150 Joer Franziskanerinnen Geschichtleches

150 Joer Franziskanerinnen zu Gréiwemaacher (1869-2019)

Geschichtleche Réckbléck vum Monique Hermes beim Festakt am HPPA, den 1. Juni 2019

D’Stad Gréiwemaacher huet den 1. an den 2. Juni 2019 e ganz besonnesche Grond fir ze feieren: D’Franziskanerinne vun der Barmhäerzegkeet wierken elo zënter genee 150 Joer an eiser Mëtt! Looss mer dofir e bëssen an der Geschicht bliederen:

De Stéchdatum ass den 1. Juni 1869, also virun 150 Joer! Deen Dag koumen dräi Franziskanerschwësteren – Theresia, Michelina a Vinzenzia – ënner dem Impuls vun der Mutter Franziska (Anne-Elisabeth Dufaing d’Aigremont), der Grënderin vun de Franziskanerinnen zu Lëtzebuerg, zu Maacher un, fir e Weesenheem opzemaachen. Deemools war den Otto Julius Mathias Feyder Buergermeeschter (vun 1867-1869) vun der Muselstiedchen. Als Paschtouer – a vun 1873 un als Dechen – huet de Stephan Mersch vu Buurschent bei eis gewierkt (1866-1886).

Firwat eng nei Grëndung vun de Franziskanerinnen zu Maacher? Ma aus dräi Grënn:

1) hiert Weesenhaus zu Itzeg war ze kleng ginn,
2) et wollt een elo Meedercher a Jonge getrennt erzéien,
3) d’Schwësteren haten zu Gréiwemaacher eng Bleif ugebuede kritt.

Déi „Bleif“, en Haus, e bëssen enk an och net méi ganz nei, mat Haff, Ställ a Gaart, an der deemoleger „rue du Curé“, wou bis ufanks den 1890er Joren och dat aalt Paschtoueschhaus stoung – dat ass haut d’„rue de l’Hôpital“ – war hinne vun enger grousser Wohltäterin, der Madame Séraphine Pescatore-

Beving (1818-1873), zur Verfügung gestallt ginn. D’Madame Pescatore- Beving, déi ganz vill Guddes, net nëmme fir d’Franziskanerinne gemaach huet, ass spéider als Wittfra selwer an den Uerden agetrueden. U si erënnert haut eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg, genee zu Bouneweg.

Vun dëser éischter Wunneng vun de Franziskanerinnen am Häerz vun der Muselstiedchen, zeien haut just nach:

– 1) Eng Lithographie aus der anonymer Biografie iwwer d’Mutter Franziska vun 1905, déi am Buch „Elisabeth Dufaing“ vun der Schwëster Anne-Marie Leyder (1980) reproduzéiert ass an op där een däitlech „d’Spidol“ erkennt, mat der Billerzeil:

page1image1578221872

„Von 1871-1878 erfolgten so viele Umänderungen, dass vom alten Bau nicht mehr viel übrig blieb“. An deem zitéierte Wierk liese mer och: „Das Haus entwickelte sich im Laufe der Zeit zu einem Spital und einem Altenheim. Nach und nach kaufte man das ganze Revier ringsum auf.“

„Grevenmacher. Dessin extrait de la biographie anonyme de 1905“, verëffentlecht am Buch „Elisabeth Dufaing“ vum Anne-Marie Leyder (1980)

– 2) D’ Tatsaach, datt d’Franziskanerinne vun 1871 bis 1878 weider Haiser an der Ëmgéigend an am Joer 1891 och nach dat aalt Paschtoueschhaus opkaaaft hunn, fir hire sozial Institutiounen auszebauen – e Weesenheem, spéider Kannerheem, en Altersheim, eng Klinik, eng Haushaltungsschoul (Marienheim) an eng privat Primärschoul, e Foyer de jour, eng Crèche…

Mä looss mer nach eng Kéier kuerz op d’Ufanksjoer 1869 zréckkommen:

Zu Maacher sinn d’Franziskanerinnen deemools alles anescht ewéi gutt opgeholl ginn, well do schonn e klengt Weesenhaus bestan huet, an et tëscht deem an der Gemengeverwaltung dacks zu Schwieregkeete koum. Elo war d’Gemeng net enchantéiert, datt och nach Weesekanner „aus der Stad“ op Maacher geschéckt an do fir Onrou suerge géifen… Awer d’Schwësteren – a besonnesch d’Mutter Franziska, eng ganz geschéckt Persoun, fir ze verhandelen – hu sech net découragéiere gelooss a schon am Hierscht 1869 ass et zu engem Accord mat der Gemeng komm.

