125 Joer Eisebunn Waasserbëlleg-Gréiwemaacher

Ausstellung vum Photo-Club Flash

an Zesummenaarbecht mat der Stad Gréiwemaacher, vum 24.-30. November 2016 am Stadhaus zu Gréiwemaacher.

Exposé mëttwochs, den 23., donneschdes, de 24. a sonndes, de 27. November 2016. Zesummestellung: Monique Hermes, opgrond vun Dokumenter aus dem Gemengenarchiv vu Gréiwemaacher.

1891-1954
Bahnstrecke Wasserbillig-Grevenmacher

Vom 9. Juli 1891 bis zum 22. Mai 1954 verkehrte ein Zug auf dem 6,16 km langen, eingleisigen Streckenabschnitt Wasserbillig-Grevenmacher. Die offizielle Einweihung der Bahnstrecke und des Bahnhofsgebäudes in Grevenmacher fand am 24. November 1891 statt.
Ein Schienenersatzverkehr funktionierte vom 23. Mai 1954 an.
Am 4. März 1963 verlagerte man auch den Güterverkehr auf die Straße. 1970 wurde das Bahnhofsgebäude abgetragen.
Im Rahmen von “Maacher Oart” wurde 2016 auf dem “Schweinsmoart” eine Erinnerungstafel angebracht.

Dat liese mer op där Plack, déi de 24. Mäerz 2016 bei äis um Schweinsmoart enthüllt ginn ass. An dat ass och e Résumé vun deem, wat mer an dësen Deeg ganz extra ervirhiewe mat där Ausstellung vum Photo-Club Flash, déi schonn Ouschteren 2016 an der Vinsmoselle-Kellerei an och bei Geleeënheet vum Hierschtfest am HPPA gewise ginn ass:

125 Joer Eisebunn Waasserbëlleg-Gréiwemaacher – genee de 24. November 1891 ass d’Streck offiziell ageweit ginn, wéi op der Erënnerungsplack steet.

Awer bis datt Maacher seng Eisebunn hat, huet d’Muselmetropol e laangen Otem gebraucht, well et war e ganz wäite Wee…

Looss mer vir ufänken. A sengem Buch “Eisenbahnen in Luxemburg” schreift den Eisebunnsspezialist Ed Federmeyer: “Grevenmacher war ohne Zweifel die Stadt Luxemburgs, die am längsten auf den Anschluss der Eisenbahn gewartet hat. Der Königlich- Großherzogliche Beschluss vom 10.03.1859 über den genauen Verlauf der Eisenbahnstrecke Luxemburg-Wasserbillig sah eine Streckenführung entlang der Mosel an Grevenmacher vorbei vor. Wegen des Widerstandes der Grundbesitzer an der Mosel wurde der vorgesehene Streckenverlauf im Jahre 1860 abgeändert; Grevenmacher befand sich nun 5 km vom nächstgelegenen Bahnhof entfernt.”

An deem Statement stëmmt eppes net ganz. De Lëtzebuerger Ökonom an Éierebuergermeeschter vu Schëtter, Jean-Donat Calmes, huet am Oktober 2014 an engem ganz intressante Virtrag mam Titel “Mam Zuch op Éinen? Ein kontroversiertes Projekt von 1859” zu Éinen am Wäimusée kloergestallt, datt deemools “mehrere Industrielle aus dem Syrtal und einige Großwinzer aus Ehnen” Drock gemaach hätten, fir datt den Tracé schliisslech duerch de Syrdall gefouert huet. (Ënner deenen Industriellen aus dem Syrdall wären och déi Responsabel vun der Pabeierfabrik Lamort vu Manternach gewiescht.) An da muss een awer och nach e Wuert soe vu Buedemprouwen, déi op der Deisermill geholl gi waren, an déi erginn haten, datt d’Fundament net stabil genuch wär – wat sech jo e puer Jorzéngten duerno beim Äerdrutsch als richteg erwisen huet.

