An der Maacher Schoulgeschicht gebliedert

Viru 96 Joer, de 5. November 1922, ass déi nei Maacher Primärschoul, déi vun 1919 bis 1921 gebaut gi war, ageweit ginn; e puer Deeg drop, den 9. November, stoung en zweete grousse Reportage mam Titel „Die Einweihung des Schulpalastes in Grevenmacher“ an der Obermosel-Zeitung. (En éischte méi klenge Reportage war scho méindes an der Zeitung.)

Déi nei Maacher Primärschoul am Joer 1922. (Postkaart: Gemengenarchiven)

Virun 8 Joer, den 19. Mee 2009, hu mer déi herrlech renovéiert Primärschoul ageweit. Deemools, also 2009, hunn eis Schoulkanner gesong:

„Maacher Schoul, Maacher Schoul: Kuckt dat aalt Gebai – lo ass et schéin nei. Laang hu mir drop gewaart, all hunn hiert Best gemat. Héi, dir Maacher! Vive eis Schoul!

Aus deem Grond – an nach aus villen aneren – wollt ech e bëssen an der Schoulgeschicht vun der Stad Maacher bliederen an eng Parti Saachen opfrëschen.

Eiert mer dat awer maachen, géif ech gär e klengen Exkurs an d‘„Wesen und Werden“ vum Lëtzebuerger Schoulwiesen u sech maachen. Dat soll derzou bäidroen, fir herno eng ganz Parti Saache besser ze verstoen.

D’Lëtzebuerger Schoulwiesen am 19. Jorhonnert

Ganz bescheiden huet d’Schoulwiesen zu Lëtzebuerg an der éischter Halschecht vum 19. Jorhonnert ugefaang. Ënner dem franséische Regime (1795-1814) ass sech méi um Pabeier wéi an der Praxis ëm dat ënnerentwéckelt Schoulwiesen am neien „Département des Forêts“ gekëmmert ginn.

Schoulpolitesch Initiativen aus der hollännescher Zäit (1815, wéi Lëtzebuerg um Wiener Kongress zwar zum Groussherzogtum erhuewen, dofir awer méi kleng gi war, an dem hollännesche Kinnek Wëllem I. zougesprach ginn ass, bis

page1image1517845408 page1image1517845696

1830), schoulpolitesch Initiativen also, konnte kaum wierken duerch den Ausbroch vun der belscher Revolutioun 1830.

En absoluten Déifpunkt an der Lëtzebuerger Schoulgeschicht war d’Zäit vum belsche Regime (1830-1839). 1841 gouf et an engem Drëttel vun de Lëtzebuerger Gemenge keng Primärschoul. Vun 382 Schoule waren der 176 nëmmen am Wanter op. Méi wéi d’Halschecht vun de LëtzebuergerSchoulmeeschteren hat kee Qualifikatiounsnoweis, also keen Zertifikat.

De Wëllem II. huet 1840 e Lëtzebuerger Territoire iwwerholl, deem seng Zukunft méi wéi ongewëss war. 1839 ass d’Land nach eng Kéier vill méi kleng ginn, deemools ass jo d’belsch Provënz Lëtzebuerg ofgezwackt ginn. Je, Lëtzebuerg war zwar e Staat, mä absolut nach keng Natioun.

Elo kënnt d’Verfassung vun 1841. Hei sinn net nëmmen déi politesch an administrativ Strukture vum Land nei geuerdnet ginn, mä hei fanne mer och am Artikel 51 d’Stipulatioun fir d’Ausschaffe vun engem Gesetz iwwer den ëffentlechen Unterricht – eng vu sechs Prioritéiten, déi fir d’vollständegOrganisatioun vum Land néideg wären.

Dat éischt Lëtzebuerger Primärschoulgesetz – e Prozess „vun uewen“ – huet nëmmen zwee Joer gebraucht, bis et ausgeschafft war, an et ass de 26. Juli 1843 gestëmmt ginn. De Peter Voss, Dr. phil., wëssenschaftleche Mataarbechter am Fuerschungsprojekt „Schooling as Institutional Heritage in Cultural Settings“ un der Uni Lëtzebuerg, schreift am remarkabelen Artikel „Vom Land zur Nation – Schulgesetz, Schulverwaltung und Schulstatistik nach 1840“ an der Zäitschrëft „Forum“ (November 2010): „Im Großherzogtum erfolgte die moderne Nationsbildung zu einem wesentlichen Teil durch die Ausbildung eines einheitlichen Schulwesens. Die 1843 eingerichtete zweisprachige Primärschule sollt sich zu einer zentralen Institution der Luxemburger Identität entwickeln. Über das Primärschulwesen wurden die Einwohner des Landes in den neuen Staat eingebunden und zu Luxemburgern ,gemacht‘.“

Vun deemselwechte Peter Voss stamen och all déi aner interessant Donnéeën iwwer d’Schoulgesetz vun 1843 – et war iwwregens och dat Joer, wéi de „Luxemburger Schulboten“ („Le Courrier des Ecoles dans le Grand-Duché de Luxembourg“) als amtlecht Matdeelungsblat gegrënnt ginn ass – dëse Schulbote, dee bis 1942 erauskoum, ass haut eng éischtklasseg Quell fir Informatiounen iwwer d’Schoulwiese vun deemools a mir wäerten nach méi wéi eemol drop zréckkommen.

D’Primärschoulgesetz vun 1843

An 103 Artikele beschäftegt dat Gesetz sech mam Ariichten a mam Finanzéiere vu Schoulen, mat der Schoulorganisatioun, der Ernennung an dem Ofsetze vu Schoulmeeschteren, der Schoulopsiicht an dem Ariichte vun enger Normalschoul.