D’Franziskanerinne sollte wuel prioritär am Dingscht vu Weesekanner stoen – déi éischt koumen am Oktober 1869 op Maacher. D’Schwësteren hu sech awer scho ganz geschwënn och ëm krank, al a schwaach Mënsche gekëmmert, well si sinn och vum Hierscht 1869 u bei déi Krank geruff ginn. (Vläicht war dat jo en Deel vum Accord mat der Gemeng…)

page2image1582164832

Am Joer 1900 ass den Uerden och an de Besëtz vun de Baxeras-Gäert komm, an deene déi häerlech Anlag mat der „Mariensäule“ (aus dem 16. Jorhonnert) stoung. Dës Baxeras-Gäert hunn eng Geschicht fir sech… Si passt leider heihin, dofir just esou vill, datt d‘Gaërt Enn des 18. Jorhonnerts dem leschten, ganz onbeléifte Landriichter vu Gréiwemaacher, dem Franz de Baxeras, gehéiert hunn – hien huet zu Maacher am heitegen Dechenshaus gewunnt vu 1777 bis zur Franséischer Revolutioun. D‘Gäert waren ëm 1850 vum deemolege Landriichter Henri de Jardin ugeluegt ginn. Dir kënnt dës besonnesch Geschicht kucken an där klenger Galerie, déi Syndicat a Gemeng am Joer 2010 um 1. Stack am „neie“ Kundel an der Turgaass ariichte gelooss hunn…

De Baxeras-Gaart mat Bléck op d’Gebailechkeete vun de Franziskanerinnen an de 1950er Joren. (Foto: Privatarchiv Monique Hermes)

Looss mer nach eng Kéier zréck bei d’Franziskanerinnen hei zu Maacher kommen… Um Eck vun der Lëtzebuerger Strooss an der Turgaass sinn am 20. Jorhonnert no an no d’Weesenheem fir Jongen souwéi eng Haushaltungsschoul fir Meedercher entstan. Dës Haushaltungsschoul huetbis ufanks de 70er Jore funktionéiert. Bis an d’70er Joren war an deene Gebailechkeeten och eng Primärschoul fir d’Heemkanner, déi net méi nëmme Weesekanner waren. Enn der 1970er Joren gouf aus dem Weesenhaus den „Institut Saint-François“, am Kader vun enger Konventioun mam Staat betreffend déi nei Regelung vun der Betreiung vun Heemkanner. Deemools ass och ass och d’a.s.b.l. Françoise Dufaing gegrënnt ginn.

page3image1508394384

page4image1508714400

D’Haushaltungsschoul an der Lëtzebuerger Strooss ass ufanks des 20. Jorhonnerts gebaut ginn. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Haut sinn d’Kannerhaus, eng Crèche an de Foyer „Museldrauwen“, geleet vun der ARCUS a.s.b.l. „am Déngscht vu Kanner, Jugend a Famill“ an de Gebailechkeeten.

Wat d’Schoul ugeet, sou muss een och drop hiweisen, datt e puer Franziskanerinnen eng Zäitlaang Reliounsunterricht an der Maacher Primärschoul gehal hunn.

En Deel vun de Gebailechkeeten an de 60er Joren. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

****************************************

Enn 1994 ass d’Maacher Spidol – eng Zäitlaang mat Maternité, an där vill Maacher Kanner op d’Welt koumen – zougemaach an ofgerappt ginn. D’Altersheim gouf moderniséiert an ausgebaut. An du goung et schliisslech ufanks des 20. Jorhonnert drëm, fir uewen an der Réngmauerstrooss an de

page4image1508352352

Baxeras-Gäert e modernt Gebai fir eeler MatbiergerInnen aus méi Gemengen opzeriichten, an deem mer haut sinn.

page5image1578716704

E leschte Bléck op dat fréiert Altersheim, kuerz éiert d’Haus ofgerappt ginn ass. (Foto: Monique Hermes)

Éiert d’Altersheim awer konnt gebaut ginn, ass am Hierscht 2003 eng Noutgruewung vum MNHA (haut CNRA) gemaach ginn. Dobäi koume ganz erstaunlech Saachen un d’Dagesliicht: Grouwenhaiser aus dem 8. bis12. Jorhonnert, mat mat Mënzen aus dem 13. Jorhonnert, de Grondrëss vun enger bis dato onbekannter, dräischëffeger Basilika mat engem Pilgergraf(Santiago de Compostela – Muschel) an e grousse soug. „Wanderkierfecht“… Dir fannt all dës Gruewungen dokumentéiert an där klenger Galerie um 1. Stack vum Kundel, vun där ech scho geschwat hunn.