Wéi deem och sief: Mir kruten eisen Zuch net esouzesoe gläichzäiteg mam “Feierwon”, dee jo de 4. Oktober 1859 “am Dauschen iwwer d’Strooss vun Eisen” gefuer ass, an zwar a Richtung belsch Grenz.

E Plädoyer fir Bunn a Bréck

Den 11. Dezember 1875, haten déi Gréiwemaacher Gemengeverantwortlech ënner dem deemolege Buergermeeschter Jean Eichhorn scho reagéiert, an d’Chamber drop higewisen, datt Gréiwemaacher elo op eemol isoléiert wär. “Toutes les autres localités importantes du pays, étant ou devant être favorisées des avantages des voies ferrées, il serait injuste d’en désheriter la ville de Grevenmacher”, heescht ë. a. an deem ausféierleche Schreiwes, dat an eise Gemengenarchive läit.

An da gëtt am Bréif drop higewisen, datt eng Bréck en Deel vum Problem léise kënnt. (Et muss ee wëssen, datt deemools déi éischt fest Muselbréck nach net bestan huet.) Dës Bréck géif derzou déngen “à relier Grevenmacher avec la nouvelle ligne ferrée que la Prusse est en ce moment occupée à établir sur la rive droite de la Moselle. / L’établissement de ce pont (…) aurait en effet le double avantage de nous relier par la voie la plus directe avec l’Allemagne et l’Alsace-Lorraine, et de servir, plus tard, comme moyen de raccordement entre la nouvelle ligne en question et les chemins de fer Guillaume-Luxembourg et Prince Henri. / Le pont dont il s’agit, faciliterait d’un autre côté les relations commerciales de Grevenmacher et de ses environs, avec les nombreux villages qui se trouvent sur la frontière du territoire prussien, et avec lesquels nous sommes par conséquent grandement intéressés à avoir des voies de communication faciles.”

Duerno gëtt nach bemierkt, datt zënter dem Bau vun der Eisebunn (Lëtzebuerg- Waasserbëlleg-Igel-Tréier – zënter 1861) d’Leit aus deenen aneren Uertschafte vum Kanton Gréiwemaacher, déi d’Haaptclientèle vun de Maacher Geschäftsleit gewiescht wären, et sech zur Gewunnecht gemaach hätten, Maacher elo “lénks leien ze loossen” an éischter an Stad, op Iechternach (zënter 1874 – PH- Zuchverbindung vu Waasserbëlleg aus) oder op Tréier ze fueren.

Kuerzem, e super intressante Bréif mat gudden Argumenter, an engem exzellente Franséisch geschriwwen!

D’Äntwert vun der Regierung huet net laang op sech waarde gelooss. Mam Gesetz vum 7. Juli 1876 krut d’ Prënz-Hari-Gesellschaft d’Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnsstreck vu Réimech laanscht d’Musel op Waasserbëlleg erdeelt. Mä och deemools krute mer eisen Zuch duerch verschidden Ëmstänn net!

D’Bréck ass allerdéngs 1881 gebaut an 1882 fir de Verkéier opgemaach ginn. Zu deem Zäitpunkt hu mer nach misse waarde bis 1891, éiert Maacher säin Zuch krut, an d’Streck goung grad emol vu Bëlleg bis op Maacher.

An eng Gare derbäi…

Wéi d’Zuchstreck Waasserbëlleg-Gréiwemaacher vun der Prënz-Hari-Bunn du schlussendlech gebaut ginn ass, huet selbstverständlech missen eng Gare op Maacher kommen. An der Obermosel-Zeitung vum 20. Februar 1891 ass d’Maacher Gare ausgeschriwwen. Bis de 15. Mäerz 1891 kënnen d’Soumissiounen agereecht ginn. Den Devis beleeft sech op:

Bâtiment des Voyageurs: 16300 frs / Halle à marchandises & quai: 5400 frs.

