125 Joer Lëtzebuerger Dynastie a Stéchwierder (1890-2015)

  • 1815, nom Wiener Kongress, gëtt aus dem Herzogtum Lëtzebuerg e Grossherzogtum, mam Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun Oranien- Nassau un der Spëtzt (Personalunioun).
  •   1839, mam Londoner Vertrag, kritt Lëtzebuerg zwar d’Onofhängegkeet zouerkannt, awer d’hollännesch Kinneke bleiwe Groussherzoge vu Lëtzebuerg. Dat sinn de Wëllem II. an de Wëllem III., mam “gudde” Prënz Hari als Statthalter.
  •   Scho 1783 gesäit de Familljepakt vum Haus Nassau vir, datt d’groussherzoglech Kroun nom Doud vum leschte männlechen Nokommen un d’Haus Nassau-Weilburg geet. Dat ass 1890 de Fall. denMam Doud vum Kinnek-Groussherog Wëllem III. hält d’Personalunioun tëscht Holland a Lëtzebuerg op, an den Herzog Adolph vun Nassau, deen schonn 73 Joer huet, gëtt den éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass domat de Begrënner vun enger eegener Lëtzebuerger Dynastie.Die Dynastie Luxemburg-Nassau (Fotoen: Marc Schoentgen)
    Vum Groussherzog Adolph bis bei de Groussherzog Henri
  •   De Groussherzog Adolph vun Nassau (1890-1905) ass deen éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. Ënner senger Regentschaft gëtt vun 1900- 1903 d’Adolphe-Bréck an der Stad gebaut.
  •   De Groussherzog Wëllem IV. (1905-1912) ernennt 1908 aus Gesondheetsgrënn seng Fra, d’Groussherzogin Maria Anna vu Braganza, als Statthalterin. Schonn 1907 war d’Gesetz vun der Ierffolleg geännert

page1image1408788288

ginn. Elo kann och eng Fra op den Troun kommen, wa kee männlechen

Nokommen do ass.

  •   D’Groussherzogin Marie-Adélaïde (1912-1919), ass déi éischt Fra umTroun vu Lëtzebuerg an déi éischt Groussherzogin, déi och am Land op d’Welt komm war. Duerch politesch Onrouen no dem Éischte Weltkrich muss si 1919 ofdanken.
  •   D’Groussherzogin Charlotte (1919-1964) kënnt 1919 ënner schwierege Bedingungen op den Troun vu Lëtzebuerg, awer an engem Referendum wollt d’Vollek deemools, datt d’Dynastie bestoe bléif. D’Groussherzogin, déi sech 1919 zu Lëtzebuerg mam Prënz Felix vu Bourbon vu Parma bestuet hat, gëtt zu enger vun de bedeitendste Fraegestalten an der Lëtzebuerger Geschicht. Si steet déi schwéier Zäit vum an nom Zweete Weltkrich mat hirem Vollek duerch an ass ganz beléift. 1961 ernennt d’Groussherzogin Charlotte hiren eelste Jong, de Prënz Jean, zum Statthalter. Si dankt 1964 of a lieft bis zu hirem Doud 1985 am Schlass zu Fëschbech.
  •   De Groussherzog Jean (1964-2000), iwwerhëlt 1964 den Troun vu senger Mamm. Hien hat sech 1953 an der Stad mat der belscher Prinzessin Joséphine-Charlotte bestuet (+ 2005). De Groussherzog Jean ass e gudden a beléifte Regent. Hie féiert säi Land an enger Zäit, déi duerch grouss Changementer geprägt ass, z. B. duerch d’Stolkris, duerch d’Diversifizéierung vun der Industrie, duerch d’Entwécklung vun der Finanzplaz a vun den europäeschen Institutiounen. 1998 ernennt de Groussherzog Jean, säin eelste Jong, den Ierfgroussherzog Henri, zum Statthalter. 2000 dankt hien of a wunnt zënterhier am Schlass zu Fëschbech.
  •   De Groussherzog Henri (2000-…), ass zënter 1981 mat der Maria Teresa Mestre – der Groussherzogin Maria Teresa – bestuet. Hien huet eng Lizenz an de Politikwëssenschaften, a leet d’Land mat vill Ëmsiicht a Geschéck. Der groussherzoglecher Koppel hire Wunnsëtz ass d’Schlass zu Colmer-Bierg. Déi offiziell Residenz vum Groussherzog ass awer de Palais an der Stad, e schéint, spuenescht Renaissance-Gebai aus dem 16. Jorhonnert, direkt nieft der Chamber.
  •   Deen eelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel, déi fënnef Kanner huet (Guillaume, Félix, Louis, Alexandra, Sébastien), ass den Ierfgroussherzog Guillaume, deen eist Land ganz dacks am Ausland vertrëtt a sech och ganz vill am soziale Beräich engagéiert. Hien huet sech 2012 mat der belscher Gräfin Stéphanie de Lannoy, elo Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg, bestuet. Déi sympathesch jonk Koppel wunnt zu Colmer-Bierg.

page3image1428141264

D’ierfgroussherzoglech Koppel 2014 zu Maacher (Foto: Marc Wilwert, LW) D’Symboler vun eiser Dynastie

Déi dräi Symboler vun eiser Dynastie sinn:

  • –  De Wopen – mat Kroun a (roude) Léif.
  • –  De “Wilhelmus” – als offiziell Hymne vum groussherzoglechen Haff.(“Ons Heemecht” ass d’Nationallidd vu Lëtzebuerg.)
    – Den Nationalfeierdag – mat Fakelzuch a Feierwierk, offizieller Zeremonie, Militärparad an Te Deum. Dësen Dag ass den 23. Juni, a gëtt als offizielle Gebuertsdag vum Herrscher gefeiert gëtt; deen Datum ass

1961 esou festgeluegt ginn.
Quellen: Apropos … die großherzogliche Familie, Service information et presse, August 2010.

Monique Hermes

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.