2006 ass mam Neibau vum HPPA ugefaang ginn, 2009 war dat stattlecht Gebai fäerdeg, an 2010 sinn d’Bewunner an d’Haus op Nummer 15 an der „Rue des Remparts“ – oder Réngmauerstrooss – agezunn.

page5image1578366896

Dat neit Gréiwemaacher Altersheim am Joer 2011. (Foto: Monique Hermes)

Summa summarum kann een ouni Zweifel behaapten, datt d’Franziskanerinne vun der Barmhäerzegkeet hei zu Maacher de Grondsteen fir dat „modernt“ soziaalt Netzwierk geluecht hunn; deen éischte Grondsteen war schon am 15. Jorhonnert geluecht ginn duerch d’Schenkung an d’Stëftung vum Péiter vun Osburg – fir déi Krank, déi Arem an Pilger. Maacher hat mat där Stëftung eent vun den 3 Zivilhospizer zu Lëtzebuerg – mat Iechternach, wuel deem eelsten Zivilhospiz, a mam Biergerhospiz St. Jean am Stadgronn, gegrënnt am Ufank vum 14. Jorhonnert vun der Margareta vu Brabant, der Fra vum Lëtzebuerger Grof Hari VII a Mamm vum Jang de Blannen.

Firwat hunn d’Franziskanerinne vun der Barmhäerzegkeet dann hei de Grondsteen fir dat „modernt“ soziaalt Netzwierk geluecht? Ma duerch d’Erzéie vu Weesekanner, duerch d’ambulant Krankefleeg, wat haut ë. a. „Hëllef doheem“ ass, duerch d’Spidol an d’Altersheim an duerch vill aner Dingschter, déi am Laf vun 150 Joer geleescht gi sinn, ouni datt en Hunn derno gekréint huet.

Jo, mer wëssen, datt net alles Gold ass, wat blénkt, an datt et an der 150järeger Geschicht leider och déi eng oder aner Schietsäit gëtt. An dach verdéngt dee groussen Asaz vun de Franziskanerinnen hei zu Maacher e Merci, well si gehéieren zënter 150 Joer zur Maacher Geschicht!

Grad dee Merci wëlle mer haut an hei am Numm vun der Stad Gréiwemaacher ausdrécken, andeems mer de Franziskanerinne vun der Barmhäerzegkeet an deenen, déi enk mat hinne verbonne sinn, e ganz besonnescht Geschenk maachen, dat eisen Député-maire Léon Gloden and’Generaloberin Sr. Dorothe-Maria Lause elo enthüllen.

Nom Seene vun der Gedenktafel: De Minister Lex Delles, de Generalvikar Leo Wagener, d‘Schäffin Monique Hermes, d‘Generaloberin vun de Franziskanerinnen, Sr. Dorothea-Maria Lause, den Député-maire Léon Gloden an den Deche Claude Bache. (Foto: Fotoclub Flash)

page6image1578857952

Op där gediegener gliese Plack, déi den Deche Claude Bache gläich seene wäert, gesidd der d’Skyline vun der Stad Gréiwemaacher, esou, wéi se sech am Laf vun de Jorhonnerten „entwéckelt“ huet. Drënner steet:

1869- 150 Joer – 2019 Franziskanerinnen zu Gréiwemaacher D’Stad Maacher seet MERCI!

Datt net nëmmen d’Skyline, mä datt eis schéi Muselmetropol sech esou entwéckele konnt, dorunner sinn d’Franziskanerinne vun der Barmhäerzekeet maassgeblech bedeelegt!Jo, si hunn dës Skyline a si hunn d’Muselmetropol mat geprägt. Dat verdingt e Merci!

An dee Merci soll eng bleiwend Erënnerung sinn, an d’Schwësteren a vill aner Leit solle vill Freed drun hunn. Dofir gëtt d’Plack op engem massive Muselsandsteen an deem schéine Park vum HPPA – oder soll ech soen am fréiere Baxeras-Gaart – ubruecht; mat „Bléck“ op d’Gebailechkeete vun de Franziskanerinnen hei zu Maacher; dat hunn den Dirk an de Sven esou ausgetëfftelt. Mir bleift elo just nach, mat dem „Laudato si, o mi Signore“ vum Franz vun Assisi, ganz haart MERCI ze soen!

Monique Hermes, Kulturschäffin

– Dokumentatioun:

  •   1 Säit am Lëtzebuerger Wort vum 29. Juni 1994 – 125 Joer Franziskanerinnen zu Maacher; gouf den 3. Juli 1994 grouss gefeiert.
  •   1 Bericht iwwer d’Feier am Wort vum 4. Juli 1994.
  •   Artikelen am Buch „750 Joer Fräiheet fir Gréiwemaacher – D’Par mécht mat“ (2002).
  •   D’Geschicht vun der Kongregatioun a verschiddene Bicher, z. B. „Elisabeth Dufaing“

    (1804-1880) vun der Sr. Anne-Marie Leyder (1980).

  •   cathol.lu:congregations – Franziskanerinnen von der Barmherzigkeit.

    Gréiwemaacher, mat Vue op d’Kapell vun de Franziskanerinnen, gemoolt vum N. Schock. (Sammlung J.-P. Urwald)

page7image1562210704

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.