De 24. Mäerz 1891 steet an der Obermosel-Zeitung: “Der Zuschlag für den Bau des hiesigen Stationsgebäudes nebst Güterschuppen, veranschlagt zu 21.700 Fr., wurde dem hiesigen Maurer Peter Theves-Federspiel zu 6 pCt. unter dem Kostenanschlag vergeben.” Elo konnt also gebaut ginn. An dat ass och geschitt. Regelméisseg gëtt an der Zeitung bericht, wéi d’Aarbechten un där neier Zuchstreck weiderkommen.

An da kënnt den 9. Juli 1891. Deemools war d’“Jungfernfahrt” vum Zuch op Maacher.
“Der gestrige Tag war ein bedeutungsvoller für die Zukunft unseres Städtchens. Zum ersten Mal kam um halb 4 Uhr der Dampfwagen von Wasserbillig bis auf hiesigen Bahnhof gefahren. Der Zug bestand aus Lokomotive, 3 Balastwagen und einem Personenwagen. In letzterem hatten Platz Staatsrat Salentiny, Dupont, Direktor der Prinz-Heinrich-Bahn, Oberingenieur Rodange, Ingenieur Salentiny, unser Kammerdeputierter Bech und Distriktskommissar De Muyser. Der Gemeinderat war dem Zuge bis ausgangs des Ortes entgegen gegangen. Der Herr Bürgermeister (Théodore Waldbillig, genannt Lampesch Ditt) feierte mit einigen Worten das Ereignis, wodurch der 30jährige Wunsch der Bevölkerung endlich in Erfüllung gehe und dankte Allen, welche sich um das Zustandekommen des Unternehmens verdient gemacht, vergaß auch unseren Deputierten Hrn. Bech nicht. Nach einem Hoch überreichten die Gemeinderäte den Gästen Rosenbouquets und alle Herren stiegen in den Zug, um bis zur Stelle des neuen Bahnhofs zu fahren. Wie draußen vor dem Orte, als der Zug von ferne bei der Merterter Kopp sichtbar wurde, so jauchzte auch hier die in Menge herbeigeströmte Bevölkerung dem Dampfwagen und seinen Insassen entgegen. Herr Deputierter Bech lud die Herren in seine Wohnung auf ein Glas Wein. Das Abendessen ward im Hotel Wagner eingenommen. Währenddem brachten die Stadtmusik und der Cäcilienverein ein Ständchen.”

Duerno dauert et allerdings nach eng Zäit, bis de regulären Zuchbetrieb opgeholl gëtt. Et gi verschidden Date fir d’Aweiung avancéiert, déi awer net agehal gi kënnen, z. B. dee vun der Laurentius-Kiermes am August 1891.

De 25. September 1891 heescht et: “Unser neues Stationsgebäude geht seiner Vollendung entgegen.” An deem Artikel gëtt beschriwwen, wat alles am Gebai ass, nämlech: “Es enthält unten: Büreau, Billetschalter, einen Wartesaal I. und II. und einen III. Klasse, Gepäckzimmer, und im Stockwerke eine recht geräumige Wohnung für den Stationsbeamten. An das Stationsgebäude ist die Güterhalle mit Ladebühne angebaut. (…)”. Des Weidere gëtt am Artikel d’Ëmfeld vun där neier Gare mat de Stroossen an den Zoufaartsweeër ganz genee beschriwwen.

E bësse méi spéit, den 9. Oktober 1891, geet et ëm d’Schinnen, déi solle verlängert ginn. “Gegenwärtig ist man beschäftigt, den Schienenweg unserer neuen Bahn bis zur Moselbrücke zu verlängern. Es wird ein Perron wie beim Stationsgebäude errichtet, so dass die Passagiere auch hier ein oder aussteigen können, denn alle Züge fahren von der Moselbrücke ab. Es geschieht dies wegen der Fremden, die entweder von der Moselbahnstation Wellen kommen, um auf unserer Bahn ihre Reise fortzesetzen oder nach drüben gehen, um mit der Moselbahn weiter zu fahren.” Dat sinn dach Pläng, déi aliichten – och d’Ausso, datt déi deier Trap, déi vun der Musel op d’Bréck gefouert huet, dann op eemol nëtzlech gi kënnt.

