150 Joer Heemecht

Wanderausstellung vun der Privatschoul Sainte-Anne vun Ettelbréck

zu Gréiwemaacher an der Gemeng

Virun 150 Joer, de 5. Juni 1864, ass d‘Lëtzebuerger Nationalhymn „Ons Heemecht“ am Kader vum éischte Museksfest vum „Allgemeinen Luxemburger Musik-Verein“ zu Ettelbréck op der „Place MarieThérèse“ vu 550 Sänger aus 18 verschiddene Gesangveräiner a vun 240 Musiker fir d’éischte Kéier opgeféiert ginn. D’Uropféierung gouf vum Komponist J.-A. Zinnen perséinlech dirigéiert.

Kuerz virun Nationalfeierdag 1993 – am 100. Doudesjoer vum Michel Lentz, deen „Ons Heemecht“ geschriwwen huet – goufen déi éischt an déi véiert Stroph vum Lëtzebuerger Nationallidd an der Chamber offiziell zur Nationalhymn erkläert.

2014, am Kader vun „150 Joer Heemecht“, hunn eng Parti Schülerinne vun der 12CG aus der Ettelbrécker Privatschoul Sainte-Anne sech am Optrag vun der Stad Ettelbréck, zesumme mat Léierpersounen, mat der Hëllef vu Privatpersounen, vu Veräiner a vu kulturellen Institutiounen, ganz vill Aarbecht gemaach, fir déi interessant Wanderausstellung „150 Joer Heemecht“ zesummenzestellen. Dës Ausstellung gëtt vum 4. bis den 18. November 2014 zu Gréiwemaacher an der Gemeng gewisen.

„Ons Heemecht“ op enger 2 Euro-Mënz (2013) mat dem Kapp vum Groussherzog Henri (Foto: google.lu) 1) De Michel Lentz: Dichter vun eiser Nationalhymn

Den Dichter a Komponist Michel Lentz – ee vun eisen Nationaldichter – koum den 21. Mee 1820 an der Stad Lëtzebuerg an der Chimaysgaass als Jong vun engem Bäckermeeschter op d’Welt. Vu Beruff war hie Staatsbeamten.

page1image1518478304

Seng grouss Léift zur Heemecht huet de Michel Lentz a senge Lidder a Gedichter zum Ausdrock bruecht. Hien huet ë. a. den Text vum „Hämmelsmarsch“ a vun „Ons Heemecht“ geschriwwen. Eent vu senge ganz bekannte Lidder ass och „De Feierwon“, geschriwwen a vertount fir de 4. Oktober 1859, wéi den éischten Zuch vun der Stater Gare aus fortgefuer ass.

Wéi de Michel Lentz, dee schonn zu Liefzäite vum Lëtzebuerger Vollek veréiert ginn ass, den 8. September 1893 gestuerf ass, war hie bal blann. Hie krut e Staatsbegriefnes, bei deem de Staatsminister Paul Eyschen d’Läicheried gehal huet. De Michel Lentz läit um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

page2image1519800480

D’Gedenkplack fir de Michel Lentz u sengem Gebuertshaus an der Stad (Foto: google.lu) 2) De Jean-Antoine Zinnen: Komponist vun eiser Nationalhymn

De Jean-Antoine (Johann-Anton oder J. A.) Zinnen gouf de 25. Abrëll 1827 zu Neierbuerg (Neuerburg) an der däitscher Äifel gebuer – an enger Regioun, déi bis 1815 zu Lëtzebuerg gehéiert huet. Säi Papp war Museker. Als Kand vu 6 Joer koum hien an d’Lëtzebuerger Land. 1849 krut hien d’Lëtzebuerger Nationalitéit.

De J. A. Zinnen huet scho mat 15 Joer als ganz talentéierte Museker op sech opmierksam gemaach. Hie war ë. a. Direkter vun der Stadmusek vun der Stad Lëtzebuerg an Direkter vun der Stater Musekschoul. Des Weideren huet hie verschidde Gesank- a Museksveräiner uechter d’Land geleet. Den Zinnen huet selwer iwwer 130 musikalesch Wierker geschriwwen a war am Joer 1863 och Matbegrënner vum Verband „Allgemeiner Luxemburger Musik-Verein“.

De J. A. Zinnen esou, wéi en och um Caritas-Timber vun 1950 duergestallt ass (Foto: google.lu)

Fir dat éischt offiziellt Musekfest vun dësem Veräin, de 5. Juni 1864 zu Ettelbréck, huet den Zinnen dem Michel Lentz säi Gedicht „Ons Heemecht“ vertount, an dat neit „Stéck“ ass ënner senger Direktioun opgeféiert ginn. Dat war d’Gebuertsstonn vun der Lëtzebuerger Nationalhymn „Ons Heemecht“.