Un der Spëtzt vun der Schoulverwaltung stoung déi Kinneklech- Groussherzoglech Unterrichtskommissioun. All Gemenge vum Groussherzogtum sinn derzou verflicht ginn, permanent Primärschoulen anzeriichten a fir d’Käschte vum Schoulbetrieb opzekommen. D’LëtzebuergerPrimärschoule sinn ënner der Trägerschaft vun de Gemenge bliwwen, hunn allerdings der Opsiicht vum Staat ënnerstan. Als Unterrichtsfächer ware „Relioun a Moral“, d. h. Reliounsunterricht, Däitsch- a Franséisch-Liesen, Schreiwen a Rechnen.

Et muss een onbedingt e Wuert soen iwwer déi schwiereg Verhandlungen tëscht Kierch a Staat soen, déi dem Schoulgesetz virausgaang waren; besonnesch implizéiert waren de Gouverneur Caspar Théodore Ignace de la Fontaine (dem Dicks säi Papp), an den apostolische Vikar Jean-Théodore Laurent (deemools war Lëtzebuerg nach keen eegent Bistum, eréischt zënter 1870 ass dat de Fall; de Jean-Théodore Laurent, Virgänger vum Bëschof Adames, war vun 1841 bis 1848 deen zweeten Apostolesche Vikar am 1840 gegrënnten Apostolesche Vikariat). D’Kierch krut fir dat Schoulgesetzallerdings eng ganz Parti Zougeständnisser gemaach. Esou louch de Reliounsunterricht an den Hänn vum Klerus. Deen hat och d’Opsiicht iwwer de reliéise Liewenswandel vun de Schoulmeeschteren a konnt jidderzäit an d’Schoul kommen. De Schoulmeeschter huet fir seng Ustellung e „Certificat de bonne conduite religieuse“ gebraucht, dee vum Paschtouer vun Duerf ausgestallt gouf. An d’Unterrichtskommissioun huet zu engem Drëttel aus Geeschtleche bestan. Mat derbäi war och den Apostolische Vikar.

Looss mer nach eng Kéier de Peter V oss zitéieren, dee schreift: „Als richtungweisend für die Entwicklung des Landes erwies sich die Einführung des Unterrichts in deutscher und in französischer Sprache. Hierin besteht die eigentliche Besonderheit des luxemburgischen Schulgesetzes von 1843 und des Luxemburger Schulsystems: einem im Grunde rein deutschsprachigen Gebiet wurde von Amts wegen die Zweisprachigkeit verordnet.“

An elo kéime mer dann op dat ägentlecht Thema, d’Maacher Schoulgeschicht nom Schoulgesetz vun 1843.

Ech géif Iech awer nach gär ganz kuerz soen, datt d’Schüler am 19. Jorhonnert dacks d’Brennholz fir an d’Schoul hu misse vun doheem matbréngen, well d’Gemeng kee Geld fir d’Hëzen ausgi wollt, an datt dat éischt Schoulgesetz bis de 25. Juni 1912 gutt war. Du ass et ersat ginn (duerch déi soug. „Loi Braun“).

Deemools si siwe Joer Schoulflicht agefouert ginn, d’Lëtzebuergesch ass Flichtfach ginn, de Schoulmeeschter huet net méi missen am Reliounsunterricht matschaffen, hien huet keen Zertifikat méi iwwer säi reliéise Liewenswandel gebraucht an de Paschtouer oder säi Vertrieder waren och net méi zoustänneg fir d’Iwwerwaachung vum Enseignement. Datt dat alles net ouni Usch a Wéi

goung, versteet sech wuel vum selwen. Awer dat ass net d’Thema vun haut den Owend… Dofir komme mer elo direkt bei eist Maacher a seng Schoulgeschicht.

Ech kann iech verroden: Déi Schoulgeschicht ass extrem intressant a si geet ägentlech d’ganzt Lëtzebuerger Land un, well grad am 19. Jorhonnert hu Léierpersounen derfir gesuergt, datt den Numm „Gréiwemaacher“ e gudde Klank wäit iwwer d’Grenze vun der Museluertschaft eraus hat…

Wie waren dës Léierpersounen, wat hu si geleescht? Dat sollt dir haut den Owend gewuer ginn. An och – vläicht fir d’éischt – wéi et et iwwerhaapt zu dëser Konferenz koum…

Ägentlech huet dat Ganzt viru méi wéi 30 Joer ugefaang. Ech mengen d’Tatsaach, datt zu Maacher zwee Leit – de Jean Welter an ech selwer – sech dohinner gesat an an der Schoulgeschicht gebliedert hunn. Méi duerch Zoufall, wéi gewollt, ware mer deemools op e Bichelche mam Titel: „Althertümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher. Eine Sammlung von Sagen und Märchen, Sitten und Gebräuchen, Volksmeinungen, Liedern, Sprüchen, Spielen usw. gesammelt, herausgegeben und seinen Mitbürgern gewidmet von X. Mosellanus“, gestouss.

D‘ Bichelchen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten…“ koum 1885 eraus. (Original: Nationalbibliothéik – Foto: Archiv Jean Welter)

Mat dësem bescheidene Bichelchen – et koum 1885 an der Maacher Dréckerei Esslen eraus an et hat nëmmen 120 Säiten – sollt dee Maacher Schoulmeeschter Anton Wagner – dat ass den Numm vum Auteur – eng Fondgrouf schafe fir all déi, déi sech fir dat Gebitt intresséiert hunn, wat ee „Volkskunde“ nennt, an nach dofir intresséieren. Am Artikel „Der Anteil Grevenmachers am geistigen Schaffen unserer Heimat“ an där bemierkenswäerter Monographie „Grevenmacher (1252-1952) Festschrift zur 700-Jahrfeier des Freiheitsbriefes“ huet de Paul Noesen dem Anton Wagner fir säi Bichelchen den Titel „Vater der moselländischen Volkskunde“ zouerkannt.

page4image1560385840

Dat, wat d’Leit sech zu Maacher a laange Wanteruuchten erzielt hunn, d’Seeërcher aus fréieren Zäiten, d’Bräich vun deemools, d’Lidder, déi zu Maacher gesonge goufen, d’Stroossen- an d’Flouernimm aus där Stad, déi seng zweet Heemecht gi war, d’Spréchelcher, déi d’Kanner hei virgesot kruten an äifreg nogebabbelt hunn, d’Spréchwierder, déi esou dacks gebraucht goufen, eng Parti Riedensaarten, déi deemools op der Musel nach heefeg waren, dat alles steet an deem klenge Bichelchen. Beim Auteur handelt et sech also éischter ëm e „Folklorist“.