Et sief ervirgehuef, datt d’Schinne spéider tatsächlech a Richtung Schaffmill verlängert gi sinn, bis bei d’Kallekwierk vun der Firma Govers an duerno der Chaudolux, fir datt den Dolomit konnt oftransportéiert ginn.

E Feierdag fir Gréiwemaacher

An da komme mer an den November 1891. Schonn den 13. November 1891 hat e gewësse B. Z. en 13 Strofe laangt, ganz spaassegt Gedicht mam Titel: “Zur Inauguration der Grevenmâcher Eisebunn” verëffentlecht, dat ech Iech herno net virenthale wäert. De 16. November 1891 ass déi “landespolizeilech Prüfung” vun der neier Streck. A fir dënschdes, de 24. November ass déi offiziell Aweiung ugesat.

An der Obermosel-Zeitung gëtt dëst Ereegnes den 20. November esou ugekënnegt: “Mittags um 1 Uhr 17 Minuten trifft der Extrazug mit den Herren aus Luxemburg hier ein. Dieselben werden am Bahnhofe empfangen und nach dem Stadthause geleitet, wo um 2 Uhr das Bankett beginnt. Die Tafelmusik spielen 24 Mann der Militärkapelle von Luxemburg. / Auf Abends um halb 6 Uhr ist die Rückfahrt angesetzt, wobei ein Fackelzug arrangiert wird und ein bengalisches Feuer abgebrannt werden soll. (…)”

De 24. November 1891 war d’Obermosel-Zeitung dunn awer wierklech bal ze kleng, fir iwwer en Ereegnes ze berichten, wat deen Dag “alles iwwertraff” hat. Ënner dem Haapttitel: Die Inauguration der Eisenbahnlinie Wasserbillig- Grevenmacher liese mer op 2 Säiten dës Abschnitter: Der Spezialzug. Die Fahrt. Die Bahn. Ein Rückblick. Ankunft und Empfang. Das Bankett. Toaste. Hr. Kammerpräsident de Wacquant. Hr. Staatsminister Eyschen. Abfahrt. Epilog.

Och ënner Großherzogtum und Nachbarschaft geet et nach eng Kéier ëm Gréiwemaacher a seng Eisebunn, a schliisslech gëtt och nach de Fahrplan presentéiert esou, wéi e vum 25. November u gülteg ass.

Et géif elo natierlech vill ze wäit féieren, alles hei ze zitéieren, an dach komme mer un eenzelnen Zitater net derlaanscht. Esou liese mer ënner Großherzogtum und Nachbarschaft: Zwei bedeutungsvolle Merktage hat das Jahr 1891 in der Geschichte unseres Städtchens zu verzeichnen. Der Anfang dieses Jahres brachte uns das elektrische Licht und der Schluss des Jahres bescheert uns die lang ersehnte Eisenbahnverbindung.”

An dann zur Inauguratioun selwer, déi “bei prachtvollem Winterwetter” gefeiert gi konnt. Do gëtt emol fir d’éischt bedauert, datt de Groussherzog (Adolphe), deen zwar seng Zouso ginn hat, elo awer net komme kann. Allerdéngs huet hien en Telegramm geschéckt mat dësem Wuertlaut: Schloss Walferdingen, 23. Nov. An den Bürgermeister der Stadt Grevenmacher! Ich bedauere, durch eine Erkältung verhindert zu sein, morgen selbst in Ihrer Mitte zu erscheinen. Hoffe, dass die neue Eisenbahn zum Gedeihen und Aufblühen der Stadt und Ihrer arbeitsamen Bevölkerung gereichen werde und gebe mich weiter der Hoffnung hin, in nicht zu ferner Zeit zu Ihnen kommen zu können. Adolphe.

