1922 Berens

An de Gemengenarchive gebliedert (XXX) Gréiwemaacher – „vun deemol a vun haut“ (1922)

Im Jahre 1922 hielt die damalige «Fédération des Instituteurs luxembourgeois» ihren Jahreskongress in Grevenmacher ab (und besichtigte dabei ebenfalls die neuerbaute Primärschule). Ein Lehrer, der aus Grevenmacher stammte und uns sehr viele Beiträge über seine Heimatstadt hinterlassen hat, Adolf Berens (1880-1956), stellte in der Luxemburger Lehrerzeitung, die im Grevenmacher Gemeindearchiv aufbewahrt wird, das Moselstädtchen vor. Wir veröffentlichen hier – in der heutigen Schreibweise und auf „Maacher“, wie es damals noch gesprochen wurde – Auszüge aus einer besonders stimmungsvollen Beschreibung.

Woart der schonn zu Gréiwemaacher? Gelt, do kann et eem gefalen! Esou roueg, esou heemeleg, esou frëndlech këmmt et eem do vir, datt ee meent, ́t wär net méiglech, datt an eem Uert vun iwwer dräidausend Awunner net méi Gedäisch, net méi Tapaasch, net méi Gedriff ass. (…)

De Gréiwemaacher Bërger ass u sech stëll, a sech gekéiert an zimlech gemiitlech: seelen triet en e winneg aus sech eraus (an dann awer och fir zegoutst). Dat këmmt hir vun där laanger, schwéierer Zäit, déi Gréiwemaacher dorrechgemaach huet; eweil keen aneren Uert am Lëtzebuerger Land, d’Stad vläicht ausgenommen, vläicht och net, huet am Laf vun der Zäit esou vill ausgestanen, bal dorrech Kréich, bal dorrech Feier, bal dorrech Krankheeten, Hongesch- a Waassernout. Alles dat huet déi natierlech Opgeluegtheet, Lestegkeet vum Gréiwemaacher Charakter deelweis ersteckt an him déi ugebuere Juxegkeet ausgedriwen. (…)

Dohir këmmt et, datt se mat winneg esou zefriden, a wéi ee seet, bei näischt lësteg a frou kënne senn. Deem entsprécht et och, datt am ale Gréiwemaacher bal kee räiche Mann woar a winneg Wuelhabender, an esou ass et am grousse Ganzen och nach haut; déi aner all senn elauter klee Leit, déi vun hirer Hand liewe mussen.

Den zweete Grond, wuerfir et esouguer roueg a Gréiwemaacher ass: ́t ass weder en Industrie- nach en Handelsuert. Déi meest Leit leie vum fréie Morge bis zum Owend an de Wéngerten, wou se joaraus, joaran (…) déi schwéiescht Arbecht maachen: Grond a Mëst déi héich a géi Berreger aus schleefen op der Hot; schwéier Biirde Stecken derop kautzen, all Biird e Päerdslaast; stecken, schneiden, Riewe rafen op deem hänkege Buedem, datt een owes säi Réck net méi féilt; kappen, dräimol, véiermol d’Joar, grad an der meester Summerhëtzt op deene gléidege Féiss, wou d’Sonn de ganzen Dag dréckt wéi rosen an et oft esou hoart gëtt, datt d’rout Fonken aus de Scholle sprëtzen, an tëschen deem dichte Gleef vun de Gescheiner keen Lëftche sech

page1image1580936528 page1image1580936816

réiert; becken, bannen, sprëtzen, schwiewelen, ausbreechen, a wat dees Déngen nach méi ass. An dat alles openeen, eent um aneren, watt een Arbecht déi néierschléit, ouni Rou an Openthalt, an Hëtzt a Keelt, bei Reen a Schnéi. (…)

Maacher am Joer 1921, wéi d’Primärschoul grad gebaut gi war. (Foto: Archiv Gemeng Gréiwemaacher)

A wéi heemeleg wunnt et sech an esou eener Gaass! (…) Op där Plaz, wou Gréiwemaacher steet, récken d’Berreger wéi an eem Hallefkrees zréck, an doranner läit et esou sécher a geschützt, wéi e Kand a seiner Mamm hirem Schouss.

An d’Musel, déi dicht laasst leeft, an d’Héichten, déi all kale Wännchen ofhalen, maachen esou een mëll, an déi Millioune Riewen a Beem, woumat se besat senn, esou een reen Loft, datt méi e wunnlechen Openthalt fir Mënschen sech schwéierlech fanne léisst. Sollt et do net heemeleg senn? (…)

Gréiwemaacher woar deemools de Schlëssel vum Lëtzeborger Land net eleen als Festung un der äusserster Grenz zur Tréiescher Säit, ma och wéigens seiner Lag un der Haaptaganksstrooss vun Tréier no Lëtzeborreg an eem Flossdall, den all Kréichsvëlker zënter deenen eelsten Zäiten als natierlechen Dorrechgangswee gedéint huet. (…)

Dat alles wëllt de Stadwope son, den hinne vum Herzog Wenzel 1357 als héchst Unerkennung geschenkt ginn ass: An himmelblo a sëlwergesträiftem Feld e Léiw am Spronk, mat gëllener Kroun, Zong, Zänn an Neel a gesplécktem Schwanz, an ee sëlwer Schlëssel schréi an der Säit, dat Ganzt bekréint vun eem Festungsmauerkranz: a gewinneklech Sprooch iwwersat also: D’FestungGréiwemaacher, de Schlëssel vun der Kroun Lëtzeborreg, ass zu aller Zäit vun eener wakereger, kréichsbereeter Bërgerschaft mat Liewensmout verteidegt ginn. An duerfir, den Hout of virun deene Gréiwemaacher! Se verdéinen et, datt mer hinnen haut nach dankbar se fir dat, wat se dem ganze Land Léiwes gedon a Leedes erspuert hunn. (…)

Zusammenstellung: Monique Hermes

page2image1577651408 page2image1577651776

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.