A wat huet deen da mat Schoulgeschicht ze dinn?

Mä den Anton Wagner (1844-1886) war vu Beruf Schoulmeeschter! Dofir hunn d’Nofuerschungen iwwer hien a säi Wierk an d’Schoul an domat an d’Schoulgeschicht vu Maacher gefouert. An déi war op eemol esou spannend, datt een net derlaanscht koum, fir eppes méi dran ze bliederen an ëmmer weider ze fuerschen, well se zu deenen intressantste vum Land gehéiert, wéi ech scho bemierkt hunn.

  •   Zu Maacher waren am 19. Jorhonnert Musterschoulen, déi wäit a breet hires Gläiche gesicht hunn.
  •   Zu Maacher gouf de Grondstee geluegt fir d’Fortbildungs-, d’Oberprimär- an d’Normalschoul!!!An Nimm wéi Nikolaus Clasen, Anton Godart, Marie-Anne de Thierry, Anton Wagner, Sr. Marie-des-Neiges Daleyden an nach eng Parti anerer si mat gëllene Bustawen, net nëmmen an der Schoulgeschicht vun eiser Muselstiedchen, mä an där vum ganze Lëtzebuerger Land veréiwegt.

    Déi Genannt ware Maacher Léierpersounen. Si hu Musterschoule geschaf, a si hu méi wéi 20 Schoulbicher geschriwwen an erausginn, Bicher, déi zum Deel bis wäit an d’20. Jorhonnert era gebraucht goufen. Fir dës Leeschtunge si si ausgezeechent ginn, net nëmme mat Brevete vum éischte Rang, mä och mat héijen Uerden.

    Dat alles hu mer deemools – 1985 an 1986 – festgehal, fir d’éischt an enger Serie vun ning Deeler iwwer d’Bichelchen „Althertümliche Merkwürdigkeiten …“ an der kultureller Bäiluecht vum „Luxemburger Wort“, also an der „Warte“. Et goung de 17. Oktober 1985 un an et koum nach eng Säit no fir den 100. Doudesdag vum Anton Wagner, den 13. Juli 1986, an der „Warte“ vum 10. Juli 1986.

    Duerno waren zwou Suite mam Titel „Aus der Schulgeschichte der Stadt Grevenmacher“ och an der „Warte“, an zwar den 11. an den 18. Dezember 1986. Den 18. Dezember 1986 war och eng gutt besicht Konferenz am „Centre culturel“ zu Maacher. Si huet geheescht: „Zu Maacher virun 100 Joer – Vu Leit a Liewen“. Zu där Konferenz huet eng flott Ausstellung mat Biller, Dokumenter a Fotoe gehéiert. Si war Enn Dezember 1986, och am „Centre culturel“ ze gesinn, an dat Ganzt war vun der Maacher Kulturkommissioun organiséiert ginn.

1989 ass de Jean Welter dun an engem gréisseren Artikel, deen hie „Grevenmacher im Spiegel des Kulturschaffens“ iwwerschriwwen hat, nach eng Kéier op dës Léierpersounen agaang an der Broschür „Lycée technique Joseph Bech 1969-1989“. Si sinn och ernimmt ginn am Katalog „Maacher Bërger vu fréier“, deen 1992 fir d’Ouschter-Retrospektiv vum Maacher Foto-Club „Flash“ erauskoum.

1992 sinn d’Schoulschwësteren no 135 Joer Wierke vu Maacher fortgaang, an et koum zu enger Parti Erkenntnesser iwwer dëst Wierken. Si si festgehal am „Laurentius-Pfarrblatt der Pfarrei Grevenmacher“ vum Juli 1992, en Heftche vun 20 Säite mam Titel „Den Schulschwestern zum Abschied“.

An nëmmen ee Joer méi spéit – 1993 – hunn zwou Studentinne vum ISERP, d’Isabelle Kayser an d’Michèle Lentz (vu Maacher), sech an enger fläisseger Aarbecht op 36 Säite mat „Pädagogen aus Grevenmacher im 19. Jahrhundert und ihre Werke – Schulbücher in der Primärschule“ befaasst.

Ägentlech wär domat jo alles gesot … An dach ass et derwäert, datt déi pädagogesch Käpp, déi Maacher „zum Segen gereichten“ an déi „fast ein Jahrhundert hindurch die Methodik des Landes befruchteten“ (de Paul Noesen an deem Artikel, deen hei schon zitéiert ginn ass), net vergiess ginn. Si hu sech jo zu hirer Zäit mat eise Jonken ofginn. A si hunn derzou bäigedro, datt aus dëse Jonken „eppes ginn ass“, wat dat och ëmmer heesche wëllt. Ass a bleift et net eent vun den Zieler, déi ëmmer Gültegkeet hunn, fir déi Jonk zu verantwortungsbewosste Mënschen ze erzéien, déi hir Plaz an der Gesellschaft fannen an anhuele kënnen?