Duerno gi mer gewuer, wien alles am Spezialzuch war, dee vu Lëtzebuerg aus agesat gi war. Ënner den Éieregäscht waren z. B. de Staatsminister Eyschen, de Generaldirekter Thorn an de Regierungsrot Henrion. Oder och d’Deputéiert vum Kanton Gréiwemaacher, ënner hinnen de Joseph Bech!

Am Abschnitt Die Bahn geet et ëm déi nei Gare vu Gréiwemaacher: “Le clou de la pièce, das Juwel dieser Bijoubahn, bildet aber der Bahnhof Grevenmacher, dessen Lage unstreitig die schönste im ganzen Lande ist. Alle Herren waren darüber einig, dass kein Bahnhof so einen ungezwungenen, natürlichen, unbehinderten, prachtvoll situierten Zugang hat. Wann man von der Station nach der Stadt schreitet, glaubt man eines der breiten herrlichen Boulevards von Paris vor sich zu haben.”

Den Abschnitt Ankunft und Empfang fänkt esou un: “Am Bahnhof, dessen nettes Stationsgebäude über und über mit Fahnen und Fähnchen, Guirlanden, Blumenkränzen, Tannengrün und Wappenschildern aufs Prächtigste geschmückt war, harrte eine tausendköpfige Menge. / Der Zug hält; auf dem Perron stehen die Vertreter der Gemeindeverwaltung, die Notabilitäten des Städtchens, der Clerus im vollen Ornate; daneben sind beide Musikkorps der Stadt, das Pompierscorps, der Turnverein und der Cäcilienverein von Grevenmacher, die Gesangvereine von Wormeldingen, Oberwormeldingen und Ehnen, sowie der Turnverein von Wasserbillig aufgestellt.”

A senger Ried sot de Buergermeeschter Waldbillig: “Ein dreißigjähriger Traum geht heute in Erfüllung, und ist unsere Bevölkerung sich der Wichtigkeit des Tages bewusst. Früher war unsere Stadt die blühendste des Landes, mit Änderung der Verkehrsmittel schwand diese Blüte, und haben Handel und Gewerbe sehr gestockt. (… ) Der wohltätige Einfluss der neuen Bahn sichert abermals die Wohlfahrt unserer Stadt, wenn Arbeitsamkeit sich mit Tatkraft paart. (…)”

De Staatsminister Eyschen huet ë. a. betount: “Was uns betrifft, meine Herren, so dürfen Sie überzeugt sein, dass es uns allen eine wahre Freude, ich möchte sagen, eine Erleichterung war, endlich nach 30jährigem Abwarten die langersehnte Eisenbahn hier einweihen zu können. (…) Sie sollen aber nicht glauben, dass, wenn wir seit 30 Jahren Grevenmacher ein wenig Abseits haben liegen lassen, wir es vergessen hätten.” An dann ass en op d’Bedeitung vun der Eisebunn fir d’Lëtzebuerger Land ze schwätze komm.

Duerno goung et an d’Gemeng op de Banquet, dee wahrhafteg net ze verwäerfe war. Lauschtert a maacht Iech selwer e Bild:

Menu. Huîtres Victoria. – Potage purée de grives (Drossel) St.-Hubert. – Turbot d’Ostende à l’aurore, sauce Béarnaise. – Selle de chevreuil Montpensier, sauce grand veneur. – Zéphirs de volailles aux truffes, sauce suprême. – Marquise au Kirsch. – Cardons (eppes ewéi Artichauts) à la Moëlle. – Haricots verts princesse. – Bécasses (Schnepfen) rôties aux croûtons. – Salade de laitues. – Langouste dressée à la parisienne, sauce Mayonnaise. – Pudding anglais flambant, sauce Sabayon. – Fromage. – Desserts.

