bréck “de Joarhonnertwäin” genoss…

1923-1930 huet en aner bedeitende Lëtzebuerger Moler eis Konschtzeen mam “Expressionismus” bekannt gemaach: de Joseph Kutter (1894-1941). Ganz sécher ass dat net spurlos um Seimetz laanschtgaang.

A wuel och net d’Wierker vun de Muselmoler Nico Klopp (1894-1930), deen 1930 am Alter vun nëmme 36 Joer gestuerf ass, an der Stad Maacher eng ganz Partie wonnerschéi Linoldréck hannerlooss huet, oder d’Wierker vum Jean-Pierre Beckius (1899-1948), dee mat stëmmungsvolle Muselbiller opgewaart huet…

1929 huet de Professer Joseph Hess (1889-1973) zu Maacher am Verlag Paul Faber säi bedeitend Wierk “Luxemburger Volkskunde” verëffentlecht. Dat huet de Seimetz ganz sécher intresséiert, an et wär kee Wonner gewiescht, wann hien den Hess, deen zu Iechternach ënnerriicht huet, perséinlech kannt hätt.

An den 30er Jore gëtt et méi roueg ëm de Frantz Seimetz. 1932 moolt hie säi leschten Tableau, well en net méi gutt gesäit. Tëscht 1931 an 1934 schreift hien déi 4 Bänn “Der Feuersalamander – Einfälle und Ausfälle”, an deene vill Kandheetserënnerungen festgehal sinn. Och Maacher Charakterkäpp gi beschriwwen. 1933 ass déi grouss Seimetz- Retrospektiv an der Primärschoul zu Maacher. An 1934, de 26. Oktober, mécht e ganz besonnesche Moler, Weltebummler a Schrëftsteller seng An fir ëmmer zou. Senger Nowelt hannerléisst “Korriesch Rouden” e Vermiechtnes vun onschätzbarem Wäert…

Monique Hermes (01.03.2018)

D’Stad Maacher matzen an de Wéngerten, mat hirem legendäre Kierchtur, gemoolt 1926 vum Frantz Seimetz. (Original: Stad Gréiwemaacher)

page5image1572498096

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.