An dësem Bäitrag probéiere mer also, d’Konferenz mam Titel „Zu Maacher virun 100 Joer – Vu Leit a Liewen“, déi den 18. Dezember 1986wuel an enger aner Form gehal ginn ass an déi 2002 am „Gëlle Bouch“ fir 175 Joer Maacher Pompjeeën ënner dem Titel „Highlights aus der Maacher Schoulgeschicht“ verëffentlecht gouf, ze aktualiséieren esou wäit dat méiglech ass – an natierlech och nach dëst oder dat neit Element derbäizeflécken, well esouwuel an der Maacher Schoulgeschicht, wéi och an der Maacher Geschicht u sech ëmmer erëm nei Spuren entdeckt ginn…

Den Anton Wagner (1844-1886)

De 15. Dezember 1844 war den Anton Wagner zu Berbuerg als eelste Jong vum Léngewiewer Mathias Wagner a vum Catharina George op d’Welt komm. Am Haus „Um Bierg“ op Nummer 10 huet hie mat sengen dräi Bridder seng Kannerzäit verbruecht.

Well hie Schoulmeeschter gi wollt, goung hie vun 1861-1862 a vun 1864-1865 an d’Normalschoul. Seng éischt Plaz war Jonglënster. Do blouf e bis 1869. Du koum en op Maacher an d’Oberprimärschoul, well do war nämlech dem spéideren Architekt Peter-Anton Kemp (1841-1895) seng Plaz fräi ginn – och deen dichtege Mann, deen z. B. d’Kierch vu Mäertert gebaut huet, huet emol fir d’éischt zu Maacher ënnerriicht!

Den Anton Wagner, gemoolt vum Frantz Seimetz. (Privatbesëtz. Foto: Jean Welter)

Gelieft huet den Anton Wagner, dee sech 1872 mam Lucia Fell vu Manternach bestuet hat – d’Koppel krut véier Kanner – fir d’éischt fir seng Schoul. Scho geschwënn hat hie sech als ausgezeechente Schoulmeeschter a Pädagog en Numm gemaach, dee wäit iwwer d’Grenze vu Maacher eraus bekannt war. Dat koum virun allem duerch déi Schoulbicher, déi hien erausginn huet. Eng siwe konnten der opgedriwwe ginn. Eent dervu soll hei ervirgestrach ginn:

 Geographie für die Luxemburger Schulen, nebst einem Verzeichnis der Ortschaften unseres Landes und der wichtigsten Städte der übrigen Länder. Luxemburg, Verlag von N. Breisdorff, 1884. Buchdruckerei J. Elen, Grevenmacher.

D’Bichelchen (18 x 13 cm) huet 148 Säiten, an et koum bis 1911 méi dacks eraus. Vläicht ass et intressant, op dëser Plaz deen Abschnitt ze zitéieren, deen de Wagner doran iwwer Gréiwemaacher schreift:

„Das in einem fruchtbaren und schönen Tale sehr gesund gelegene Städtchen Grevenmacher ist eine der ältesten Ortschaften des Landes. Es hieß früher Machern und Grafenmachern und gehörte zum Gebiete des Bischofs von Trier, bis im 12. Jahrhundert unser Graf Heinrich der Blinde es von Bischof Hil(l)in von Trier erwarb. Als Friedenszeichen soll damals auf dem westlich von der

page7image1560654704

Stadt gelegenen Berge eine Kapelle erbaut worden sein. Heute steht an dieser Stelle die Kreuzkapelle, zu der hinauf ein mit schönen Stationsbildern besetzter, steiler Weg führt. Bei dieser Kapelle genießt man eine herrliche Aussicht bis weit hinunter ins Moseltal.“

„Unser Graf Heinrich II. – dat wuel en Dréckfeeler, well et handelt sech ëm den Hari V., „de Blonden“ – ließ Grevenmacher mit Gräben und Ringmauern versehen. Im 16. Jahrhundert verwüstete Albrecht von Brandenburg das Städtchen, und im 17. Jahrhundert schleiften die Franzosen die Festungswerke. (…) Die Stadt besitzt ein Hospital, dessen Einkünfte zur Unterstützung der Armen verwandt werden. Peter von Osburg, ein vornehmer Edelmann, gründete dasselbe im Jahre 1418. (…)

Eine schöne steinerne Brücke führt zu Grevenmacher, seit 1882, über die Mosel und verbindet die Stadt mit der gegenüber liegenden Moselbahn-Station Wellen. Das Städtchen hat mehrere Gerbereien, Bildhauereien, eine Färberei, eine Buchdruckerei, eine Spielkartenfabrik, eine Kerzenfabrik, eine Ziegelbrennerei, schöne Steinbrüche, mehrere Kalkbrennereien. Es zieht viel Wein. (…)“

Eleng dëse kuerze Resumé iwwer Maacher géif eng Konferenz fir sech ginn, wann een all d’Aussoen analyséieren an ergänze géif…

Den Anton Wagner huet fir déi Stad gelieft, déi hien als zweet Heemecht gewielt hat. Zu senger Zäit hunn zu Maacher nach eng ganz Parti kleng Wënzer, Baueren, Handwierker an Doléiner gewunnt; einfach Leit, déi sech vill hu misse ploen, fir hir Kuuscht ze verdingen.

A ganz besonnesch bei deene Leit waren déi al Seeërcher, d’Spréchwierder an d’Bräich, d’Lidder an d’Spiller vu fréier nach net an de Vergiess geroden. Well den Anton Wagner Schoulmeeschter an och Veräinsmënsch war – e war z. B. am Gesank –, deen am Vollek gelieft an dësem Vollek op de Mond gekuckt huet, wousst hien de Wäert vum „Volleksgutt“ ze schätzen. Hie wousst awer och, datt dat verluer goe géif, wa keen et nidderschreiwe wëllt. Dofir huet e wuel dem Dr. Nikolaus Gredt (1834-1909) et nogemaach, deem säi „Sagenschatz des Luxemburger Landes“ 1883 erauskomm war – e bedeitend Buch, un deem och de Wagner zesumme mat 21 aner Lëtzebuerger Schoulmeeschtere matgeschafft huet.