Vins. Chablis. – Vin de Grevenmacher 1884. – St.-Julien 1882. – Trittenheimer 1884. – Champagne Mercier. (Carte d’or.) – Chambertin 1878. – Berncastler Doctor 1884. – Champagne.
Wann dann dobäi do steet: “Die fröhlichste, ungezwungenste Stimmung herrschte während des Mahles; man glaube sich an einer großen Familientafel zu befinden, wo ein frohes Fest begangen werden sollte”, da kann een dat gutt novollzéie bei dem Menu!

Vläicht sief och nach dee Saz hei zitéiert: “Ein allgemeines Ah! der Bewunderung, als um 4 Uhr, es war bereits Dunkel geworden, das elektrische Licht urplötzlich aufflammte und sich über die leuchtende Tafel ergoss!”
Déi vill Toasten, déi duerno ausgesprach goufen, erspueren ech Iech. Si si laang an z. D. och laangootmeg…

Wéi d’Éieregäscht zréckgefuer sinn, huet de Staatsminister Eyschen dëse Statement gemaach: “Mit der Eisenbahn, die wir heute hier eingeweiht, hat man Ihnen ein Werkzeug in die Hand gegeben, den Wohlstand der Stadt zu heben; es ist aber nur ein Werkzeug, und an Ihnen liegt es, dasselbe im Interesse der Stadt Grevenmacher zu handhaben. (…)”

An zum Schluss vun dësem memorabelen Dag fir d’Stad Maacher, nach en Zitat aus dem Epilog: “Grevenmacher hat am Tage der Inauguration gezeigt, was es zu leisten vermag und dass die altgepriesene Gastfreundschaft noch an der Mosel zu Hause ist! Das Festkomité hat seine Sache recht brav gemacht! (…) Grevenmacher, Stadtverwaltung wie Bürgerschaft, darf mit Stolz auf diesen Tag zurückblicken, darf stolz auf seine neue Bahn sein! Möge sie blühen und gedeihen! (…)”

Fir e puer Sous op Mäertert a Waasserbëlleg

An da komme mer zréck bei den Zuch u sech. Vum 25. November 1891 u gesäit dee reguläre Fahrplang, deen och an der Obermosel-Zeitung ofgedréckt ass, fënnef Faarten tëscht Bëlleg a Maacher a grad esouvill tëscht Maacher a Bëlleg vir. Vun deem Dag u gouf et eng duerchgehend Zuchverbindung vu Maacher iwwer Bëlleg, Iechternach an Dikrech bis op Ettelbréck, also vun der Musel laanscht d’Sauer bis bei d’Uelzecht…

Nëmmen e puer Deeg méi spéit, de 27. November 1891, kréien d’Leit de Präis vum Billet matgedeelt, nämlech: Vu Gréiwemaacher op Mäertert, en einfache Billet 1., 2. oder 3. Klass: 8, 6 oder 4 Sous an e Retour-Billet 10, 7 oder 5 Sous. Bis op Waasserbëlleg kascht den einfache Billet an deene respektive Klassen 12, 8 oder 6 Sous an de Retour-Billet 15, 10 oder 7 Sous.

Zu deem Zäitpunkt, vum 30. November 1891 un, gëtt och de Postkutschendéngscht vu Gréiwemaacher op Mäertert agestallt. Bis op Iechternach via Manternach gëtt awer nach bis de September 1923 gefuer.

Den 1. Dezember 1891 heescht et an der Obermosel-Zeitung: “Unsere neue Bahn wird schon von zahlreichen Passagieren genutzt; besonders am Sonntag war der Verkehr ein recht lebhafter, denn die Landleute der Umgegend wollten doch mal die neue Bahn probieren und billiger als für sieben Sous kann man doch nicht verlangen von Wasserbillig nach Grevenmacher hin und her zu fahren; von Mertert 5 Sous. Unsere Wirte hatten den Nutzen des zahlreichen Besuchs.”