De J. A. Zinnen ass de 16. Mee 1898 zu Neuilly bei Paräis gestuerwen. Den 28. Oktober 1900 si seng stierflech Iwwerreschter um Nikloskierfecht um Lampertsbierg bäigesat ginn.

3) D’Lëtzebuerger Land am 19. Jorhonnert – e puer Daten

Am Joer 1815 war Lëtzebuerg um Wiener Kongress zum Groussherzogtum erhuewen an zu engem onofhängege Staat erkläert ginn, deen awer duerch Personalunioun un de Kinnek vun Holland, Wëllem I., gebonne war. Hie gouf deemools Kinnek-Groussherzog. Lëtzebuerg war awer och méi kleng ginn, well et huet missen Deeler déisäit vu Musel, Sauer an Our u „Preußen“ oftrieden.

Déi verschidden Deelunge vu Lëtzebuerg am Laf vun der Zäit (Kaart: wikipedia.lu)

Duerch de Londoner Vertrag ass 1839 och nach déi heiteg belsch Provënz Lëtzebuerg (Sproochegrenz) vum Groussherzogtum ofgetrennt ginn, awer Lëtzebuerg gouf definitiv en onofhängege Staat. 1848 krut d’Land, dat 1842 dem „Deutschen Zollverein“ bäigetruede war, ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. eng nei, méi demokratesch Verfassung, an et ass eng eegestänneg Lëtzebuerger Regierung entstan.

Vun der Mëtt vum 19. Jorhonnert un hunn Handel a Wirtschaft e groussen Opschwonk erlieft, ë. a. och duerch d’Eisenindustrie an der Minettsgéigend, an de Wuelstand am Land huet zougeholl. De 4. Oktober 1859 ass zu Lëtzebuerg deen éischten Zuch gefuer, an de Michel Lentz huet „De Feierwon“komponéiert.page3image1520166464

1890 krut eist Land an der Persoun vum Herzog Adolph vun Nassau-Weilburg säin éischte Groussherzog. D’Personalunioun mat Holland war opgehuewen.

4) Hämmelsmarsch – Feierwon – Heemecht

Wéi de Michel Lentz am Joer 1859 „De Feierwon“ mat sengem Refrain „Mir wëlle bleiwe wat mir sinn“ an d’Liewe geruff huet, waren d’Lëtzebuerger grad am Gaang, en nationaalt Gefill ze entwéckelen. Déi gefälleg a schwongvoll Melodie ass beim Vollek esou gutt ukomm, datt den „Hämmelsmarsch“, deen um Wee war, fir eist Nationallidd ze ginn, e bëssen op d’Säit gestallt gouf.

„De Feierwon, deen ass bereet…“, de 4. Oktober 1859 (Foto: google.lu)

Fir déi flott Volleksweis vum „Hämmelsmarsch“, déi ë. a. op der Schueberfouer gespillt gouf, hat keen aner ewéi de Michel Lentz deen Text geschriwwen, dee bis haut iwwerlieft huet: „‘t ass Kiermesdag, an eng Gei jéngt muerges an der Gaass…“

Nëmme fënnef Joer nom „Feierwon“ hunn de Michel Lentz an de J. A. Zinnen dunn d‘„Heemecht“ geschaf, déi jo um Museksfest zu Ettelbréck uropgeféiert ginn ass. Mat de Jore sollt dat Lidd sech duerchsetzen an d’Lëtzebuerger Nationalhymn ginn. Vläicht och, well et doran ëm dee Këppchen Äerd geet, dee mir ganz houfreg „Heemecht“ nennen…

„Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit, duerch d’Fielsen d’Sauer brécht. Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit, den Himmel Wäin ons mécht.“ Dat war dat klengt Lëtzebuerg zum Lentz senger Zäit, deemools kuerz no der Onofhängegkeet – an dat ass eist Land nach haut. Och mat enger multikultureller Gesellschaft an an engem Europa, dat ëmmer méi grouss gëtt – „onst Heemechtsland, dat mir esou déif an onsen Häerzer dron“!

Zesummestellung: Monique Hermes

Quellen: Aarbechtsdokumenter fir d’Ausstellung „150 Joer Heemecht“ vun der Privatschoul Sainte-Anne, Ettelbréck, Broschür: „Ons Heemecht“ – 125 Joer Nationallidd, 24. Juni 1989, Ettelbréck, „Geschichte Luxemburgs“ von Dr. Joseph Meyers (1969), „Alles Wissenswerte über das Großherzogtum Luxemburg“, Presse- und Informationsamt der Luxemburger Regierung (2012), google.lu, wikipedia.lu.