An och eisen Nationaldichter Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891) hat dem Wagner dat mam Opschreiwe virgemaach, well dem Dicks seng „Luxemburger Sprichwörter und sprichwörtliche Redensarten“ koumen 1857, seng „Luxemburger Sagen und Legenden“ 1882 a seng „Luxemburger Sitten und Bräuche“ 1883 eraus. Et soll deemools esouguer zu engem Sträit tëscht Gredt an Dicks komm sinn – awer dat gehéiert wuel net heihinn…

An du war et um Wagner mat sengen „Alterthümliche Merkwürdigkeiten der Stadt Grevenmacher“ (1885). D’Buch ass, wéi scho bemierkt, nach haut eng Fondgrouf fir déi, déi sech fir d’Vergaangenheet vu Land a Leit intresséieren.

Datt deen, deen den 13. Juli 1886 – virun 123 Joer also – am jonken Alter vun nëmmen 42 Joer op eng tragesch Manéier beim Bueden an der Musel ëmkomme sollt, och fir seng Famill gelieft huet, brauch wuel net extra erviergehuef ze ginn. Seng Fra, d’Lucia Fell, war nëmmen e puer Méint virdrun, den 1. Mäerz 1886, mat 43 Joer gestuerwen, an d’Koppel hat, wéi scho gesot, véier kleng Kanner.

No sengem Doud ass et roueg ginn em den Anton Wagner, an et huet bis wäit an d’20. Jorhonnert era gedauert, bis datt Leit ewéi den Adolf Berens – deen de 15. Mäerz 1880 zu Maacher op d’Welt komm war an den 23. Mäerz 1956 zu Péiteng gestuerf ass; hien huet net nëmmen deen éischte Roman an eiser Sprooch, mä och nach eng Parti Saachen iwwer Gréiwemaacher geschriwwen – de Professer Joseph Hess, de Paul Noesen, de Paschtouer a Lokalhistoriker Joseph Hurt an de Leo Senninger, bis also all dës Leit un e Mann erënnert hunn, dee Grousses als Familljepapp, Schoulmeeschter, Pädagog a Folklorist geleescht hat.

Den Nikolaus (Nicolas) Clasen (1783-1850)

An elo dréine mer eis Zäitmaschinn nach e bësse weider zréck…

Den Nicolas Clasen koum de 5. Mäerz 1783 an der Stad Lëtzebuerg op d’Welt. Säi Papp war Lougierwer, an d’Famill ass em d’Jorhonnertwenn (18./19. Jorhonnert) aus politesche Grënn op Maacher geplënnert. Do krut dee jonke Clasen 1812 de Schoulmeeschteschposten ugebueden. Hien huet ugeholl ënner där Bedingung, datt e sech pädagogesch weiderbilden däerft. Dat ass beim bedeitenden Tréierer Pädagog a Geeschtleche Viktor Josef Devora (1774-1837) geschitt. Ganz séier sollt de Schoulmeeschter Clasen eng ugesi Perséinlechkeet zu Maacher an iwwer d’Grenze vun der Uertschaft un der Musel eraus ginn.

page9image1561155072

De Schoulmeeschter Nicolas Clasen. (Foto: Archiv Jean Welter)

Et gouf gesot, am Joer 1818 hätt den holläneschen Inspekter Van den Ende nëmmen zwou „perfekt“ Schoulen am Lëtzebuerger Land fonnt: déi vum Wëltzer Schoulmeeschter Jean-Pierre Charles Bernard (1782-1849) an déi vum Nicolas Clasen zu Gréiwemaacher. Dofir kruten déi zwéi„Musterschoulmeeschtere“ vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. e Brevet vum éischte Rang. (Et muss ee wëssen, datt Lëtzebuerg deemools als jonkt Groussherzogtum dem hollännesche Kinnek zougesprach gi war, an zwar 1815 beim „Wiener Kongress“.)

De Clasen huet fir seng Schoul gelieft. Et heescht am „Luxemburger Wochenblatt Nr. 47, 1822“, am Philippe Knaff sengem Buch „Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und Landrichterei Grevenmacher, 1867“, an och an anere Publikatiounen, datt hien 1822 beim grousse Brand säin eegent Haus an de Flamen opgeoe geloss hätt, fir ze hëllefen d’Schoul ze retten.

Dem Nicolas Clasen seng Schoul war dann och als Primär- a Volleksschoul, als Progymnasium an Normalschoul unerkannt. Den Dr. Auguste Neyen mengt an der „Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués et originaires de ce pays“, 1860, aus där Schoul wäre 40 Schoulmeeschteren a méi wéi 100 bedeitend Männer ervirgaang. Dat widderhëlt de Louis Simmer1926 a senger «Etude sur la formation du personnel enseignant de notre enseignement primaire depuis 1815.»

Et ass liicht ze verstoen, datt zu där Zäit an eisem Land Schoulbicher gefeelt hunn, déi op d’Mooss vun de jonke „Lëtzebuerger“ (dat eegentlech nach keng richteg waren) zougeschnidde waren.

Wa mer e bëssen an der Geschicht bliederen, da sief op dëser Plaz nach eng Kéier widderholl, datt Lëtzebuerg eréischt 1815 um „Wiener Kongress“ zum Groussherzogtum erhuewe gi war, an datt de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun Holland dat neit Groussherzogtum als Privatbesëtz kritt hat. Et huet duerno bis 1839 gedauert, bis d’Land onofhängeg ginn ass.