Et ass awer och normal, datt et am Ufank zu klengen Onstëmmegkeete koum. Esou waren d’Fuerpläng vun den Zich, déi vu Lëtzebuerg koumen an deenen, déi vum Prënz op där anerer Stroossesäit aus vu Bëlleg op Maacher gefuer sinn, net ëmmer openeen ofgestëmmt. Dat gi mer Enn Dezember 1891 gewuer. Awer generell war jidderee sech eens driwwer, datt déi nei Eisebunn vill zur Attraktivitéit vu Gréiwemaacher bäigedro huet.

Eng 60 Joer laang sollt dat dann och esou bleiwen, bis 1954 den Zuch op Bussen ëmgestallt gouf. Ufanks der 60er Jore vum 20. Jorhonnert hunn d’Schinne missen dem Hafe vu Mäertert Plaz maachen, dee jo am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel entstan ass. Nëmmen d’Rangéiergleiser vum Hafe bloufe bis an d’Entrée vu Maacher bestoen, esou datt och no 1954 nach heiansdo en Zuch bis op Maacher koum. 1963 ass och de Gidderverkéier op d’Strooss verlagert ginn, an 1970 hat der Maacher Gare hir lescht Stonn geschlo. Si huet dem Centre sportif et culturel Plaz gemaach, deen 1977 um Schweinsmoart opgoung.

Déi Plack, déi haut u Bunn a Gare erënnert, soll en Zeechnes derfir sinn, datt d’Gare net nëmmen d’Stadbild vu Gréiwemaacher eng Zäitlaang geprägt huet, mä datt d’Eisebunn och wesentlech zum wiertschaftlechen Opschwonk vun der Muselmetropol bäigedro huet.

An elo sinn ech Iech zum gudde Schluss nach dat Gedicht schëlleg, wat fir d’Inauguratioun geschriwwe ginn ass:

Zur Inauguration der Grevenmâcher Eisebunn

  1. Dir Bierger vu Maacher séngt: “Heissa, juchhei!”
    Weil hu mer dach entelech d’Eisebunn hei.
  2. Déi Bunn, déi mer all schu sou laang hu begiert,
    An Zäit vun aacht Deeg a Betrib elo fiert.
  3. Déi Bunn mécht is glécklech, dat wäert de gesinn;
    Si erhieft all Commerce, bréngt vill Frimmer heihin.
  4. Den alen Éim Pitt Theves, vun der Temmelser Héicht,
    Huet am alleréischte säi Gléck dru verséicht. (Hien hat den Zouschlag fir d’Gare kritt!)
  5. Elo kënne mir éis Kalleksteen verwandelen a Gold
    An domat bezuelen all éis Gemeeneschold.
  6. Mer kënnen elo an- an aussteigen heiheem;
    Wéi ass dat beim Reesen esou fein a bequem.
  7. Fir Wäin ze verlueden a soss aner Saachen
    Brauch’n mer keen Rees méi no Bëlleg ze maachen.
  8. Och brauche mer keen Kutsch a keen Omnibus méi,
    Mir fuere jo vill flotter mam eisene Wee.
  9. A wéivill där Virdeel soss wäerte mer nach krinn,
    Déi wëll ech net zielen, d’giff däers ze vill ginn.
  10. Kuckt wéi huet d’Gare eise Faubourg verschéinert!
    E Parc an e Kiosk nach – “wat sot der, Herr Lenert!”
  11. Vill Dank all den Hären, déi sech Méi gedon hunn,
    Fir is ze beschieren déi laang ersehnt Bunn.
  12. E besonneren Dank éisem ganze Gemeenerot
    Weil de wor am meest fir de Feierwon geplot.
  13. Héich sollen s’all liewen, vill Joar nach derno
    Séid lësteg dir Bërger, weil d’Eisebunn ass do!

Grev. den 11. Nov. 1891. B.Z:

(* D’Lëtzebuergescht ass an dësem Gedicht un déi jëtzeg Schreifweis adaptéiert ginn!)

Op der Gare zu Gréiwemaacher ëm 1910 (Archiv Fotoclub “Flash”)

page8image1519168176

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.