100 Joer Onofhängegkeet 1939

An d’Gemengenarchive geluusst (XXV)

1839-1939: Kantonal-Onofhängegkeetsfeier zu Gréiwemaacher

Virun 80 Joer, de 15. a 16. Juli 1939, war d’Stad Gréiwemaacher a Feststëmmung: 100 Joer Onofhängegkeet vum Ländche sollte wierdeg begaange gi mat enger ganzer Partie Manifestatiounen:

  •   Mat Klackelauden, „Kazekeep“ (Liichtrakéiten) schéissen, engem patriotesche Concert vu Stadmusek a Fanfare an engem grousse Fakelzuch duerch déi festlech beliicht Uertschaft, samschdes owes.
  •   Mat engem grousse Festcortège, bei deem déi néng Gemengen aus dem Kanton (Betzder, Biwer, Fluessweiler, Jonglënster, Manternach, Mäertert, Roudemer, Wormer a Maacher) sech eng Éier draus gemaach hunn, fir mat hire Veräiner matzemaachen a besonnesch virun der Éierentribün, op där d’Groussherzogin Charlotte mat hirer Famill Plaz geholl hat, uspriechend Festween, attraktiv Foussgruppen a schmësseg musekalesch Nummeren ze bidden. Dee grousse Cortège mat 95 (!) Ween a Gruppen, dee sonndes mëttes duerch d’Stroosse vu Maacher gezunn ass, gouf vum Herold mat senge véier Reider ugefouert.
  •   Weider goung et am spéiden Nomëtteg mat engem Concert vun de „vereenegte Gesangveräiner“ vu Gréiwemaacher, Meechtem a Waasserbëlleg, déi ë. a. d’Festkantat „Fridd a Fräiheet“ vu Goergen (Willy)/Frieseisen (Dirigent vum Gesangveräin) gesong hunn, a sonndes owes ass virum Haaptportal vun der Maacher Schoul och nach „e prächteg Feierwierk“ ofgebrannt ginn.

    Dee prächtege Festwon vum Kanton Gréiwemaacher, mat dem Maacher Kierchtur als Mëttelpunkt. (Foto: Raymond Sterba/Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

    D’Stad Gréiwemaacher hat an deem Cortège déi meescht Ween a Gruppen, hirer 18 un der Zuel, dofir ass et derwäert, e Bléck drop ze werfen. Opgetruede sinn e

page1image1578696880

Vëlosgrupp, d’Schoulmeedercher, de Jugendveräin als Foussgrupp mat der Kräizkapell, d’Volleksveräiner aus dem Kanton, de Gesangveräin „Cäcilia“ mat dem Blannen Theis a mat Buergermeeschteren aus der aler Zäit, déi fräi Gewerkschaft mat Galerie-Aarbechter, de Foussballclub, d’Klenggäertner, ë. a. als Hochzäitsgrupp aus aler Zäit an de Bauereveräin.

Weider ware mat derbäi: De Klengvéiziichter-Veräin, de Wënzerveräin mat dem Festwon „Drauwekinnigin“ a Wënzerinnen a Wënzer, de Kanoe-Club, d’Genossenschaftskellerei mat engem Wäiwon, de Fëscherveräin, den Handwierkerveräin, d’Musek „Fanfare“, d’Pompjeeë mat hirer aler Sprëtz, an dee prächtege Festwon vum ganze Kanton. D’Stadmusek huet während dem Festzug nieft dem Stadhaus gespillt.

Déi viischt vum Programmheftche fir d’Kantonal-Onofhängegkeetsfeier, 1839-1939 zu Gréiwemaacher.

– Wou kommen dës Informatiounen hier, a firwat si se wichteg? Ma mir hunn d’Chance, an den Archive vun der Gemeng net nëmmen e Programmheftche vun dëser Kantonal-Onofhänegkeetsfeier, mä och nach e Fotoalbum dervu (vum Raymond Sterba) ze hunn. Dëse Festdeeg koum deemools eng ganz besonnesch Bedeitung zu. Méi wéi eemol liese mer op Festween d’Zitat aus der „Heemecht“: „Looss viru blénken d’Fräiheetssonn“. Dat hat säi gudde Grond: An Europa an doriwwer eraus huet et nämlech gewalteg rumouert, an nëmmen e puer Méint méi spéit, den 1. September 1939, ass den Zweete Weltkrich ausgebrach, an deem jo och Gréiwemaacher uerg gebeidelt gouf. Et ass also derwäert, vun esou enger Feier ze schwätzen – och nach 80 Joer duerno.

Monique Hermes

page2image1578604448

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.