De Clasen huet dem Mëssstand vun de Schoulbicher, déi gefeelt hunn, opgehollef doduerch, datt hie selwer Schoulbicher fir déi meescht Fächer geschriwwen an erausginn huet, an zwar fir d’Däitscht, d’Franséischt an d’Rechnen. Et géif ze wäit féieren, all des Bicher hei opzezielen.

Looss mer awer och soen, datt dem Clasen seng Verdingschter schon zu senge Liefzäiten unerkannt gi sinn an datt seng Schoulfester Perséinlechkeeten aus dem ganze Land ugezunn hunn. Mat dëse Schoulfester huet de Clasen gär a gutt och de Grondsteen fir de Kannertheater op Lëtzebuergesch geluecht huet.

1842 gouf de Clasen zum Eiereschoulinspekter vun der Gemeng Mäertert ernannt, 1844 krut en eng ëffentlech Eierung vun der Kinnek- Groussherzoglecher Schoulkommissioun a seng Schoul krut den Titel „Musterschoul“. An där Eierung huet et ë.a. geheescht: „Die schönste

Belohnung für Ihre mühevollen Leistungen finden Sie wohl in der Erkenntlichkeit Ihrer zahlreichen Schüler und in der Hochachtung Ihrer Mitbürger.“ Dat ass nozeliesen am „Luxemburger Schulbote, Erster Jahrgang, Nr. 2.“ 1849 ass de Clasen dann och zesumme mat sengem Schoulmeeschteschkolleg Bernard vu Woltz mam Ritterkräiz am Uerde vun der „Eichenlaubkrone“ ausgezeechent ginn. Am „Luxemburger Schulbote“ heescht et, deemools wär zu Maacher e richtegt Volleksfest gewiescht.

Den 19. Januar 1850 ass den Nicolas Clasen zu Maacher gestuerf. D’Schoulmeeschteren aus dem Kanton hu sech dem Bërgerveräin ugeschloss an him e Monument opgeriicht. Et steet nach haut um Maacher Kierfecht. Awer déi méi wéi 160 Joer hunn hir Spuren drun hannerlooss…

Den Anton Godart (1807-1876)

Et gëtt gesot, e Kand bräicht Virbiller. Dat si sécher fir d’éischt emol d’Elteren. Mä et sinn och Léierpersounen, well e Kand verbréngt e groussen Deel vu senger Kannerzäit an der Schoul.

E bedeitende Schüler vum Nicolas Clasen war den Anton Godart, deen den 29. Oktober 1817 zu Gréiwemaacher op d’Welt komm war. No senger Primärschoul – beim Clasen – an no Privatunterricht zu Tréier war de Godart fir d’éischt néng Joer laang – vun 1835 bis 1844 – „Unterlehrer“ am Clasen senger Schoul zu Maacher. Wéi säi Virbild wollt dee jonke Mann sech ganz fir d’Maacher Jugendasetzen. Awer Differenze mam Gemengerot hunn derzou gefouert, datt e Maacher verlooss huet, fir an der Stad eng brillant Carrière – ë. a. als Direkter an der Oberprimärschoul – ze maachen. Do krut en och den Titel: „Lehrer des ganzen Landes“ fir säin Asaz a fir säi Wierk: eng 20 Schoulbicher, déi hien eleng oder mat anere Pädagogen zesummen erausginn huet.

De Schoulmeeschter Antoine Godart. (Foto: Archiv Jean Welter)

page11image1405522432

De Godart ass also deen ëmgedréinte Wee gaang, wéi de Clasen, nämlech vu Maacher an d’Stad, an zwar 1844, ee Joer nom quasi éischte Gesetz iwwer d’Primärschoulen, wéi d’Stad Lëtzebuerg hir Primärschoule reforméiere wollt. Kee Wonner, datt esou en dichtege Schoulmann ewéi de Godart fir dës Reform häerzlech wëllkomm war!

„Un des plus intelligents, des plus pratiques comme des plus zélés instituteurs primaires de Luxembourg, nous vous l’avons enlevé“, sot den Direkter vum Stater Athenäum, de Michel Nikolaus Müller am Joer 1847 bei der Präisverdeelung zu Maacher zu den Autoritéiten. Dat ass am Louis Simmer senger „Etude sur la formation du personnel enseignant …“ nozeliesen. Dat Buch ass haut den Owend schon zitéiert ginn.

Wat huet de Godart dann elo an der Stad geleescht? Mä et ass bal net opzezielen. 1847 war en z. B. Eiereprofesser fir Summercoursen an der Normalschoul, spéider gouf en „Oberlehrer“ an Inspekter an den Ënnergrade vun de Stater Primärschoulen. 1852 krut hien och e Brevet vum éischte Rang, 1860 ass en, grad ewéi säi grousse Léiermeeschter Clasen, mam Ritterkräiz am Uerde vun der „Eichenlaubkrone“ ausgezeechent ginn. Dat war deemools ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem III.

D’Wierk, wat den Anton Godart spéider senger Nowelt hannerlooss huet, ware méi wéi 20 Schoulbicher fir esouzesoen all Fächer, dorënner och e Gesangbuch mam Titel: „Theoretisch-praktische Gesangschule, nebst einer Auswahl von Liedern, zunächst für die Primärschulen des Großherzogtums Luxemburg, Luxemburg, V. Bück, 1850. (De Godart hat nämlech zu Tréier Musekstonne kritt an och Uergel spille geléiert.)

Wéinst Intrige sollt ee vun deene bedeitendste Schoulmeeschtere vun där Zäit 1865 aus dem Léierfach austrieden. Du huet e sech mat Politik beschäftegt, an 1868 ass en an de Stater Gemengerot gewielt ginn. Den 13. Dezember 1876 ass den Anton Godart an der Stad gestuerwen.

Haut erënneren eng Strooss zu Bouneweg an eng ganz Parti Schoulbicher an eiser Nationalbibliothéik un e bedeitende Schoulmann a Pädagog, deen eppes méi mat Maacher ze dinn hat …

D’Marie-Anne de Thierry (1808-1892)

Et wär schued, wann an esou enger Konferenz wéi där hei – oder wann an der Schoulgeschicht vu Maacher a vum Land iwwerhaapt – d’Frae feele géifen, och wann dëse Fraen nach bis wäit an d’20. Jorhonnert eran net déi Roll zouerkannt gouf, déi se a Wierklechkeet gespillt hunn… Well bedeitend Frae feelen an eiser Schoulgeschicht op kengem Fall. Dat soll haut nëmmen unhand vun zwee Beispiller bewise ginn:

Eng Schülerin – an och eng Nofolgerin – vum Nicolas Clasen war zu Maacher d’Léierin Marie-Anne – oder Anne-Marie – de Thierry. Domat wäre mer bei där ganz bekannter a räicher Maacher Famill de Thierry, iwwer déi ee vill erziele kënnt – an zougläich an der Meederchersschoul.

Den 29. Februar 1808 war d’Marie-Anne de Thierry zu Maacher op d’Welt komm, als Duechter vum Gérard de Thierry a vum Anne-Marie Beving. D’Famill de Thierry, där hiert Haus op der Maartplaz stoung, huet eng wichteg Roll am politischen an am gesellschaftleche Liewe vu Maacher gespillt. De Grousspapp vum Marie-Anne, de Buergermeeschter Ferdinand de Thierry, hat den 9. Oktober 1804 de „grousse Käser“ Napoléon I. an der Muselmetropol ëmfaang.

Déi Meederchersschoul, an där d’Marie-Anne de Thierry Léierin war, huet bis 1854/55 als Gemengeschoul an duerno als Privatschoul funktionéiert. Och dës Schoul hat de Ruff vun engem Lycée an esouguer vun enger Normalschoul.

Nees eng Kéier musse mer den Direkter aus dem Stater Athenäum, de Michel Nikolaus Müller, zitéieren, deen am Joer 1847 gesot huet: «Messieurs, l’école de vos filles est digne pendant de celle de vos garçons. (…) Sous le rapport d’une éducation laborieuse, modeste, religieuse et morale, votre école ne cède en rien à celle de Ste-Sophie; sous le rapport de l’enseignement, elle lui est peut-être supérieure.» Och dat huet de Louis Simmer a sengem Buch opgeschriwwen. A wann dat kee Luef ass…

1850 krut d’Marie-Anne de Thierry – grad ewéi de Clasen an de Godart – e Brevet vum éischte Rang. „In Erwägung langer und ausgezeichneter Verdienste“, huet d’Unterrichtskommissioun festgehal. Bis 1867 haten nëmmen zwou (!) Léierinnen am Land esou e Brevet opzeweisen. Eng dovu ward’Marie-Anne de Thierry. Och dat seet eppes aus iwwer d’Stellung vun der Fra an der Gesellschaft vun deemools aus!

De 24. Abrëll 1892 ass d’Marie-Anne de Thierry an hirer Heemechtsuertschaft gestuerf. Si läit am Familljegraf vun der Famill de Thierry um Maacher Kierfecht begruewen. An och un dësem Graf sinn 120 Joer net ouni Spure laanscht gaang…

D’Schwëster Marie-des-Neiges Daleyden (1838-1908)

Et war am Juli 1992, wéi d’Schoulschwësteren („Soeurs de la Doctrine Chrétienne“) vu Maacher fortgaang sinn, nodeem se zu hirer 43 am ganzen 135 Joer laang an der Museluertschaft wäertvoll Aarbecht, besonnesch an der Erzéiung, am Reliounsunterricht an an der Par, geleescht haten.

Op dëser Plaz soll een onbedingt drop hiweisen, datt d’Franziskanerinnen, déi mer de 14. Juni 2009 vu Säite vu Par a Gemeng geéiert hunn, elo scho méi wéi 140 Joer laang onschätzbar Dingschter an der Muselmetropol leeschten!

Mä looss mer bei d’Schoulschwësteren zréckkommen. Eng vun hinne muss een awer ganz besonnesch ervirhiewen, wann een zu Maacher vu pädagogesche Käpp aus dem 19. Jorhonnert schwätzt. Et ass d’Schwëster Marie-des-Neiges Daleyden.

D’Suzanne-Clémentine Daleyden war den 22. Abrëll 1838 zu Veianen op d’Welt komm. 1858 ass dat jonkt Meedche bei d’Schoulschwësteren agetrueden, 1873 koum d’Schwëster Marie-des-Neiges als Oberin op Maacher. Virdrun hat se zu Mamer an zu Ettelbréck gewierkt.

Dës Uerdensfra war net nëmmen eng Mamm fir déi Arem aus der Museluertschaft – där goufen et deemools ganz vill zu Maacher – mä si huet sech och als musterhaft Pädagogin en Numm gemaach.

1874 ass si mat der Leedung vun der Oberprimärschoul betraut ginn, déi eréischt geschaf gi war. An dëser Schoul goufen d’Meedercher och op den Opnamexame fir d’Normalschoul virbereet an dat bis 1908. Ënner der Leedung vun der Schwëster Marie-des-Neiges huet d’Schoul esou en Zoulaf aus der ganzer Ëmgéigend kannt, datt zäiteweis zwou Léierpersounen an engem Sall hu missen ënnerriichten – dat war deeemools emol guer net esou rar. „Hunderte von jungen Mädchen aus allen sozialen Schichten aus Grevenmacher und Umgebung verdanken ihr eine solide Ausbildung und eine christliche Erziehung“, huet eng vun hire Schülerinne geschriwwen, déi duerno selwer beid’Schoulschwësteren agetruede war. Dës Ausso ass an den Archive vun der Kongregatioun festgehal.

Wéi d’Schwëster Marie-des-Neiges de 25. August 1908 gestuerwen ass – si läit am Graf vun de Schoulschwësteren um Maacher Kierfecht begruewen –, du huet déi ganz Uertschaft ëm eng bedeitend Perséinlechkeet getrauert.

Elo misst een nach ganz vill aner bedeitend Léierpersounen aus der Muselmetropol opzielen. An et wär och derwäert, datt ee sech kuerz mat deene Plaze beschäftege géif, wou zu Maacher Schoul gehal ginn ass oder gëtt:

  • –  an der Haushaltungsschoul (vun de Franziskanerinnen),
  • –  am Institut St-François,
  • –  am Péiter-Osburg-Haus,
  • –  uewen op der heideger Maartplaz,
  • –  op der Schiltzeplaz, wou haut d’Post steet,
  • –  op der Kopgewan an der Primärschoul (zënter 1921) – haut Grondschoul,
  • –  an eiser neier Spillschoul an der Centenaire-Strooss,
  • –  am Précoce-Gebai am „klengen“ Haff (wou eng Zäitlaang d’Pavillonevun der Spillschoul stoungen),
  • –  am „Lycée technique Joseph Bech“ (zënter 1969) …Mä dat géif ze wäit féieren. An et bléif och nach vill Aarbecht ze maachen. Dofir ass et fir eng aner Kéier.

Looss mer nach e Bléck op den Artikel iwwer d‘Aweiung vun eiser Primärschoul an der „Obermoselzeitung“ vum 9. November 1922 werfen, wou een ënner dem Titel „Die Einweihung des Schulpalastes in Grevenmacher am 5. November 1922“ liese kann: „Ein eigenartiges Bild bot das festliche Gebäude, durch das eine bunte Menge von Alten und Jungen wie in einem Ausflugshotelherumwogte.“

Déi Maacher Primärschoul mat hirem Schoulhaff am Joer 1922. (Foto: Archiv Jean Welter)

An aus dem deemolege Buergermeeschter Antoine Wagner – hie stoung un der Spëtzt vu Maacher vun 1921 bis 1928 – senger Ried sief dat hei zitéiert: «Tout à l’heure quand je vous ferai faire le tour du propriétaire et que vous admirerez cette belle maison, ces salles de classe spacieuses et riantes, remplies d’air et de lumière, ces corridors, vestibules et escaliers impressionnants, les salles de bains, et enfin toutes ces installations perfectionnées où les derniers progrès de la science et de l’hygiène ont été mis au profit (…), alors vous m’accorderez que les nouvelles écoles de Grevenmacher sont des plus belles qui existent.»

Wann den Här Wagner den 19. Mee 2009 derbäi gewiescht wär, wéi eis herrlech renovéiert an erweidert Primärschoul fir d’zweet ageweit ginn ass a wéi den deemolege Buergermeeschter Robert Stahl zurecht vun engem zweete „Schulpalast“ geschwat huet, e wär aus dem Staunen net erauskomm.

Kuerzëm, et ass déi Schoul, an där an deene leschten 95 Joer Generatioune vu Maacher Kanner vun engagéierte Schoulmeeschteren, Schoulschwësteren a Léierinnen – well si koumen eppes méi spéit, och wa se hautjesdaags bei wäitem an der Majoritéit sinn! – ënnerriicht an op d’Liewevirbereet gi sinn.

Et wär ganz sécher derwäert, datt een iwwer en etlech vun hinne e Wuert verléiere géif, wéi schon eng Kéier bemierkt ginn ass. Awer dat géif op dëser Plaz dach ze wäit féieren.

Loosse mer et also bei deem bleiwen, wat bis elo gesot ginn ass…

Zum Schluss sief mer just nach eng Fro erlaabt: Fir wat esou eng Iwwerleeung? Firwat esou Nofuerschungen iwwerhaapt? Fir wat en

page15image1555571632

„Ausfluch – oder Ausflich – an d’Vergaangenheet“, an dësem präzise Fall an d’Schoulgeschicht vu Maacher?

An deem Buch, dat den Titel „Luxemburger Volkskunde“ huet an dat 1929 eng éischt Kéier zu Gréiwemaacher erauskoum, schreift de Professer Joseph Hess: „Es gilt zu retten, was noch zu retten ist. So rasch vollzieht sich der materielle Aufstieg unserer Zeit, dass wir Gefahr laufen, von den Wurzeln unseres Daseins abgeschnitten zu werden und haltlos, ohne das beruhigende Gefühl der Verbundenheit mit dem mütterlichen Heimatboden und mit unseren Vorvätern, nur unserer Zeit zu leben. Zurückschauen heißt aber nicht zurückschreiten. Wer mit der Vergangenheit verwachsen seines Weges dahinzieht, strauchelt nicht so leicht wie einer, der ‚von der Hecke gepflückt’ ein Zufallsleben führt.“

Dës Wierder, déi viru bal 90 Joer geschriwwe goufen, hunn nach guer näischt un Aktualitéit agebéisst. An hinne läit de Grond, fir wat datt esou „Ausflich“ – déi vill Zäit a vill Noschloes kaschten – och an Zukunft sollen a musse gemaach ginn! Zemol wann esou vill Intressantes opzeweisen ass, wéi an der Maacher Schoulgeschicht – an zu Maacher iwwerhaapt!!!

Dee bekannten éisträichesche Moler an Architekt Friedensreich Hundertwasser (1928-2000) huet geschriwwen: „Wer die Vergangenheit nicht ehrt, verliert die Zukunft. Wer seine Wurzeln vernichtet, kann nicht wachsen.“ Domat ass nu wierklech alles gesot.

Monique Hermes (Update 2017 an 2019)

D’Maacher Grondschoul am joer 2009 no der Restauréierung. (Foto: Monique Hermes)

page16image1426906576 page16image1426906864

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.